Zum Glëck huet den EU Conseil also elo e Mann nominéiert, deen finanzpolitesch Wäitsiicht huet… 😉
.
Februar 2008 – Immobilienkris an den USA, 7 Méint vru Lehman Brothers
“Et wäert an Europa [dëst Joer] net zu enger Rezessioun kommen”, sot de Jean-Claude Juncker als Mister Euro. Während vill Economisten ugefaangen hunn vun enger méiglecher Rezessioun an den USA ze schwätzen, déi och hire gréissten Partner, d’EU, kéint treffen… wollt de Jean-Claude Juncker näischt dovunner wessen. Souguer déi no ënnen revidéiert Zuelen vun der IMF fir Europa huet de Jean-Claude Juncker verworf. D’EU bräicht och dowéint a noer Zukunft ‘aanescht wéi d’USA’ guer keen Stimulus Paak fir d’Economie unzekurbelen. Et wier alles an der Rei.
AFTX, “Euro group’s Juncker sees no recession in Europe this year”, http://www.finanznachrichten.de/nachrichten-2008-02/10027004-euro-group-s-juncker-sees-no-recession-in-europe-this-year-update-020.htm
Abrëll 2008 – 5 Méint vru Lehman Brothers
De Jean-Claude Juncker mengt, dass d’Kris an den USA e puer Konsequenzen an Europa hätt. Et wier awer net esou dass déi Kris Europa giff ganz erreechen. Et handelt sech ëm eng Kris an den USA, déi d’EU zwar géif dat ganzt Joer 2008 beschäftegen… mä net voll géif treffen. Schued fir d’Eurozone kéint just duerch een ze staarken Euro kommen.
Reuters, “Juncker: Finanzkrise ohne dramatische Folgen für Europa”, http://de.reuters.com/article/economicsNews/idDEKOE61857620080416;
Die Presse, “Juncker: Finanzkrise wird uns auch 2009 beschäftigen”, http://diepresse.com/home/wirtschaft/finanzkrise/376517/Juncker_Finanzkrise-wird-uns-auch-2009-beschaeftigen
September 2008 – De Fall vu Lehman Brothers
De Jean-Claude Juncker seet d’Finanzkris ass nach net eriwwer, d’Auswierkungen wieren weiderhin “ungewiss.” Et géif zwar e Vertrauensverloscht ginn, mä d’Konsequenzen vum Fall vu Lehman Brothers géifen, laut dem Jean-Claude Juncker, net all ze hefteg ausfaalen.
NTV, “Juncker warnt – Finanzkrise nicht zu Ende”, http://mobil.n-tv.de/wirtschaft/meldungen/Finanzkrise-nicht-zu-Ende-article23473.html
Präisser
De Jean-Claude Juncker sollt fir dat Joer, a wat hien gesot & gemaach huet, herno e.a. den Titel “Schärfste Klinge des Jahres 2008” kréien (via) an deen vum Europäeschen Bänker vum Joer (via).
Mee 2009 – Puer Deeg vrun de Wahlen, 5 Méint ier Griichenland Kris ufänkt
Et sti Lëtzebuerg nach minimum 2 weider hart Joeren bevir, ier et nees de Bierg op geet, sou de Jean-Claude Juncker bei enger “Juncker on Tour” Ried zu Déifferdéng. “Es sind aber schon jetzt deutliche Zeichen von Stabilisierung und Konsolidierung erkennbar”, sou de Premier. Fir Lëtzebuerg huet de Premier e.a. versprach d’Scholdelaascht net uwuessen ze lossen, a mam Titel “Zesummen Wuessen” hätt CSV och Léisungen fir den Immobilienmarché an de nächsten Joeren an de Grëff ze kréien. Béides sollt net geschéien.
Hien huet de Leit op engem “Juncker on Tour” Event awer och versprach, dass wann si Leit wellen an der Regierung hunn déi elo an der Kris wessen wat muss gemaach ginn, dann dierften si net fir d’CSV stëmmen an net fir hien.
Luxemburger Wort, “Juncker redet Tacheles”, http://www.flickr.com/photos/pitschspics/3541316261/sizes/o/in/photostream/;
YouTube, “Juncker: Stemmt e Sonnden weder fir d’CSV nach fir mech!”, http://www.youtube.com/watch?v=xC5XWcIBSfE
Präisser
2009 hällt hien d’Laudatio fir de Josef Ackermann, deen den Titel “Europäeschen Bänker vum Joer” kritt. De Jean-Claude Juncker luewt den Ackermann e.a. dofir dass hien “Deutsche Bank” zu enger globaler Bank gemaach huet. Dobäi huet deen Mann net nëmmen massiv vill Leit entloos fir massiven Profit ze maachen, mä seng Taktik fir vill an déi US Immobilienblos z’investéieren/eranzegoen, huet d’Bank dunn iwwerhapt zu där grousser globaler Bank gemaach. An den USA gëllt se als eng vun de Banken, déi Schold un der Immobilienblos & domat der globaler Finanz- & Wirtschaftskris stinn. Eppes wat den Ackermann selwer 2008 zum Deel um ZDF zougett.
Luxemburger Wort, “Juncker hielt Laudatio auf Josef Ackermann”, http://newwww.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/11/125300/ehrendoktorwuerde-fuer-jean-claude-juncker.php;
Spiegel Online, “Kreditkrise bei Maybritt Illner: Die Ackermann Show”, http://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/kreditkrise-bei-maybrit-illner-die-ackermann-show-a-506988.html;
Public Integrity, “Data shows Deutsche Bank was key patron of questionable mortgage lenders”, http://www.publicintegrity.org/2011/04/18/4173/data-shows-deutsche-bank-was-key-patron-questionable-mortgage-lenders
SwissInfo, “Vom Buhman zum Liebling der Deutschen”, http://www.swissinfo.ch/ger/archiv/Vom_Buhmann_zum_Liebling_der_Deutschen.html?cid=633848;
Bloomberg, “Bankers Learn What Happens in Vegas Can Lead Back to D.C.”, http://www.bloomberg.com/news/2014-05-02/bankers-learn-what-happens-in-vegas-can-land-back-in-d-c-.html
Video Tipp:
Méi iwwert Deutsche Bank & dem Jean-Claude Juncker säi Kolleg, Josef Ackermann, an deenen hir Roll an der US Immobilienkris & domat der Weltwirtschaftskris souwéi der Eurokris, gëtt et e.a. an dëser ARD Dokumentatioun “Verzockt und verklagt – Die ‘Guten Geschäfte’ der Deutschen Bank”: http://www.youtube.com/watch?v=D1QB01nF0qg