Juli 2014: de “No” läit nach komfortabel vir an den Ëmfroen. 

Ufank August 2014: weiderhin iwwer 10% Virsprong fir de “No” vrun & no der 1. TV Debatt

Ënn August 2014: de “Yes” hëllt lues a lues op

kuerz vrum Referendum: “Yes” op 48-49%.

Dunn huet London ugefaangen op Schottland ze kucken. De fréiere Premier Gordon Brown gouf dohinner geschéckt, d’PMQs goufen ofgesoot, Premier, Vize-Premier & Oppositiounschef sinn a Schottland gereest. Mat aller Muecht dat verhënneren, wat elo eng richteg Possibilitéit ass: eng Victoire vum ‘Yes.’ 

An der Hektik & aus der Angscht eraus, gi Saache versprach. ‘Wielt “No”, a mir ginn iech méi Muecht!’ Déi britesch Devolution, eppes wat déi ganz Campagne iwwer keng Roll gespillt huet, sollt d’Rettung fir Better Together sinn. A Saachen wéi e.a. Sozialhellef & Steieren soll dat schottescht Parlament d’Muecht iwwer Schottland kréien. Op deenen Themen géif London sech eraushaalen. An passionnéierte Rieden huet de Gordon Brown d’Pläng virgeluecht. Hien huet dëst vollstänneg gemaach, ceci dit mat engem ‘Timetable.’ Bannend 9 Méint soll e groussen Deel vum Wee scho gemaach sinn. Kuerz drop sinn déi 3 grouss britesch Parteien – Konservativ, Labour & Liberal Demokraten – op den Zuch opgesprongen & déi 3 Leaderen, Cameron, Miliband, an Clegg, hunn et mat engem ‘Pledge’, deen an enger Zeitung ofgedréckt gouf, de schottesche Bierger versprach.

.

Problem mam grousse Verspriechen

Scho wéi d’Wahlbureau’en awer um Donneschdeg zougaangen sinn, koumen d’Stëmmen vun pro-UK Leit, dass “dat do esou net ëmzesetzen wier.” Zemools den Zäitplang vum Gordon Brown wier net méiglech – scho guer net well d’nächst Joer am Mee Parlamentswahlen am UK sinn. Dëst ass awer net deen eenzegen Grond. Méi Muecht fir Schottland ass einfach gesot, awer schwéier gemaach. Et heescht nämlech och méi Muecht fir Wales a fir Nordirland – eppes wat Westminster ni wollt & scho guer net no engem Referendum a just engem vun de 4 Länner.

Dat schwieregst um groussen Wahlverspriechen vu Better Together & Westminster ass awer déi sougenannten “English Question.”

Wat ass dat? Et ass eng Fro déi Politologen & d’Parteien an England zënter dem Ufank vun der Devolution beschäftegt. Während Schottland, Wales & Nordirland zënter e puer Joer hir eegen Parlamenter hunn (déi eng minimal Muecht hunn), esou huet dat 4. Land am UK – England – keen eegent Parlament. Westminster herrscht – bei villen Themen – iwwert de ganze UK, awer eben och, wéi bspw. bei den Tuition Fees fir d’Uni, um Niveau vu bspw. England & Wales an heiandsdo och just um Niveau vun England. Well Westminster awer praktesch e federalt Parlament ass, konnten schottesch & nordiresch MPs iwwert d’Erhéijung vun den Tuition Fees an England & Wales ofstëmmen. Verschidde Politiker awer och Journalisten, e.a. vum Telegraph, déi der Konservativer Partei no steet, fuerderen dass wann een Schottland méi Muecht gëtt dann och just englesch Parlamentarier kennen iwwert englescht Recht entscheeden. 

.

Konservativ: Léisung um nationale Plang

Während Labour & Konservativer déi läscht Deeg vun der Campagne, mam gemeinsamen Zil vrun Aan, eng eenzeg Sprooch geschwat hunn, esou war dat an der Nuecht op e Freideg & och um Freideg selwer net méi ganz esou harmonesch. 

Aus konservative Kreeser héiert een dass een Deel keen eegent Parlament fir England well an ebe just dass bei engleschen Gesetzer just englesch Parlamentarier zu Westminster dierften ofstëmmen. Dëst ass och d’Positioun vum Premier Cameron. En Deel vun senger Partei well dann och, logescherweis, absolut net dass et eng englesch Regierung gett. Dës ‘englesch Regierung’ soll déi nämmlecht sinn wéi déi vum ganzen Vereente Kinnékräich. Elo kéint een soen, dass dat méiglech wier, ass et awer net – jiddefalls net wann ee well zesummen an engem Staat liewen. Schliesslech heescht Muecht iwwer verschidde Steiereinnahmen ze hunn och eng Muecht iwwert e Budget ze hunn & wann déi UK Regierung och soll déi englesch Regierung sinn, dierft logescherweis just een Englänner nach britesche Finanzminister ginn. Dat nämmlecht zielt fir d’Sozialwiesen & all aaner Departement, deem seng Muecht (zumindest zum Deel) op déi 4 Länner soll opgedeelt ginn. Een schotteschen Bierger (wéi 2 vun de läschten 3 UK Finanzministern) oder e waliseschen oder och een nordireschen Bierger dierften déi Posten an enger UK Regierung op Grond vun hirem Heemeschtsland net iwwerhuelen. 

Dat Argument vun “2. Klasse Bierger” ass och de Grond firwat bis elo all Kommissioun, déi sech mat der ‘English Question’ befaasst huet, keng Léisung fonnt huet. Just englesch MPs d’Recht ze ginn iwwer englescht Recht ofzestëmmen gouf e.a. 2013 vun der McKay Commissioun ofgeleent, well et “2 Klassen vun MPs” géif aféieren.

.

Labour: Léisung um lokalen & regionale Plang

A während een Deel vun de Konservativen awer wuel an déi Richtung well goen, schwätzt och den aktuellen Oppositiounschef zu Westminster a Labour Leader Ed Miliband mat engem liicht aaneren Toun wéi an der Campagne. De Miliband hätt gäeren, dass Westminster an dat ganzt Vereenten Kinnékräich elo eng Debatt iwwert d’Zukunft vum Land féiert & dass een zesummen eng Äntwert op déi ‘English Question’ soll fannen. 

De Grond dofir läit an der politescher Ausrichtung vum UK a vum Land England. Een separat Parlament fir England oder souguer déi “light” Versioun (englesch MPs zu Westminster stëmmen iwwer englescht Recht of) spillt éischter der Partei vum David Cameron an d’Kaarten. Déi Konservativ dierften a béide Versiounen bal ëmmer d’Majoritéit hunn & domat dann och iwwert sou wichteg Themen wéi Steieren- & Finanzpolitik fir England entscheeden. Eng Labour Majoritéit misst e gréisseren demographeschen & sozialpolitesche Wandel oder een gréisseren ‘Landslide’ virausgoen. Dat 1. wäert et wuel net ginn, an de ‘Landslide’ kennt och just 1 Mol & dono selten bei enger Wiederwahl. Géif Labour bei UK Wahlen eng Majoritéit zu Westminster kréien awer am Recht vun England net, kéinten eng ganz Rëtsch Reformen/Gesetzesproposen an den 2 Modeller, déi déi Konservativ ‘proposéieren’, net duerch gefouert ginn. 

Dofir well Labour eng ganz aaner Äntwert op déi “English Question.” Hir Äntwert ass d’Muecht an England op méi een lokalen & regionalen Niveau ofginn. Firwat? Ganz einfach: Labour dierft da wuel e gutt Stéck méi Muecht an & iwwer England hunn wéi se dat am aktuellen oder an den 2 uewen genannten Versiounen wuel je hätten. Labour ass einfach méi stark um lokale Plang an England, cf. London, Liverpool, Manchester, Birmingham, York etc. De Miliband huet dofir dem David Cameron seng Pläng fir England ofgeleent. Hien sot zwar gëschter, dass hien um Zäitplang fir Schottland “wéilt” festhalen, awer huet och schon duerchblécke gelooss dass bei enger Labour Victoire hien eng ‘Constitutional Convention’ fir de nächsten Hierscht wéilt aberuffen. Dono sollen Legislatiounen proposéiert ginn, déi dann hiren politesche Laaf mussen huelen (e.a. vum Uewerhaus House of Lords gutt geheescht ginn; Miliband well komplett Reform vun deem Deel vum Parlament).

De Miliband huet virdru gewarnt, dass elo Spillereien gemaach ginn fir politesch besser do zestoen. Obwuel eigentlech béid Parteien dëst natierlech maachen. Et ass schliesslech Politik. 

.

Verspriechen muss ageléist ginn

Den Alex Salmond, de nach-First Minister vu Schottland, huet gewarnt, dass d’Schotten “[will] hold Westminster’s feet to the fire.” Alles aanescht wéi déi grouss Muechtännerung, déi a läschter Sekonn grouss versprach gouf, an am kléngen Zäitplang wéi et versprach gouf, an d’SNP an déi Gréng(?) wäerten wuel an e puer Joer een 2. Versuch starten fir onofhängeg ze ginn. Da wier déi ‘beschten’ Taktik vu Westminster eigentlech just nach e Referendum iwwert d’Onofhängegkeet net unzerkennen. Där Stëmmen goufen et an de läschte Stonnen vu Leit vun der ‘No’ Campagne, déi e Referendum “vläit ni méi” a Schottland zu deem Thema welle gesinn. Fir de Salmond war et eng ‘once in a generation’ Chance fir d’Schotten, mä hien huet um Freideg kloër gemaach, dass dat seng perséinlech Vue ass. Säin Nofolger, oder wuel besser gesot, seng Nofolgerin (Nicola Stuergeon) kéint eng aaner Vue zu engem 2. Referendum hunn…

zemools wa London sech elo a Parteipolitik & Wahlkampf verdéift (de UK Treasury Minister & schotteschen MP Danny Alexander (LibDem) sot gëschter schonns ‘schottesch MPs d’Wahlrecht zu Westminster ewech ze huelen wor net vereinbart ginn’), an déi iwwer 1.6 Millioune Schotten, déi fir d’Onofhängegkeet gestëmmt hunn (e.a. iwwer 70% bei de ganz Jonken!) nees géif vergiessen. 

Et huet een e ganz grousst Verspriechen gemaach. Dat wuel gréissten a fundamentalsten an der Geschicht vun der moderner britescher Politik. Zäit fir déi Konservativ, d’Liberal Demokraten & d’Labour Partei fir dat dann och elo esou ëmzesetzen!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Gudde Resumé.

    Et gëtt amfong virun allem awer “West Lothian question” genannt, well se hieren Ursprong an enger Ried iwwer schottesch Devolutioun vun 1977 vum MP aus deem county huet (deen et net méi gëtt).

    Reply

  2. Jo stëmmt. Hätt ech och nach kennen dobäi setzen. Hu gréisstendeels “English Question” benotzt, well dat déi Expressioun war déi vun de Medien/Journalisten & Politiker am meeschte benotzt gouf (zumindest vun deem wat ech matkritt hunn).

    Reply

  3. […] probéieren eng Koalitioun mat der SNP opzestellen – och fir dass Labour hir Äntwert op “English Question” kann ëmsetzen. D’UKIP wäert zwar net souvill Setz gewannen, kéint awer a villen […]

    Reply

  4. […] English votes for English laws: Devolution fir England, wat momentan vum UK Parlament zu Westminster regéiert gëtt. Do stellen sech just e puer zentral Froen. (Link) […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s