Ech haat eigentlech haut den Owend/Moien welles e ganz aaneren Text ze posten. No engem vun deenen schlemmsten Amokleef an enger Schoul… ass et mir net wéi wann deen Text sollt online kommen – jiddefalls net an den nächsten Stonnen/Deeg. 

Wann een esou Biller gesäit, ass et engem net fir op ‘ech sinn happy’ zeman. Et ass engem och net fir op grousse Kritiker zeman. Et trauert een just, well een sech irgendwéi an d’Situatioun vun deenen Elteren a Geschwester kann eran versetzen, déi hirt Kand resp. hire Brudder/Schwester de Moien an d’Schoul bruecht hunn & sie se den Owend awer net méi, no engem eigentlech emmer léierräichen Schouldag, nees kennen an hirt Bett leeen. Trauer ass universal. Mir sinn alleguer Kanner; hunn alleguer Elteren… an, verschiddener vun ons, och Geschwester. 

Ech well och haut déi Diskussioun iwwer ‘Gun Control’ net ufänken – déi hätt scho vru Joeren missten ugefaangen ginn. Et soll een se awer net haut den Owend ufänken, well d’Thema eben net sou ganz einfach – eben net schwaarz & wäiss ass. Et huet eppes mat der Verfassung zedinn, mat der politescher Zesummenbildung vun den USA & mat de Gedanken [vun der Grënnung vum Land un] iwwert Waffen a firwat all Amerikaner d’Recht huet Waffen zedroen. Dat Thema spléckt. An zumindest genee dat soll een zumindest haut den Owend net sinn. 

“The streets of heaven are too crowded with angels tonight”

~ President Jed Bartlet (‘The West Wing’)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s