Als bekennenden Supporter vun de Kennedys sinn déi nächst Stonnen natierlech ganz speziell. Muer, Freiden den 22. November, sinn et 50 Joer dass de fréieren US President erschoss gouf an seng Presidentschaft (genannt “Camelot”) no engen 1,000 Deeg fräizäiteg op en Enn komm ass. Hei e puer Saachen, déi sech op de Mord/Doud vum John F Kennedy bezéien, awer oft a Reportagen an Artikelen iwwert deen trauregen Dag zu Dallas net erwähnt ginn… 

1. Et ginn 2 offiziell Versiounen

Oft gett beim Doud vum John F Kennedy just op 1 offiziell Versioun higewissen – déi vun der Warren Commission.

Déi Commissioun gouf nom Doud vum JFK vu sengem Successeur dem Lyndon B Johnson an d’Liewe geruff. D’Commissioun huet deemols festgehalen, dass et just eng Persoun gouf déi de President ëmbruecht huet: de Lee Harvey Oswald. Et gouf, laut deem Rapport, 3 Schëss vum Oswald & keen zweeten Täter. Et war och weder een aaneren Staat nach Mafi, CIA, Secret Service, Lyndon B Johnson, Militär etc. etc. mat an der Affaire dran.

De Warren Report, wéi e genannt gett, sollt eigentlech higoen an dofir suergen, dass an der Bevëlkerung keng Spekulatiounen/Rumeuren opkommen. Eppes wat hinnen bekanntlech guer net gelongen ass. Als Kritik gëllt: de Rapport sollt onbedéngt vrun de Wahlen 1964 fäerdeg sinn (also keng Zäit geholl); et goufen eng ganz Rëtsch (Aan-)Zeien net gehéiert; een Member vun der Commissioun (a spéideren President), Gerald Ford, huet missten zouginn Beschreiwung vun der Wonn vum President Kennedy esou geännert ze hunn, dass si an déi bekannte “Single-Bullet-Theory” géif passen. Leit, déi dem Warren Report gleewen, schwätzen dovun dass dem Ford seng Ännerungen bei d’Bild vun der Autopsie passen. Kritiker behapten da nees dass déi Autopsie hätt missten, laut Gesetzer, an Texas stattfannen & och den Auto vum President net hätt dierften direkt bei der Clinique gebotzt ginn.

Eng zweet offiziell Versioun koum e Joerzéngt dono: de Rapport vum US House Select Committee on Assassinations.

Deen hällt Enn de 1970er fest, dass de President Kennedy wuel duerch een Komplott ëm d’Liewe komm ass. Och hei schléisst de Rapport awer aus, dass de President Opfer vun der sovietescher oder kubanescher Regierung ginn ass. Et gleewt een och net, dass Gruppen wéi Mafia oder pro-/anti-Castro Leit dohannert stiechen, och wann een dat an dësem Rapport vum US Congress net méi well ausschléissen. Während een hei weider iwwerzeegt ass, dass de Lee Harvey Oswald op de President geschoss (an 2 vun den 3 Kéieren getraff huet), kann een, laut dëser Commissioun, wessenschaftlech-gesinn  een 2. Täter net ausschléissen. Fir d’Commissioun stoung deen 2. Täter um “Grassy Knoll“, an hätt also vu vir op de President geschoss; wat een 4ten Schoss bedéit. Rezent huet den aktuellen US Ausseminister John Kerry gesot dass hien net gleewt dass den Oswald alleng war. Kritik gouf et un dëser zweeter Commissioun, well een alles am Geheimen ofgehalen huet an dono um Enn de Leit e fäerdege Rapport presentéiert huet. Genee esou si Befürworter vum Warren Report natierlech net averstaanen, mat der Grassy Knoll Theorie an engem 4. Schoss. 

2. Entscheedung iwwert JFK Akten fält 2017

Per Gesetz sinn eng ganz Rëtsch Informatiounen aus där Zäit nach komplett geheim. E puer goufen der, zemools no 1992 & als Reaktioun op dem Oliver Stone säi Film ‘JFK‘, fir d’Ëffentlechkeet opgemaach. Trotzdem si nach eng geschätzten 50,000 Dokumenter vum Mord um 35. US President geheim. Den “JFK Records Act” vun 1992, eng vun de läschten Aktioun vum President George HW Bush vrun de Presidentschaftswahlen 1992, gesäit vir dass d’Regierung am Joer 2017 all d’Dokumenter vun deem Mord muss un d’National Archives ginn. 

Ausnahm? Dokumenter dierfen zréck behale ginn an/oder geschwärzt ginn, wann…

  1. “…an identifiable harm to the military defense, intelligence operations, law enforcement, or conduct of foreign relations” besteet… an
  2. “the identifiable harm is of such gravity that it outweighs the public interest in disclosure.”

An aaneren Wierder: ween déi nächst Presidentschaftswahlen 2016 gewënnt, entscheed ob, a wa jo, wat publik gemaach gett. Schon alleng dowéinst wier et eng Fro an den TV-Debatten wäert…

3. Dem Jackie säi Gezei gesäit een réischt 2103

Et zielt sou bei dësen trauregen Dag zu Dallas wéi soss bal näischt: d’Chanel Gezei vun der First Lady. D’Jackie huet dëst, mam Blut vun hirem Mann drop, de ganzen Dag ugehaalen. “Si sollen gesinn wat si mam Jack gemaach hunn”, soll d’First Lady gesot hunn.

Dat pinkt Gezei ass opbewart ginn. (Bal) alles dovun. De Mantel, d’Blouse, d’Schong, d’Strëmp, d’Posch etc. A wou? Dat wees eigentlech keen esou richteg, och wann een wees/unhëllt dass et irgendwou an de National Archives ass.

Egalwou et ass, d’Gezei ass an engem Raum, wou 6 Mol den Dag frësch Loft erageloos gett, et keng Fensteren dra ginn & sou och keng Luucht dru kennt, d’Loftfiichtegkeet op 40% gehale gett an d’Raumtemperatur minimum 18 Grad Celsius a maximum 20 Grad Celsius huet. 

Ze gesinn kritt een dat aktuell awer nach net. 2003 huet dat nach eenzegt iwwerliewend Kand vum JFK & Jackie, d’Caroline Kennedy,  festgehalen, dass deen Raum réischt fréistens an 100 Joer – also 2103 – fir de Publik dierf opgoen. Eigentlech aus der Siicht vum Caroline Kennedy méi wéi verständlech. An deem Joer 2103 (oder virdrun) dierf d’Kennedy Famill d’Saach, wéini et géif fir d’Ëffentlechkeet opgoen, nei verhandelen. 

Eppes ass elo awer schonns kloër: den genee esou ikoneschen pinken Hut vum Jackie Kennedy wäert net do sinn. Deen huet d’First Lady deemols an der Clinique ofgedoen. Déi läscht Persoun, déi mam Hut gesi gouf & och dovu geschwat huet deen Hut kritt gehat ze hunn, ass dem Jackie Kennedy hir Personal Secretary gewiecht & déi wollt doriwwer [iwwert den Hut] ni schwätzen. 

4. Dat gréissten Begriefnis vun den USA

Et ass vläit een vun den trauregsten Rekorder vum JFK. Säi Begriefnis, wat zum Deel 1-zu-1 nämlecht verlaaf ass wéi dat vum Abraham Lincoln bal 100 Joer virdrun, sollt dat bis ewell gréissten an der Geschicht vun den USA ginn. Ni méi koumen souvill Leit, an esou vill auslännesch Dignitéiten, an d’USA fir een Begriefnis wéi de 25. November 1963. Am Ganzen waren et 220 Dignitéit, dorënner dann och fir Lëtzebuerg den (dunn) Ierfgroussherzog Jean & den deemolegen Ausseminister, an 1ten “Vize-Premier” vu Lëtzebuerg, Eugène Schaus (DP). 

Een Bild  vum Dag sollt bekanntlech rondrëm d’Welt goen. Dat vum “John John”, wéi hien dem Sarg vu sengem Papp salutéiert. Et war deemols dem John John säin 3. Gebuertsdag, wou hien sengem Papp op déi Manéier Äddi gesot huet. Hien sollt leider selwer ze fréi stierwen – 1999 kennt hien bei engem Fliegeraccident ëm d’Liewen.

Um Militärkierfecht fänkt dono d’Jackie Kennedy déi sougenannten “eternal flame” un. Den John F Kennedy gett um Arlington Kierfecht begruewen… op den Dag genee 2 Wochen nodeems hien fir den “Veterans Day” op deem Kierfecht war fir de gefaalenen Zaldoten ze gedenken. (viaDen John F Kennedy ass deen 2ten (a bis ewell läschten) US President deen um Arlington Kierfecht begruewe gouf. (Deen aaneren US President ass den William Howard Taft, deen 1930 gestuerwen ass. Den Taft war iwwrengs deen eenzegen deen US President an, herno, Chief Justice vum U.S. Supreme Court war – als Info fir e “Pubquiz” ;)).

Tipp: De ganzen Fernsehprogramm vun CBS, deen deemols Milliounen vun Amerikaner gekuckt hunn, wäert de Sender komplett online streamen. Dat heescht dee Moment wou vru 50 Joer de Walter Cronkite als éischt iwwert d’Attentat op de President bericht huet (22. November um 13:40 Auer), geet de Stream un. CBS streamt déi ganz sougenannten ‘4 Days in November’. (via

5. Jiddereen well e Kennedy sinn…

Zënter dem November 1963 ass all US President e Kennedy oder eben keen Kennedy. Jiddereen muss sech mam 35ten US President vergläiche loossen, a gläichzäiteg vergläicht sech och jiddereen aus’m Oval Office gäeren mam “youngest-elected President.”

Keen President huet den JFK esou héich geluewt wéi de Bill Clinton. A senger Presidentschaft koum de Clinton dann och op eng ronn 600 Referenzen un de fréieren President. Dat sinn der souguer méi gewiecht wéi de Lyndon B Johnson, deen et op eng ronn 525 packt. Hannert dem Johnson ass et de Ronald Reagan op der drëtter Platz; während och een George W Bush nach oft den JFK ernimmt huet. 

Den John F Kennedy war, wat een haut net wirklech méi gleewt, eigentlech een zimlech moderaten Demokrat. Et war keen deen sech massiv um lénken Bord bewegt huet. Während den JFK bspw. engem Armutsbekämpfungsprogramm zougestëmmt huet, wollt hien awer net dass dëst de Budget géif massiv sprengen. Nom Doud vum JFK huet de President Johnson deem “War on Poverty” Programm déi voll Ennerstëtzung zougesot. Eng méiglech Sprengung vum Budget? Net wichteg. Fir et duerch zekréien? “Als Erennerung un de Kennedy.”

Deen Style fir Gesetzer – zemools där fir Demokraten onpopulärer – un den JFK zeknäppen, gouf och vun aaneren US Presidenten benotzt. Déi ernimmten Republikaner Reagan & Bush Jr. hunn e.a. dem John F Kennedy seng Steierreform (an där hien méi niddreg Steieren gefuerdert huet [again… e moderaten Demokrat]) & seng Aussoen dozou benotzt fir an den 1980er, respektiv am Ufank vun dësem Joerdausend, hir Steier-Erliichterungen duerch ze setzen. 1976 wollt d’Campagne vum Gerald Ford e Moment  dës Reklamm benotzen. Deen Verglach (an déi Argumentatioun am Video) huet awer fir Bedenken bei den iewechten Leit an der Campaign gefouert & d’Reklamm gouf ni gesend. An een extrem wichtege Moment bei de spannenden Virwahlen 2008 war wéi de Barack Obama net nemmen vu verschiddenen Medien als “neien Kennedy” duergestallt gouf, mä hien souzesoen vun der Kennedy Famill duerch den Ted Kennedy & d’Caroline Kennedy opgeholl gouf – béid hunn de Verglach JFK an Obama e puer Mol gemaach.

Eppes schéngt kloër, sou laang keen ‘Camelot’ an d’Wäisst Haus kennt, wäert och nach déi nächst 50 Joer US Presidenten mam John Fitzgerald Kennedy verglach ginn. 

(Zuelen vu Referenzen aus der Recherche: “The Kennedy Half-Century” vum Larry Sabato)
 
 
 

“For all those whose cares have been our concern,

the work goes on, the cause endures,the hope still lives

and the dream shall never die.” 

~ Ted Kennedy
 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s