Oppenen Bréif

30% Aarmut – Firwat Irland just zum Deel wéi Griicheland ass.

Shrewsbury Road, Dublin. Während dem ireschen Wirtschaftswonner war dëst eng vun den deierste Stroossen vun der Welt. Fir hei een Haus ze hunn gouf vrun der Kris alt locker 60 oder méi Milliounen Euro bezuelt. Shrewsbury Road wor an enger Liga mat Stroossen a Weltstied wéi New York oder Tokyo. [1]

„Immobiliekris, Bankekris, Finanzkris, Scholdekris“… esou sollt et no 2008 an Irland ausgesinn. Mä och wann déi gréng Insel an de läschte Wochen a Méint oft (och bei Aussoen vum lëtzebuerger Finanzminister [hei]) huet missten als Beispill fir Athen duer halen, esou ass dat een éischter schlecht d’Beispill.

Vum „Musterschüler“ zum „Suergekand“

Während Griicheland mat Hëllef vu Goldman Sachs seng Zuelen „gefälscht“ huet fir kennen an den Euroraum eranzekommen, esou war Irland een vun de ‘Musterschüler.’ Net Dublin mä Athen, Paräis, a Berlin hu vrun der Kris regelméisseg géint déi 3%-Defizit Regel verstouss. Irland hat 2007 een Budgetsdefizit vu grad emol 1.2%[2]; d’Staatsschold loung bei akzeptabelen 25% vum PIB. (Dëst ass minimal méi héij wéi den aktuellen Taux vu Lëtzebuerg).

Du koum 2008.

Eng Monetär- ouni eng Fiskalunioun, oder souguer eng politesch Unioun, anzeféieren, huet zum Opbau vun Immobilieblosen a Länner wéi Irland a Spuenien gefouert. Déi ze schwaach economesch Zuelen aus Däitschland hunn de Bilan fir eng ganz Eurozone erofgedréckt. D’EZB kuckt ebe just op d’Moyenne vun Inflatioun & Zuelen vum Aarbechtsmarché, wann de Leetzëns festgesat gëtt. Fir där schwächelnder däitscher – genee wéi där franséischer – Wirtschaft ënnert d’Ärm ze gréifen, wor de Leetzëns méi niddreg wéi dat déi opgeblosen Wirtschaften a Spuenien an Irland gebraucht hätten. [2]

Dat extrem bëllegt Geld goung vun de Banken direkt an den Immobiliemarché. Alleng verschidden däitsch Banken hunn zesummen 206 Milliarden Euro an den ireschen Immobiliemaart eragepompelt.[1] D’Präisser si kontinuéierlech an d’Lut geschoss; 2006 woren se déi héchsten a ganz Europa. Wéi d’Blos geplatzt ass, koumen d’Banken un d’Strauchelen. Dublin wollt e méiglechen ‘bank-run’ verhënneren an huet fir d’Praktiken vun der Privatwirtschaft riicht gestanen. Dat huet d’Staatsverschëldung souvill an d’Lut gedréckt – 2013 loung se bei ronn 120% vum PIB[3] – dass een herno dat 1. Land ënnert dem Rettungsschierm huet misste ginn.[4]

Irland gouf also Affer vun engem (net bis zum Schluss duerchduechten) Konstrukt. Bei Griicheland ass dat net de Fall. Et deemno sou duerzestellen wéi wa béid Länner op genee déi nämmlecht Manéier an d’Kris erakomm sinn, an dofir och déi nämmlecht Medezin sollte kréien, ass dofir falsch.

Grouss wirtschaftlech Verännerung huet déi ‘Medezin’ an Irland iwwerengs dann och net bruecht. Déi zwou eenzeg EU/IMF Fuerderungen woren, wéi den Economist Philip Lane festgehal huet, just d’Staatsausgaben kierzen an de Bankesecteur, e.a. mat ‘bad banks’, opraumen.[5]

Béid Fuerderung huet Dublin erfëllt. Ass hir Wirtschaft dofir nees um wuessen? Duerch massiv Steiervirdeeler fir grouss Betriber, wéi bspw. Facebook, Microsoft a Google,[6] leeft d’Wirtschaft zwar nees, mä d’Aspuerungen bei de Staatsausgaben, notamment bei de Sozialleeschtungen, bezilt den iresche Staat, wéi mer zum Schluss vum Post wäerte gesinn, méi wéi nëmmen eng Kéier.


2 Net-Eurolänner sei Dank

Eppes dierf een awer bei der Euphorie iwwert Wirtschaftswuesstem an Irland – den däitsche Bundespresident Gauck sot dëse Mount Irland wier e „Vorbild“ fir anerer – och net vergiessen/ignoréieren: déi iresch Geschicht an dem Land seng geographesch Lag hu wuel méi zu deem ‘Opschwong’ bäigedroen wéi d’Austeritéit. Irland huet eng staark Bindung mam Vereente Kinnekräich an och mat den USA. Dat eent Land wiist esou staark wéi keen anert G7 Land, dat anert, d’USA, steet och nees op bessere Been. Béid Länner sinn d’Haapthandelspartner vun Irland; 40% vum ireschen Export ginn dohinner.[5] An anere Wierder: 2 Net-Eurolänner hu massiv zu dësem ‘Opschwong’ bäigedroen. A genee dat steet eben engem Premier Tsipras zu Athen net zur Verfügung. Seng Haapthandelspartner si nieft Däitschland (3. gréissten) déi economesch schwaach(/schwächelnd) Länner Italien, Tierkei a Bulgarien. An do kann den Tsipras och nach sou oft op Moskau reesen esou eng Hëllef, wéi Irland eng vum UK & USA krut, wäert hien do fir säi Land net erausschloe kennen.[7]

„Helden“, wéi d’IMF Chefin Lagarde déi iresch Bevëlkerung genannt huet[8], sinn d’Griichen dowéinst haut nach net. Obwuel… wann een fir „Helden“ ze sinn, muss massive sozialen Ofbau mat gemaach hunn, da sinn d’Awunner a béide Länner wuel definitiv Helden. 

Aarm „Helden“

Och op der grénger Insel huet d’Austeritéitspolitik schliisslech ferm Spueren hannerloos. D’Chômagegeld fir jonk Leit (ënner 25) gouf beispillsweis gekierzt.[6] Bal all 2. iresche Jonken riskéiert an d’Aarmut erof zefalen.[8] D’Hallschent vun allen 18-24 Järegen hunn d’Hoffnung op besser Zäiten an hirem Land opginn[9], a vill vun hinne wanderen aus.

Alleng bis 2013 sinn eng 300,000 Iren, ënnert hinnen eben och ganz vill gutt ausgebilten Jonker, ausgewandert.[10] Am Schnëtt hunn all Mount ronn 3,000 Iren hirem Heemechtsland Äddi gesot – deen héchsten Taux zënter der irescher Hongersnout vun 1845![11] D’Resultat si sougenannt Geeschtersiedlungen wou praktesch kee Mënsch méi wunnt. Esou Siidlungen ginn et Ënn 2012 iwwer 2,000 am ganze Land. Kilflynn ass sou een Dierfchen deem d’Awunner scheinbar abhande komm sinn. Et läit am Südweste vun Irland; eng Géigend déi e.a. vum Tourismus mol eng Kéier gutt gelieft huet. De Chômage Taux loung während der Kris hei alt munchmol duebel sou héij wéi am Recht vum Land. Bannent 3 Joer hu sech am Raum ëm Kilflynn eng 80 Leit d’Liewe geholl.[12]

Eng ronn 35,000 Familljen op der grénger Insel mussen haut mat manner wéi 10,000 Euro/Joër (€833/Mount) auskommen.Wann een da nach bedenkt, dass duerch d’Spuermoosnamen d’Kannergeld an d’Sozialhëllef fir Medikamenter kennen ze kafen gekierzt gouf, kann een sech e bëssche virstellen wat déi Leit mat maachen.[12]

Den ‘Opschwong’ an der Wirtschaft huet d’Salairen iwwregens nach net verännert. Déi stagnéieren an der Privatwirtschaft zënter 2008[5]; d’Staatsbeamten kréien souguer 14% manner an der Paie.[13] D’Pensionäre mussen zënter der Kris op 20% vun hirer Pensioun verzichten.[13] An déi nei Aarbechtsplatzen, déi den iresche Chômage Taux ganz lues erofsetzen, sinn oft just Deelzäitjobs.[5]

Dobäi kennt och nach de Problem vun ‘enforced deprivation.’ Et beschreift dëst déi extrem Aarmut; extrem bedeit hei dass de Leit minimum 2 liewenswichteg Ressourcen, wéi beispillsweis Waasser oder Kleedung, feelen. Vrun der Kriis loung deen Taux schonns bei 13.7%. An der Kris/während der Zäit ënnert dem „Rettungsschierm“ goufe wäit iwwer 1 Millioun Iren Affer heivunner – ënnert hinnen och, sou den iresche Think Tank Social Justice Ireland, iwwer 440,000 Kanner a bal 100,000 Pensionären. A Prozenter ausgedréckt: 30% vun der Bevëlkerung gouf Affer vun dëser extremer Aarmut. Eppes wat een sech op der Zong vergoe loosse muss; mir liewe schliisslech an enger vun de räichste Géigenden vun der Welt. Den Aarmutslevel an Irland, an dat huet d’EU Kommissioun souguer rezent festgehal, ass méi héij wéi an anere vergläichbaren EU Staaten.[8]

Do verwonnert et och net, dass bei der Aféierung vun enger Taxe um Waasser d’Leit op d’Strooss gaange sinn. (Irland gesäit d’Waasser als Ressource un, déi am Besëtz vun all Mënsch ass[14]). Laut de Gewerkschaften sinn iwwer 120,000 Leit Ufank November 2014 fir dëst läscht „Recht“ op d’Strooss gaangen. Wann déi Zuel stëmmt, wier et déi gréisste Protestmanif zënter der irescher Onofhängegkeet.[5] Bis elo goufen iwwregens ronn 800,000 Rechnung, déi Irish Water erausgeschéckt huet, nach net bezuelt.[15]

Irland ass eben och keng komplett ‘success story.’ Et kann een Dublin net als Schabloun fir aner Länner benotzen, zemools net well et och grad an Irland nach vill Problemer gëtt. Wéi een laangfristeg nees gudde Wuesstem hikritt – ouni dass déi souwisou schonns (neo-)liberal Wirtschaftspolitik vum Land dat soziaalt ‘safety net’ futti mécht, ass eng Fro vun de nächste Joren. Eent ass kloër, ob een elo op Griicheland oder Irland kuckt, de Motto/Slogan  ‘Unita in Diversitate’ (‘United in Diversity’, ‘Ενωμένοι στην πολυμορφία), deen een sech am Joer 2000 als EU ginn hat, huet an der scheinbar endloser Kris an Europa ganz ferm gelidden… 


Säit 2: Footnotes a weider Erkläerungen.

Footnotes a weider Erkläerungen.

[1] Zeit (2010), Arme Grüne Insel – http://www.zeit.de/2010/42/Irland-Finanzkrise

[2] Regan, A. (2013), The impact of the eurozone crisis on Irish social partnership: A political economy analysis – ILO Geneva. http://www.aidanregan.com/1/146/resources/publication_1601_1.pdf

[3]FOCUS (2015), Griechen aufgemerkt! So kämpft sich Irland aus der Krise – http://www.focus.de/finanzen/experten/heise/irland-erfolg-durch-konsequente-reformen_id_4547788.html

[4]Zum Deel gouf d’Regierung zu Dublin bei der Bankerettung deemols vun hirem Beroder Merril Lynch & co. och ferm ugeschass. Si haten geschat dass d’Rettung vun de Banken tëschend 6.5 an 16.4 Milliarden géif kaschten. Et sollt herno mat 85 Milliarde vill méi an de Portemonnaie schloen. D’Anglo Irish Bank kéint een mat €5.63 Milliarde retten, hat Merril Lynch prognositizéiert. Alleng déi Bank huet de Staat 5 Mol méi kascht. Fir déi ganz Berodung krut d’Institute an de Joren 2008 an 2009 iwwerengs 7.3 Milliounen Euro vum iresche Staat.

Et ass dëst villäicht, wann een dat well esou gesinn, deen eenzege pre-Kriis Punkt op deem een Irland mat Griicheland kéint gläichsetzen. – Welt, Irland Rettung war viermal so teuer wie berechnet – 

http://www.welt.de/finanzen/article126059824/Irland-Rettung-war-viermal-so-teuer-wie-berechnet.html [de] (Welt)

[5]Andras Szigetvari (2014), Irland: Vom Pleitestaat zu Europas Musterschüler – http://derstandard.at/2000008214018/Irland-Vom-Pleitestaat-zu-Europas-Musterschueler [de]

[6] Handelsblatt/dpa (2013), Irland verschärft den Sparkurs – http://www.handelsblatt.com/politik/international/euro-krise-irland-verschaerft-den-sparkurs/8938012.html [de]

[7] Tagesschau (2015), Griechisch-russische Handelsbeziehungen –http://www.tagesschau.de/wirtschaft/griechenland-russland-handelsbeziehungen-101.html [de]

[8]RT (2015), „A social obscenity“ – 30 percent of Ireland’s population living in ‘enforced deprivion’ http://www.rt.com/news/224851-ireland-poverty-crisis-debt/ [en]

[9]Mary Murphy (2014), Ireland’s youth – paying the price for their elders’ crisis http://www.policy-network.net/pno_detail.aspx?ID=4574&title=Irelands-youth-%E2%80%93-paying-the-price-for-their-elders-crisis [en]

[10] D’läscht Joer war et déi 1. Kéier zënter der Kris dass den Taux vun den Emigranten zréck gaangen ass – och wann Net Migratioun weiderhin negativ ass. Dat läit awer virun allem dorunner dass Net-EU Bierger (zemools Brasilianer) an Irland liewe komm sinn; den Taux vun den Iren, déi heem koumen, loung bei grad emol 11,600. Dat ass manner wéi d’Hallschend par rapport zu 2008, an e Minus vun 3,100 Leit wann een et mat 2013 vergläicht. – http://www.irishtimes.com/news/social-affairs/emigration-of-irish-nationals-falls-20-in-year-to-april-1.1908275 [en] (Irish Times)  (Note: Aus dësem Artikel ass och d’Zitat vun der Madame McAleer.)

[11] Björn Finke (2013), Sparen lohnt sich http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/schuldenkrise-in-irland-sparen-lohnt-sich-1.1844556 [de]

[12]ZEIT (2013), Irlands Traum ist geplatzt http://www.zeit.de/wirtschaft/2013-07/irland-wirtschaft-krise [de]

[13] Sebastian Borger (2015), Irische Wirtschaft kommt kraftvoll aus der Krise http://derstandard.at/2000013965146/Irlands-Wirtschaft-waechst-staerker-als-gedacht [de]

[14] Frank Patalong (2014), Wut über neue Gebühren: Wasser marsch gegen die Regierung http://www.spiegel.de/politik/ausland/irland-protest-gegen-einfuehrung-von-wasserzaehlern-a-1007864.html [de]

[15] RTE News (2015), Irish Water ‘refused’ to say how many water bills paid http://www.rte.ie/news/2015/0610/707214-irish-water-dail/ [en]