Déi läscht puer Deeg waren historesch & sinn ganz séier verlaaf. Et gouf gewielt an d’Resultat ass bekannt. Elo muss eng Majoritéit am Parlament fonnt ginn. Eng arithmetesch Majoritéit hu folgend Beispiller:

  • CSV an LSAP (36 Sëtz)

  • CSV an DP (36 Sëtz)

  • CSV a Gréng an adr (32 Sëtz)

  • DP an LSAP a Gréng (32 Sëtz)

  • CSV a Gréng a Lénk (31 Sëtz)

Et kann een natierlech nach bei all Konstellatioun, all déi aaner Parteien dobäi setzen fir eng komplett Lëscht, mä dat do sinn déi absolut minimal Herausfuerderungen. Just mat enger CSV ass eng 2er Koalitioun méiglech. Grad esou brauch eng CSV eng LSAP oder eng DP fir sou eng Partnerschaft zu Zwee. Sollten déi Zwee et refuséieren (aus wéi engem Grond och ëmmer), bräicht d’CSV e.a. déi Gréng an entweder déi Lénk oder d’adr. Déi Koalitioun gëllt als onwahrscheinlech well Gréng wuel weder mat Lénk nach adr géif zesumme goen. (A vice versa). Och eng CSV hätt wuel zemools mat deenen Lénken vill politesch Differgenzen. Sollten déi Parteien awer einfach just wellen un d’Muecht kommen, wat jo elo schonns oft der DP-LSAP-Gréng virgehäit gett, kéinten si dat maachen. Et wier, an eisem System, demokratesch gesinn absolut korrekt. 


  • De “Wunschpartner” vun der CSV ass fort…

Well dat awer wuel net geschidd, bleiwt fir eng CSV just eng Koalitioun mat der DP oder der LSAP. Et huet een awer scheinbar genee wéi d’Frau Merkel déi Säit der Musel säin “Wunschpartner” vun de läschten Joerzéngten verluer. Zemools wéinst enger Affaire déi aus der SREL Affaire eraus entstaanen ass: hunn d’LSAP Ministeren, wéi vun der LSAP dono gesot & vum Jean-Claude Juncker alt ferm dementéiert, mam Premier am Juli iwwert LSAP Motioun geschwat & him e Récktrëtt vun der ganzer Regierung ugebueden, oder war de Juncker, wéi hien et behapt, an der Chamber Setzung vun der LSAP Motioun iwwerascht ginn? Een seet d’Wouerecht, deen aaneren net. An “déi Ënnerstellung”, wéi d’Sozialisten dem Juncker seng Versioun gesinn, huet d’Faas am Summer scheinbar zum Iwwerlaafe bruecht. Et ass deen Ament eppes an där “special relationship” gebrach… an et konnt een erahnen, dass eng LSAP net einfach esou nees an eng Koalitioun mat der CSV erageet. 

Dat wousst wuel och am Summer d’CSV déi, niewt hiren Commentairen iwwert dat “Schreckgespenst” Dräier-Koalitioun, oft un eng DP erugetrueden ass. Bal ausschliesslech d’LSAP an hir Genossen kruten et am CSV Wahlkampf ze héieren (wat jo och absolut legitim an engem demokrateschen Land während Wahlkampf Zäiten ass). Et gouf schonns dovu geschwat, dass d’CSV sech hannert de Kulissen mat der DP eenz fir eng nei Regierung wier. “Et gett CSV-DP. Dat ass schonns ofgemaach”, huet een méi wéi eng Kéier am Summer héieren.

Et bien… dat war d’Rechnung ouni de Wiert gemaach.


  • D’DP vun 2013 ass net méi d’DP vun 1999

D’Demokratesch Partei ass 2013 net méi d’Demokratesch Partei vun 1999 oder 2004. Et koum no där grousser Defaite 2004 een “Renouveau” an där liberaler Partei. Een Neiufank, deen 2009 bei de Wahlen déi éischte Kéier vun de Bierger beurteelt gouf – an dat direkt mat engem Sëtzverloscht. Deen Wahlkampf 2009 gëllt haut awer, réckbléckend, awer schonns als een éischten Indice fir 2013. DP hat mam Claude Meisch e Kandidat, deen selwer wollt Premier ginn & net de Junior Partner vun enger CSV. Et huet een am Wahlkampf d’LSAP kritiséiert, awer  (an dat ass fir Lëtzebuerg exceptionnel gewiecht) och eng CSV alt schaarf kritiséiert. No de Wahlen am Juli 2009 hätt, trotz Sëtzeverloscht, d’DP arithmetesch d’Chance gehat fir an eng Koalitioun mat der CSV ze goen. Et huet een sech direkt zréck gezunn, och well een am Wahlkampf eng Alternativ zur CSV wollt bidden. Eng Alternativ, déi d’Leit 2009 net ugeholl hunn… souguer mat 1 Sëtz manner bestroft hunn. 

Réckbléckend weisst deen Wahlkampf also deen éischten Schnëtt vun der lëtzebuerger Traditioun dass all Partei just well de Junior Partner ginn. Et wollt een deemols schonns op demokratesch Art a Weis selwer op de Premierstull kommen & d’Sozialisten sollten, no der SREL Affaire, mam Etienne Schneider een ähnlechen Szenario wéi d’DP 2009 probéieren. Domat waren 2 Parteien an der lëtzebuerger Politiklandschaft, déi den “CSV-Staat”, wéi en vun CSV Kritiker genannt gett, bedrot hunn.


  • Gréng gouf lénks leie geloos. E fatale Feeler…

Domat bleiwt vum “Schreckgespenst” nach just 1 Partei: déi Gréng. Et huet mech gewonnert, dass d’CSV am Wahlkampf net méi un déi Gréng erugetrueden ass. Vläit war een roosen iwwert dem François Bausch säin SREL Rapport, wou hien dem Premier Juncker d’Schold un den Dysfunktionnementer ginn huet. Vläit huet een och geduecht, dass déi Gréng, nom Début vun der Piratepartei, net méi sou eng grouss Roll (zemools bei der Jugend) géife spillen, an et herno net géif duergoen fir eng CSV-Gréng Koalitioun opzestellen (wat dann vun der Strategie hir, e Schoss no hannen war). Et muss jiddefalls erlabt sinn zefroen, ob een Eruntrieden un déi Gréng net och CSV Wieler zum CSV-Gréng panachéieren bruecht hätt… 


Dann hätt d’CSV nach een drëtte Kandidat, deen elo no de Wahlen Koalitiounsverhandlungen mat hinnen misst ausschléissen. Een politeschen Strateg hätt wuel een Eruntrieden am Wahlkampf engem Politiker, oder der ganzer Partei, un d’Häerz geluecht; ganz no der Regel: “wanns du een ze staarke Géigner hues, probéier dessen a säin Argument op eng korrekt Art a Weis ze schwächen”. Et hätt nämlech net nemmen d’Positioun vun der CSV gestärkt (dass een wéi 2009 dräi Koalitiounsméiglechkeeten hätt & domat och hei méi wéi all aaner Partei), mä et hätt een domat och d’Dräierkoalitioun kéinten politesch/intern schwächen. Et wier een als CSV an der Positioun gewiecht allen 3 Parteien Saachen unzebidden, déi dës “just” mat enger CSV ëmgesat géife kréien oder Posten, déi een “just” an enger 2er Koalitioun géif kréien. CSV hätt domat alle Memberen vun enger méiglecher DP-LSAP-Gréng Koalitioun kéinte soen: “An enger 3er Koalitioun kritt dir esou eppes net ëmgesat, mir si bereed iech dat ze ginn.” A wann dat net duergaang wier, hätt een allen 3 Parteien de wichtegen Ausseminister Posten, deen schliesslech aktuell och heiandsdo am UN Secherhetsrot sëtzt, kéinten ubidden. Eng lukrativ Offer, déi am Muechtspill “Politik” alt emol gemaach ginn & déi eng Dräierkoalitioun net all Partei hätt kéinten ubidden.

Déi Kaarten huet eng CSV awer, no deem Wahlresultat e Sonndeg, net méi a Verhandlungen an der Hand. DP an LSAP wellen net méi onbedéngt mat der CSV & Schwarz-Gréng huet keng Majoritéit kritt.

Et huet een d’Saach verspillt.  Dofir muss d’CSV aktuell, ob een dat elo gudd fënnt oder net, nokucken wéi déi 3 Parteien zënter e Sonndeg Owend politeschen “Tiki-Taka” spillen. Zemools een CSV Chef Wolter & een CSV Generalsekretär Zeimet, déi um lokalen Plang op déi nämmlecht Manéier déi gréissten Partei an d’Oppositioun gesat hunn, stinn duerch hirt Virgoen vrun 2 Joer elo an där Debatt an engem méi schlechten Liicht. D’Argument, dass déi stärkste Partei och an der Verantwortung soll sinn, kléngt aus hirem Mond vill méi schwaach wéi aus deem vun aaneren Politiker. Et heescht nokucken bei der CSV. Nokucken, wéi si vun 3 Parteien mat schnellem Tiki-Taka ausgespillt ginn. Am Fussball seet een “Et spillt een eben ëmmer nëmmen esou gudd wéi de Géigner et zouléisst.”

D’CSV huet sengem Géigner, der Dräierkoalitioun, an dësem Hierscht vill zougeloos…



UPDATE: Fir dass et net falsch verstanen gett. Ech sinn géint Deals à la Ausseminister offréieren. Et gouf just am Artikel erwähnt, well et sou Saachen an der Politik haut (a schonns fréier) gett… an dofir muss dat an eng Analyse mat afléissen. Ob een et moralesch richteg fënnt ass dat u jidderengem ze decidéieren. Meng Meenung ass: moralesch falsch & dofir soll een sou eppes och net agoen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s