Vrun engem Mount huet den U.S. Supreme Court säin Urteel iwwer dat federalt Defense of Marriage Act  gefällt. D’Gesetz aus den 90er, wat de Mariage op nationalem/federalen Plang als Unioun tëschent Mann & Fra definéiert, gouf vum iewechten Gericht als verfassungswiddreg ugesinn. Direkt nom Urteel huet de President säi Justizminister beoptragt d’Urteel vum Gericht direkt ëm zesetzen. Och d’Inneministesch Napolitano huet hir Leit direkt drop opmierksam gemaach, dass homosexuell Koppelen op deen nämmlechten Immigratiouns-Visa wéi heterosexuell Koppelen kennen setzen. (Obwuel sech do och nees nei Problemer bilden.)

D’Entscheedung vum Gericht huet och nach eng Ännerung fir d’Aarbeschtswelt mat sech bruecht. Homosexuell Koppelen kennen e.a. net méi refuséiert kréien an der nämmlechter Gesondheetskees ze sinn. Fir den FMLA (Family and Medical Leave Act), deen et dem Employé e.a. erlabt Congé zekréien wann de Partner/in oder e Kand krank ass, bedeit dat ebenfalls eng Ännerung. Dat Wichtegst fir d’Applicatioun vun deem Gesetz ass elo de Wunnuert vum Employé – wann deen Staat d’Bestiednis opgemaach huet, trëfft den FMLA an, egal a wéi engem Staat schafft.


Déi “direkt” Sprooch vum DOMA Urteel …

Beim DOMA Urteel huet den Justice Kennedy (keng Relatioun zur politescher Kennedy Famill) eng ganz “direkt” Sprooch benotzt gehat. Hien huet vun enger Violatioun vum 5ten Amendment geschwat & dass den Homo Mariage als ‘second-tier marriage’ mat sou Gesetzer géif definéiert ginn. Hei e puer vun de “beschten” Zitater vum Urteel:  [emphasis added]

  • “…the principal purpose and the necessary effect of this law are to demean those persons who are in a lawful same-sex marriage. This requires the Court to hold (…) that DOMA is unconstitutional as a deprivation of the liberty of the person protected by the Fifth Amendment of the Constitution.” (…)
  • ” The avowed purpose and practical effect of the law here in question are to impose a disadvantage, a separate status, and so a stigma upon all who enter into same-sex marriages made lawful by the unquestioned authority of the States.” (…)
  • “This places same-sex couples in an unstable position of being in a second-tier marriage. The differentiation demeans the couple, whose moral and sexual choices the Constitution protects (…) And it humiliates tens of thousands of children now being raised by same-sex couples. The law in question makes it even more difficult for the children to understand the integrity and closeness of their own family and its concord with other families in their community (…)”
  • “DOMA instructs (…) all persons with whom same-sex couples interact (…) that their [same-sex] marriage is less worthy than the marriages of others.” (…)
  • “Under DOMA, same-sex married couples have their lives burdened, by reason of government decree, in visible and publics ways.” 

Aktivisten kënnegen Kloen un…

Kuerz nom Urteel huet een et jo schonns erwaart gehat. Et wäerten weider Kloen géint d’Net-Unerkennung vum Homo Mariage an den nach verbleiwenden 37 US Staaten ginn. D’Sprooch vum Urteel erlabt sou Kloen – an, vill méi souguer, et stärkt se. 

Et ginn elo Kloen an Stied wéi

ArkansasMichiganNorth CarolinaPennsylvaniaOhio & Virginia. An aaneren Staaten sollen Kloen aktuell virbereed ginn. Kloen sinn an de meeschten Fäll op “federalem” Niveau, ceci dit dass hei ugezweifelt gëtt ob de Verbued vum Homo Mariage an deenen Staaten iwwerhapt mat der U.S. Verfassung ze rechtfertegen ass. Et kann een dofir wuel dovun ausgoen, dass minimum 1 vun deenen Kloen an e puer Joer vrum U.S. Supreme Court land. Bei déi Staate kommen dann awer och nach Staaten New Jersey, Hawaii an Illinois. Hei soll den Homo Mariage iwwert de legislativen Wee erlabt ginn. Illinois hat jo vrum Summer “just” de Vote an der 2. parlamentarescher Kummer gefeelt; zu New Jersey hat déi läschte Kéier den Governor Christie säi Veto agesaat (war awer averstanen als Kompromëss e Referendum driwwer ofzehalen). Am US Staat Oregon hofft een drop d’Saach am November per Referendum ze legaliséieren.

Bis 2016 well och Colorado an Nevada hir Gesetzesgebung geännert hunn – bei Nevada goufen déi éischt Schrëtt ageluecht – a Voten geholl fir – d’Verfassung vum Staat, déi den Homo Mariage aktuell verbidd, z’änneren. Dëse Prozess am Nevada géif, sollt alles klappen, bis November 2016 daueren. Och an der Republikanescher Partei, fréier emol ganz “united” géint den Homo Mariage, ass een sech elo net méi esou richteg eenz ob dëst nach de richtege Wee ass [Hei].


Vun 2000 bis haut (an driwwer eraus)…

 

Op de folgenden Biller gesäit een wéi eng Staaten den Homo Mariage legaliséiert hunn – zum jeweilegen Moment vun de 4 läschten Presidentschaftswahlen, aka Ufank November 2000, 2004, 2008 an 2012. (N.B.: Weltwäit hat Holland 2001 den Ufank gemaach, Belsch koum 2003 als 2t Land no.) Eppes stellt een fest: den Homo Mariage 1) kennt & 2) de Movement huet ferm Vitesse opgeholl…

  • November 2000 (Bush v. Gore) [0 Wahlmänner]

2000


  • November 2004 (Bush v Kerry) & November 2008 (Obama v McCain) [11 Wahlmänner]:

2004 an 2008


  • November 2012 (Obama v Romney) [63 Wahlmänner]:

2012


  • Summer 2013 (wichteg Mark vun 13* ass iwwerschratt) [161 Wahlmänner]:

haut


  • November 2016 – wann “just” um legislative Wee erlabt gëtt [221 Wahlmänner]:

2016?


  • November 2016 – wa bis dohinner et an all Staat erlabt gëtt wou et aktuell am Parlament/vru Geriicht läit. Eng Victoire vun engem extrem homophoben Kandidat_in wier domat (eigentlech) onméiglech  [309 Wahlmänner]:

2016 all


* Groussen Dram vun den Homo Mariage Géigner an den USA ass de sougenannten “Federal Marriage Amendment“, wat den Homo Mariage per Zousatz vun der US Verfassung géif verbidden. Fir esou een Zousatz ze kréien, brauch een e.a. aktuell 38 Staaten déi deen Zousatz akzeptéieren. Mat 13 vu 50 US Staaten, déi den Homo Mariage legaliséiert hunn, schéngt deen “Dram” ausgedreemt ze sinn…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Et war dat Urteel vum US Supreme Court läschte Summer. Dat federalt Defense of Marriage Act war unconstitutional, an d’Sprooch vun deem Urteel huet et dem Gay Rights Movement erméiglecht richteg hoffnungsvoll fir d’Zukunft ze sinn. (Blogartikel driwwer hei noliesen.)  […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s