Elo geet et nees lass. Déi ‘schéinste Niewesaach’ vun der Welt ass nees zréck. Fir déi eng ass dëst mat déi schéinsten Zäit vum Joer, fir déi aner eppes wat se net kenne no vollzéien.

Fever Pitch (Zitat)

(Zitat aus dem Film ‘Fever Pitch’; Bild: cc)

An Europa bedeit zemools de Fussball fir Millioune vu Leit ganz vill, an Amerika zielt dat nämlecht fir de ‘Football.’ Op béide Säite vum Atlantik fänkt déi nei Saison elo un. Den Zäitpunkt vum Saisonstart – am spéide Summer – ass ee vun de wéinege Punkten, déi béid Sportarten mateneen verbënnt. Politesch/economesch gesinn kéint den europäesche Fussball an den amerikanesche Football nämlech net méi verschidde sinn; an dëst kéint keng méi grouss Konsequenz op de Sport hunn. Eng kleng Analyse.

(Fir e bësschen eng Richtegkeet an dëse Post ze kréien, huelen ech just d’Donné’en ab 1992, dee Moment wou d’Champions League a senger aktueller Form ugefaangen huet.)

Déi Europäesch ‘Top’ Ligen

Zënter 1992 gouf et an der däitscher Bundesliga 6 verschidde Championen:

Bundesliga

13 Titelen konnt Bayern München gewannen. 

Fir dat anescht duerzestellen: Bayern huet am Mee säi 25. Titel geholl… fir déi 12 éischt hu se 58 Joer gebraucht (1932-’90), fir déi nächst 13 just 21 (’94-2015).

 

D’Bundesliga ass am Verglach mat den aneren ‘Top Ligen’ an Europa do souguer nach am spannendsten. Bei denen 3 aneren – England, Spuenien an Italien – goufen et an där Zäit just 5 Championen.

La Liga, Serie A, PL

(Klicken fir méi grouss ze maachen)

 

An England huet Blackburn, wat d’Zuel vun de Championen op 5 eropsetzt, säin Titel vrun 20 Joer gewonnen. Manchester United, wat tëschent 1908 an 1967 just 7 Titelen konnt feieren, steet haut – no 13 Titelen an 23 Joer – als Rekordchampion do.

A Spuenien wor den Titel am Joer 2000 fir Deportivo. An Italien laien d’Titelen fir déi zwee Veräiner vu Roum – Lazio a Roma – schonns 15 respektiv 14 Joer zréck.


Kapitalismus pur (1): den TV Marketing (national)

Wee Champion gëtt, kritt méi e grousse Pourcentage vun den TV Gelder. De Champion kritt méi wéi een aus dem Mettelfeld oder wéi een Ofsteiger.

D’nächst Joer trëtt iwwerengs de „Super TV Deal“ fir d’Premier League a Kraft. Op een Coup kréien déi britesch Veräiner zesummen – pro Saison – €2.3 Milliarden. Fir deem entgéint ze wierken, denkt de Vorstandsvorsitzender Rummenigge vu Bayern München driwwer no ob een an der Bundesliga net soll vum gemeinsamen TV Deals ewech goen. Bayern kéint, sou seng Schätzung, 4 Mol den aktuelle Montant vum Fernseh kréien, wann een selwer kéint mat de Senderen verhandelen. [1] A Spuenien gëtt et sou een Konzept – nach. Ab 2016 trëtt e neit Gesetz a Kraft, wat déi eenzel Vermarktung op en Enn bréngt. Vun deem Konzept hu bal ausschliesslech Real Madrid a Barcelona profitéiert. Béid Veräiner kréien aktuell, laut dem Sportsministère, 7 – siwen! – Mol méi TV-Suen wéi déi kléngste Veräiner an der Liga.[2]

Kapitalismus pur (2): UEFA Champions League

Dat ass ee Grond firwat scheinbar ëmmer déi nämmlecht Veräiner Topfavorit op den Titel sinn. Een aneren, vläit den Haptgrond, ass awer déi sougenannt ‘Kinnéksklass.’ D’Champions League pucht all Saison Milliounen un déi europäesch Klibb, déi matspillen, eraus. Alleng fir 1 Victoire an engem Gruppemätch gëtt et elo €1.5mio Extra Prime – e Plus vu 50% par rapport zur läschter Saison. Fir all Ronn déi een weider kennt, ginn et nach eemol e puer Milliounen. Dobäi kommen d’Suen vum ‘Market Pool’, deen un de Fernseh, de Maartwäert vun der Liga an d’Performance vun de nationale Veräiner gebonnen ass.  Een Englesche Veräin kéint sou eng €100 Milliounen fir eng Champions League Victoire kréien; den FC Basel géif bei enger Victoire just e Brochdeel dovunner gesinn.[3]

Ween international guer net dobäi ass, huet e finanziellen Nodeel um Transfersmarché, wou déi bescht Spiller vun de Klibb mat de meeschte Sue kaaf ginn. Domat fält dann och Joer fir Joer engem seng Chance seng eege Liga ze gewannen a selwer mat „de Groussen“ international matzespillen. Den europäesche Fussball steet fir Kapitalismus pur. Déi Räich ginn ëmmer méi räich, déi aner musse kucken sech iwwer Waasser ze halen.

Dat gesäit een och wann een op d’Unzuel vun den Champions League Victoiren kuckt:

UCL Gewënner

N.B. Olympique Marseille huet just bei der Premiere 1993 gewonnen. D’2004 Final tëschent Porto a Monaco war villäicht déi 1. an, bis haut, läscht ‘iwweraschend’ Final.

Natierlech ass just op d’Gewënner kucken net fair géigeniwwer dem Verléierer. Dofir allgemeng de Bléck ween zënter 1992 wéi oft an eng Final komm ass:

UCL Finalisten

 

Dee Bléck mécht et nach vill méi däitlech wéi ‘langweileg’ den aktuelle Finanzsystem den europäesche Fussball gemaach huet. An 23 Joer hu just 9 Veräiner, déi net an den Top 2 vun den 4 beschte Ligen an Europa stinn, de Wee an eng Final gepackt. Mat Ajax, Marseille, Liverpool a Porto hu just 4 vun hinnen déi dann herno och gewonnen. Marseille, wéi uewe gesot, 1993 an Ajax 2 Joer méi speit.  D’Victoire vu Liverpool am Joer 2005 – also vrun 10 Joer! – wor déi läschte Kéier, dass ee vun hinnen konnt gewannen. Zënterhier huet de Gewënner vun der Champions League ëmmer virdrun entweder Bayern München oder den FC Barcelona missten ausschalten.

„Geld regiert die Welt“, géifen se déi Säit der Musel soen; net onbedengt, seet den US Sport.


Sozialismus an der NFL

Do heescht et „on any given Sunday.“ All Sonndeg kann all Equipp duerchaus eng aner klappen. Natierlech ginn et Favoriten, mä och deenen hir Méiglechkeeten de Sport ze dominéieren si limitéiert. Dofir ginn et 3 bestëmmte Grënn:

1) ‘Salary Cap’ fir all Veräin.

Dat heescht bei all Equipp dierf d’Pai vum ganze Kader eng bestëmmten Zomm net iwwerschreiden. De Klub muss zwar net all Profi dat nämmlecht als Salaire ginn – Patriots kennen hirem QB Tom Brady roueg vill méi an der Paietut gi wéi hiren anere Spiller – mä da muss een ebe kucken am Recht vum Kader Spiller ze hunn, déi gewëllt sinn net sou vill ze verdéngen. ‘Gewëllt sinn’ bedeit dann natierlech ‘keen Superstar’ vum Sport ze sinn.

Eng Equipp aus all de Stars vum Sport ze bastelen, sou wéi Real Madrid dat e.a. an den 2000er mat Zidane, Beckham, Ronaldo, Roberto Carlos, Figo & co. probéiert huet, ass am US Sport guer net méiglech.

2) “Draft” an d’Tausche vu Spiller.

En plus, gëtt et am US Sport eben keen Op- respektiv Ofsteiger. Déi schlechtesten Equippen aus enger Saison kréie souguer d’Chance fir sech am „Draft“, wou déi talentéiert jonk (Ex-)College Spiller dra sinn, als éischt un deem ‘Pool’ vu neie gudde Spiller ze beräicheren. Déi beschten Equippen musse bis zum Schluss vun all Tour am jährlechen „Draft“ waarden bis si e neie Spiller kennen huelen. (All Equipp kennt normalerweis just 1 Mol pro Ronn un den Tour). A wann eng Equipp e neie Spiller well vun engem anere Veräin hunn, gi normalerweis keng Suen mä Spiller ausgetosch. Wéi am europäesche Fussball Real Madrid de Gareth Bale fir 100 Millioune kaaf huet, hätten se am US Sport wuel dofir keng Suen mä e puer vun hiren eegene Spiller – vläit Benzema, Di Maria an/oder de Cristiano Ronaldo? – missen un Tottenham ofginn.

3) Revenue gëtt gedeelt.

Den drëtte Punkt dierft am meeschten iwweraschen. E groussen Deel vum Revenue am US Sport gëtt ënnert all den Equippen opgedeelt. Déi grouss Veräiner hellefen also de net profitablen Equippen net just aus Gutthäerzegkeet, mä well d’Regelen vum Spill eben esou sinn. Jiddereen soll eng ähnlech grouss Chance hunn an e Super Bowl ze kommen.

Dass dëst fonktionnéiert gesäit een um Equilibre deen d’Lëscht vun de Super Bowl Gewënner (vun der Saison 1992/93 un) erëmspigelt:

SB Gewënner

Interessant ass et wann een déi läscht 10 Joer vum Super Bowl mat de läschten 10 an der Champions League Final vergläicht. A béide Kompetitiounen hunn 12 verschidde Veräiner de Wee an d’Finall fonnt. Och hei ass et bei der NFL méi equilibréiert:

SB vs UEFA

(Klicken fir méi grouss)


Super Bowl Finalisten vs Champions League Finalisten

Ween elo seet ’12 Equippen a béide Finalen a läschten 10 Joer… da si se awer gläich’, dee soll bedenken dass et an der NFL just 32 Equippe gëtt. De Prozentsatz vun de Veräiner, déi an de läschten 10 Joer minimum 1 Mol an de Super Bowl komm sinn, läit demno bei 37.5%.

An der Champions League ginn et an der Gruppephase zwar och 32 Equippen, mä an de läschten 10 Joer woren 98 Veräiner aus Europa minimum 1 Mol an der Gruppephase vertrueden. Si all haten also eng ganz reel Chance fir minimum 1 Mol an der Final ze stoen. De Faite dass et der just 12 gepackt hunn setzt deen Taux op grad emol 12.24%.

Elo kéint e mengen, dass dëst och nach akzeptablen wier. Deen Taux ass just net ganz korrekt. Schliesslech ginn et an den USA just 32 Teams an Europa awer vill méi wéi just 98. Theoretesch haten d’New York Jets genee esou eng Chance an e Super Bowl ze kommen wéi UNA Stroossen an eng Champions League Final. Et hätt een als Stroossen ebe ‘just’ missten (éischter) an d’BGL Ligue opsteigen, dono Champion ginn, dono d’Qualifikatioun fir Champions League packen, an dann bis an d’Final duerchgoen. Theoretesch war déi Méiglechkeet an de läschten 10 Joer ginn.

Well ech keng genee Zuel fonnt hunn wéi vill Veräiner an der ganzer UEFA registréiert sinn (d’UEFA huet aktuell 54 national Verbänn), hunn ech einfach emol d’Zuel vum offiziellen UEFA Klub Ranking geholl. Deen Ranking, deen den Ament vu Real Madrid, Barcelona a Bayern ugefouert gëtt, hält d’Performance vun de Klibb an der Champions League an der Europa League an de läschte 5 Joer fest, a gëtt wuel eng besser Indikatioun a wéi eng Richtung deen Pourcentage geet.

An deem Ranking steet SP Tre Fiori aus San Marino op der 456. a läschter Platz.[4] An de läschte 5 Champions League Finalen waren 8 verschidde Veräiner (Bayern a Barcelona je 2x, Manchester Utd, Chelsea, Real Madrid, Atlético, Juventus & de BVB je 1x).  Domat wier den Taux – an de läschte 5 Joer – bei 1.75%. Et kann een wuel dovunner ausgoen, dass de richtegen Taux wäit ënner 1% läit.


Conclusioun

Wat bleift ass een europäesche Fussball am Stil vum fréien (19. Jorhonnert) Kapitalismus, wou alles erlaabt ass. Vum System profitéieren ausschliesslech déi méi räich Veräiner. Si kréien bal all d’Suen a kennen dowéinst déi beschte Spiller kaafen (woumat se sech dann och munchmol de Präis fir eenzel Spiller géigensäiteg an d’Lut drécken)… an zum Schluss, spillen se weider ëm dat grousst Geld mat. Déi eenzeg Méiglechkeet am Fussball duerch zestarten ass wann een sech een Investor aus Dubai, Qatar oder Russland siche geet, déi bereet sinn massiv Verloschter locker ewech ze stiechen.  Wa Supporter vun de gréisste Veräiner an de gréisste Ligen esou engem System/Veräin, wéi beispillsweis ‘RB Leipzig’ kritesch géigeniwwer stinn a sech leiwer ‘Traditiounsveräiner’ wënschen, missten se wuel éischter no enger Systemsännerung am europäesche Fussball jäizen. A villäicht wier et dann net schlecht iwwert de groussen Ozean ze kucken fir sech un de Praktiken vum US Sport z’inspiréieren.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s