De Fernseh, wéi een en haut kennt, ass geschwënn doud. Nee, ech well hei net op déi Diskussioun an Däitschland ëm Markus Lanz & ‘Wetten, dass…?!’ agoen. Et geet vill méi wäit wéi dat. De Ferseh huet emol eng Kéier d’Enn vun der Muecht vum Radio ageleet an elo sti si selwer vrum Aus. 

Huele mer einfach dat läscht Joer vum amerikaneschen ‘Netflix’, enger legaler Online Streaming Säit. (Bal) alles kann een op Netflix kucken vun den Top Hits bis hin zu deenen Saachen, déi just bestëmmte Leit interesséieren. De Chris Anderson huet dat “The Long Tail” a sengem 2004 Wired Artikel genannt & herno och e Buch driwwer geschriwwen. Et mécht een haut méi Profit mat Saachen, déi fréier keen kaaf huet. Wann eng Plaakefirma gemengt huet, dass e bestëmmten Lidd/Album net gudd bei ganz ville Leit ukomm ass, da krut ni e Mensch déi LP oder CD ze héieren. Haut geet dat aanescht. E KënschtlerIn kann seng eegen Lidder ophuelen an op den Internet setzen. E neien KënschtlerIn ka souguer mat Streaming Säiten, déi de Leit/Konsumenten ähnlech Musek vun aaneren Bands recommendéiert, vläit lues a lues seng Fanbasis vergréisseren. Nämmlecht ass et an der Literatur am Gaangen. Während soss emol nach grouss Publisher decidéiert hunn ob e Buch soll publizéiert ginn oder net, kann haut all Mensch säin eegent Kindle Buch erausginn. 

Genee esou leeft et momentan och zu Hollywood. Dank Crowdfunding Säiten wéi Kickstarter, wou all Mensch kann Suen spenden fir e bestëmmten Projet ze realiséieren, decidéiert och do elo éischter de Bierger wat hien/hat well op der Leinwand gesinn. Natierlech stécht alles nach an de Kannerschong, mä déi extrem Schnellegkeet mat där eis Welt sech duerch déi “nei” Technologien verännert huet… ass aussergewéinlech. Huele mer beispillsweis ‘YouTube’. Dat kennt haut jiddereen. Wéini huet YouTube ugefaangen? Februar 2005 – dat si just 9 Joer hir. Huele mer ‘Twitter.’ Dat gett, zumindest ausserhalb vu Lëtzebuerg,  ëmmer méi vu Leit benotzt, an en huet d’Medienwelt verännert. Et gett de Service zënter Mäerz 2006 – dat si just 8 Joer hir. ‘Apps’ op den Handy’en hunn ëm 2008 ugefaangen. Den ‘iTunes Store’ huet erréicht 10 Joer um Bockel & ‘Podcasts’ feieren deen 10. Gebuertsdag dëse Mount. Do gesäit een ‘Google’, wat dëst Joer erréicht 16 Joer kritt, scho bal als Papp un. 


Den Effekt vum ‘Long Tail’

De ‘Long Tail’ bedeit dass Plaakefirmen ëmmer méi Muecht verléieren – an och ëmmer méi Geld. 2012 goufen et an den USA 193 Milliounen Albumer, déi an de Geschäfter kaaf goufen – e Minus vun 13.5%, während 118 Milliounen online verkaaf goufen – e Plus vun 14.10%. Et huet och als Konsequenz dass 2012 fir déi éischte Kéier iwwerhapt d’Amerikaner méi Filmer legal online gekuckt hunn wéi dass se DVDs oder BluRay kaaf/ausgeléint hätten. Et heescht dass eben sou Siten wéi Netflix, Hulu a co. populär gi sinn. 

Netflix huet awer 2013 nach eng Kéier e groussen Sprong no vir gemaach. Vläit souguer déi éischt Neel an d’Doudenluet vum TV gemaach. “House Of Cards” ass erauskomm. Eng Politik Serie mat e.a. dem Kevin Spacey, déi exklusiv vu Netflix produzéiert gouf. Elo ass d’Produzéieren u sech näischt Neies fir déi Siten, den bombasteschen Erfolleg awer schonns. “House of Cards” krut Emmy & Golden Globe Nominatiounen – déi alleréischt Online Serie, déi dat Konschtstéck fäerdeg bruecht huet. Déi immens & direkt Popularitéit wéi d’Serie vrun engem Joer online gaangen ass, huet Netflix op een aaneren Level bruecht. Et goufen Artikelen e.a. an der New York Times iwwert d’Serie geschriwwen – op der alleréischter Säit! Et gouf um (traditionellen) Fernseh iwwert d’Serie bericht. Netflix krut eng praktesch gratis PR fir d’Serie. Eppes wat déi responsabel Leit vun der Firma ëmmer nees ganz gäeren betounen. Et ass een eben an enger Zäit ukomm, wou een Erfolleg online bedeit, dass een oft weltwäit an den “traditionellen” Medien ernimmt gett; cf. “Friday” vum Rebecca Black oder “Gangnam Style” vum Psy. 

(de ‘Long Tail’ vum iTunes)


Hat Netflix einfach just Chance?

Netflix wousst dass et de Leit géif gefaalen. Netflix, an all déi aaner Streaming Siten maachen dat wuel och, verhällt sech wann e User e Video start, verhällt sech wéi e Gerät de User benotzt huet fir de Video zekucken, verhällt sech wéini een genee am Video vläit op Paus gedreckt huet, verhällt sech wéini een e puer Sekonnen zréck gaangen ass fir eng Szene nach eng Kéier ze kucken, verhällt sech wéini een e puer Sekonnen iwwerspréngt fir eng Szene net ze kucken, verhällt sech wéini een vläit komplett mat engem Film oder TV Serie opgehaalen huet matkucken. Et wees een dat op d’Sekonn genee. Netflix wousst dass et hire Leit géif gefaalen. Si haten d’Daten dofir. 

Dat ass och de Grond firwat Netflix direkt 2 Staffelen vun der Serie bestallt huet. Zwou Staffelen ginn eigentlech ni zu Hollywood bestallt. Bis elo huet een zu Hollywood een Script fir 1 “Pilot” (= éischt Episod vun enger neier Serie) eraginn, da koum den OK (“green-light”) fir deen Pilot dann ze produzéieren (wat an der Schauspiller Branche “Pilot Season” genannt gett). Nodeems de Pilot fäerdeg gedréit & geschnidden ass, kréien d’Sender Cheffen de Pilot ze gesinn & déi huelen dann eng Entscheedung – wuel oft aus’m Bauch eraus – ob déi Serie hire Clients/dem Bierger gefällt oder net. Méi wéi eemol leien si dann och all Joers donierft.

Netflix, op där aanerer Säit, huet seng Datei gekuckt an direkt 2 Staffelen bestallt. Et wousst een, dass een erfollegräich géif sinn. Et ass een och higaangen an huet eppes Weideres aus der Datenbank an d’Realitéit ëmgesaat. Normalerweis kommen um Fernseh bekanntlech d’Folgen vun enger Staffel an den USA vu Mëtt September bis Mëtt Mee – maximal 1 Episod d’Woch. D’Leit maachen awer ëmmer méi oft “bing-watching.” Dat heescht et setzt een sech een Owend, Dag oder Weekend dohinner a kuckt gläich e puer Episoden vun enger Serie, vläit souguer eng ganz Staffel. Just eng Episod d’Woch geet de Leit net (méi?) duer. Netflix wousst dat an huet déi 1. Staffel d’läscht Joer op 1 Coup online gesaat. Alleguerten d’Episoden beieneen an den Erfolleg dovunner, vun den traditionellen Medien erstaunt gefeiert, war fir Netflix näischt Weideres wéi eng Bestätegung vun hiren Donné’en. 

Firwat stierft de Fernseh dann elo? Ech hunn am Ufank déi extrem jonk Internet Saachen ernimmt, déi haut bei villen zum absoluten Alldag dozou gehéieren. An hey, dir liest hei dëse Blog – e Medium deen och erréischt Enn de 90er lues a lues komm ass. A kucke mer emol e puer Joer an d’Zukunft. Apple schafft bekanntlech zënter e puer Joer un engem intelligenten Fernseh, deen wuel 100%-teg eng nach vill méi besser Verbindung mam Internet huet wéi een sech dat haut iwwerhapt ka virstellen (Ërennert ierch hei just emol un den Internet op de pre-iPhone Handy’en). Aaner Firmen, wéi Samsung & co., si wuel och am Gaangen un esou Modeller ze schaffen. Wann deen Modell bis existéiert, kann et fir den TV, wéi een en haut kennt, extrem schwéier ginn.

De Kevin Spacey als Rep. Frank Underwood, „House of Cards“ (© Netflix)


De Marché jäizt nees…

Firwat soll ech den TV kucken, wann Netflix a co. Serien produzéieren, déi mir genee dat ginn wat & wéi ech et well hunn? Firwat soll ech eng Serie um TV “live” kucken, wann déi Streaming Siten déi Serien och ubidden an ech et kucke kann wéini ech et well? Firwat soll ech e Film um TV kucken, wann ech an der Datenbank vu Netflix, Hulu, AmazonPrime & co. méi Filmer fannen wéi jeemols kennen um TV laafen? Elo denkt jiddereen “A wat ass da mat den Noriichten, well déi muss een jo awer kucken”? Falsch, well wéi vill Jonker kucken haut nach regelméisseg Noriichten um Fernseh. Ech kucke selwer ganz gäeren “NBC Nightly News with Brian Williams”, mä maachen ech dat praktesch ëmmer just via déi offiziell App op dem mengem Handy. Souguer wann ech an Amerika sinn, kucken ech déi Noriichten ganz selten live. Fernsehsenderen wäerten Noriichten fir Apps produzéieren, net awer méi fir de grousse Fernseh. Leit wäerten decidéieren ob si Noriichten op Handy, Tablet, Laptop, Computer oder op hirem Fernseh streamen. Eng Frima, déi sech géint déi Well stellt, zielt – fir eng Analogie aus dem Boxen ze benotzen – sech selwer scho mol un. A Noriichten kritt een am Online-Zäitalter souwisou esouvill een der well & et ass och eppes fir all Fachrichtung dobäi. “The Long Tail”, eben. 

De Fernseh, wéi een en haut nach kennt, kéint also sengem Enn zougoen. Et muss een souguer ganz gutt oppassen, dass een net op déi nämmlecht Spuer kennt wéi d’Musëksindustrie oder (aktuell) d’Printmedien. Béid hunn den Internet als ze kléng Bedrohung ugesinn. Béid hu sech an hirer iwwermächteger Roll wuel gefillt. “Eis kann hei uewen näischt gescheien.” Musëksindustrie huet geduecht ze mengen wat Leit wellen héieren, d’Printmedien hu gemengt dass hire Standing als extrem glaafwierdeg Source si géif vrun allem schützen. Béid woussten net wat d’Leit wollten. Béid hu net op de Marché gelauschtert. Wéi een vu mengen Harvard Proffen géif soen: de Marché huet gejaut an si hunn d’Oueren zougehaalen. De Marché/d’Leit wollten eng Verännerung, allerguerten d’Unzeechen waren do, a si hunn dogéint ugekämpft & dono esou laang gewaart bis dass et ze spéit war.

‘Washington Post’ hat Matarbeschter vru Joeren net erlabt e gréisseren Online Site fir d’Zeitung opzebauen – déi Leit si gaangen & hunn ‘Politico’ gegrënnt. ‘Politico’ gett vu Joer zu Joer méi populär. Dono ass een bei der ‘Post’ higaangen an huet mam Ezra Klein een Blogger agestallt, wéi deen awer elo och esou e gréisseren Online Site wollt maachen, sot een nees ‘Nee.’ De Klein huet d’Zeitung vrun e puer Deeg  verlooss & wäert seng eegen Firma fir eng Internet-Noriichten Säit grënnen. Si wäert wuel Erfolleg hunn, während d'”Urgestein” Washington Post lues sengem Doud zougeet. Een aanert Urgestein, ‘New York Times’ hat 2013 wuel hirt schlechteste Joer iwwerhapt a steet och éischter vrum Doud wéi vrun enger neier grousser Ära. A wéi ass beim Fernseh? Eh bien, den Online Streaming Site Netflix huet haut scho méi Clienten wéi den ‘Cable’ Sender (= Bezuelfernseh) HBO, deen joerelaang als Klassenprimus an der TV Welt gegollt huet.

De Marché fänkt nees u mat jäizen… veränneren sech d’Fernsehsenderen elo, oder waart een bis dass et och hei ze spéit ass…?!


Dëse Mount, de 14.02, gett déi zweet Staffel vun ‘House of Cards’ vu Netflix komplett online gesaat. E schéinen Vältes-Weekend gewënscht 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Interessant fannen ech et jo, dass Netflix eréischt mat engem Remake vun enger britescher Serie deen Erfolleg krut – well “House of Cards” war net hier éischt Serie an et ass och et déi eenzeg.

    Ech gleewen och net drun, dass de Fernseh stierwt. De Radio ass och net gestuerwen; wann ech mer hei d’BBC ukucken, produzéiert déi méi original a qualitativ héichwäertege Contenu op hiere Radiosenderen ewéi esou muenche Fernsehsender. Iwwerhaapt ass d’BBC ee gutt Géigebeispill, well si iwwerall erfollegräich sinn: Radio, Telé, Streaming, an Noochriichten – op all Schierm an mat Apps op all Platform vun der Nintendo Wii iwwer iOS an Android bis den hondsgewéinleche Browser.

    An: Netflix brauch d’Fernsehsenderen, well se iergendwou mussen hieren Inhalt hierkréien. Eng Handvoll eege Serien sinn flott, mä domatter kriss de keng dauerhaft Clienten. Selwer Serien produzéieren kascht éischtens vill Geld an zweetens vill Zäit.

    Villäicht retten sech Senderen domatter, dass se selwer zu Streamingangeboter ginn an iergendwann kee Geld méi domatter verschwenden fir “live” ze senden. Villäicht kréien se et hin, bestëmmten Events trotzdem live ze senden (nees eng Kéier: d’BBC huet mam 50. Anniversaire ee globalen Event kreéiert gehat, wat weltwäit gläichzäiteg op Telé an am Kino gewisen gouf).

    Fernseh muss sech änneren, mä genuch Sendere sinn um Wee dohinner. Du nenns HBO – mä déi hu beispillsweis och hiere Streamingservice HBO Go, an si sinn esouguer esou konsequent dass se et Leit erlaben den Account mat Frënn ze deelen, an si hunn oppen erklärt dass si sech iwwer Downloads iwwer d’Pirate Bay freeën well gratis Reklamm.

    Reply

  2. *de 50. Anniversaire vun “Doctor Who”

    Reply

  3. Ech hat uginn, dass et net déi éischt Serie vun hinnen war. Dass si eng britesch Serie an enger neier Oplag geholl hunn, war jo och Deel vun hirer Datenbank. Déi britesch ‘House of Cards’ war genuch bei hinnen gekuckt ginn fir eben hir Versioun ze produzéieren.

    Du sees Netflix brauch d’Fernsehsenderen. Jo, aktuell nach. Wéi ech geschriwwen hunn, et stécht an de Kannerschong. Mä mengs de wirklech dass bspw. Amazon net och wäert an noer Zukunft probéieren eng oder méi erfollegräich Serien ze produzéieren. Oder soss Streaming Siten. An et ass jo och net wéi wann dat haut géif stoe bleiwen. A 5 oder 10 Joer kommen Siten déi irgendeppes entdeckt hunn, wat Netflix & AmazonPrime a co. falsch maachen. Kuck den Jobs, deen huet seng iPads erausbruecht obschonns e wousst dass e vill Suen géif domat verléieren, déi Leit soss a Laptops gestach hätten. Wat sot hien? Hien misst “cannibalize my company” ier een aaneren et géif maachen. Netflix & co. fänken un den traditionellen Fernsehsender “aus zeschlachten.”

    Mat “de Ferseh ass doud” mengen ech dofir dann och dass Zäit wou een eng Serie “aus dem Bauch” eraus bestallt huet oder net… eriwwer ass; d’Zäit wou d’Sendercheffen “aus dem Bauch” eraus eng Serie op 1 bestemmten Dag geluecht hunn… eriwwer ass; d’Zäit wou een 1 Folg/Woch de Leit konnt ginn… lues a lues eriwwer ass. Ech soen net, dass et an 10 Joer guer keen Fernsehsender méi gett. Zeitungen ginn et och nach haut, Schallplacken ginn et souguer nach. Mä de Fernseh, wéi en déi läscht 10-20 Joer war/fonktionnéiert huet, ass doud. An d’Sendercheffen mussen dat agesinn an eben an där neier Welt, dem neien Marché, matspillen & net, wéi Musëks- & Printmedien Industrie et laang gemaach hunn, dogéint ukämpfen.
    Dat heescht, dass een de Leit dat muss ginn, wat se wellen gesinn. Dat war et och schonns virdrun, mä Netflix huet mat ‘House of Cards’, wéi ech geschriwwen hunn, d’Laat – fir sech selwer & fir aanerer – e gutt Stéck méi héich gesaat.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s