Elo sinn et just méi e puer Stonnen ier et sou wäit ass. Den “Shutdown Showdown” oder “Countdown to Shutdown” huet ugefaangen. Wat ass iwwerhapt e “Shutdown”? Firwat gett et (aktuell) keen Deal? Wat ass eigentlech genee Scholdegrenz? Kann een Scholdegrenz mam Limit vun enger Visa Kart vergläichen? Alles Froen, déi een an der amerikanescher — awer och zum gudden Deel an der europäescher — Press net wirklech richteg beäntwert kritt.  Et goufen zum Deel och Feeler an europäeschen Medien (dorënner an der RTL Finanzwoch e läschten Freiden) bericht [Punkt 4]. Hei d’Informatiounen… 

1) Wat ass een “Shutdown”?

Een Shutdown geschidd an der US Politik wa sech béid Kummeren vum Kongress an d’Wäisst Haus net iwwert e Budget oder CR eenz ginn. Een CR kann een vereinfacht vläit Deelzäit-Budget nennen, well et der Regierung fir e puer Deeg/Wochen/Méint Suen gett. Een richtegen Budget, deen fir eng gudd fonktionnéierend Wirtschaft wichteg wier, ass dat awer net. 

An der US Verfassung huet de Kongress d’Muecht iwwert de Budget. De President stellt zwar am Ufank vum Kalennerjoer säi Budget dem Parlament vir. Dëst ass awer ëmmer just eng Propose vum Pouvoir Exécutif. De Kongress stellt de Budget (oder CR) op, deen da vu béide Kummeren muss gestëmmt ginn. D’Wäisst Haus huet awer, der ‘Checks and Balances’ Idee sierf Dank, hei och een Veto Recht. Dat heescht wann de Kongress elo géif een CR stëmmen, deen d’Gesondheetsreform vum Obama stoppt, kéint de President säi Veto benotzen. 


2) Wat geschidd bei engem “Shutdown”?

Een Shutdown ass net esou grad schlëmm wéi d’Net-Unhiewen vun der Scholdegrenz. Obschonns och een “Shutdown” een Afloss op (zemools déi national) Wirtschaft huet. Am meeschten trefft et natierlech d’Arbeschter vum (federalen) Staat. Wann et bis muer, Dennschdeg, keen Deal gett, muss deen groussen Deel vun hinnen doheem bleiwen. Sou lang de Shutdown dauert, kritt och keen vun deenen Leit eng Paie. Et ass fir d’Staatsbeamnten souzesoen forcéierten “Congé sans Solde” . Beim “Shutdown” sinn och alleguerten d’Nationalparken zou (Verluerenen Annahmen: $30mio/Dag pro Park), NIH (National Institute of Health) géif keng nei Patienten an hirer Clinique ophuelen, EPA (Environmental Protection Agency) géif zou goen. En plus wieren Touristenmagnéiter wéi d’Lincoln Memorial, Library of Congress, National Archives, Smithsonian Museum etc. wuel alleguerten zou. Bei engem längeren “Shutdown” kann et e.a. och zu Problemer am Ausstellen vun Visa’en an d’USA ginn.  Déi federal Gerichter géifen bis Mëtt Oktober emol nach weider schaffen, ier een dann, wa nach ëmmer keen Deal fonnt gouf, een misst weider kucken.

Just absolut “essential personnel” vum Staat muss ab dem 1. Oktober weider schaffe goen. Zum “essential personnel” zielen niewt dem President sengen héchsten Beroder, e.a. och d’Police, d’Prisong-Personnal, d’Militär, de Wiederdéngscht an d’Flughafen Personnal. Ween iwwrengs seng Paie weiderhin, och während dem Shutdown, iwwerwisse kritt: Politiker. Dat eenzegt wéi een dat ka stoppen, ass per Gesetz wat fir deen nächsten Kongress (ab 2015) géif a Kraft trieden. Dëst ass eigentlech gemaach ginn, fir dass Politiker net, während si un der Muecht sinn,  selwer kennen un de Montant vun hire Paien goen. Trotzdem huet et bei engem “Shutdown” dach och ëmmer een negativen Bäigeschmaach…


 3) Firwat gett et momentan keen Deal?

D’Tea Party ass nees do. Vru 4 Joer am éischten Summer fir de President Obama sinn si entstaanen, dëse Summer — deen éischten an der 2. Amtsperiod — sinn si nees operstaan. Et goufen iwwert de Summer e puer Events uechter d’Land fir nees géint d’Gesondheetsreform vum Obama unzekämpfen. Läscht Chance fir déi nach kennen ze stoppen schéngt de Budgetssträit dëst Joer ze sinn. D’Majoritéit vun den Amerikaner leent d’Reform nach ëmmer of. An mat der Operstoung vun der Tea Party si vill Republikaner natierlech voller Angscht, dass si an de Virwahlen fir d’Midterms 2014 een Tea Party Géigner kéinten kréien. Do denkt een dann zweemol iwwert säi Vote no. 

Den Speaker Boehner hat no de Wahlen d’läscht Joer zwar nach behapt, dass d’Gesondheetsreform elo “Law of the Land” wier… trotzdem muss och hien ëm seng Platz fäerten. Ouni d’Stëmmen vun der Tea Party, huet hien net genuch Stëmmen am Repräsentantenhaus fir Speaker ze bleiwen. Oder aanescht gesot: Tea Party huet nees esouvill Muecht iwwert déi Republikanesch Partei wéi kuerz vrun & kuerz no de Midterms 2010. 

Mat der Reduzéierung vum Defizit oder der Schold huet deen aktuellen Débat am Kongress näischt ze dinn. Dat behapten och net vill Republikaner, wéi een jo och um Senator Ted Cruz senger 21 Stonnen laanger Ried (wat Critèren fir een “filibuster” net erfëllt huet) konnt gesinn. Wéinst dem President Obama am Wäissen Haus & der demokratescher Majoritéit am Senate ass een CR, deen un d’Gesondheetsreform geet, schonns “DOA”, wéi et zu Washington D.C. heescht — dead on arrival.

Et geet awer momentan bei de Verhandlungen praktesch just ëm d’Gesondheetsreform. Hei geet et och net ëm den Effekt deen dës Reform op den Defizit hätt. Während ‘ObamaCare’ nämlechen de Budgetsdefizit an de nächsten 10 Joer géif reduzéieren, suergt, laut dem onparteiechen CBO (Congressional Budget Office), een “repeal” vun der Reform fir  weider $109 Milliarden un Defizit am US Budget. 


4) Ass Scholdegrenz a Budgetssträit dat nämmlecht? Den 1. Oktober och den Délai fir Scholdegrenz erop ze setzen?

In a word? No. Et geet hei eigentlech just ëm de Budget. D’Finanzjoer an den USA geet vum 1. Oktober bis 30. September. Et ass een also elo um Enn vum “Fiscal Year” ukomm, an et brauch een dofir e Budget/CR fir dat neit Fiskaljoer. Déi aktuell Situatioun haut ass wéi wa Lëtzebuerg Enn Dezember ouni Budget géif do stoen. 

Esou een ähnlechen US Shutdown Szenario gouf et am Abrëll 2011 (vum 1. Oktober 2010 bis Abrëll 2011 goufen et CRs). Deemols hat de Kongress awer nach an de läschten Minutten een Deal fonnt gehat, deen der Regierung bis den 30. September 2011 Suen ginn huet. Den Sträit ëm d’Scholdegrenz koum deemols am August 2011, wou et och kuerz vrum Délai eng Eenegung gouf. 

D’Scholdegrenz Enn 2013 steet réischt, wéi vum bekannten John Avlon hei & souguer vum President Obama hei gesot, an e puer Wochen un. Laut den US Finanzexperten wäert een ‘Shutdown’ och keen Effekt op den ‘D-Day’ fir d’Scholdegrenz hunn. E Mëttwoch hat den US Finanzminister Jack Lew den Dag wou d’USA un d’Scholdegrenz stéisst als 17. Oktober uginn. [Congressional Research Service Rapport, “On September 25, Treasury Secretary Lew notified Congress that the government would exhaust its ability to borrow around October 17 according to U.S. Treasury projections.“]

Dass et sech schonns haut um Méinden, 30. September, ëm d’Scholdegrenz handele géif, gouf e.a. am ZDF Heute Journal e Freideg Owend [ZDF Video, ab 22:29] implizéiert. Esou behapt, gouf dat dann och vum RTL Finanzexpert, vun de Spezialisten vun Capital at Work, e läschten Freiden, wou dëst freudenstraalend de lëtzebuerger Zuschauer matgedeelt gouf [RTL Video]. 


5) Gouf et scho ‘Shutdowns’? Wéi laang kann een ‘Shutdown’ daueren?

Jo, et goufen der schonns. Zënter 1976 goufen et 17 Shutdowns. Vun deenen 17 waren 6 Shutdowns direkt am Ufank vum Fiskaljoer (also vum 1. Oktober un). D’Dauer vun esou engem Shutdown ass ganz ennerschiddlech gewiescht. An der Vergangenheet hunn e puer Shutdowns einfach just 1 Dag gedauert. Deen rezentesten, a längsten, a wuel och bekanntesten, ass deen 2. Shutdown ënnert dem President Clinton gewiecht. Hei goung vum 16. Dezember 1995 bis den 6. Januar 1996 näischt méi. Fir 21 Deeg stoung D.C. stëll. Dat koum iwwrengs direkt nom Shutdown am November 1995. 

Et goufen deemols Problemer tëschend dem President Clinton an dem Speaker Gingrich (R). Schold um Shutdown haten, laut de Wieler awer, praktesch ganz alleng d’Republikaner. Si goufen bei de Wahlen am November 1996 dofir ferm ofgestrooft. Et soll deemols een zimlecht heftegt Gespréich teschend dem Clinton & Gingrich am Oval Office gi sinn, wat als Inspiratioun fir d’Serie ‘The West Wing’ benotzt gouf, wou et an der 5. Staffel zu engem Shutdown kennt: 


6) Wat ass dann elo Scholdegrenz?

Scholdegrenz setzt fest, dass d’Land net méi Scholden wéi déi genannten Grenz mécht. Dobäi gett d’Schold vun de leschten Joerzéngten zesummen gezielt — falls se nach net bezuelt gouf. Dat heescht wann d’Land bspw. 100 Milliounen Schold hätt (wier dat schéin ;)), an d’Grenz ob 140 Milliounen gesat géif ginn, kann d’Land theoretesch eng weider 40 Milliounen Schold maachen. Niewt den USA huet just Dänemark nach esou eng Scholdegrenz. (Obwuel se net grad esou eenzel am Parlament muss eropgesat ginn). An allen aaneren Länner, wéi Lëtzebuerg, gett et keng Grenz — an oft dann och bal guer keen groussen Débat iwwert d’Staatsscholden (cf. Wahlkampf an Däitschland).

D’Scholdegrenz ass awer net ze vergläichen mat der Limit, déi eiser een op sou Karten wéi der vu VISA drop huet. D’Unhiewen vun der Scholdegrenz erlabt direkt net nei Scholden ze maachen. Nei Scholden gi vum Budget oder CR, deen elo muss ausgehandelt ginn, gemaach. D’Unhiewen vun der Scholdegrenz erlabt et dem Land just seng Scholden, déi et scho gemaach huet, kennen zréck ze bezuelen. Kléngt komesch, ass awer esou. 😉 (Wat een och gäeren e.a. hei bei CNN, beim Finanzministère, oder an dësem Blogpost vun der Berkeley Uni ka noliesen.)

Eng besser Analogie wier also: dir hudd mat ärer VISA Kart fir 1500 Euro kaaf an déi musst dir elo eigentlech bezuelen. Problem: dir hudd awer 0 Euro um Konto, an d’Bank géif a kengem Fall erlaben, dass dir an de Keller dierft goen. Domat géif VISA (am Fall vun Staaten wéi USA oder Lëtzebuerg: hir Gläubiger) domm aus der Wäsch kucken, well si elo keng Suen kréien. Sollt dat esou geschéien, géif VISA iech Problemer maachen. (D’Gläubiger géifen där dann och maachen, a géifen d’Vertrauen an d’Land verléieren.) D’Unhiewen vun der Scholdegrenz wier, an dëser Analogie, also dass een op d’Bank geet an min. 1500 Euro op de Konto setze geet. Wou een déi Suen hirhuet, ass egal. Déi kennen weider Schold sinn, mussen awer net. 

An där oft erwähnter falscher Analogie vun “et ass wéi de Limit op der VISA Kart” an dem Argument “Si setzen déi einfach ëmmer just erop… wéi einfach”: géif een jo mengen, dass de Problem geléist kéint ginn an deems een de Limit vun der VISA Kart (an dësem Fall, d’Scholdegrenz) erofsetzt. D’Scholdegrenz kann een awer net erofsetzen, wann een déi Suen nach u Schold ze bezuelen huet. Dat wier soss wéi wann dir VISA Bescheed sot, dass si är Limit einfach sollen op 1,000 Euro setzen, mam Argument: da kaaf dir net méi souvill an.  Dat géif VISA vläit direkt maachen, mä hir 1,500 Euro vum läschte Mount wéilten si trotzdem fir d’éischt emol bezuelt hunn. Oder aanescht ausgedréckt: Scholdegrenz kann een net einfach per Gesetz erofsetzen, well dir kennt och net selwer är Scholden einfach sträichen — dat kennen just déi Leit, déi iech Suen ginn hunn.

Een Net-Unhiewen vun der Scholdegrenz Mëtt Oktober wier — anescht wéi een “Shutdown” — déi 1. Kéier an der US Geschicht. Et hätt een domat theoretesch den Staatsbankrott. Esou een Evenement hätt also bei Wäitem e vill méi e groussen Effekt op d’Weltwirtschaft wéi de Sträit ëm de Budget/CR an een méiglechen Shutdown dës Woch. Een Net-Unhiewen géif all d’Vertrauen vun de Gläubiger an d’USA, an domat wuel och an all aanert Land, verschwannen doen. Et kéint een et vläit mam Vertrauensverloscht an d’Banken nom Fall vu Lehman Brothers vergläichen… a mir kennen déi Konsequenzen nemmen nach all ze gudd. D’USA missten dann eigentlech direkt een enormen Spuercours ufänken, deen  direkt a Kraft trëtt & esou stark wier, dass een d’Austeritéit an der EU géif als “grouss Ausgabenpolitik”  géif bezeechnen. 


7) Wéivill ass d’Scholdegrenz momentan? Ass d’USA wéi Griichenland oder net?

Aktuell ass d’Scholdegrenz bei eppes iwwer 16 Billiounen US Dollar. Oft gouf scho behapt, dass dat praktesch ausschliesslech vu China gedroen gett. Dat Land ass zwar deen gréissten auslänneschen Staat, wann et ëm d’Gläubiger vun den USA geet, trotzdem ass vun der ganzer US Schold just eng 9% chinesesch. E ganz groussen Deel vun der US Schold gett eigentlech vun US-Amerikaner an vun hiren Firmen/Banken/Fonds selwer gedroen. Den amerikaneschen Steierzueler huet also ganz ferm bei sech selwer Scholden — an der Economie eigentlech een Virdeel (cf. nämlechten US Szenario während/nom WW2) . 

Dofir wier et eigentlech wënschenswert, wann d’Medien keen ‘Doomsday’ Szenario fir d’USA méi géife molen. En plus, hat vrun laaangem och de Paul Krugman vun der New York Times festgehalen, dass: 

“It’s true that foreigners now hold large claims on the United States, including a fair amount of government debt. But every dollar’s worth of foreign claims on America is matched by 89 cents’ worth of U.S. claims on foreigners. And because foreigners tend to put their U.S. investments into safe, low-yield assets, America actually earns more from its assets abroad than it pays to foreign investors. If your image is of a nation that’s already deep in hock to the Chinese, you’ve been misinformed. Nor are we heading rapidly in that direction.” (via)

Wann een d’US Scholden am Bezuch op den PIB a Prozenter kuckt, esou ass d’USA och aktuell nach net esou schlëmm drun wéi an den 1940er: 

That being said, ass d’USA aktuell net méi ganz esou wäit dovunner ewech. Trotzdem muss een gesinn, dass een vru 5 Joer an déi Grouss Rezessioun komm ass. Vun dohier war d’Economie vum Obama, um Keynesian Modell wéi Roosevelt a co., zum Deel extrem richteg. Dowéinst wier et och net richteg, d’Gesondheetsreform ze kippen. Domat géif nämlech och Medicare (Krankekees fir Senioren) wuel spéistens 2017 bankrott sinn. D’Reform hällt déi Kees bis an d’Mëtt 2020er eran aktiv. Da musse weider Reformen kommen. En plus, wäert d’Gesondheetsreform, wéi uewen beschriwwen, den amerikaneschen Steierzueler vill manner Suen kaschten wéi deen aktuellen System. Et muss een och soen, dass a läschter Zäit Progrès beim Defizit vum US Haushalt gemaach gouf. Laut dem CBO wäert den Defizit 2013 esou kléng sinn wéi zënter 2008 net méi. Wat de President Obama dozou bruecht huet, och d’läscht Woch nees ze soen, dass den Defizit méi séier fält wéi zënter 60 Joer net méi. Laut PolitiFact.com, ass dës Ausso “true.”

D’USA kann een net mat Griichenland, Spuenien oder Italien vergläichen. Nieft all den uewen genannten Saachen, gett et nach een groussen Ennerscheed tëschend de Scholden an den USA & deenen an der EU.

Aanescht wéi an der Kris an Europa, huet d’USA eigentlech nach ganz vill Spillraum um economeschen Plang. Dorënner zielen bspw. déi ganz Bush Tax Cuts, déi e.a. d’Räichensteier vun 39.6% op 35% erofgesat hunn. Dëst huet d’Schold ëm $1.6 Billiounen an d’Lut gesat. Déi Steiererliichterungen goufen just fir Extremräicher (>$400,000) am Januar 2013 gestoppt (déi bezuelen elo nees 39.6%). D’Aféierung vun enger TVA, wéi et se an Europa, eigentlech an all OECD Land bis op d’USA, jo gett, gett och vu verschiddenen Economisten (bspw. hei oder hei) gefuerdert. Iwwerhapt hunn d’USA net vill Steieren am internationalen Verglach: bis 2006 waren et 28% vum PIB = 3/4els vun deem wat an Däitschland huet mussen bezuelt ginn; a Skandinavien war d’Besteierung duebel sou grouss. (Quell: Andrea Louise Campbell, “America the Undertaxed: U.S. Fiscal Policy in Perspective,” Foreign Affairs 91, no. 5: pp. 99-112. gratis Extrait: hei)

D’Kricher am Irak & Afghanistan hunn praktesch deen nämlechten Montant u Schold wéi d’Bush Tax Cuts nach eng Kéier drop gesat. Dobäi kennt dass fir d’Kricher de Militär Budget selwer eng weider $1.5 Billioun Schold gemaach huet. Dëst ass de finanziellen Grond firwat zu D.C. keen wirklech e weideren Krich a noer Zukunft wéilt irgendwéi ufänken (cf. Syrien). En plus, géif eng Immigratiounsreform, déi aktuell nach am Kongress diskutéiert gett, ebenfalls beim Budget hellefen. Mat den aktuellen Zuelen wäert d’USA teschend 2030 an 2040 an d'”Sozialmauer” knuppen, ausser wann een eng gréisser Reform mécht. Mat der Immigratiounsreform géif d’Zuel vun schaffenenden Bierger an den USA iwwert déi nächst Joerzéngten an d’Lut gesat ginn. D’Land gëllt nach ëmmer fir vill Leit weltwäit als Immigratiouns-Zil. Wann een selwer net genuch Jonker huet, da kann een Jonker eraloossen, déi onbedengt wellen erakommen.  Sou entsteet folgend Gläichung:

Méi schaffend Leit = méi Steieren, déi de Staat kritt = méi Suen, déi de Staat huet = de Staat kann Renten a Krankenkeesen etc. alles weider bezuelen. 

Et ginn nach Beispiller, wou d’USA Spillraum fir d’Zukunft huet (nationalen Energie-Wiessel, domat fort vun Petrol vum Noen Osten bspw) , mä dat ass een aaneren Blogpost wert. A wéi sot den Fareed Zakaria 2012 op der Harvard University: 

“… so many of these people are immigrants. They — I should say we — come to this country with aspirations, with hunger, with drive, with determination, and with a fierce love for America. 

By 2050, America will have a better demographic profile than China. This country has its problems, but I would rather have America’s problems than most any other place in the world.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s