D’Salairen vu Politiker ze verëffentlechen ass keen Populismus. Ze fuerderen dass d’Salairen vun aneren, vill méi kléngen Staatsbeamten (jo do ginn et net nëmmen “Décker”) erof gesat solle ginn… dat ass Populismus. D’Verëffentlechung vum Artikel vum Luxemburger Wort huet fir vill Polemik an de läschten Deeg gesuergt. Verschiddenener aus der Parteibasis vun deenen 3 Regierungsparteien schmaacht den Zäitpunkt vum Artikel net – an doriwwer léisst sech streiden, wier deen Zäitpunkt dach eigentlech 2009 oder 2010 (an CSV Regierungszäiten also) gewiecht. Anerer fannen dass d’Politiker jo awer och vill ze dinn hunn & vill Verantwortung hunn. Dat stëmmt wéi d’Fauscht op d’Aa. An awer, zielen ech mech zu deem drëtte Grupp, dee seet: a Krisenzäiten sollen och Politiker spueren

Et gouf, fir mech, an der läschter Legislaturperiod bal näischt méi Schlëmmes (ofgesi vun de Skandaler) wéi dat bekannten “Crémant an der Chamber” Verspriechen. Mir verzichten op richtege Schampes & drénken, a Krisenzäiten, just méi Crémant. Et bien, eng Fläsch Waasser hätt et och gedoen – a wier souguer nach méi gesond! Mat esou Saachen, oder dem absoluten Refus fir wirklech bei sech selwer ze spueren, dréit een als Politiker zur allgemenger Politikverdrossenheet bäi. Dat muss een sech bewosst sinn. Wéi soll een d’Leit dann nees fir Politik interesséiert kréien & de Glaawen an d’Politik nees stärken, wann een bei de Leit spuert a net bei sech? Da steet een als eng iwwerhieflech, elitär Persoun do – eppes wat wuel ni d’Zil vun engem Volléksvertrieder ka sinn. 


Aus der Privatwirtschaft léieren…

A Krisenzäiten bei sech spueren helleft jidderengem. Dat ass schonns an der Privatwirtschaft esou. Erlabt mer fir just kuerz 2 Beispiller aus dem Jim Collins (vum läschten Blogpost) sengem “Good To Great” Buch hei z’ernimmen. 

1) Déréguléirung vun de Banken an den 1980 hat e komplett verschiddenen Effekt op 2 Banken – Wells Fargo an Bank of America.

Während déi éischt genannten besser duerch d’Joere komm sinn, hat d’Bank of America, wéi vill aaner Banken, am Ufank Problemer. Een vun de villen Ennerscheeder tëschend béide Banken: Ausgabenpolitik. De Chef vu Wells Fargo, Carl Reichardt, wollt net dass “jiddereen muss leiden, just d’Executives net.” Hien huet fir 2 Joer d’Paien vun den Executives agefruer, huet den Dining Room fir d’Executives erausgepucht, huet d’Privatjets vun der Chef-Etage verkaaf, huet aal – zum Deel futti! – Still fir d’Executives an d’Bureau’en geholl etc. Op där aanerer Säit steet Bank of America. Do gouf et de Lift fir d’Chef-Etage – deen direkt an de Parking erof gefuer ass, sou muss een sech net mat aaneren/kléngen Leit ophaalen, Executive Suites fir d’Chef-Etage hei, Privatjets goufe bäigehal etc. Am Endeffekt ass bei Bank of America fir d’Chef-Etage alles beim Aale bliwwen. D’Bank huet bis Mëtt 1980 $1.8 Milliarde verluer a koum erréicht nees zréck wéi een Leit vu Wells Fargo agestallt huet fir d’Saach richteg ze maachen. 

2) De gréisste Stolproduzent an den USA Nucor… 

huet eng e besschen ähnlech Situatioun duerch gemaach. Eigentlech huet d’Firma e Management-Model, deen a just ganz wéinegen Firmen benotzt gett a wuel éischter op dem Ori Brafman & Rod Beckstrom hire “Starfish” eraus kennt. Dat heescht e praktesch egalitären Betribsklima. Keen huet wirklech méi ze soen wéi een aaneren. An och net manner ze soen. D’Ausgabepolitik ass dann awer guer net egalitär. D’Chef-Etage kritt d’Sozial-Hellef, déi hir Arbeschter kréien, nämmlech net. All Arbeschter kritt fir all Kand $2,000/Joer fir déi éischt 4 Joer no der High School/Secondaire Classique oder Technique. Grond? Fir dass d’Kanner kennen weider leieren/studéiere goen – a gläichzäiteg d’Firma eng (Art Deel vun der) Famill gett.

Wa Nucor e gutt Joer huet, da kréien d’Arbeschter méi an hirer Paie. A schlechten Zäiten kréien si manner. Awer während Krisenzäiten wéi bspw. der 1982 Rezessioun, goufen d’Paie vun den Arbeschter ëm maximal 25% erofgesat, d’Executives/Officers kruten awer 60% manner an der Paie an de CEO seng Paie gouf ëm 75% erof geschrauwt. Nucor huet d’Rezessioun iwwerliewt gehat a koum méi stark zréck wéi virdrun. Och well jiddereen sech wéi een Deel vun enger Famill gefillt huet a net wéi een deem dem iewechte Chef seng Arbescht fir elo vill manner Geld mécht, während de Chef et sech weider gutt huelen léisst.

Eng aaner Stolfirma an den USA, Bethlehem Steel Coorporation, huet et anescht gemaach. D’Chef-Etage hat säin eegenen Golf Course, nach Extra-Duschen am Golf Club House, an d’Privatjets goufen geholl fir d’Kanner vun den Executives op d’Uni ze fléien etc. A Krisenzäiten wollt een dunn bei den Arbeschter spueren an um Enn huet een dowéinst géint eng ganz stark Gewerkschaft misste kämpfen. Bei sech wollt een näischt änneren. Den “Mir spueren bei ons”-Satz war den verschleierten “Mir spueren bei den Ausgaben, ceci dit… beim Employé”

Wéi si béid Stolfirmen herno aus der Kris erauskomm? No der Kris ass Nucor esou stark biergop & Bethlehem sou stark biergof gaangen, dass herno fir een Investor $1 bei Nucor par rapport zu $1 Investment bei Bethlehem 200 Mol méi Profit bruecht huet. 


Vill Responsabilitéit hunn & um Buedem bleiwen

Bei Bethlehem a bei Bank of America hat d’Chef-Etage vill Responsabilitéit a vill Arbescht. Mä genee déi hat een bei Nucor a bei Wells Fargo och – vläicht souguer nach vill méi. Dat ass net dat, wat herno den Ennerscheed teschend Succès a Nidderlag gemaach huet. Et war d’Saach dass d’Chef-Etage sech bei Wells Fargo a bei Nucor net als elitär ugesinn hunn. Si hu verstanen dass vill Responsabilitéit an Arbescht net heescht dass een, egalwat geschitt, automatesch weider am Luxus dierf liewen wann et senger Firma schlecht geet. Et huet een bei béiden Firmen, trotz Krisenzäiten a schwiereger Ausgabepolitik, d’Passioun vun hiren Arbeschter fir d’Arbescht ze maachen esou gutt wéi méiglech an der Luucht gehal. Et huet een de starke Schëlleren am Betrib vill méi ze droe ginn, awer och en Deel vun de kléngen Schëlleren gefrot (wat déi och bereed waren dann an zegoen). D’CEOs vu béide Firmen waren, wéi de Collins géif soen (voir: läschte Blogpost), “Level 5 Leaders.” Oder wéi ech géif soen, richteg Leaders.

A wann eis Politiker een Neiufank wellen, wann déi Dräierkoalitioun eng komplett aaner Politik soll duerstellen, dann hoffentlech eng “Level 5” Politik. Ze soen, wéi dat zu London gemaach gett, “We are all in this together” während een eigentlech just probéiert sech uewen den absoluten Privileg z’erhalen, ass falsch. Ech si fir eng ganz gutt Paie, wann een gutt Arbescht mécht. Ech kucke net mat Näid a Roserei op een, deen duerch säi villt Schaffen méi verdéngt wéi ech. Mä ech ka net op een Politiker, op eng Chamber, op eng Regierung, op e Premier, op e Grand-Duc eropkucken… wann déi a Krisenzäiten net selwer hir Paien grouss kierze ginn ier een u soss eppes fréckele geet. 

De Motto muss sinn: Zesummen duerch d’Kris goen; zesummen d’Land nei opstellen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s