Lëtzebuerg muss nach ferm ophuelen wat Demokratie ugeet. Domat mengen ech elo mol net onbedéngt d’Wahlrecht fir Auslänner, wat duerch d’Saach vun der Souveränitéit eng gréisser Komplexitéit huet. Dat gett trotzdem an dëser Campagne vun de politeschen Parteien emol méi, mol manner argumentéiert — och hei mol méi pro, mol méi contra.

Verschidde Saachen ginn awer (bal) guer net ugeschwat:

1) Deputéiert un d’Volkszählung bannen

Een Thema, wat ech hei jo schonns e bësschen opgegraff hat. An deem Punkt sinn déi meescht Parteien méi roueg, ausser d’Piratepartei, déi een Wahlbezierk fir d’ganz Land well, an den adr, deen sech e.a. hei dozou geäussert. Wéi een un de Resultater vun de läschten Legislativwahlen gesäit, ass Lëtzebuerg do ganz wäit vun irgendwelchem Demokratie-Verständnis ewech:

  • Osten = 28,000 Wieler fir 7 Deputéiert = 4,000 Wieler/Deputéiert; 

  • Norden = 37,000 Wieler fir 9 Deputéiert = 4,111 Wieler/Deputéiert;

  • Zentrum = 56,000 Wieler fir 21 Deputéiert = 2,666 Wieler/Deputéiert;

  • Süden = 82,000 Wieler fir 23 Deputéiert = 3,565 Wieler/Deputéiert.


2) Wahlrecht ab 16

Ebenfalls kritiséieren muss een, dass een weiderhin bei de groussen Parteien net wirklech iwwert d’Wahlrecht op 16 well schwätzen. Wéi d’Piraten an hirem 1. Spot duerstellen: Fëmmen ab 16, Alkohol drénken ab 16. Do kéint een och nach soen, dass een legalen Geschlechtsverkéier dierf ab 16 hunn. En plus, steet een ab 16 net méi ënnert der Schoulpflicht & ab 17, dierf een mam Auto fueren. Fir et ganz dramatesch ze soen, et dierf een schonns duerch Longenkriibs oder exzessiven Alkoholkonsum oder een selwer verschëldeten Autosaccident gestuerwen sinn… ier een zu Lëtzebuerg “räif” genuch ass fir Wielen ze goen. Oder och nach: et dierf een no der Schoulpflicht dann als Mannerjähregen schaffe goen — a Steieren bezuelen — mä Wielen goen ass ausgeschloss. Et kann een géint d’Wahlrecht ab 16 sinn, mä da muss een konsequent sinn an eng Rëtsch vun de folgenden Saach erréicht ab 18 erlaben: Fëmmen, Sex, Alkohol, Autofueren; souwéi Schoulpflicht bis 18 etc.

Behapt gett jo oft beim Wahlrecht ab 16, dass dat näischt bréngt well “déi Jonk sech net genuch fir Politik interesséieren” oder “déi Jonk nach politesch onstabil sinn.” Ech ka just aus der eegener Erfahrung schwätzen, mä ech interesséieren mech zënter mengem 11. Gebuertsjoer intensiv fir Politik & ennerstëtzt hunn ech an deenen läschten 13 Joer ëmmer (an an all Land) déi nämlecht politesch Richtungen/Parteien. 


3) Wahlrecht – am Platz Wahlpflicht – fir jiddereen

Iwwerhapt géif d’Ännerung vun der Wahlpflicht an een Wahlrecht dem eigentlechen demokrateschen Gedanken méi nokommen. Oft gett als Beispill genannt, dass dann d’Zuel vun de Wieler wäert faalen. Dat misst een verhenneren, heescht et. Eigentlech maachen sech d’Politiker et sech domat just gäeren zimlech einfach. Da muss een nämlech net onbedéngt op d’Leit duergoen & eppes géint déi, och zu Lëtzebuerg wuessend, Politikverdrossenheet maachen. Mat Demokratie (Demos = Vollék, Kratos = Muecht) huet eng Wahlpflicht och näischt ze dinn. Et kann een net soen dass d’Vollék d’Muecht huet, an op där aanerer Säit dem Vollék mat stroofrechtlechen Konsequenzen droen, wann et net wiele geet. Demokratie heescht dass all déi mündeg Bierger kennen hir Stëmm ofginn.  Bei enger Ännerung hin zum Wahlrecht, missten d’Politiker dann op all Bierger duergoen & probéieren mat hiren Argumenter z’iwwerzeegen. Et misst een Léisungen fir all Problemer proposéieren. Am aktuellen System, ginn d’Leit just forcéiert all 5 Joer hir Stëmm ofzeginn — egal ob d’Parteien op si lauschteren oder net.

D’Wahlplicht huet also dofir gesuergt, dass d’Politik sech ëmmer méi vun de Leit ewech beweegt… well se net brauch ob si ze lauschteren. “Herno mussen se dach alleguer egalwéi fir een vun eis wielen,” kéint d’Motto vun de läschten Joerzéngten gewiecht sinn.


4) Bréifwahl net limitéieren

Een weideren Punkt wou d’Demokratie zu Lëtzebuerg nach muss ophuelen ass Bréifwahl. Ech hunn déi dëst Joer nees missten ufroen (an hu scho gewielt, d’Parteien brauchen also nix méi ze schécken ;)), well ech bei de Wahlen, wéi wuel vill Jonker, net am Land sinn. Wat ass dann do net demokratesch?, héieren ech iech soen. Ganz einfach: net jiddereen dierf Bréifwahl ufroen. 

Zur Teilnahme per Briefwahl an den Wahlen zugelassen sind eingetragene Wähler, die:

  • das 75. Lebensjahr vollendet haben;
  • sich aus ordnungsgemäß belegten beruflichen oder persönlichen Gründen unmöglich persönlich in das jeweilige Wahllokal begeben können; 
  • im Ausland wohnen; 
  • Luxemburger die im Ausland wohnen und nicht in die Wählerverzeichnisse enitragen sind, aber dank der luxemburgischen Staatsangehörigkeit aktives Wahlrecht haben. 

[Quell]

Firwat kann een 30. Jähregen, deen all Samschdeg bis 1 Auer vläit hannert engem Comptoir steet an dofir dann réischt an de fréien Moienstonnen zréck a seng Wunneng kennt, net d’Bréifwahl ufroen? Firwat muss déi Persoun probéieren bis 14 Auer (!) spéistens a säi Wahllokal wielen ze goen?

Ech fannen net wirklech een Argument fir d’Limitatioun. Bréifwahl heescht net, dass da manner Leit wielen ginn. Et heescht och net, dass d’Leit méi schlecht informéiert sinn. Firwat also jiddereen, deen net an déi Kategorien hei uewen dra passen, an een Wahllokal schecken — wou een säi Kräiz bekanntlech mat engem harmlosen Bläistëft ka maachen. Hoffe mer alleguer, dass herno bei den Auszielungen alt keen een Radéiergummi dobäi huet…

Demokratie heescht all mündegem Bierger d’Méiglechkeet ze ginn esou seng Stëmm ofzeginn, wéi et fir hien/hat am einfachsten ass.


5) Wahllokaler méi lang oplossen…

D’Wahllokaler hunn zu Lëtzebuerg, wéi uewen beschriwwen, bis 14 Auer op. Elo kann een soen, dass irgendwann all Wahllokal muss zougoen & dëst keen Impakt op d’Demokratie huet. Jo, mä eng Demokratie huet sech de Gewunneschten vun de Leit unzepassen. Et ass (fir verschiddener, leider) net méi de Fall, dass d’Hallef-Land Sonndes Moies an d’Mass geet… an een dann dono a Rou konnt wielen goen, ier een Heem iesse gaangen ass. D’Gewunneschten vun de Leit hu sech geännert. Vill Leit bleiwen Sonndes Moies léiwer déi eng oder aaner Stonn méi laang am Bett leien. Do kennt eng 14 Auer Fermeture vun de Wahllokaler dem Bierger net entgéint. 

Ech verstinn och net firwat een net méi laang d’Wahllokaler opléisst. Verschiddener wäerten d’Argument vun der Auszielung hei ginn. Dat kann een awer net gudd heeschen. An Däitschland haten e puer Milliounen Leit d’Chance bis 18 Auer wielen ze goen — ronn 6 Stonnen dono war alles ausgezielt, & an Éisterräich haten vrun eppes iwwer 1 Woch e puer Milliounen Leit d’Chance bis 17 Auer wielen ze goen — eng 4 Stonnen dono war bis op d’Bréifwahl alles ausgezielt. Zu Lëtzebuerg mussen eppes iwwer 200,000 Leit bis 14 Auer wiele goen… an dat just wéinst dem Auszielen? 


Dës si just 5 Méiglechkeeten fir d’Demokratie zu Lëtzebuerg ze verbesseren. 5 Méiglechkeeten, ob déi sech eigentlech all Partei, allen 9, missten eenz ginn. Déi Ännerungen stellen keng komplex polit-philosophesch Fro.

Eng méi komplex, awer fir Demokratie wichteg Aufgab, wier wuel och d’Aféierung vum “Recall” Prinzip. Deen Prinzip gett et 1903 an den USA (um lokale Plang), an zënter 1908 (um Staate-Plang). E gouf och an Kanada (British Columbia), Däitschland (Bayern), Japan (Gemengen), Venezuela (op alle Levelen) an an der Schwäiz (Bern, Uri, Schaffhausen, Tessin, Thurgau an Solothurn) agefouert. Et erlabt de Bierger, wa se eng bestëmmten Unzuel vun Ënnerschrëften an enger bestëmmter Zäit sammlen, eng Neiwahl (a verschiddene Versiounen op 1 Politiker/Positioun bezunn, an aaneren, wéi Bayern, op de ganzen Landtag) ervir zebréngen. Et geet nämlech net nemmen duer, dass d’Politiker sech een Éierekodex ginn. D’Bierger mussen an enger Demokratie och d’Méiglechkeet kréien eben de Riichter doriwwer zesinn — an dëst net just all 5 Joer. 

Mä fir den Ufank wier d’Ëmsetzung vun den 5 hei uewen beschriwwen Ännerungen emol net schlecht… 😉

Avis aux Amateurs!



Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Fannen et spannend, datt s du d’D’Hondt-Verfahren net erwähnt hues. Dat géif sech nämlech och ganz einfach änneren lossen, wougéint d’Wahlbezirker jo eng Ännerung vun der Verfassung (woubäi een do zu Lëtzebuerg jo och séier ass, wann et “muss” sinn) bräicht. An et gëtt jo awer net onbedengt e Grond, wisou kleng Parteien rechneresch benodeelegt solle ginn.

    Reply

  2. Stëmmt. Ech wollt eigentlech op 5 Punkten opmierksam maachen wou allen 9 Parteien missten averstanen sinn. Bei der Opléisung vum D’Hondt-Verfahren géifen déi grouss Parteien wuel éischter net mat maachen. Mä natierlech misst doriwwer nogeduecht ginn.
    Bei der Ännerung vun de Wahlbezierker oder dem Ukoppelen un d’Volkszählung hätt een jo awer elo mat der Ännerung vun der Verfassung eng eemoleg Chance dëst een vir alle Mol festzehalen 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s