Vrun de läschten Landeswahlen zu Lëtzebuerg hat ech hei um Blog een Twitter Account mat erageholl. Deen goung mam Numm “@Wahlen09” un den Départ. D’Idee dohannert war, an ass, ganz séier erzielt: schnell, kuerz Informatiounen iwwert d’Wahlen ginn. Dofir ass Twitter exzellent. 

Twitter ass deen “néien” AP Newsfeed an huet d’Noorichtenwelt komplett verännert. Noorichtensiten, déi just warden bis dass eng Agence eng Informatioun op deen ‘traditionellen’ Wee erausginn huet, huet an dëser sech schnell dréinender 24/7-Norichtenchaînen Welt verluer. Twitter ass fir déi 24/7 Welt gudd opgestallt. An 140 Zeechen kann een vill soen… awer net alles. Twitter ass een Service fir séier “Wat?”-Informatiounen zekréien, genee Explikatiounen kann een net an 140 Zeechen ginn. Dat ass een Rôle, deen déi ‘traditionell’ Medien sollen/mussen spillen. Dofir brauch een Zeitungen. Dofir brauch een Radio. Dofir brauch een Fernsehsenderen. Dofir brauch een, awer och zum Deel, Blogs. 

Dass ech mat @Wahlen09 (an dono @letz_politblog*) zu Lëtzebuerg iwwerhapt méi wéi Famill & Frënn géif uschwätzen, konnt ech mer net erwaarden. Ech hu ni irgendwelch Reklamm fir deen Twitter Account gemaach. Ech hu ni irgendeppes dovunner op Facebook gesaat. Deen Twitter Account gouf einfach esou Ufank 2009 gestart & an déi verréckten Twitter-Welt gepucht. Dëst souguer nach ier de Service zu Lëtzebuerg méi geleefeg war & och ier verschidden (national & international) Noriichtensenderen, Zeitungen, Journalisten oder souguer Agencen wéi  AP, AFP oder dpa dësen Online Service entdeckt hunn. 

Alleguerten d’Followers vu @letz_politblog* sinn op dësen Account komm — an dat hunn ech extrem interessant fonnt fir nozekucken — duerch FFs oder RTs vun iech, deenen Leit, déi den Account schonns followen/gefollowed hunn. Et war souzesoen “Mundpropaganda”, déi einfach esou vum selwen ausgeléisst gouf. Zuel vun den Followers ass nach ëmmer net extrem, extrem grouss, mä wann ech bedenken, dass bis elo net aktiv probéiert gouf d’Zuel an d’Lut ze setzen… ass se, fir Lëtzebuerger Verhältnisser, menger Meenung no scho grouss.  (Ech kennen nämlech perséinlech just eng Handvoll vun iech.)

All déi iwwer 250 Followers soen mer, esou mengen ech et emol, dass een op @letz_politblog Noriichten aus der ganzer Welt (meeschtens) ganz schnell kritt. Wat do getwittert gett, dat stëmmt… an, wéi ech scho vun eenzelnen Leit héieren hunn, “liesen ech et e puer Stonnen oder alt Deeg dono dann och endlech bei [hei den Numm vun Dageszeitungen oder Fernsehsender asetzen].”  Esou eppes freet een natierlech immens.

Merci un iech all. Dir hudd haut alleguer een #FF verdéngt. Op déi nächsten Followers… an op d’Wahlen 2013 😉

__________________

* Am Februar 2015 gouf den Handle vun „@letz_politblog“ op „@oppenenbreif“ ëmgeännert.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s