De Weekend ass zu Lëtzebuerg Nationalfeierdag. Ech wees net wat soll gefeiert ginn. Vläit den 1050. Gebuertsdag vun der Stad Lëtzebuerg, mä d’Land huet dëser Deeg net vill ze feieren. Spéistens no deem bekannten Donneschdeg, no deem Vote an der Chamber, ass eng grouss Feier eigentlech net méi ubruecht. 

Et liewt een zënter enger Woch zu Lëtzebuerg an engem Land, wou d’Parlament, an domat déi zweet Muecht am Land, d’Verhalen vun engem fréieren Justizminister gutt geheescht huet, deen, laut dem Procureur général d’État & enger Untersuchungsriichterin, d’Bommeleeër Enquête “op materiellem Plang (…) vill méi schwéier” (Zitat Spriecher Biever) gemaach huet. Et gouf also gutt geheescht, dass sech e Justizminister an d’Justiz kann amëschen. Egal ob de Luc Frieden d’Enquête wollt stoppen oder och net (schlussendlech wees just hien dat am Beschten), huet d’Parlament esou e Verhalen och fir déi aktuell an zukünfteg Justizministeren akzeptéiert. A nach während der Debatt huet e Politiker am Numm vu senger Fraktioun (déi knapp vrun der absoluter Majoritéit steet) déi aaner Fraktiounen opgefuerdert, de Radio 100,7 vu sengem Quellenschutz z’entbannen. Nom Débat huet deen Radiosender nach hefteg Zitater aus engem Telefonsgespréich mat deem Politiker erausginn. D’Medien, och nach gäeren déi “4. Muecht” genannt, goufen also an enger Debatt attackéiert, an där et drëms goung ob déi 1. Muecht (Regierung) déi 3. Muecht (Justiz) attackéiert huet. 41 vu 60 Deputéierten (2. Muecht) hu keen Problem mat der Attack op Justiz gehat. Bei der Attack op déi 4. Muecht, de Medien, ass et och direkt net zu engem gréisseren Eklat am Parlament komm. D’Séparation des Pouvoirs, eng vun den Hapt-Seilen vun enger Demokratie, gouf d’läscht Woch scheinbar definitiv zerstéiert. 

“…the independence of the judiciary has to be real…”

de Montesquieu (‘Papp’ vun der Gewaltentrennung)

.

Et huet een elo also zu Lëtzebuerg eng Regierung (pouvoir exécutif), déi eng Majoritéit am Parlament (pouvoir législatif) huet, an do Attacken op den drëtten Pouvoir am Land mat hiren Stëmmen duerchwénkt. Et gett zënter deem genannten Donneschdeg demno eng Zentralisatioun vun der Muecht zu Lëtzebuerg. D’Regierung, respektiv d’Regierungsparteien, hunn eng quasi absolut Muecht iwwerholl. Deen eenzegen Géigenpol (no der Verfassungsännerung vum Grand-Duc senger Muecht) bleiwt elo just nach de Staatsrot, eng net-demokratesch gewielten zweeten Kummer vum Parlament. 

Wann e Posten am Staatsrot fräi ass, geet et bekanntlech “à tour de rôle” fir d’Besetzung: eng Kéier dierf d’Parlament (Majoritéitsparteien!), eng Kéier de Grand-Duc (alt berooden vun der Regierung) an eng drëtte Kéier dann de Staatsrot selwer (CSV huet 10 vun 21 Sëtz). Duerch déi Zentralisatioun vun der Muecht zu Lëtzebuerg, ass et also, a vereinfachter Form gesot, méiglech dass entweder d’Regierung oder de Staatsrot (wou all Koalitioun mat der CSV eng Majoritéit hätt) sech selwer besetzt. 

Et ass mir bewosst, dass d’Chamber an de läschte Joeren alt schonn hir eegen Entscheedungen fir e Setz am Staatsrot geholl huet (wann et un hirem Tour war), mä d’läscht Woch huet gewissen, dass, wann d’Majoritéitsparteien – egal wéi enger Couleur dass si ugehéieren – dat wellen, da kennen si hir Entscheedungen duerch d’Chamber “boxen.” Dat kann mä muss an der Politik net ëmmer zum Wuel vum Land a vum Bierger sinn. Et ass et an de seelensten Fäll. 

Politik ass Muecht a vill Leit si süchteg dono. Dowéinst ass eng Séparation des Pouvoirs esou extrem wichteg. Et wier falsch fir all Politiker an een Deppen ze puchen, ma esou ass déi eenzeg Léisung fir all “Versuchung” entgéint ze wierken den Opbau vun engem Rechtsstaat. 

Neiwahlen alleng hellefen do näischt. Mä Neiwahlen kennen a sollen den Ustouss vun enger gréisser Reform sinn. Do mengen ech net nemmen eng Reform vum Srel, respektiv vun der parlamentarescher Kontroll vum Srel, mä e.a. och eng rechtstaatlech Reform. Lëtzebuerg brauch onbedéngt eng vum Vollek separat gewielten zweeten Kummer vum Parlament. Eng Kummer, déi dann och eng richteg Muecht kritt, fir d’Aktiounen vun der Chamber a vun der Regierung ze kontrolléieren. Dat neit Parlament misst als eng éischt Aktioun d’Onofhängegkeet vum Pouvoir Judiciaire kloer stellen an sech mat aller Däitlechkeet fir d’Onofhängegkeet vun der 4. Muecht, de Medien, ausschwätzen. D’Zentralisatioun vun der Muecht muss komplett opgebrach ginn. 

Neiwahlen dierf net heeschen, dass déi Politiker, déi an de läschten Wochen extrem an der Kritik stoungen, sech dem Wieler nees dierfe stellen. Natierlech kann een esou eppes net verbidden, mä d’Moral vun deenen Politiker misst et hinnen eigentlech selwer verbidden.

Neiwahlen heescht e “Cut” maachen, e kompletten Neiufank… an esou een ka ni an op kenger Platz, egal ob an der Politik, an der Wirtschaft, am Sport etc., vun de nämmlechte Leit un der Spëtzt duerch gezu ginn. Soss giff Lëtzebuerg een “Neiufank” kréien, wéi Italien en elo schonns zënter Joeren probéiert all puer Méint nees duerchzeféieren. Esou eppes ass schlecht fir de Bierger a schlecht fir d’Land. De Ruff vum Grand-Duché, deen dank der Finanz/Bankgeheimnis-Politik vun de läschten Joerzéngten scho net grad de Beschten am Ausland ass, géif drënner leiden. E kléngt Land kann sech dat net leeschten.

Als Politiker, deen aktuell un der Muecht ass an deem wirklech eppes um Land an um Land senger Zukunft läit, géif et dofir just nach eng eenzeg Méiglechkeet ginn. 

Als Bierger, deen aktuell ënnert de Skandaler an där Zentralisatioun vun der Muecht leid, géif et dowéinst och keng aaner Méiglechkeet ginn, wéi um Nationalfeierdag (an um Virowend) komplett vun de Feierlechkeeten ewech ze bleiwen oder protestéieren ze goen. Et geet an dësen Deeg ëm d’Zukunft vum Land. Soll et e richtegen Rechtsstaat ginn oder droot et, wa ganz falsch Leit un esou eng zentraliséiert Muecht – mat enger Art “Geheimpolizei” – kommen, am Häerz vun Europa en zweet Weissrussland ze ginn? 

De Bierger kann entscheeden. De Bierger kann d’Strukturen vun engem Staat veränneren. Hien (den ‘Agent’/’Agency‘) ass deen eenzegen deen dat kann. Wann, a nëmmen wann, hien ëmmer dofir kämpft, dofir schafft deen Staat ze halen, deen en ass; respektiv deen en nees well ginn. Vrun e puer Joer huet een zu Lëtzebuerg entscheed, verschiddene Politiker quasi blann ze vertrauen. Si waren scheinbar “beléiwt” am Ausland, wat leider vu ville Leit mat enger extrem grousser Kompetenz gläich gesaat gouf. Dowéinst, gouf gesot, wäerten déi Politiker “dat scho regelen”, well sie “dat alles” besser verstinn wéi de “kléngen” Bierger. Auslänner géifen eis ëm eis Politiker “beneiden”, heescht et. Vläit awer och grad just, well et net hir Politiker sinn a si “eis” Politiker guer net richteg kennen. Mir hu jo missten an de läschten Wochen a Méint feststellen, dass mir si selwer emol net wirklech richteg kannt hunn. 

Et war e Feeler de Politiker e “Vetrauens-Blankoscheck” ze ginn. Elo kann een entweder nees ufänken un dësem Staat, un dëser Gesellschaft, ze schaffen oder et iwwerléisst een deenen Leit de “ganze Buttek”, deenen een schonns eng Kéier vertraut huet eis mat engem roude Fuedem um séchere Wee ze féieren; ganz an der Hoffnung, dass si dës Kéier dat Vertrauen net fir hir eegen Zwecker vu Muecht benotzen mä irgendwann eng Kéier, wann si Loscht dozou hunn, nees e Rechtsstaat an eng Demokratie an dëst Ländchen bréngen… mat alle Konsequenzen, déi dat bis dohinner fir d’Land hätt. 

A vous de choisir…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s