Kucke mer eng Kéier kuerz zréck op 2009. Et waren nees Wahlen zu Lëtzebuerg – Landeswahlen. D’Parteien hu sech nees prett gemaach fir op d’Regierungsbänk ze kommen. Wahlkampf heescht och eng Idee hunn, déi een un de Mann & un d’Fra bréngt. D’CSV hat eng ganz simple, awer wann een et vun engem strategeschen Point de Vue kuckt, da war et wuel eng vun deenen beschten vun de läschten Joërzéngten – jiddefalls zu Lëtzebuerg. 

D’CSV huet et mam Slogan “déi mam Juncker”, an dank dem Charme deen d’Persoun Juncker op e groussen Deel vu Lëtzebuerger huet, fäerdeg bruecht fir d’Bezierker Doud ze maachen. Bezierker si jo esou een Problem vun der lëtzebuerger Politik. Keen schéngt se wirklech ze wellen, jiddereen well se of schaafen an herno si se nach ëmmer do. 

Dobäi ass jo eigentlech de System vu Bezierker demokratesch gesinn net där schlechster een. Et misst een just higoen an Deputéiert zu Volléksvertrieder a net zu Parteivertrieder maachen. Wann d’Leit am Osten beispillsweis den Ben Scheuer (LSAP) oder Gilles Baum (DP) oder soss irgendeen aus dem Osten wielen, da misst sech eigentlech déi Persoun da komplett fir deen Bezierk (an dësem Beispill eben den Osten) asetzen. Aktuell verhënnert dëst de “Parteizwang” zu Lëtzebuerg. Deputéiert vum Osten oder Norden sinn géint de Süden an Zentrum an der eegener Fraktioun emmer an der Ënnerzuel. Een Grond firwat déi gréisser Saachen dann och mat de Stëmmen vun de kléngen Bezierker an der Chamber ugeholl ginn – obschonns ni esou e Project, wéi beispillsweis d’Uni, an déi zwee kléngste Bezierker kennt.  Eng Ophiewung vum Parteienzwang géif zwar esou eng Situatioun direkt net änneren (Norden/Osten weiderhin a Fraktiounen an Ennerzuel), mä et géif zumindest deem Bezierks-System e Sënn/eng Legitimitéit ginn. Ob een deen lo gudd fënnt, ass natierlech eng aaner Saach.

 

Vru 4 Joer huet déi gréissten Partei hei am Land awer net dofir gesuergt, dass deen Sënn vun deem System soll gestärkt ginn, mä vill méi dass d’Bezierker fir hire Wahlkampf guer keng Roll méi gespillt hunn. D’Partei war eben “déi mam Juncker.” Dat huet een de Leit esou laang am Wahlkampf gesot, dass de Message ganz eriwwer komm ass. De strategeschen Message: Leit sollen CSV wielen, Juncker ass eise beschte Mann, Bezierker wou hien net drop steet, gett Partei “mam Juncker” gewielt. De Message, deen den CSV-noen Bierger matgeholl huet: “ech wielen CSV also de Juncker.” Egal ob een elo am Norden, Osten oder Zentrum geliewt huet, konnt een 2009 fir déi éischte Kéier bei Nationalwahlen de Jean-Claude Juncker “wielen.”

Et ass eng Personifikatioun vun der Vollékspartei. Esou eng gesäit een soss oft just wirklech an den USA. Do war d’läscht Joer och fir e puer Méint d’Republikanesch Partei “déi mam Romney.” De Grond firwat den fréieren Governor vu Massachusetts op alles huet missten äntweren & alles huet missten kommentéieren – souguer wann dat just vun engem lokalen oder regionalen Kandidat (bspw. Mourdock) gesot gouf. De Romney war d’Partei. Den Obama ass zënter 2008 d’Demokraten. Een Obama-noen Wieler kritt nächst Joer fir d’Midterms scho gesot, dass hien/hat dem Obama kann hellefen (souzesoen fir hien wielen kann), wann een Kandidat_in X vun den Demokraten wielt.

 

Kucke mer op dëse Summer. Bei dëse Wahlen geet d’CSV nämmlech nach e gudd Stéck weider wéi dat wat se déi läscht Campagne gemaach hunn. Op där enger Säit wier do d’Aféierung vun engem sougenannten “Wahlkonvent.”

Deen “Wahlkonvent”, nach sou eng Idee aus dem amerikaneschen Wahlkampf, gouf vrun e puer Deeg zu Ettelbréck ofgehalen. Interessant ass dass d’CSV esou een aféiert, wou dësen an den USA jo eigentlech just nach “pro forma” ofgehale gett. Déi wichtegst Decisioun (ween Kandidat_in gett), gett jo zënter e puer Joerzéngten mat Virwahlen an allen 50 Staaten gekläert.* Et kéint een eigentlech soen, dass d’Convention an den USA gréisstendeels benotzt gett fir Stëmmung bei der Parteibasis ze maachen an, wa méiglech, e neien Stär um Parteihimmel ze presentéieren. E neien Stär an der CSV gouf et, souwäit ech dat mitkritt hunn, beim Wahlkonvent net. 

Vill méi grouss ass awer eng aaner Saach, déi d’CSV an dëser Campagne lancéiert huet: d’Personifikatioun vun engem politeschen Mandat – verbonnen mat enger politescher Partei. Et ass souzesoen “CSV 2.0” Et ass een elo net méi (just?) “déi mam Juncker”, mä 2013 eben “déi mam Premier.” Wann et Mathé wier, géif een vläit schreiwen: 

Juncker = Premier   & CSV = (déi mam) Juncker 

=> CSV = Premier  c.q.f.d.

Éischt “CSV 2.0” Wahlkampf-Bild (© csv.lu)

 

Dës Rechnung ass aktuell gesinn komplett richteg. Et ass awer och esou, dass sech – fir déi aaner Parteien – e gréisseren Problem opdeet. Wann d’CSV am Oktober gewënnt & hire Spëtzekandidat weider Premier géif bleiwen, ass alles an der Rei. Sollt dëst awer net de Fall sinn, stëmmt d’Equatioun net méi. Déi aaner Parteien (3 vun hinnen?) géifen sech dann géint déi Equatioun stellen. Si géifen de Juncker & seng Partei ëm déi hir abonnéiert iewechten Platz an der Regierung bréngen. Domat kéint d’CSV dann 2018 eng Art “Homecoming”-Wahlkampf starten. Firwat? Well een nees well ginn, wat een mol eng Kéier war – fir nees dat ze bleiwen, wat een ass.

 

Fir d’CSV ass et eng Strategie, déi 2009 scho gestart gouf. Eng Strategie, déi, wann se opgeet, där Partei och iwwert eng Juncker-Zäit eraus déi wichtegst politeschst Positioun am Land géif ginn. Well d’CSV ass déi mam Premier. D’CSV huet deen Stull ze gudd. 

Fir déi aaner Parteien heescht dëst natierlech probéieren irgendwéi ze verhënneren, wellen si net ëmmer ‘just’ de Junior Partner vun enger grousser Vollékspartei ginn. Mä eent steet fest: fir e Feeler an där “CSV 2.0” ze fannen gett schwiereg. Bei enger erfollegräicher politescher Personifikatiouns-Campagne zielt nämmlech och massiv de Support bei de Leit. Hei ass de Support vun de Leit emol net onbedéngt op déi politesch Erfahrung/Erfolleger ausgeriicht, mä éischter op d’Sympathie vun deem jeinegen Politiker – an, ob dësen, “een vun eis” ass. Falls de Wieler dëst esou am Fall Juncker gesäit, ass de Wahlkampf, deen am September soll ufänken, demnowéi schonns längst eriwwer.

 Lëtzebuerg steet dann also viraussichtlech fir déi zweete Kéier noeneen e Wahlkampf bevir, wou (zumindest emol) déi stärksten Partei léiwer op esou eng Strategie vu Sympathie setzt. 2009 als “mam Juncker”, 2013 “mam Premier.” Déi eigentlech Sujet’en (Budget, e-commerce, TVA, Aarbeschtswelt, Kompetitivitéit & Attraktivitéit vum Land, Edukatioun, Wunnengsmart, SREL-Reform** etc.) bleiwen do wuel leider op der Streck… 

 an do wäert da wuel och den Här Kaes keng Question Urgente stellen. 😉

________________________

* Am Ufank goufen et an der US Geschicht guer keng Virwahlen, an erréicht am Ufank vum 20ten Joerhonnert hunn vereenzelt Staaten Virwahlen ofgehalen. Dës waren deemols oft e “beauty contest”, ceci dit dass d’Delegéiert trotzdem fir soss irgendeen Kandidat konnte wielen. Erréischt no den 1968 Police Riots op der Demokratescher Convention goufen Mesuren an d’Weeër geluecht fir Virwahlen an allen 50 Staaten anzeféieren.  

** Nodeems mat der CSV déi stäerksten Fraktioun net mat der Conclusioun vun der Commissioun averstaanen war, stellen sech an dësem Beräich gréisser Froen. Wéi, wann iwwerhapt, wäert d’SREL-Reform vun enger CSV ausgesinn?

– Wahlbezierker Bild via

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Thema, wat ech hei jo schonns e bësschen opgegraff hat. An deem Punkt sinn déi meescht Parteien méi roueg, ausser […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s