Shelby. Verhalt deen Numm. Firwat? Dat ass de Famillennumm vun deem federalen Riichter, deen um läschten Freideg den Homo Mariage (zumindest fir kuerz Zäit) am US Staat Utah legaliséiert huet. Utah gëllt als een vun de gleewegsten US Staaten mat iwwer 70% déi sech als Mormonen (iwwer 60%) respektiv Katholiken (10%) ugesinn. Béid reliéis Gruppen stinn dem gläichgeschlechtlechen Bestiednis bekanntlech kritesch géigeniwwer. Vun dohier war mat Spannung op Utah gekuckt ginn: kritt den LGBT Movement um Enn vun dësem, fir si an den USA, genialen Joer nach e kléngen Cadeau oder net? 

“(…) the court finds that these laws are unconstitutional.”

An et sollt e Cadeau ginn… mä firwat deen méi grouss ass wéi dat op den éischten Bléck ausgesäit, dofir brauch een méi wéi 140 Zeechen 😉


1) DOMA Urteel vum Summer

Et war dat Urteel vum US Supreme Court läschte Summer. Dat federalt Defense of Marriage Act war unconstitutional, an d’Sprooch vun deem Urteel huet et dem Gay Rights Movement erméiglecht richteg hoffnungsvoll fir d’Zukunft ze sinn. (Blogartikel driwwer hei noliesen.) 

No deem Urteel koum d’Fuerderung vum President vun der ‘Human Rights Campaign’: “Let’s set a new goal – within 5 years, we will bring marriage equality to all 50 states.” An dofir huet eng bestëmmten Campagne ugefaangen: esouvill Kloen wéi méiglech, mä…

.

2) op federalem net op Staaten-Niveau kloen

Eng Klo fir den Homo Mariage ze legaliséieren ass op Staaten-Niveau op ville Platzen net méi méiglech. A bal 30 US Staaten gouf d’Verfassung vun deem Staat esou geännert, dass d’Bestiednis just eng Unioun tëschent Mann a Fra ass. E Gericht – souguer een extrem “activist” Gericht –  kuckt op Gesetz agehale gëtt, schreiwt awer keng Gesetzer. Eng Klo op Staaten-Niveau zu Utah géif wéinst dem Verbued vum Homo Mariage an der Verfassung vun deem Staat direkt ofgeleent ginn. 

Dofir de Schratt op de federalen Niveau, ceci dit dass gekuckt gett ob e Verbued vum Bestiednis fir Homosexueller mat der U.S. Verfassung iwwerteneen stëmmt, oder eben och net. De Gay Rights Movement iwwergeet, souzesoen, mat dësem strategeschen Choix déi staatlech Gesetzesgebung. Fir e staarkt Argument vrun sou engem federalen Gericht ze hunn, gräift de Movement natierlech op déi staark Sprooch vum DOMA Urteel, déi (wéi am uewen verlinkten Blogpost erkläert) just ganz knapps net d’Legaliséierung vum Homo Mariage ausrifft, zréck. Federal Kloen géint de Verbued leien an extrem villen Staaten vru Gerichter – vu Virginia bis Utah. Zu Virginia hu sech beispillsweis déi 2 Affekoten, déi “Prop8” aus Kalifornien erfollegräich gekippt hunn, nees zesumme gedoen, während Utah  dann elo den Ufank vun der Campagne gemaach huet & direkt dofir gesuergt huet, dass, egalwéi d’Entscheedung vum Staat Utah ausgesäit (Appel/keen Appel – gesäit ferm no Appel aus), de Gay Rights Movement hire grousse Cadeau kritt huet, well… 

.

3) wat méi pro- & anti-Legaliséierung Urteeler, wat besser.

Sollt Utah an Appel goen, geet d’Klo bei den 10th Circuit Court of Appeals. Stellt iech vir, d’Riichter géifen do entscheeden dass de Verfassungsverbued richteg wier. De Gay Rights Movement géif direkt an Appel goen. All dat während an aaneren Staaten weider federal Riichter iwwert deen Sujet mussen entscheeden. Aus der Geschicht vum Supreme Court, an zemools de Wee vum DOMA Gesetz huet et als rezenteste Beispill nach eng Kéier gewissen, wees een: ginn et vill widderspriechlech Urteeler op federalem Niveau, sinn d’Chancen dass dat iewecht Gericht  sech mat där Saach befaasst vill méi grouss. 

Geet Utah (an méiglech aaner Staaten?) net géint een pro-Homo Mariage Urteel an Appel, ass den Homo Mariage an deem Staat legal. Wann een an Appel geet, muss een domat rechnen, dass d’Saach herno vrum U.S. Supreme Court steet. Een Urteel vum iewechten Geriicht ass bekanntlech “law of the land.” Well elo och schonns wäit iwwer 13 US Staaten den Homo Mariage legaliséiert hunn & zemools den U.S. Senate zimlech reenbou-faarweg ginn ass, ass den Dram vun de Géigner, also een federalt Verfassungsverbued, zënter dësem Joer ausgedreemt. Et ass rechtlech gesinn einfach net méi machbar. Vun dohier, zielt – fir déi federal Riichter, an och fir d’U.S. Supreme Court – déi aktuell Versioun vun der U.S. Verfassung, an do huet een sech zemools schonns bei DOMA un der ‘equal protection clause’ gestéiert. 

Weder bei DOMA, nach zu Utah elo an der 1. Instanz, war d’Gericht iwwerzeegt dass de Verbued, respektiv d’Net-Unerkennen vum Homo Mariage, géint déi ‘equal protection clause’ verstéisst. A béide Fäll huet d’Gericht och bemängelt, dass d’Géigner net konnte kloër maachen, wat fir een negativen Impakt d’Legaliséierung op si (als Heterosexueller) hätt; nach huet, och zu Utah, dat bekannten “Fortplanzung”-Argument beim Gericht gezunn: 

“The state’s current laws deny its gay and lesbian citizens their fundamental right to marry and, in so doing, demean the dignity of these same-sex couples for no rational reason

.

4. Supreme Court ass déi gréisste Chance

Et ass schonns méi laang kloer am amerikaneschen Gay Rights Movement: et brauch een Victoiren op staatlechem Niveau (an där hat een 2013 esou vill wéi nach ni!), mä et brauch een wuel och d’U.S. Supreme Court – zemools wann een de Mariage well bis 2018 an de 50 Staaten legaliséiert hunn. Utah, beispillsweis, war 2010 an enger Etude vun der Columbia University op der 50. Platz wat de Support fir den Homo Mariage an den USA ugeet. 2011 waren an enger PPP Ëmfro zwee drëttel vun de Befroten fir de Verbued vum gläichgeschlechtlechen Bestiednis – wouvun bal 40% géint all Zort vu legalem Kader (PACS bspw.) fir Homosexueller war. Zuelen, déi et soss a kengem US Staat ginn, an déi wuel op déi ganz gleeweg Bevëlkerung zréckzeféieren sinn. 

Et dierft dofir dann awer och kloër sinn, dass e Staat wéi Utah den Homo Mariage wahrscheinlech just a 5 Joer legaliséiert, wann d’U.S. Supreme Court dat esou fuerdert. Een iewecht Gericht, wat, sollt de Sujet an e puer Joer nees vrun hinnen leien – an déi Chancen si wéi erkläert zimlech geklommen an de läschten Deeg, wuel nach méi wäit ka goen wéi dësen Summer. Et brauch een just de Support an der gesamter US Bevëlkerung fir de Mariage unzekucken. E Support, deen zemools iwwert déi läscht puer Joeren rasant geklommen ass, a wuel deen Moment wou d’Saach vrum Supreme Court läit, esou héich ass, dass d’Geriicht sech an der Lag gesäit (ouni gréisser Bedenken hisiichtlech Onrouen) de Mariage an allen 50 Staaten ze legaliséieren. 

Dat ass d’Strategie vum Gay Rights Movement. Dofir war d’Shelby Urteel een Erfolleg – een éischten & kléngen… awer een Erfolleg. E passenden Ofschloss fir e fantastescht Joer an den USA. Och wann et weltwäit, wat LGBT Rechter ugeet, eent vun deen schlechtesten war. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s