Wahlsonndeg.

Elo ass et also sou wäit. D’Leit entscheeden ween d’Land soll regéieren. Si entscheeden a wéi engem Land si welle liewen. Well een zu Lëtzebuerg an engem Land liewen, wou et normal ass dass een Innenminister op der Bank nofreet op e Prêt vun enger Privatpersoun korrekt ofleeft? Well een an engem Land liewen, wou een Justizminister groussen Drock op eng Untersuchungsriichterin an een Staatsanwalt ka maachen? Well een an engem Land liewen, wou sou eng grave Menace un d’Grondbasis vun enger gudd fonktionnéierender Demokratie, an engem Parlament duerch gewénkt gett? Well een an engem Land liewen, wou e Parteipresident am Parlament d’Fräiheet/Rechter vun der Press attackéiert?

Nee, dat do ass net blannen “CSV-Bashing.” Ech kann eben näischt dofir, dass esou grave Feeler vun CSV Ministeren gemaach goufen. Et kann een se jo schlecht als Feeler vun der DP, deenen Gréngen oder de Piraten bezeechnen. De Wieler muss op dësem Sonndeg entscheeden, ob et “okay” ass wann esou eppes an engem Land geschidd. Wann de Wieler dat esou gesäit, huet Lëtzebuerg e gréisseren Problem… well et geet haut um Sonnden ëm ganz vill. 

Oft gett vrun enger Wahl jo vu Politiker behapt dass et “déi wichtegsten vun onsem Liewen ass” – ganz nom Football-Moto ‘das nächste Spiel ist immer das nächste’ – mä nach ni huet dat wuel esou gestëmmt wéi haut, op dësem 20. Oktober 2013. Et geet ëm d’Grondprinzipien vun enger Demokratie & eben ëm seng rechtsstaatlech Prinzipien. 

Denkt drun wou d’Land vrun dräi, véier Méint stoung. Denkt drun, wéi et dem Land gaangen ass. Denkt awer och drun wat ab 2015 geschidd, wann den e-Commerce ewech fält & de Budgetsdefizit dann 2 Milliarden wäert bedroen. Denkt un dat ganz grousst Verspriechen 2009 vun der CSV-LSAP Koalitioun de Budget bis 2014 am Gläichgewiicht ze hunn. Denkt un d’Zukunft vum Land. Denkt un d’Jugend, déi an engem Rekord-Chômage setzt. Denkt un de Rekord-Chômage am Allgemengen. Denkt drun dass Lëtzebuerg op enger groer Lëscht vu Steieroasen stoung.  Denkt drun, dass et fir d’Land ouni Bankgeheimnis (wat de JCJ jo, laut him, nach ni gäer hat) nach méi schwéier an der globaler Welt gett fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Denkt u Léiweng. Denkt drun, dass de Logement och no Joerzéngten an CSV Hänn nach net weider komm ass. Denkt drun, dass een 4.5 Joer gebraucht huet fir sech op een Text ze eenegen, deen homosexuell Koppelen mat heterosexuell Koppelen gläich stellt – an awer herno net gestëmmt gouf. Denkt drun, dass eng Spuermesûre vun der Regierung déi nei Studienbäihellefen waren, déi deen CSV Ministère elo méi Suen kaschten wéi virdrun. Denkt drun, dass dat séierst wat d’Regierung gemaach huet d’Ausstellung vun der lëtzebuerger Nationalitéit fir d’Fra vum Ierfgroussherzog war. Denkt un d’Cargolux. Denkt drun, dass et och weiderhin net déi fir een gudden demokrateschen Staat esou wichteg  Trennung vu Kierch a Staat gett.  

Denkt drun, dass et net ëm d’Persoun Jean-Claude Juncker geet, mä ëm d’Land. Et geet drëms wat an de läschten Joeren geschidd (oder och net geschidd) ass. Et geet drëms wéi een Land een well sinn; wéi een Grad vun Demokratie & Rechtsstaatlechkeet een well hunn. Et geet drëms wéi eng Zukunft d’Land soll hunn; wéi de Chômage bekämpft gett, Wirtschaft nees un d’Ukuerbelen bruecht gett, de Budget an d’Rei kennt etc etc.

Et geet ëm esou vill méi wéi “just” e Kräizchen. Dat hei, dëse Sonnden, dësen Wahlsonnden, déi Kräizer, deen Wahlziedel… et ass dat wichtegst wat zu Lëtzebuerg zënter der Résistence geschidd ass. Et ass dat politesch gesinn Wichtegst, wat Dir – net fir déi nächst puer Joer – mä fir Ärt Liewen an deem kléngen Grand-Duché wäert maachen. 

7, 9, 21 oder 23 Kräizer. Si sinn haut esou wichteg wéi nach ni.

Benotzt Är Stëmm… a benotzt se gudd.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s