De Blogpost als Audio lauschteren:

(Intro “Tidal Basin Corporation” by Little Glass Men, Free Music Archive, CC license)


“The state of the Union is strong.“ Et war d’läschte Mount fir déi 1. Kéier iwwerhapt dass de President Obama déi do Wierder an de Mond geholl huet. Fir dat z’ënnersträichen hu sech déi meescht Medien op verschidden Zuelen, konzentréiert: bspw. op de Chômage: 10% (Oktober 2009) op 5.7% (Januar 2015), op de Budgetsdefizit: iwwer $1,250 Milliarden (2009) op $480 Milliarden (2014) erof – de nämmlechte Level wéi vrun der Finanzkris, a just méi 3.2% vum PIB. Dat sinn Zuelen déi een op där aanerer Säit vum Atlantik nëmmen all ze gäeren géif gesinn. Fir ze gesinn firwat d'”Union” (nees) staark ass/gett, muss een nierft der neier Aussen- & Energiepolitik (1. Deel vu ‘Neit Amerika’), och een 2. Deel vun dësem ‘neien Amerika’ kennen; een deen, wéi schonns den éischten, Konsequenzen fir Europa bedeit.

Momentan läit nämlech e gréisseren Gesetzesprojet am US Kongress: d’Immigratiounsreform. De President wäert déi zwar net an där Form duerchkréien wéi hien se well, mä d’Hoffnung op een Deal mat de Republikaner ass do, schliesslech kennen déi sech net erlaaben och 2016 nees Latinos/Hispanics massiv un d’Demokraten ze verléieren. Dat géif dem Hillary Clinton(?) wuel d’Wäisst Haus ginn. A wann et awer haut näischt gett, da spéistens 2017. Op engem vu villen Punkten vun där Reform si sech béid Parteien scho méi laang eenz: d’DV Lottery gett ofgeschaaf.

Déi Lotterie, am Volléksmond gäeren ‘Green Card Lottery’ genannt, huet vläit 2014 fir d’läscht stattfonnt. Well een fir matzemaachen (nierft dem richtegen Gebuertsland) just e Lycée-Ofschloss oder e puer Joer Beruffserfahrung muss an der Täsch hunn, gett dës Lotterie den USA keen direkten risegen finanziell Avantage. Et kommen sou och vill onqualifizéiert Leit an d’Land, wat engem just a verschiddenen Zäiten economesch gutt deet. De neien System gesäit vir mat den agespuerten Green Cards e „STEM Visa“-System opzestellen. Een Net-Amerikaner, deen dann op enger US-Uni een unerkannten STEM Fach (= Science, Technology, Engineering, Maths) léiert, kann dono e Visa kréien fir an den USA ze bleiwen. Et ass dëst een Obama Verspriechen vum Ufank vun der 2008 Campaign; an eent wat Europa, China & co. misst opschrecke loossen.

Fir genee ze verstoen firwat dat esou ass, musse mer d’Situatioun an der EU ënnert d’Lupp huelen. Zënter der Aféierung vum Euro hu méi qualifizéiert Arbechter Europa verlooss wéi der an Europa liewe komm sinn (e Minus vun ~120,000/Joer – vrun der Kris). Alleng Italien huet vun 2000 bis 2008 eng 1.5 Milliounen héich qualifizéiert Leit verluer. Haut bleiwen ronn 27% vun den fräien Arbeschtsplatzen an Europa net gefëllt. Bis 2020, a manner wéi 5 Joer demno, wäert alleng dem Digitalsekteur vun der EU bal 1 Millioun qualifizéiert Leit feelen. A wann een ‘STEM’ Leit hëllt, esou wäerten a 5 Joer ronn 1 Millioun vun hinnen alleng dem „Motor vun der Eurozone“, Däitschland, feelen. „The state of the European Union is… weak“, kéint een do bal just soen. [1]

Fir héich qualifizéiert EU Leit geet et éischter eraus, wéi eran (cc Diego Menna)

Fir géint deen Trend virzegoen huet een vrun e puer Joer zu Bréissel entscheed eng sougenannt „Blue Card“ anzeféieren. Mä hat een an der europäescher Haptstadt gehofft sou eng 20 Milliounen qualifizéiert Leit an d’EU ze bréngen, ass d’Resultat bis lo éischter ernüchternt ausgefall: 2012 an 2013 goungen – zesummen gerechent! – net emol 20,000 „Blue Cards“ eraus. [1]

Ween gemengt huet dass “Blue Card“ eng europäesch Äntwert op een europäeschen Problem ass, huet sech leider geierrt. Éischtens maachen net all EU Länner mat (bspw. de UK & Dänemark sinn exclus) an all EU Land ka weiderhin seng eegen Virstellungen a Regelen opstellen. [2] 


Een ‘Blue Card’ Beispill

En héich qualifizéierten Net-EU Bierger, nenne mer hien Alejandro, well zu Lëtzebuerg fir eng Firma schaffe kommen. Hien brauch eng Job Offer vu minimum 1 Joer, wou hien (demno wéi) mininum 1.5x den normalen Duerchschnëtts-salaire vum Land (= €69,858) verdéngt. [3]

En plus, muss een am ‘Blue Card’ Programm fir minimum 18 Méint an deem EU Memberstaat wunnen an deem een och schafft, (fir zu Tréier ze wunnen & zu Lëtzebuerg ze schaffen si weider ganz aaner administrativ Hürden ze huelen). Géif d’Firma leider no 12 Méint bankrott goen, dierf den Alejandro net einfach sou Lëtzebuerg verloossen – souguer bei enger aanerer europäescher Job Offer. Hien muss zu Lëtzebuerg bleiwen an bannend 3 Méint eng nei Platz fonnt hunn. Et dierf een nämlech am Programm just 3 Méint am Chômage sinn. [4] Kritt den Alejandro bannend 3 Méint keng aaner gudd bezuelten Platz hei am Land, ass d’Blue Card, an mat hir eisen héich qualifizéierten Mann, nees fort.

No 2 Joer zu Lëtzebuerg well den Alejandro elo vläit op Paräis fir eng aaner Firma schaffe goen. Erfëllt hien all déi national Viraussetzungen (zu Lëtzebuerg) fir de Beruff ze wiesselen an a Frankräich schaffen ze goen, muss hien awer – wait for it! – an deem 2. Memberstaat (hei: Frankräich) fir d’éischt emol deenen hir national Ufuerderungen erfëllen an, en plus, muss eisen Alejandro nach eemol eng Demande op eng nei ‘Blue Card’ fir dat 2. Land (Frankräich) stellen. [4]

Zu Bréissel gett oft gesot, dass d’Blue Card déi „europäesch Green Card“ ass. Et ass éischter eng vill méi bureaukratesch Versioun vun enger Green Card, déi net wirklech de vollen economeschen Avantage vun engem héich qualifizéierten Immigrant ausschöpft. E „STEM Visa“ Mann/Fra kann, no der Immigratiounsreform, an den USA liewen a schaffen wou hien/hat well. D’USA ass eben e Land, während d’EU scheinbar weiderhin eng gréisstendeels wirtschaftlech Verbindung vun europäeschen Staaten ass.

Zuelen vun 2007 aus SpOn[5]

Prozentsatz vun héich qualifizéierten auslänneschen Arbechter (2007) [5]

N.B. Dass ouni déi aktuell nach minimal „Net Immigratioun“ an der ganzer EU (a Länner wéi Irland ass dësen Wert zënter 2009 negativ[6]) d’Populatioun vun der EU schonns dëst Joer géif schrumpfen an ganz séier vill méi aal géif ginn. [7]  Stéchwuert hei: Renten, Krankekeessen etc.

Fir engem ähnlechen demographeschen a sozialpoliteschen Problem wéi Europa, Russland, China a Japan entgéint ze wierken spillt d’USA schonns zënter Joeren op hir Immigratioun. (D’Projektiounen si net all ze schlecht (Link)). A bei deem “Spill” setzen si op hir populärste Kaart: hir Kultur; den ‘American Dream’. D’Cultural Diplomacy hëlleft dass d’Beléiftheet fir Amerika weider unhällt (Link); a wann héich qualifizéiert Jonker dann och nach ugebuede kréien an deem Land ze bleiwen, da gett et fir Europa a co. nach méi schwéier fir economesch matzehalen. Vum amerikaneschen Point de Vue kéint et d’ailleurs net besser laafen. Et bréngt een déi beschten Leit op déi beschten Uni’en op der Welt a probéiert, zumindest emol, een Deel vun deenen Leit dann och am Land ze behaalen. Do schaffen se dann fir US Firmen, déi an dëser globaler Welt géint Firmen aus alle Länner um fräie Marché kämpfen. Obwuel… dat ass och just d’Hallschend vun der Geschicht. De proposéierten ‘STEM Visa’ bréngt nämlech een weideren immense Virdeel mat sech: (auslännesch) Kultur.


Wéi d’USA sech esou aktuell op TTIP virbereet…

Et gett bekanntlech näischt schlëmmeres am Marketing wéi kulturell Onkenntnisser; een Paradebeispill ass do e.a. d’Sproochebarrière. Mat ‘STEM Visa’ ginn déi Problemer ugepaak. Et mécht déi 1. Pflicht vun all Geschäftsmann (aka “säi” Client ze kennen) e kléngt Stéck méi einfach. D’Immigratiounsreform kennt zemools den net-Apple, net-Facebook Betriber entgéint, déi net iwwer e risegen Marketing Budget verfügen. Dat ‘neit Amerika’ bereet sech eben esou op Fräihandelsofkommes wéi TTIP vir. Et ass dofir och keen Zoufall dass een an Zukunft an den USA mat Däitsch/Franséisch Kentnisser méi wäert verdéngen wéi een deen ‘just’ Englesch/Spuenesch Kentnisser huet. [8]

„Fann eraus ween däin Client ass, denk wéi däi Client, a gëff deem dann genee dat wat e well!“ Dat ass, an esou enger globaler Welt, méi einfach gesot wéi gemaach. Betriber an der EU mat bal ausschliesslech Europäer am ‘Board of Directors’/Executives’ mécht sech d’Liewen an där Hinsiicht, zemools wann Fräihandelsofkommes wéi dat mat den USA, Kanada oder och dat mat China a Kraft trieden, jiddefalls och net méi einfach. 

Kennen déi Europäer bspw. den ‘amerikaneschen’ Client, deen anescht ass wéi si? Wuel net onbedéngt an deene Saachen déi een brauch, dofir awer an deem wéi een eppes konsuméiert, an wéi een Marketing Message een méi usprécht. Et ass jo sou dass hei schonns een Anglo-Amerikaner aanescht denkt/handelt wéi een Hispanic/Latino oder en Asian American; een aus Massachusetts aanescht wéi een aus Alabama. Genee wéi e Lëtzebuerger jo aanescht ass wéi een Däitschen, Englänner oder Kroat.[9] Fir déi verschidden Vue’n an hir Betriber ze kréien benotzen d’USA hir Unzéiungskraft an eng nei Immigratiounsreform. A wat mécht d’EU?

Einfach ewech diskutéieren kann Europa dësen wirtschaftlechen Nodeel net. Eng ganz Rëtsch Etuden hunn den Impakt vun der Villfältegkeet an de Betriber ënnerstrach. Eng Etude vun Kellogg (net ze verwiesselen mat Kellogg’s) huet bspw. festgehalen, dass alleng beim Brainstorming d’Zuel vun den Ideen ëm 15% fällt wann de Grupp zimlech d’nämlecht ‘ausgesäit’ (als Beispill: just ‘wäiss’, Mëtt-40 Männer). D’Qualitéit vu gudden Decisiounen vu sou engem Board of Directors/Executives fält ëm ganzer 50%. [10]

Dowéinst spillt an der aktueller Phase dann och TTIP (Ofkommes mat der EU), an zu engem méi kléngen Deel TPP (Ofkommes mat de Länner aus dem Pazifik), den USA méi an d’Kaarten wéi hire Partner. Si hunn hir Aufgaben gemaach, respektiv sinn am Gaangen dorun ze schaffen. Och dat wäert een Deel vum President Obama senger ‘Legacy’ ginn. A wann d’EU den Opschwong, deen sou e Fräihandelsofkommes wäert hunn, an d’Interkonnektivitéit net wäert notzen fir gréisser Reformen an e gréissert EU-intern Ëmdenken ze vollzéien [11] [12], dann ass dat Ofkommes, fir Europa, definitiv just eng wirtschaftlech Spillerei déi gutt fir Clients ass. Dann ass et definitiv keng Hellef fir déi europäesch Economie a Wirtschaft, als Ganzt, fir dat 21. Joerhonnert opzestellen; fir nees een Joerhonnert kennen um Weltniveau matzespillen, an, par consequence, dann och keng Hellef fir den extrem schwächelnden europäeschen Sozialstaat ënnert d’Ärm zegräifen. Europa muss sech eben och erneieren. Ob dat a Krisenzäiten mam Opschwong vun populisteschen a riets-/lénksextremen Parteien um ganze Kontinent iwwerhapt méiglech ass, gett eng vun den zentralen Froen vun de nächsten 10-15 Joer, an domat vun dësem Joerhonnert…

Bild: “New York – Welcome to the land of freedom” (public domain)


Säit 2: Footnotes mat weideren Erläuterungen

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] hei & säin 2. Deel, iwwert d’US Immigratiounsreform an den Impakt op d’EU, een hei ka […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s