ReferendumLux – Nee

Säin Opstieg war eigentlech rasant. Bei de Gemengewahlen 2011 huet hien den eigentleche Spëtzekandidat vu senger Partei lénks leie gelooss. D’Leit wollten hien, a net de Paul. Minutten am Amt a scho gouf bei der Ouverture vum Chrëschtmaart deem seng Reform ugekënnegt. Jiddereen sollt an d’Stad op de Maart kommen – a net op Tréier oder Köln fueren. All Verspriechen, wat am Koalitiounsaccord stoung, sollt duerchgestrach ginn. Bei de Wahlen 2017 sollten d’Bierger gesinn, dass si 6 Joer virdrun de richtege Mann un d’Spëtzt gewielt hunn.

„Ech sti net fir e Regierungsposten 2014 zur Verfügung,“ gouf direkt e puer Mol gesot. 2014 sollt och keng nei Regierung gebilt ginn. E Joer vrun de Wahlen klaken d’Sozialisten d’Pan an et sti Neiwahlen um Programm. „Deng Stëmm fir d’Zukunft“ sollten d’Leit ofginn. Opbroch an eng nei Zäit. Jonk. Dynamesch. Modern. D’Land sollt genee esou erneiert ginn wéi d’Stad Lëtzebuerg. De Stëpps, deen sech an iwwer 30 Joer CSV-Zäit scheinbar iwwert d’Land geluecht huet, géif an enger grousser Botz verschwannen an d’Land fir e gutt 21. Jorhonnert opgestallt ginn.

Ze séier si Fehler geschitt. Vum „Betribsauto“ fir an d’Schivakanz iwwert d’Verspriechen vum „gréissten Debat deen d’Land jee gesinn huet“ bis hin zur klenger „Trennung“ vu Kierch a Staat & der (fataler?) Ausso dass et jo där „domm Leit“ iwwerall géife ginn.

De Problem fir d’Regierungsequipe (an hir Parteien) ass haut awer witzegerweis dat nämmlecht wat dem Xavier Bettel 2011 zum Opstieg an der Stad an, 2 Joer drop, an de Staatsministère verhollef huet: déi „sozial“ Medien. Keen am Grand-Duché konnt dës scheinbar esou gutt an authentesch asetzen wéi den Deputéierten-turned-Buergermeeschter-turned-Premier. Hien hat op dëse Netzwierker eng Avance op all déi anere Politiker. Et ass eng Avance gewiescht, déi een mat enger kuerzer 4-Wochen-Campagne net kann ophuelen. Premier ass een dann awer eben net just 4 Woche laang; déi aner hunn hien iwwerholl.

„MIR SIN DOMM.“; „De Premier schléiwt an der Chamber.“; „De Premier mengt mir wieren all domm.“; „Gambia soll mat der Propaganda ophalen.“; “Schon de Bettel Song heieren?”

Eng kléng Websäit, déi dunn zu enger ganz einfacher Facebook Grupp gouf, bréngt déi sougenannt ‘Elite’ – aus Parteien (bis op CSV, adr), Jugendparteien (bis op adrenalin), d’Gewerkschaften (bis op CGFP), d’Patronat, d’kathoulesch Kierch a Medienhaiser – zu Fall. Emol keng 22% hu bei der Fro zum Auslännerwahlrecht dëser „Elite“ zougestëmmt. Eng Facebook Grupp a Leit, déi gären e.a. ‘Memes’ a fatzegen ‘Facebook rants’ deelen, dréinen de Spiess fir d’Regierung an hire Chef ëm. De Xavier Bettel kéint zu enger lëtzebuergescher Versioun vum Howard Dean ginn.


Den Dean, Ex-Parteichef vun den US Demokraten, wor 2004 Presidentschaftskandidat a wuel deen 1. Politiker, deen den Internet probéiert huet anzebauen. Dat sollt fatal Konsequenzen hunn. Wéi hien sech iwwert seng 3. Platz zu Iowa sou gefreet huet, dass et scheinbar mat him duerchgaangen ass, gouf säi ‘Yeah!’ als “Dean Scream” legendär. Déi Ried war den Ënnergang fir den Dean, dee nach Woche virdrun de wichtege Support vum fréiere Vize President Al Gore kritt hat. D’Supporter vum Governor vu Vermont hunn dee “Scream” an déi extra vun der Dean Campagne entwéckelter online Videoplattform – YouTube gouf eréischt 2005 gebuer – benotzt fir de Geck mat him ze maachen.

De Xavier Bettel muss awer net onbedéngt een Howard Dean ginn. Zweet Beispill: Obama 2012 Campagne. Déi Campagne hat fir den 1. TV Debat mam Mitt Romney all hir Spin Doctors prett fir mat de Journalisten ze schwätzen. D’Medien wollten dëst awer guer net méi. Op Twitter war schonns no der 1. Hallschent vum Debat d’Urteel gefällt ginn: de Romney huet ganz kloër gewonn. Twitter op der Säit ze loossen war e komplette ‘faux pas’ vun enger Campagne, déi 2008 an 2012 esou vill där Online-Welt ze verdanken hat. Fir deen 2. Debat huet sech d’Obama Equippe dofir komplett anescht opgestallt an opgepasst, dass se och online genee déi richteg Messagen an der richteger Form erausginn. Dat Ganzt huet hir Supporter dunn deen Owend zum Deel esouguer zur Héichleeschtung bruecht (cf. “binders full of women“), an den Obama war, laut Medien, nees zréck an der Course.

Premier a Regierung missten op een ähnleche Wee goen. Wann een online einfach weider just de Link op Zeitungsartikelen gett, wann een weider doropper hofft herno mat gudden economeschen Zuelen de Support an d’Vertrauen vun de Leit an engem 4 Woche laange Wahlkampf zréck zegewannen, riskéiert een 2018 wuel nach méi bedröppelt an der Elefanteronn dran ze kucken wéi déi 3 Majoritéitspolitiker dëst de 7. Juni scho gemaach hunn. Iwwert sougenannt “Gambisten/Gambianer/Gambinesen” (wéi heeschen déi gutt Leit vum Land ‘The Gambia’ eigentlech richteg?) an hir Aarbecht ginn elo schonns online ferm Urteeler geschwat. Urteeler, déi ee Politiker alt vill méi kenne ‘blesséieren’ wéi e kriteschen Bäitrag an der Zeitung. Esou e Bild, Video oder (alt falscht) Zitat bleift online – a gëtt ëmmer nees geshared a geliked.

„Si goufe net gewielt.“; „Si kennen et einfach net.“; „Si wëllen et einfach net verstoen.“

Momentan ass dëst nach just eng Well déi do op d’Regierung lass geet. De rezente Politmonitor weist awer ganz kloër, dass et schonns eng zimlech grouss Well ass. Wann een elo einfach esou weider fiert – politesch a PR-méisseg, da riskéiert een déi Well souguer zu enger Art Tsunami eruwuessen ze loossen… an esou eppes géif een dann och fir d’Gemengewahlen 2017 a Landeswahlen 2018 net méi gestoppt kréien. Do kennen e.a. eng FDP an Däitschland oder d’LibDems am UK e Liddchen dovunner sangen.

Quo vadis, Xavier Bettel an Dräierkoalitioun?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s