An 18 Deeg ass et nees esou wäit. De Weltwaasserdag 2014 steet vrun der Dir. D’Waasserkris beschäftegt mech jo schonns zënter e puer Joer & gouf och scho mol eng Kéier hei um Blog erwähnt. Zuelen sinn haut awer nach ëmmer genee esou schlecht wéi vrun 3 Joer wéi ech fir d’éischte Kéier heiriwwer geschriwwen hat. 

Bal 800 Millioune Leit hu keen Accès zu propperem Waasser. Dat ass 2,5 Mol d’Populatioun vun den USA… oder 1.600 Mol déi vu Lëtzebuerg! Keen Accès zu propperem Waasser ass weiderhin d’Doudesursaach Nr 1 vu Kanner. Et wier wéi wann all 4 Stonnen een Jumbo-Jet mat Kanner géif eroffaalen. Wann een Doudesaffer am Allgemengen kuckt, ob Kanner oder Erwuessener, d’Affer also souzesoen “blann” zesummenzielt, stierwen all Dag un der Waasserkris esou vill Leit, wéi normalerweis an 10 Jumbo Jets géife erapassen. D’Waasser zielt domatter global gesinn méi Opfer wéi Kricher oder soss Gewaltdoten. Laut engem UN Rapport vun 2010 wier et méiglech 90 Millioune Leit proppert Waasser ze ginn, wann een iwwerall besser Kläranlagen géif bauen. Genee dowéinst ass d’Strof, déi Lëtzebuerg an deem Secteur muss bezuelen, och méi wéi nëmmen ubruecht. 

All 21 Sekonnen stierft e kléngt Kand un der Waasserkris. Falls dir also elo méi laang wéi 21 Sekonnen gebraucht hutt, fir dëse Satz z’erreechen… ass, statistesch gesinn, schonns 1 kléngt Kand doud. 

Laut der WHO, ginn et op der Welt iwwrengs méi Leit, déi een Handy/Smartphone hunn, wéi Leit, déi eng Toilette doheem hunn. 

Déi gutt Saach ass, dass een fir de Problem ze léisen eigentlech net extrem déif an Täsch muss gräifen. Wann een, vun haut un, bis den 22. Mäerz just €1 pro Dag op d’Säit leet & um Weltwaasserdag déi 18 Euro dann der Organisatioun “Water.org” spend, kann déi ONG enger Persoun fir hirt ganzt Liewen Accès zu propperem Waasser ginn. 1 Euro den Dag… fir 18 Deeg. Dat ass manner wéi eng Taas Kaffi, déi een misst “spueren”/net dierf drénke goen. 

Oder ween e bësschen méi well, & ka, spueren, kann och gäeren sech een vun de Projet’en vun der Organisatioun “Wine To Water” ukucken. Knapp 30 Euro brauch een fir een Ceramic Filter op Haiti ze bauen, knapp 75 Euro fir een Bio-Sand Filter an Ostafrika. Dat si mol keng 2 Euro den Dag bis den 22. Mäerz fir de Filter op Haiti, an eng 4 Euro den Dag fir deen an Ostafrika. 

1, 2 oder 4 Euro den Dag. Net méi, net manner. Maach mat a setz dësem Weltwaasserdag däi Stempel op. 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s