Wat soll een do soen? Unioun gewënnt d’Wahlen déi Säit der Musel, SPD gewënnt liicht. Déi aaner 3 Fraktiounen am Bundestag verléieren alleguer… Linke, Gréng an FDP mussen Stëmmen abéissen. Fir d’FDP ass et souguer de Super-GAU; d’Partei fält fir déi 1. Kéier zënter der Grënnung vun der Bundesrepublik  aus dem Bundestag eraus. 

Déi Gréng wollten eigentlech no Fukushima déi 2. stärkst Partei an Däitschland ginn. D’Victoire bei de Landtagswahlen a Baden-Württemberg sollt hinnen Mut maachen. Iwwert déi läscht Méint hinn ass et awer kloer ginn, dass d’Partei (nach?) keng Vollékspartei gett. Mat Veggie Day, engem Pädophilie-Skandal, & Steierproposen, déi zemools vum lénken Board vun der Partei gedroe ginn, hu se sech bei de Bundestagswahlen an den Abseits gestallt. De Jürgen Trittin huet d’Partei wuel ze vill no lénks gezunn, an d’Wieler hu se dofir net méi konnten vun aaneren ennerscheeden. 

Schlëmmer nach fir déi Gréng ass wuel dass Fukushima vläit am Endeffekt — politesch gesinn — den Ufank vum Enn vun hinnen duerstellt. Jo, si goufen dono méi ennerstëtzt, mä déi Konservativ-Liberal Regierung mam Angela Merkel huet hinnen du ganz séier dat Thema ewech geholl. “Energiewende” heescht et zenterhir an Däitschland. Déi Gréng mussen oppassen, dass et hinnen net wéi der FDP geet an d’Leit an Däitschland geschwenn froen: “Firwat brauchen mer déi Gréng eigentlech nach?”

Stëmmen verluer an awer herno deen “lachender Dritter” (pun intended) sinn déi Lénk. Dank dem Aus vun de Liberalen an dem nach méi schlechten Score vun deenen Gréngen, kann d’Linkspartei op eppes Historesches hoffen. Sollt et nämlech zu enger grousser Koalitioun Unioun-SPD kommen, wier d’Linkspartei ëm de Gregor Gysi dann Oppositiounschef. De fréieren SED (Sozialistische Einheitspartei Deutschlands) Politiker steet 24 Joer nom Fall vun der Mauer vru sengem gréissten Erfolleg. Zurück in die Zukunft…?!

Zurück in die Zukünft heescht et och wann een op d’Resultat vun der AfD kuckt. Si kommen aus dem Stand op bal 5% an domat bal direkt an de Bundestag. Dass an där AfD och ganz rietsextrem Gedankengut ass, dierft eigentlech bekannt sinn. A ween hätt geduecht, dass esou Leit nach eng Kéier sou knapp vrum Anzéien an den däitsche Bundestag géife stoen? No der (eigentlecher) Victoire fir déi Rietsextrem an Norwegen, dem starken Geert Wilders an Holland, enger wuel nees gestärkter rietsextremer FPÖ an Éisterräich (Wahlen dëse Sonnden) & enger ëmmer méi starker rietspopulistescher UKIP op der Insel… gett et vläit Zäit dass Europa sech als Ganzt nees e puer ongemiddlech Froen stellt. 

Fir d’Unioun op där aanerer Säit hätt de Wahlowend net besser & net méi schlecht kéinte laafen. Erlabt mer deen Gedankengang z’erkläeren. Jo, si hunn vun de Sëtz hir gewonnen  de sougenannten “Wunschpartner” ass fort. Dat heescht als Resultat vu grousser Merkel-Ëmaarmung (an Feelverhalen vun der FDP-Spëtzt) steet d’Angie ouni Partner vrum Altor. Wa Rout-Rout-Gréng wéilten kéinten si net nemmen eng Regierung mat engem Kanzler Steinbrück opstellen, mä eigentlech direkt fir Neiwahlen suergen. Et wier och net besser gewiecht, wann déi Konservativ eng absolut Majoritéit vun e puer Sëtz kritt hätten (oder bei Neiwahlen géife kréien)… well d’Oppositioun wier weiderhin extrem staark. A wéi déi läscht 1-2 Joer gewissen hunn, gett et e.a. bei Euro-Froen an der eegener Partei keng Majoritéit fir d’Angela Merkel. Ëmmer nees huet d’Oppositioun missten mathellefen wann et ëm Europa goung.

Ob Gabriel a co. nach eng Kéier vum Merkel ëmärmelt ginn an hir Prinzipien opginn (bspw. TVA vu 16 op 19% gehéicht)… dat well — a muss — d’Partei an de nächsten Stonnen an Deeg kläeren. Och wann de Peer Steinbrück gëschter Owend an der Berliner Runde betount huet, dass de Ball bei der Madame Merkel läit… esou huet een an de Gesichter vu Steinbrück a Merkel konnten ofliesen, dass si allen 2 woussten: déi eigentlech Muecht an Däitschland ass no lénks geréckelt. Net Merkel wäert entscheeden wat elo geschidd, mä d’SPD-Spëtzt. Neiwahlen? Geet een nach eng Kéier mat der Merkel mat? Wa jo, huet een aus der Nidderlag vun 2009 & dem totalen Aus vun der FPD 2013 geléiert? 

Eent steet fest: dass d’FDP bei de nächsten Bundestagswahlen a 4 Joer nees erakennt ass (aktuell) grousst Dreemen. Villäicht dauert et Joerzéngten bis se zréck ass, vläit gesäit een déi Partei och ni méi am däitschen Bundestag. Wann d’Linkspartei sech fennt a vun hirem zum Deel lénksextremen Board — an hirem zum Deel oppenen Antisemitismus — direkt ewech kennt an zur Mëtt hin zougeet… stellt sech bei Wahlen an Däitschland an d’Zukunft d’Fro: kréien déi Konservativ d’absolut Majoritéit oder gett et Rout-Rout-Gréng? Och wa keen dat der Madame Merkel wäert jemools als Feeler ënnerstellen, an si, spéistens zënter gëschter, mat der Madame Thatcher muss verglach ginn, esou kann déi Wahlvictoire op deem 22. September 2013 gläichzäiteg eng gréisser Nidderlag fir hir Partei gewiecht sinn.

The balance of power has shifted to the Left…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. A wéi enger Hisiicht vergläichs de d’Merkel mat der Thatcher? Ass dat just baséierend doropper dass se allebéid konservativ an iwwer ee Joerzéngt ee Land wäerte regéiert hunn oder gesäiss de aner Parallelen? Wat wieren déi?

    Reply

  2. Jo dat… an e.a. et ass och eng “eiserne” Politik, déi béid Fraen an hiren Länner gemaach hunn — an deen Stempel ganz Europa opgedréckt hunn. En plus, hu se sech politesch (wéi eng CSV och zu Lëtzebuerg mam Juncker) sech als d’Partei duergestallt. Laut Ëmfroen hu bspw. gëscht déi meescht Leit fir Unioun gestemmt wéinst dem Merkel, net well se de Plang vun de Konservativen gudd fonnt hunn.
    De Major krut Tories nach 1 läschte Kéier nom Thatcher gerett, ier et fir 13 Joer an d’Oppositioun goung. An obwuel Tories nees an der Regierung sinn, sou richteg vum Thatcher si se net lass komm. Dat kéint mat der Unioun och geschéien — well de “Krounprënz” aus Bayern, deen dat Spill vläit hätt kéinte weiderféieren, ass fort.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s