Haut ass et also endlech esou wäit. No Gerichtsprozeduren déi Joeren gedauert hunn, entscheed d’U.S. Supreme Court fir déi éischte Kéier iwwerhapt iwwer den Homo Mariage. D’Urteel kennt op den Dag genee 10 Joer no der Entscheedung vun ‘Lawrence v Texas‘, déi e.a. den homosexuellen Geschlechtsverkéier an 14 US Staaten legaliséiert huet. Wann een dat haut kuckt, mengt een et kéint net sinn dass esou eppes vrun 10 Joër nach illegal war. Trotzdem ass dat keng Saach déi sech just op d’USA bezitt. E puer Méint vrun ‘Lawrence v Texas’ ass Holland dat 1. Land ginn, wat den Homo Mariage legaliséiert huet. Et ass einfach een krasst Joerzéngt gewiecht fir de ‘Gay Rights Movement’, deen zemools an den USA esou séier een ‘social change’ ervir bruecht huet wéi bis elo weltwäit nach keen Movement vrun him. Demnowéi d’Supreme Court de Moien (Lokalzäit) entscheed, ass den Homo Mariage dann – genee 10 Joer no Lawrence – an 13 US Staaten + Washington D.C. legaliséiert. 

DOMA (Defense of Marriage Act)

  • Dat federalt Gesetz kennt aus den 1990er, wou et mat grousser Majoritéit duerch d’Repräsentantenhaus & de Senate gaangen ass. De President Clinton huet dëst Gesetz – genee wéi Don’t Ask, Don’t Tell – ennerschriwwe gehat. 
  • Gesetz gesäit vir, dass déi federal Regierung just dat heterosexuellt Bestiednis unerkennt. Dat heescht wéi den Homo Mariage am Ufank vrun bal 10 Joer zu Massachusetts duerch e Gerichtsurteel erlabt gouf, huet déi federal Regierung zu D.C. déi Bestiednisser net unerkannt. Et ass esou wéi wann an der EU d’Commissioun mam EU Parlament esou e Gesetz ëmgesat hätt, dass d’EU just heterosexuell Bestiednisser unerkennen – egal ob e Memberstaat den Homo Mariage erlabt oder net. 

  • Konsequenzen huet dat zemools fir déi Leit déi fir déi federal Regierung schaffen, awer net nemmen fir déi. Während homosexuell Aarbeschter vun der federaler Regierung hir/e Partner/in net dierfen mat an hir Gesondheetskees bspw. huelen, giff d’Gesetz et och net erlaben, dass en Homosexuellen an den USA dierf liewen well hien/hat sech do mat engem Amerikaner/in bestued huet. D’Regierung erkennt d’Bestiednis eben net un, an den Net-Amerikaner misst d’Land nees verloossen, wann hien/hat net op engem aaneren Wee e Visa giff kréien. 
  • Et goufen eng ganz Rëtsch vu Kloen géint d’Gesetz. Während d’Clinton an d’Bush Regierung de Gesetzestext vru Gericht verteidegt hunn, huet d’Obama Regierung no e puer Méint am Amt d’Gesetz als “unconstitutional” bezeechent an refuséiert et nach weider vru Gericht wellen ze verteidegen. Dëst huet en aaneren legalen Kampf bedéit, bei deem sech d’Republikaner aus dem Repräsentantenhaus konnten duerchsetzen & si d’Gesetz elo offiziell vru Gericht verteidegen. Et ass nämlech ontypesch fir eng Regierung (ob federal oder staatlech) e Gesetzestext net vru Gericht ze verteidegen & d’Fro opstoung, ob aner Gruppen dëst an deem Fall dierfe man. 

Proposition 8 (kurz Prop8)

  • Proposition 8 kennt aus Kalifornien an huet den Homo Mariage an deem US Staat nees verbueden. Ob dëst iwwerhapt dierf gemaach, gett elo legal ugezweifelt. 
  • Dat iewecht Gericht a Kalifornien (dat kalifornescht Supreme Court) hat d’Bestiednis fir homosexuell Koppelen mat engem Urteel opgemaach. Dëst huet d’Géigner dovunner awer mobiliséiert an si kruten genuch Support zesummen, dass um Wahldag 2008 d’Leit a Kalifornien an engem Referendum iwwer ‘Prop8’ ofgestëmmt hunn. D’Proposition 8 géif a Kalifornien festsetzen, dass d’Bestiednis eppes teschent 1 Mann an 1 Fra ass. 
  • Et war e groussen Kampf, deen sech béid Säiten geliwwert hunn. Um Enn hunn 52.24% vun de Wieler fir Prop8 gestëmmt – et war een Ennerscheed vu manner wéi 600.000 Stëmmen (bei 13,7 Milliounen Stëmmen).  
  • Net d’Resultat, mä d’Legalitéit gett ugezweifelt. Dierf een dem Bierger en Zivilrecht ginn fir him et dono nees ewech ze huelen? Ass d’Bestiednis en Zivilrecht oder just e Privileg, wat sech Heterosexueller ginn hunn? De “Pro” a “Contra” hu vrun Gericht gekämpft, wou witzegerweis den Ted Olson & den David Boies zesummen op enger Säit (géint Prop8) stoungen. Den Olson an de Boies stoungen sech bekanntlech am ‘Bush v Gore’ Prozess 2000 géigeniwwer – den Olson huet d’Campaign vum G.W. Bush verteidegt, de Boies déi vum Al Gore. 
  • Nom Enn vum Schwarzenegger senger Governor-Zäit, huet de neien Governor Jerry Brown (D.) refuséiert gehat fir Prop8 vru Gericht ze verteidegen. Genee wéi bei DOMA gouf et e weideren legalen Sträit. An dësem Fall huet dat kalifornescht Supreme Court decidéiert gehat, dass de Grupp deen Proposition 8 ervir bruecht huet dat Gesetz och dierf verteidegen wann, wéi an dësem Fall, de Govenor a seng Regierung dëst refuséiert ze maachen.
  • Dat läscht Gericht vrum U.S. Supreme Court huet dunn entscheed, dass Prop8 wéinst der Equal Protection Clause vun der U.S. Constitutioun verfassungswiddreg wier. Et war eng 2-1 Entscheedung vum Gericht. D’Géigner vum Homo Mariage sinn an Appel gaangen & d’U.S. Supreme Court huet de Fall opgegraff.

(Egal wéi et ausgeet, wäert dat Lidd wuel haut uechter USA ganz vill gespillt ginn)

Wat kennen d’Urteeler sinn?

Dat ass beim U.S. Supreme Court ëmmer schwéier ze soen. Keen huet d’läscht Joer geduecht, dass d’Gericht dem Obama seng Gesondheetsreform giff gutt heeschen. Déi puer déi et vläit gesinn hu kommen, hunn awer wuel definitiv net d’Argumentatioun vum Gericht gesi kommen firwat d’Gesetz dann elo net géint d’Verfassung giff verstoussen. 

Et ass esou vläit unzehuelen, dass DOMA kéint Problemer kréien. D’Gesetz kennt aus enger Zäit wou keen US Staat (a keen Land op der ganzer Welt) den Homo Mariage iwwerhapt erlabt huet. Elo wou et an 12 US Staaten + Washington D.C. erlabt ass, stellt sech eng Fro: dierf déi federal Regierung op sou engem Zivilrecht (falls d’Gericht dovun iwwerzeegt ass dass de Mariage een Zivilrecht ass) Gesetzer aus den Bundesstaaten quasi ignoréieren. Et ass eng laang Debatt an den USA: Federalism vs Anti-Federalism. Een vun de Richter, den Justice Kennedy (vum Reagan nominéiert), zielt oft als déi entscheedent Stëmm an hien steet fir d’Rechter vun de Bundesstaaten & eng kléng federal Regierung. Dëst géif hien, menger Meenung no, bei DOMA dozou bréngen d’Gesetz als “unconstitutional” ofzestempelen. E weideren Richter, den Chief Justice Roberts (entscheedent Stëmm bei der Gesondheetsreform), kéint e weideren wichtege Mann haut sinn. Hien huet d’läscht Joer scho gewissen, dass hien sech bewosst ass wat um Spill steet: nämlech e.a., seng “Legacy” an déi vu ‘sengem’ Gericht. Do well een eigentlech op der, wéi Amerikaner soen, “right side of history” stoen. 

Verschiddener an der LGBT Communitéit hoffen, dass d’Gericht nach e Schrëtt méi wäit geet a ganz offiziell e Recht op Bestiednis fir jiddereen festhällt. D’Supreme Court giff domatter net nemmen d’Verfassungen an eppes iwwer 30 US Staaten änneren (déi Bestiednis als Unioun tëschent Mann & Fra festhalen), mä den Homo Mariage an allen 50 Staaten legaliséieren. Menger Meenung no, dierft dëst awer wuel (fir elo) een Dram bleiwen. De Gay Rights Movement krut zwar vill ‘Momentum’ an de läschte Méint, mä et ass net esou wéi wann d’Bevëlkerung a riesegen Zuelen eng Ännerung op deem Plang wéillt an d’Supreme Court well sech keen zweet ‘Roe v Wade‘ (Ofdreiwung) erlaben, wou si vrun der Bevëlkerung gelaaf sinn & de Movement géint Ofdreiwung bis haut domatter gestärkt hunn. 

Bei der Proposition 8 ass et nach vill méi schwéier ze soen, wat geschidd. Während den ‘Oral Arguments’ Enn Mäerz huet een gemengt, dass eng Majoritéit vun de Riichter wuel guer net wissten firwat si sollten doriwwer entscheeden. Déi Fro ass zum Deel berechtegt. D’Urteel vun der virläschter Instanz ass nämlech esou op Kalifornien zougeschriwwe ginn, dass dëst keen Effekt op aner Staaten hätt. Et kéint een argumentéieren, dass déi Richter vum Ninth Circuit vläit eng Supreme Court Unhéierung wollten évidéieren. Et ass esou dass, laut enger ongeschriwwener Regel, minimum 4 Riichter vum Supreme Court mussen dofir sinn fir e bestemmten Fall opzehuelen (also dass d’Supreme Court muss driwwer entscheeden). Sollten an dësem Fall just 4 Riichter dat gewollt hunn, wier eng Majoritéit (5) dogéint gewiecht. Ob déi elo fir oder géint den Homo Mariage ass? Keng Ahnung. Et dierft awer hei, wéi bei DOMA, interessant ginn fir dem Chief Justice Roberts seng Vue ze gesinn. Et geet hei wéi gesot och ëm seng ‘Legacy’.

Prognostik

Ech schreiwen elo déi nämlecht déi ech Mëtt Mäerz (also vrun den Oral Arguments) an engem private Krees fir d’éischt geäussert hunn – an dono ëmmer an iwwerall nees widderholl hunn: 

  • DOMA gett mat enger minimum 6-3 Entscheedung als “unconstitutional” ofgestempelt. Déi 4 Riichter, déi vun Demokraten nominéiert goufen, stemmen genee esou géint DOMA wéi den Justice Kennedy & den Chief Justice Roberts. D’Argument wäert sech drop baséieren, dass d’Gesetz net méi aktuell ass & déi federal Regierung, mat Hibléck op Gesetzer an 12 US Staaten +D.C., hei elo ze wäit gaangen ass/ze wäit geet. En allgemengt Recht op Bestiednis wäert ausbleiwen. D’Urteel wäert entweder vum Justice Kennedy oder Chief Justice Roberts geschriwwe sinn – mat 60-70% dass et den Justice Kennedy wäert sinn.  
  • Bei Prop8 schwanken ech tëschent kenger Decisioun (well Urteel vum Ninth Circuit ‘zevill’ op Kalifornien zougeschnidden gouf) an engem 5-4 géint Proposition 8. Nieft den liberalen Riichter wäert den Chief Justice Roberts an deem Fall géint Prop8 stëmmen. D’Argument wäert sech dann drop baséieren, dass een et keen legalen Grond gett den Homo Mariage no senger Legaliséierung a Kalifornien nees am Staat verbidden ze loossen. D’Urteel wäert dann vum Chief Justice Roberts geschriwwe ginn.

Sollt d’Urteel genee esou ausfaalen, wäert ech dat feieren. Wa net, weisen ech drop hin, dass esou een Prognostik extrem schwéier ze maachen ass… 😉 Egalwéi hoffen ech awer dass ech mech herno net bei mengen LGBT Frënn fir d’Urteel vu mengen heterosexuellen Kollegen vum Supreme Court muss entschellegen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] engem Mount huet den U.S. Supreme Court säin Urteel iwwer dat federalt Defense of Marriage Act  gefällt. D’Gesetz aus den 90er, wat de Mariage op nationalem/federalen Plang als Unioun […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s