Mir starten een neien Tour rondrëm d’Sonn. Hei si mol 15 Stories, déi iwwert déi nächst 365 Deeg eis wuel méi wéi eng Kéier dierften iwwert de Wee laafen…

 

1) Griichenland, Italien… 

Wëllkomm zréck, léif Eurokris. Verschiddener haate gehofft den Euro géif vläit 2015 endlech d’Clinique verloossen, nodeems een jo 2014 scheinbar d’Intensivstatioun verloosse konnt (zumindest huet een dat emol bis d’Mëtt vum Summer geduecht, ier den Euro du nees ofgebaut huet). Elo ass een nees voll dran. Bei de Neiwahlen a Griichenland am Januar kéint d’Koalitioun vun der Radikaler Lénker déi bescht Partei ginn an déi rietsextrem Neonazi Partei ‘Golden Dawn’ souguer op déi 3. Platz kommen. An an Italien huet de President Napolitano ugekënnegt elo awer wirklech an d’Pensioun ze goen. Een Premier, deen Problemer huet d’Land hannert seng Reformen zekréien, muss elo fir e breede Konsens bei dëser Wahl suergen. An a Frankräich muss d’Wirtschaft 2015 endlech nees ufänken mat rullen (eppes wat Economisten bezweifelen), soss ass den Hollande eng ‘lame duck’, an de Front National nach méi stark. Momentan ka just de Sarkozy (UMP) d’Le Pen an Ëmfroen klappen, mä ob de fréieren President och seng Partei hannert sech zesumme kritt ass eng aaner Fro. De rietsextremen FN bleiwt aktuell déi stäerkste Kraft a Frankräich. Zurück in die Zukunft fir Europa? Fir den Euro a fir d’EU steet vill um Spill. 2015 ass alt nees e weidert Schicksalsjoer. 

2) Referendum zu Lëtzebuerg

Keen Referendum iwwert d’Regierung, mä een deen Blo-Rout-Gréng extrem wichteg ass. Déi 3 Parteien wéilten wuel beim Referendum 4 Mol een “Jo” gesinn, ob dat awer geschidd ass onkloër respektiv just gedreems (z.Bsp. fir Wahlrecht ab 16). Zemools déi Jonk mat abauen an d’Politik huet 2014 a Schottland beim Referendum extrem gutt geklappt. Déi Jonk waren engagéiert & sinn och massiv mat wiele gaangen. Ob een zu Lëtzebuerg och esou fortschrëttlech ass, gesäit een dann am Juni. Eppes steet fest, 4 Mol “Nee” stierzt net d’Regierung, et stäerkt se awer och net wirklech. 2014 konnt een nach duerch d’Fangere kucken, et war jo dat 1. Joer an der Verantwortung, mä 2015 gett de Géigenwand (vun Oppositioun & wuel och aus den eegenen Parteien) méi grouss. 

3) Kriis an der Ukraine & mat Russland

Deen nächste Kaale Krich gouf schonns oft ausgeruff, esou richteg kennt hien awer net op Touren. Zum Gléck. Obwuel… 2014 ass et jo schonns richteg ‘flott’ ginn. Militärreformen vu Moskau, d’Annektioun vun der Krim, an Onstabilitéit an der Ukraine ënnerstëtzen. Wat den USA, an awer zemools der EU, net an de Kroom gepasst huet. Sanktiounen hunn dofir gesuergt, dass dat wirtschaftlecht schlecht Russland nach méi séier wéi geplangt an de Keller rutscht. Dëst Joer kennt eng Rezessioun, déi och Auswierkungen op verschidde Secteuren zu Lëtzebuerg (e gréisseren Handelspartner) wäert hunn. Een Enn vum Putin Regime a Russland, oder souguer een ‘russescht Fréijoër’, dierft dat Ganzt awer wuel net bedeiten, dofir steet d’Land ze fest hannert sengem Chef, deen sech och emmer perfekt an d’Szene ze setze weess, d’Krim an der Neijoschsusprooch “zréck an der Heemescht” begréisst huet, a seng ‘Géigner’, dorënner zënter 2014 och (Deeler vun der) EU, iwwer seng Staatsmedien wéi ‘RT’ kritiséieren deet. Do dogéint well d’EU 2015 an doriwwer eraus iwwregens virgoen: een russesch-sproochegen EU Sender soll wuel an d’Liewe geruff ginn. 

4) De niddrege Petrolspräis

“Wenn 2 sich streiten, freut sich der Dritte.” An dësem Fall ass dat de Client. D’USA sinn um gudde Wee de gréissten Petrolexporteur vun der Welt ze ginn (a Saudi Arabien z’iwwerhuelen), wat een an der arabescher Welt net gäere gesäit. Fir um Marché e.a. géint den bellegen US-Gas (dank Fracking) virzegoen, gett sou vill schwarzt Gold aus dem Buedem erausgeholl wéi et nemme geet. De Präis vum Petrol soll deen vum Gas ënnerbidden, an d’USA – zemools den US Clients – nees un de Petrol bréngen, an all Effort sech vum arabeschen “schwarze Gold” lass ze léisen stoppen. Saudi Arabien geet een Präis vu ronn $60/Barrel duer fir mam Budget iwwer d’Ronnen ze kommen. Aaner Länner wéi den Iran oder souguer Russland brauchen iwwer $100/Barrel. Een Grond firwat wuel och Washington D.C. haut net direkt e Problem huet deen “Kampf” ëm een niddregen Uellegpräis mam “Partner” Saudi Arabien duerch zeféieren. Ob d’Partner vu Saudi Arabien an der OPEC deem Spillchen nach laang 2015 nokucken, ass eng vu ville Froen am neie Joer. 

5) LGBT Rechter… zu Lëtzebuerg

Jo d’Gesetz ass vun 2014, mä a Kraft trëtt et haut, um 1. Januar 2015. Lëtzebuerg ass réischt dat 9. EU Land wat den Homo Mariage legaliséiert. Dat 9.(!). D’EU kennt just lues a lues an dësem Prozess weider. Finnland beispillsweis, wat vrun e puer Wochen gefeiert gouf fir de Passage vun hirem neien Mariage Gesetz, wäert réischt am Mäerz 2017(!) de Mariage fir jiddereen opmaachen. Eppes bleiwt dann elo awer 2015 ofzewaarden: ob d’Horrorvirstellungen vun de Géigner vum Homo Mariage & Adoptioun da wouer ginn. An aanere Länner haten se bis elo keng Chance, mä ween wees? 😉 

6) LGBT Rechter… an den USA

Et kéint e ganz grousst Joer ginn, oder just e Joer vrum ganz grousse Joer. Iwwer 30 US Staaten + Washington D.C. hunn de Marriage elo legaliséiert. Alleng d’läscht Joer war d’Zuel vun de Staaten zweestelleg. (Am Verglach mat der EU: bombastesch). Genee 66% vun der US Bevëlkerung wunnen haut an engem Staat wou de Mariage op ass, an d’Akzeptanz an der Bevëlkerung wiist ëmmer weider. Dëse Mount wäert d’U.S. Supreme Court entscheeden ob et iwwert den Homo Mariage entscheed oder net. Et geet hei ëm den 6th Circuit Court of Appeals, deen als eenzegen federalen Court of Appeals festgehalen huet dass e Verbuet vum Homo Mariage net géint d’US Verfassung verstéisst & de Mariage domat just fir Mann & Fra ass. Hëllt d’US Supreme Court den Appel vun där Decisioun un, kéint vläit schonns am Juni eng Entscheedung kommen. Et wier méiglech dass d’Supreme Court da souguer de Mariage an alle 50 US Staaten legaliséiert – aktuell si manner wéi 15 US Staaten ouni Marriage Equality – oder eben bis 2016 waard. 

7) D’USA bereet de Virwahlkampf vir… 

Mat de Midterms ass de President Obama eng “lame duck” ginn. Obwuel een dat emol direkt net sou kéint mengen. Stëchwierder: Immigratioun & Kuba. Trotzdem geet seng Zäit an der 1600 Pennsylvania Avenue op een Enn. Bei den Demokraten kuckt alles op d’Hillary Clinton. Eng Entscheedung dierft wuel an de nächste Wochen/Méint bekannt ginn. Geet si an d’Course, gett si mat grousser Secherheet d’Kandidatin vun den Demokraten. Et gett 2016 bei den Demokraten keen vun engem Obama Kaliber, deen de Clinton-Clan eng weider Kéier kann dupéieren. Ouni d’Clinton maachen d’Demokraten “soul searching.” Dann dierft nierft dem VP Joe Biden, e.a. och d’US Senatorin vu Massachusetts Elizabeth Warren, eng politesch méi lénks orientéiert Fra, & vläit och een Andrew Cuomo (Governor vu New York), politesch moderaten Politiker, sech ëm d’Kandidatur streiden. 

Bei de Republikaner steet souwisou “soul searching” um Programm. Dat schonns zënter der Nidderlag vun 2012. Eng Economie déi net gerullt ass, een onbeléifte President, an awer eng ferm hannendrop kritt, dat ass net normal. Tea Party Leit wéi Ted Cruz (Texas) welle méi no riets, d’Establishment/Moderat wéi Jeb Bush (Florida) a Chris Christie (New Jersey) méi an d’Mëtt an d’Libertarians wéi de Rand Paul (Kentucky) vu béidem eppes. Ween Politik, also Muechtkämpf, gäeren huet, deen dierft 2015, an dono natierlech 2016, an den USA op seng Käschte kommen. 

8) UKIP oder SNP? Ween gett Kingmaker am UK?

Am Vereente Kinnékräich gett 2015 schonns gewielt – am Mee, fir genee ze sinn. Déi eenzeg déi wuel wessen, dass et net hire beschten Owend wäert ginn, sinn d’Liberaldemokraten. Vru 5 Joer, no laanger Oppositioun & der Duerstellung vun enger Partei fir d’Studenten/Zukunft, endlech an d’Verantwortung komm, gouf direkt dat gréissten a bekanntesten Wahlverspriechen (vun de läschten Joerzéngten) gebrach. Et huet dem Koalitiounspartner, de Konservativen, erlaabt d’Studiengebühr ze verdräifachen, am Platz ofzeschaafen. De Support vun de Jonken ass du bei méi kléng Parteien gaangen, e.a. bei déi Gréng. Mä déi kléngsten Parteien, déi 2015 wuel wichteg ginn, sinn déi EU-kritesch UKIP & déi (pro-EU an) schottesch Onofhängegkeetspartei SNP. Déi läscht genannten hunn am läschte Joer – nom Referendum! – hir Memberszuel esou eppes vu vergréissert, dass een op een Schlag laanscht Jenni & Menni komm ass an elo hannert deenen 2 grousse Parteien (Konservativ & Labour) déi 3. gréisste Partei am ganze Land ass.

Wannen d’SNP iwwer 35, oder souguer iwwer 40 MP Sëtz zu Westminster, ass et zimlech schwéier fir eng Labour Majoritéit zu London ze gesinn. Een Ed Miliband dierft da wuel probéieren eng Koalitioun mat der SNP opzestellen – och fir dass Labour hir Äntwert op “English Question” kann ëmsetzen. D’UKIP wäert zwar net souvill Setz gewannen, kéint awer a villen Deeler vum Land, zemools an England, de Konservativen wertvoll Stëmmen kaschten. Erwaart iech dofir eng ganz grouss EU Kritik vum David Cameron am Wahlkampf – net well hien et onbedéngt gleewt, mä well hien net zevill Wieler u UKIP well verléieren. 

9) TTIP & TPP 

Et gehéiert scho bal zum “gudde Standing” dobäi fir een US President: een Fräihandelsofkommes duerchkritt ze hunn. Fir de President Obama heescht et no 6 Joer: 0. Déi läscht 2 Joer gi wichteg. Sollt d’Economie sech weider an den USA verbesseren, plus minimum 1 Fräihandelsofkommes, jo… dat vergréissert d’Chance vun den Demokraten 2016 d’Wahlen ze gewannen. D’Ofkommes mat der EU (TTIP) dierft zemools an e puer EU Staaten (dorënner Däitschland) méi schwéier ëmzesetzen sinn, mä souguer an deenen ginn et an der Politik positiv Stëmmen (e.a. Wirtschaftsminister Gabriel). Ob dat esou 2015 bleiwt, gett eng vun de wichtegste Froen. Och ob d’Supporter vum TTIP an Europa 2015 ufänken aus den Ecker erauszekommen oder ob een weider de Géigner d’Feld iwwerléisst. Eent ass kloer d’EU brauch een Fräihandelsofkommes méi wéi d’USA – e Grond firwat een och mat China well een Ofkommes zustaan bréngen (bei deem Accord well EU iwwregens onbedéngt Schiedsgerichter, déi bei TTIP zum Deel nach kritiséiert ginn). 

D’TPP (Ofkommes mat aaneren Länner aus dem Pazifik) dierft dat ‘einfachsten’ Ofkommes sinn. Eenzegen gréisseren Géigenpunkt: China ass (bis elo) net am TPP. Wéi starkt dat Ofkommes also ass steet an de Stären, an ob China eng Kéier well bäitrieden och. Trotzdem stellt TPP wuel eng vun de gréissten Deeler vum Obama senger “Pivot to Asia” Strategie duer… eppes wat och 2015 weider an der Aktualitéit dierft sinn.

10) D’Enn fir Guinea Worm Disease?

De “Guinea Worm Disease” ass eng Krankheet déi et Ufank de 80er Joeren nach iwwer 3.5 Millioun Mol op der Welt gouf – zemools an Asien an Afrika. Duerch den Asatz vum fréieren US President Jimmy Carter senger ONG, Carter Center, konnt déi Zuel an de läschte Joeren massiv erofgesaat ginn. Den 21. November d’läscht Joer loung d’Zuel vun de Leit déi dës Krankheet hunn bei just méi 122. Mat engem groussen “Push” kéint een dëst Joer vläit op 0 kommen – oder sech a Positioun setzen fir dëst Zil 2016 z’ereechen. Et wier déi 2. Krankheet iwwerhapt, déi d’Menschheet konnt ausläschen.

11) Deal mat Teheran oder een nukleart Iran?

2014 war d’Joer vun de Verhandlungen mat Teheran. Enn November goufen dës nach eemol ëm e puer Méint verlängert. Diskutéieren ass gutt, mä et mierkt een awer och dass d’Zuel vun de “Verlängerungen” net stänneg wäert wuessen an et irgendwann zu engem Deal oder zu engem weidere Broch an der internationaler Politik wäert kommen. Dat éischt wier historesch, a béid Säiten dierfte da wuel nach e gutt Stéck op deen aaneren zoukomm sinn (e.a. bei der Unzuel vun den Zentrifugen ginn et gréisser Divergenzen. Méi Zentrifugen heescht méi séier eng Atombomm bauen.) Sollt et zu engem Broch kommen, dierft et wuel schwéier ginn déi pre-Verhandlungen Sanktiounen nees opzebauen. Dës goufen zemools vum President Obama méi multilateral, wat d’Economie am Iran an de Buedem falle gelooss huet & den Hardliner zu Teheran bei de Wahlen Genéck gebrach huet. Ob awer Russland, China an hir Partnerstaaten nees bei sou enger Aktioun matmaachen dierft ugezweifelt ginn.

12) Lescht Klima-Hoffnung: Paräis. 

Lëtzebuerg iwwerhëllt an der 2. Hallschend vum Joer d’Présidence vun der EU. Schonns haut gett do praktesch just vun engem Thema geschwat: Klimakonferenz zu Paräis. Do well d’EU, mat Lëtzebuerg un der Spëtzt, dofir suergen, dass et zu engem neien internationalen Ofkommes kennt fir d’Weltklima ze retten. De Sommet 2014 an Südamerika war do een “Erfolleg” wann een Politiker freet, een aaneren “Déifpunkt” wann een mat gréngen Aktivisten schwätzt. Den Text, ob deen d’Verhandlungen vu Paräis soll opbauen, ass ze vill verwässert fir dass et dem Klima wirklech eppes bréngt. An awer, Lëtzebuerg stellt sech schonns Méint ier et Présidence kritt d’Zil hei een grousst Ofkommes zu staan zekréien. Dëst muss een luewen, och well een wuel Kritik muss astiechen, falls et net sollt klappen.

13) Traurege Bilan vu Millenium Ziler

Fir verschiddener ass et scho laang hir, fir aanerer net grad sou laang: de Jordausendwiessel. Alles sollt besser ginn an dësem neien Jordausend/Jorhonnert. 21. Jorhonnert… dat heescht Fortschrëtt, dat heescht Wuelstand fir jiddereen. Bis 2015, also bis haut, wollte mer (all 189 UN Memberstaaten) 8 grouss Ziler erreechen:

  1. Honger op der Welt stoppen & extrem Armut ausläschen;

  2. Primäredukatioun fir jiddereen egal wou een liewt;

  3. Gender Equality ereechen & “empower” Fraen;

  4. Mortalitéit bei Kanner reduzéieren;

  5. Gesondheet vu Fraen/Mammen verbesseren;

  6. géint HIV/Aids, Malaria an aaner Krankheeten kämpfen;

  7. fir ‘environmental sustainability’ suergen;

  8. eng global Partnerschaft fir den Development opbauen.

An deenen Beräicher wou eppes gemaach gouf, wéi bspw. Armutsbekämpfen, sinn d’Schrëtter zimlech kléng bliwwen. Vläit ass d’Kris vun 2008 eis doteschent komm, vläit si mer als Menschen och just einfach besser doranner eis eppes grouss virzehuelen wéi et dann och ëmzesetzen. Egalwéi, d’Millenium Ziler an hir traureg Bilanz dierft een 2015 wuel déi eng oder aaner Kéier an Noriichten ze liesen kréien. 

14) #HeForShe 

D’Millenium Zil Nummer 3 ass eent vun deenen wou just ganz wéineg scheinbar geschidd ass. De Faite dass d’Malala Yousafzai de Friddensnobelpräis 2014 kritt huet, well hat gefuerdert huet dass Meedercher an d’Schoul dierfe goen ënnersträicht dat nemmen all ze gutt. Beim Joreswiessel 2000 hätt wuel keen geduecht dass een 2014, an och elo 2015, mat sou Fuerderungen säi Liewen riskéiert. Een Eenzelfall ass et och net: vun den geschaaten 110 Millioune Kanner weltwäit, déi net an d’Schoul ginn, sinn 60% Meedercher. Am Irak huet ee Mann e legalt Recht seng Fra ze schloen, Lëtzebuerg kritt réischt elo seng 1. Presidentin vum Staatsrot, a fir genee deen nämmlechten Beruf kritt eng Fra an der EU ronn 16.2% manner an der Paie wéi een Mann (= Fraen missten 59 Deeg méi am Joer schaffen fir d’nämmlecht vill ze verdéngen). 

2014 huet d’UN hir Campagne “#HeForShe” gestart fir dësen 3. Punkt vun de Millenium Ziler emol e bësschen méi an de Virdergrond ze réckelen. D’Schauspillerin Emma Watson sollt do hellefen. Vill gouf iwwer d’Ried geschwat, iwwer de Faite dass “eppes muss gemaach ginn”, mä um Enn steet déi Campagne aktuell just fir gudde Slacktivism. Hoffe mer dass een um 1. Joresdag vun där Campagne am Hierscht e méi een positiven Bilan dierf zéien. D’Story’en iwwer feelend Gender Equality & Fraen, déi ënnerdréckt ginn – op sozial, politesch, economesch etc. – dierfte wuel och dëst Joer (leider) net ze kuerz kommen.

15) De gréisste Wandel wäert aus Latäinamerika kommen

Afrika war jo fir mech déi läscht 12 Méint e bësschen deen Kontinent iwwerhapt. Vill Positives ass do geschidd (e.a. fantastesch Wuesstëmszuelen a verschiddenen Länner op dësem groussen Kontinent; & vill Start-ups e.a. a Rwanda, wou am ganze Land scho Glasfaserkabel läit. Hallo Lëtzebuerg?!), awer natierlech och vill Negatives (Boko Haram, Ebola, Libyen a co.). An dësen nächsten 12 Méint geet et wuel Richtung Westen: Latäinamerika. 

Kolumbien wäert probéieren een Friddensaccord mat der FARC zekréien, wat eng Rebellenarméi vu ronn 9,000 soll dozou bréngen hir Waffen nidderzelëeen. Dëst soll dozou bäidroen, dass och d’Gewalt ausserhalb vun de Stied wäert ofhuelen. De 6. Januar schonns wäerte de President vu Mexiko Peña Nieto op Washington D.C. reesen & do “economesch, secherheets- & sozialpolitesch Themen” diskutéieren. Et ass een ‘do or die’ Joer fir Mexiko, wat 2015 säin Energiesekteur opmécht. Hei sinn e.a. Shell, ExxonMobile & Chevron an de Startläscher, mä hir Konkurrenz vu staatleche Betriber aus China och. Venezuela huet och een ‘do or die’ Joer vru sech. D’Land mat de gréissten Uellegreserven vun der Welt huet praktesch keng Grondnahrungsmëttel méi, dozou kennt deen niddregen Uellegpräis, deen d’Staatskeessen net wirklech fellt. D’Land ass an enger Rezessioun, de Support fir de Chavez-Nofolger Maduro fällt, an net wéineg Economisten rechnen mat engem Staatsbankrott – spéistens 2016. Déi nei Kuba Politik vun den USA ass laang genuch erkläert an diskutéiert ginn. 2015 ass een Neiufank fir dëst Land, vläit kritt een souguer jo dann een vollen Uschloss un den Internet?! An am Peru, der stärkster Economie an där Regioun, suergt d’Zuel vun de Morden & Kidnappings souwéi der massiver Korruptioun an der Politik dofir dass d’Leit sech vill Froen wäerte stellen an souguer dem Ex-President Alberto Fujimori, deen aktuell wéinst Menschenrechtsverletzungen am Prisong setzt, säi Meedchen Keiko fir eng 2. Kéier (no 2011) probéiert op de Presidentinnestull zekommen. An da wier do natierlech nach Brasilien. Weltjugenddeeg leien hannert hinnen, d’Fussball-WM och, an d’nächst Joer kennt Olympia. E Marathon-Programm fir d’Land, an deem d’Korruptioun mat vun der Partie ass. Wonnert iech net, wann dovunner geschwat gett, dass wéinst dem Korruptiounsskandal d’Stadien fir Olympia d’nächst Joer net wäerte fäerdeg ginn. A wonnert iech och net, wann een “Ersatz” mat London scho ‘fonnt’ ginn ass, an dann awer a Brasilien alles zesumme kennt & och den 3. Megaevent bannend e puer Joer 2016 do iwwer d’Bühn wäert goen… 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s