Zäit vergeet extrem séier an der Politik – zumindest an der dagdeeglecher Politik. D’Wahlvictoire vun haut, ass d’Wahlnéierlag vu muer. Jiddereen dierf eng Kéier un d’Muecht kommen… Merry-Go-Round, oder sou. Zu Washington D.C. ass de President Obama sou lues op sengem leschten Tour ukomm. D’Land, oder zumindest d’Politiker an der Haaptstad, si schonns an d’Midterms gestart. Mir sinn also elo an de läschte puer Méint wou de 44. President nach iergendeng gréisser Muecht um politeschen Parquet huet. Et gëtt dofir Zäit déi éischt kléng Bilanz vun dëser Presidentschaft ze zéien.
De Barack Obama wäert d’Wäisst Haus, ausserhalb vun der “Obama Recovery” am Finanzberäich, déi besser ass wéi déi an Europa awer och nach net wierklech richteg boomt, den Enn vun de Kricher a fir “Don’t Ask, Don’t Tell” souwéi der “Energie-Revolutioun”, wuel „just“ mat enger Gesondheetsreform verloossen. Eng Gesondheetsreform, déi och elo nach ëmmer net voll a ganz leeft.
D’Aussepolitik vun den USA huet sech awer wéinst der Innenpolitik verännert. Dat rezenteste Beispill ass wuel de Noen Osten. E Friddensaccord op d’Been ze stellen war d’Zil & et wier, wéi den John Kerry sot, déi läschte Chance dofir. Vun enger soziopolitescher Vue hir, kann een déi Ausso wuel mat béiden Hänn ënnerschreiwen; oder zumindest zréckbehalen dass een Friddensaccord mat all Joer wat vergeet méi (resp. nach méi) onwahrscheinlech gëtt. Béid Säiten schwätzen zënter 2013 nees mateneen. A bei all klénger Differgenz, wann et dann eng gouf, war de Kerry op der Platz fir selwer d’Verhandlungen zeleeden. Vrun e puer Wochen sinn déi dunn méi lues viru gaangen, a vrun e puer Deeg koum deen éischte „GAU.“ Israel hat déi läscht 26 palästinensesch Prisonéier net fräigelooss, Palestina ass doropshin bei d’UN gaangen fir 15 UN Verträg a Konventiounen bäizetrieden, also hire Staat (mat de Grenzen vun 1967) voll & ganz unerkannt ze kréien – egal wat Israel well oder wou Israelis wunnen. Et ass dat wat an der internationaler Sécherheet vu béide Säiten gefaart gëtt, géif domatter schliisslech aktuell israeleschen Territoire praktesch automatesch palästinensesch ginn – an ënnert enger Hamas oder schlëmmer stoen. Israelis fäerten den nächsten Holocaust. A ween ëm säi Liewe fäert, deen attackéiert normalerweis déi aner Persoun am léifsten nach ier een selwer getraff ass.
Keen kann deen Szenario gutt fannen. Weder déi 2 Länner, nach soss een an der internationaler Gemeinschaft. Trotzdem sinn d’Reaktiounen dach awer zimlech non-existent bliwwen – souguer zu D.C.. Obschonns, mat de Midterms dem Obama seng Innepolitik lues a lues op en Enn geet, an hien deemno eigentlech just méi d’Aussepolitik huet, denkt een souguer an der US Haaptstad iwwert déi amerikanesch Roll am Konflikt no. De Kerry huet de politeschen Chefs vu béide Säiten fir d’éischt eng Denkpaus opgebrummt; an, no där kuerzer Paus sollten, an hunn, béid Säiten dann emol alleng verhandelt. [1]
Et ass dat wuel een éischt richtegt Zeechen vun deem “neien Amerika.” Een „neit Amerika“ wat e gréisseren Effekt op Europa an op déi ganz Welt kann, a wäert, hunn. Well wat war, ausserhalb vun den USA, déi gréisste Kritik un der US Politik post-9/11? Nee, net den Dronenkrich. Och net d’Verhörungstaktik vun der CIA. Och net de PATRIOT Act. Nope. D’Idee dass d’USA just militäresch aktiv gëtt, wann et ëm dat „schwarzt Gold“ geet. Een Beispill, wat an deem Kontext oft genannt gëtt, ass den Irak Krich (2003). Och wann dat net e ganz gutt Beispill ass, schliisslech hunn d’USA sech um Enn bei den Uellegquellen zréck gehalen an dat Ganzt China iwwerlooss. [2] Firwat? Ënnert anerem well d’USA de Pëtrol net gebraucht huet, geet et am „Land of the Free“ dach an eng komplett aner Richtung.
Laut der amerikanescher Energy Information Administration, huet d’USA am Joer 2012 eng 40% vu sengem Petrolkonsum missten importéieren. Dat sinn 20% manner wéi nach 2005. A rechtzäiteg fir déi nächst Wahlen 2016 soll deen Taux op just méi 25% erof falen! [3] Déi amerikanesch Nofro nom Pëtrol ass um déifste Stand zënter 17 Joer. Enger Etude vu „Citigroup“ no, bräicht d’USA a 4 Joer eigentlech just méi Pëtrol vun hirem Noper Kanada z’importéieren fir hire Konsum ze stëllen. [4] Ufank dës Mounts huet d’Energy Information Administration och fir déi alleréischte Kéier en Datum genannt wéini de Pëtrol Import kéint op Null falen: 2037. [5]
Eppes iwwer 40 Joer nom Nixon senger Fuerderung no „American Energy Independence“, déi hien an 10 Joer wollt realiséieren, schéngt dat Joerzéngte laang Zil, wat all US President sech op d’Stir geschriwwen huet, e gutt Stéck méi no zekommen. [6] Dëst huet een direkt Impakt op aner Länner, e.a. Venezuela an Iran sinn haut scho Beispiller dofir. Beim 1. genannten huet e.a. den Abroch beim Export vu Pëtrol an d’USA, d’Inflatioun am Land op iwwer 57% gedréckt an Protester géint de lénksextremen Regime vum Chavez Nofolger Maduro gounge lass. An am Iran konnten déi international Sanktiounen zum groussen Deel just wéinst der Energie-Revolutioun an Amerika duerchgesat ginn.
Eppes wat nieft dem Petrolkonsum fält? D’CO2 Emissiounen, déi elo fir d’USA um nämmlechten Niveau wéi Mëtt de 1990er Joeren sinn, & grad esou wichteg, de Gas Präis! Vru 4 Joer war deen an den USA genee esou deier wéi an Europa. Haut ass den US-Gas 3(!) Mol méi bëlleg. Déi bëlleg Energie bréngt nees Aarbechtsplazen zréck aus Europa – an zemools aus China. No iwwer engem Joerzéngt Abstinenz, wäert „Apple“ nees eng Firma ‘doheem’ opmaachen. Europäesch Risen wéi e.a. „Royal Dutch Shell“, „Vallourec“ an „Voestalpine“ kucken och Richtung USA fir Firmen do opzemaachen. [7]
„All leaders are aware that sustainable and affordable energy is key to keeping factories and jobs in Europe. Industry finds it hard to compete with foreign firms who pay half the price for electricity, like in the United States.“
~ Herman Van Rompuy (2013)
D’Energie-Revolutioun huet an deem Sënn en Effekt op d’US Aussepolitik, dass d’Land net méi an bal all Konflikt op der Welt misst agräifen. Schon alleng aus historescher Siicht wäert een sech, zum Gléck, zwar ni wierklech zréck zéien, wann et ëm d’Sécherheet vun Israel geet, mä et misst een sech ebe keng Gedanken iwwert déi direkt (Energie-)Konsequenzen op säi Land méi maachen (cf. Uellegkris). Wann een déi Suergen net huet, dann huet dëst, laut verschiddenen wëssenschaftlechen Etuden, och een Impakt op d’Entscheedungen vun eise Politiker, egal wou déi elo regéieren. [8] „Pick your battles“ kéint e Motto vun der US Sécherheetspolitik ginn.
Dofir hat am November 2013 den John Kerry gesot: d’Monroe Doctrine ass doud. Déi Doctrine, oder zumindest déi rezentesten Interpretatioun dovun, huet zënter dem 19. Joerhonnert d’US Aussepolitik geprägt. “Krichsmidd” sinn d’Amerikaner no iwwer engem Joerzéngt Afghanistan & Irak och ganz ferm ginn. Dat kann een an allen Ecker gesinn an héieren. E Beispill heifir ass wuel och e.a. scho Libyen an, nach vill méi, Ägypten, wou d’USA nogekuckt hunn wéi den (ëmstriddenen) 1. gewieltene President vum Land vum Militär geputscht gouf. An der aussepolitescher Zensur vun 2013 krut de President Obama dofir och vun der Washington Post, déi him eigentlech politesch misst zimlech nostoen, beim Handhaben vun der Kris an Ägypten een “F”. [9]Verschidde Leit vum Militär, bspw. de fréieren Zaldot & elo US Senator John McCain (R), gesinn „leading from behind“-Taktik vum Wäissen Haus ganz kritesch. Trotzdem géif sech wuel aktuell keen US Politiker trauen ze soen, dass d’Land nees jonk Männer a Fraen soll ëm d’hallef Welt schécken fir e Krich ze kämpfen. Et wier de politeschen Doud. [10]
Krichsmidd & selwer Energie fir d’Haus ze hëtzen. Et ass déi Mëschung, déi et mécht. Et wonnert dofir och net, wann, wéi vrun e puer Wochen geschitt, een amerikaneschen Kolleg, mat Bléck op déi nächst Presidentschaftswahlen, zu engem seet: “Mam Rand Paul wäerte mer eis zumindest net méi an anere Natiounen hir Saachen amëschen.” De Senator Paul (R) vu Kentucky, e Favorit fir 2016, steet fir eng komplett “non-interventionist” Aussepolitik, déi an der eigentlecher Idee vum Monroe eng gréisser Roll gespillt huet, wéi dat an de läschte 70 Joer vun US Politiker interpretéiert ginn ass.
„Nation-building at home“, wéi de President Obama et genannt huet, huet Konsequenzen op déi international Politik an do och ganz staark op Europa. De klénge Muechtvakuum um internationale Parquet, deen elo schonns e bësschen ze gesinn ass, gëtt probéiert vum fréieren KGB Agent Putin aus Moskau ze fëllen. Wat dat fir Europa heescht, gesäit een zënter Wochen an der Ukraine – also direkt vrun der Hausdier vun der EU. Et wier schonns alleng dowéinst ubruecht, dass och – oder, grad – an dësem Europawahlkampf iwwert eng vergréissert gemeinsam europäesch Aussen- & Sécherheetspolitik géif diskutéiert ginn. Et ass eppes wat de President Obama der EU eigentlech och bei sengem rezenten Tripp op Bréissel un d’Häerz geluecht huet.
An wee weess, villäicht schwätzen an 100 Joer d’Historiker beim 44. US President net als éischt vu senger Gesondheetsreform, mä dovunner dass d’Land vun dësem „most Wilsonian“ President [11] lues awer sécher op e Wee gesat gouf, deen e.a. der US Aussepolitik eng 180 Grad Kéier erméiglecht huet a sech déi international Politik dowéinst ganz anescht weider entwéckelt huet, wéi een sech dat am Ufank vum 21. Joerhonnert iwwerhaapt konnt virstellen…
Doheem opbauen, fir nobaussen nees ze liichten (cc Jackie)
(Footnotes op der 2. Säit)
Footnotes
[1] Gëschter Mëtteg koum d’Nouvelle dass Israel & Palestina iwwert Deadline vum 29. Abrëll welle weider un engem Friddensaccord bastelen. Béid Länner schéngen (nees) gewellt ze sinn eeschthaft mateneen ze verhandelen, an dëst bei enger „range of issues“, wéi den US Ausseministère gëschter betount huet. http://www.bbc.com/news/world-middle-east-27045312 [en]
[2] Tim Arango an Clifford Krauss (2013), ‘China Is Reaping Biggest Benefits of Iraq Oil Boom’ – http://www.nytimes.com/2013/06/03/world/middleeast/china-reaps-biggest-benefits-of-iraq-oil-boom.html?pagewanted=all&_r=0 [en]
[3] Michael Bastasch (2014), ‘US set for energy independence, while other countries set for dependence’ http://dailycaller.com/2014/01/22/us-set-for-energy-independence-while-other-countries-set-for-dependence/ [en]
[4] Stephen Keppel (2013), ‘U.S., Mexico and Canada Could Become Energy Independent’ http://fusion.net/abc_univision/story/us-mexico-canada-verge-energy-independence-16116 [en]
[5] Et gouf an de läschte Joeren vill Progrès bei Energie-Onofhängegkeet gemaach. Trotzdem ginn et nach e puer Hürden ze huelen fir zumindest no un déi Null erun zekommen. – http://www.vox.com/2014/4/9/5590002/what-would-it-take-for-the-us-to-become-oil-independent [en]
[6] Wéi de Nixon dat Zil ausginn huet, huet d’USA 35% vun hirem Petrol missten importéieren. 2005 huet déi Zuel mat 60% säin Héichpunkt erreecht. Haut ass et zréck op 40%, 2016 dann op 25%. – http://www.politico.com/magazine/story/2013/11/congratulations-america-youre-almost-energy-independent-now-what-98985.html#.U01mnuaSyaJ [en]
[7] D’Energie-Revolutioun ass ebenfalls ganz gutt fir d’Sanéierung vum Budget. 2013 huet een nach eng $300 Milliarde fir den Import vu Petrol missten ausginn. Dat sinn 2/3tel vum ganzen „Trade Budget.“ Déi Suen wäerten bei Energie Onofhängegkeet vum Land ëmmer méi an d’USA selwer investéiert ginn. – http://www.bbc.com/news/business-23151813 [en]
[8] Council on Foreign Relations, Etude [pdf]
[9] Den „F“ fir d’Kris an Ägypten war déi schlechtesten Note déi den Obama vun der Washington Post an där Zensur krut. – http://www.washingtonpost.com/blogs/worldviews/wp/2013/12/31/obamas-foreign-policy-report-card-for-2013/ [en]
[10] Zënter 2005 glëwen méi Amerikaner dass d’US Regierung ze vill Suen an d’Militär stécht wéi ëmgedréit. „Ze vill“ Suen respektiv „genee richteg“ huet d’Majoritéit bei alle politeschen Parteien. Demokraten 83%, Independents 70% an Republikaner 49%. Déi gréissten Oppositioun („ze wéineg“) ass bei de Republikaner awer och just 49%. A ween net nach méi Suen an d’Militär well stiechen, well normalerweis och net säi Famillienmember an eng Krichszone schécken. – http://www.gallup.com/poll/167648/americans-remain-divided-military-spending.aspx [en]
[11] Ondrejcsák Róbert, ‘American Foreign and Security Policy under Barack Obama: change and continuity’ – http://cenaa.org/analysis/american-foreign-and-security-policy-under-barack-obama-change-and-continuity/ [en]