Een Donneschdeg kéinten d’Schotten hir iwwer 300 Joer aal Unioun mat England nees opléisen. An der Geschicht goufen alt gréisser Kricher a Schluechten tëschent Schottland an England. En Donneschdeg entscheeden d’Leit per Referendum. Gréisser Auswierkungen op déi schottesch, déi britesch & déi europäesch Politik (an op Lëtzebuerger Studenten) huet dëst awer trotzdem. 

Hei sinn 10 Froen an Äntwerten zum Referendum:

1) Ween dierf wiele goen?

Alleguerten déi Briten, déi a Schottland liewen, hunn d’Recht am Referendum wielen ze goen – soulaang si minimum 16 Joer hunn. Et ass déi éischte Kéier, dass 16 & 17 Järeg am UK dierfe wiele goen. En plus, sinn alleguerten d’Bierger vum Commonwealth wëllkomm, soulaang si dann fest a Schottland wunnen. Dëst zielt och fir EU Bierger. Dësweideren dierfen alleguerten Zaldoten & Leit aus briteschen Ambassaden etc. wielen, falls si hire (“normalen”) Wunnsëtz a Schottland hunn.

Iwwer 4.2 Millioune Leit hu sech ageschriwwe fir wielen ze goen. Bal 800,000 hu sech bei der Bréifwahl ugemellt. Béides ass e Rekord fir déi schottesch Politik. Um Donneschdeg sinn d’Wahlbureau’en vun 7 Auer Moies bis 22 Auer Owes (= 8-23 Auer lëtzebuergesch Zäit) op.

 

2) Kréien d’Bierger just 1 Fro gestallt? Wéi eng? 

Et gett just eng Fro am Referendum gestallt: “Should Scotland be an independent country?” Als Äntwert kann een entweder “Yes” oder “No” ukräizen.

Et gett am Referendum net gefrot ob méi Muecht vu Westminster soll op Edinburgh fléissen; also ob déi sougenannten britesch “Devolution” nach méi wäit soll weider gefouert ginn. Sollt et zu engem “Jo” zur Onofhängegkeet kommen, kéint de politesche Parteien zu London – an zemools dem Premier David Cameron – et als Fahrlässegkeet virgeworf ginn, dass si et net fäerdeg bruecht hunn dass och esou eng Fro an de Referendum mat agebaut gëtt. 

 

3) Bleiwt een onofhängegt Schottland Member vun der Europäescher Unioun?

Jein. Laut dem First Minister Alex Salmond (SNP) géif Schottland no engem “Yes” direkt d’Verhandlungen mat Bréissel ophuelen fir der EU, um Dag vun der schottescher Onofhängegkeet (am Mäerz 2016), bäizetrieden. Et ass awer onkloër, ob dëst esou séier ka geschéien. Et gett aktuell keen Traité oder Ofkommes, wat déi schottesch Situatioun géif kläeren. “Wat maache mer falls eng Regioun sech onofhängeg vun engem EU Member erkläert? Dorëms këmmere mer eis, wann et mol eng Kéier sou wäit ass.” Dat schéngt d’Gespréich déi läscht Méint a Joeren zu Stroosbuerg a Bréissel gewierscht ze sinn. Den Alex Salmond hofft, dass d’EU een onofhängegt Schottland esou géif ophuelen wéi nom Mauerfall d’DDR opgeholl gouf.

Positiv dierft een zu Bréissel ophuelen, dass Schottland wuel e vill méi EU-frëndlechen Partner ass, wéi dat London wuel jeemols kéint sinn. Negativ dierft awer de Referendum a Schottland & een méiglecht Bäitrieden un d’EU wuel zemools de Spuenier, der Belsch oder och den Italiener opstoussen. Op där aanerer Säit, well d’EU wirklech e Land dobausse loossen/rausgeheien, wat op eng friddlech an demokratesch Art & Weis iwwert seng Zukunft entscheed huet? Zemools wann een Moskau well weider virwerfen een “Referendum” op der Krim zur Show ofgehalen ze hunn an dass dëst näischt mat Demokratie & fräie Wahlen zedinn hat? An och just e puer Méint nodeems mat deem neien Wahlsystem fir de Kommissiounspresident déi “EU ass net demokratesch”-Kritik sollt bekämpft ginn? Wuel kaum. Trotzdem hofft een zu Bréissel wuel op eng Victoire vum “Nee” – et ass déi, politesch gesinn, méi ‘einfach’ Léisung fir d’EU. 

4) Kritt Schottland den Euro oder behällt et d’Pond?

Do si mer bei der 100-Millioune Fro. Et ass dëst déi Fro, déi de Camp vum Jo laangzäit an dëser Campagne erofgedréckt huet. Eng Ausso vum “Better Together” Mann Alistair Darling (Labour) an der 2. TV Debatt mam Salmond huet dëst awer geännert. “Natierlech kenne mer och weiderhin d’Pond benotzen…”, sot de fréieren britesche Finanzminister. Eppes wat hien, säin ‘Better Together’ Grupp, déi dräi grouss Parteien zu Westminster & den Bank of England Chef Carney iwwer Méint dementéiert hunn.

Fir et kuerz ze maachen: den Alex Salmond well d’Pond behalen & den Euro op kee Fall aféieren. Do ginn et awer e puer Problemer:

(a) onofhängeg vun der Zentralbank

Mam “Yes” en Donneschdeg, an der dorausser resultéierender Onofhängegkeet 2016, géif Schottland och d’Währungssunioun mat England, Wales & Nordirland verloossen. Natierlech kann een ëmmer d’Währung vun engem aanere Land benotzen (theoretesch kéint Schottland och de kanadeschen oder australeschen – fir elo mol am Commonwealth ze bleiwen – Dollar aféieren). De Problem ass awer, dass een natierlech keng Bezéiung zur Zentralbank (beim britesche Pond: d’Bank of England) huet. Géif een also a finanziell Problemer geroden, huet een ebe Pech. Sou domm wéi dat dann eben ass. 

Dat well de Salmond verhënneren. Wéi? An deems hien domatter droht keen een Cent vun der aktueller britescher Schold, déi schliesslech och duerch Investitiounen a Schottland an d’Lut gaangen ass, ze bezuelen; ausser een onofhängegt Schottland géif weider an der Bank of England setzen. Eng forcéiert Währungsunioun, souzesoen. Negativ Auswierkungen op d’Net-Bezuelen vun der Schold dierften fir d’Schotten wuel e gutt Stéck méi kléng sinn (Experten vergläichen et mat Island post-September 2008) wéi fir de Recht vum Vereente Kinnékräich, wat schliesslech déi gréisser Schold op elo vill manner Steierzueler muss verdeelen.

(b) d’EU well den Euro

E Land, wat elo der Europäescher Unioun bäitrëtt, muss sech dofir asetzen, dass et a noer Zukunft den Euro kann aféieren. Dëst stäerkt op der enger Säit d’Wirtschafts- & d’Währungsunioun an, op der aanerer, reduzéiert se dat Europa mat 2 Geschwindegkeeten, wat dat läscht Joerzéngt ëmmer méi stark ginn ass.

Schottland well den Euro awer net. Iwwerhapt net. Et well säin britescht Pond mat der Queen drop. Fir de Salmond gett et schwéier Bréissel heivunner z’iwwerzeegen. Jo, Schottland wier eng Euro-Insel op der britescher Insel, wat wuel dem Salmond géif ze gutt kommen, awer Bréissel denkt och vläit e bësschen weider:

Schottland trëtt EU bäi (2016); England, Wales & Nordirland trieden per Referendum aus EU aus (2017)… een Wales wat et sengem grousse Brudder well nomaachen post-2017? Wann da béid Schottland & Wales als onofhängeg Staaten an der EU sinn & sech engagéieren den Euro an Zukunft unzehuelen, jo… da wier England op eemol eng Insel am Euroraum. Béid (“Festland”-)Nooperen & de Nooper déi aaner Säit vum Kanal sinn Eurolänner. Et gett een 2. Schwäiz an der EU. Wa Bréissel well een Drockmëttel op Westminster hunn wat den “in-out” Referendum 2017 ugeet… voilà.

5) Behällt Schottland dann d’Queen an d’Monarchie?

Jo. Et ass keen Referendum iwwert d’Queen oder iwwert d’Monarchie. D’SNP mam First Minister Salmond well dass een onofhängegt Schottland als Member vum Commonwealth d’Queen als Staatsoperhaubt huet. D’Queen Elizabeth II. soll och Queen of Scots sinn/ginn. D’Queen, déi sech dës ganz Woch a Schottland ophällt, huet keng politesch Äusserungen zum Referendum gemaach. 

Firwat d’Schotten keen eegenen President/Presidentin wellen? Een Argument dierften d’Suen sinn. Als Member vum Commonwealth bezillt een zwar minimal fir d’Kroun, wat awer gréisstendeels ass fir Gebaier an der Rei ze haalen. De ganzen finanziellen Support fir d’Queen an déi ganz Monarchie, mat allem wat dozou gehéiert, gëtt vun der britescher Regierung, ceci dit vun de briteschen/UK Steierzueler, bezuelt.

 


(Froen 6-10 op der 2. Säit)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Zu Punkt 8 muss ee soen, dass et zanter dem 20. Joerhonnert just zweemol een Ennerscheed gemaach hätt, wa Schottland net gewielt hätt. De Punkt ass also relativ einfach ze ignoréieren fir Labour. Et kéinnt éischter sinn, dass dann d’Greens a Plaid dem Labour votes ewech huelen, well déi allebéid um Wuesse sinn (ebe well Labour an d’LibDems och just um Pobéier lénks sinn, an d’Leit sech no anere Parteien umkucken).

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s