Hei nach 8 kléng Saachen, ier et dann richteg lass geet… Voilà! 🙂

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

1) Obama vs Romney:

Ohio? Pennsylvania? Wisconsin? Virginia? Florida?

Jiddereen schwätzt vun Ohio. Et ass deen Staat vun 2012. Firwat? Well d’Wahlen gäeren mat deenen vun 2004 verglach ginn. Deemols hätt eng Kerry Victoire am Ohio him d’Presidentschaft mat 271 Wahlmänner ginn. Hien hat verluer, an de President Bush ass President bliwwen. 

Mä vrun de Wahlen 2004 huet een oft iwwer Florida geschwat. Well Florida eben d’Wahlen 2000 entscheed hat an een eng ähnlech spannend Course erwaart hat. Dat war et zwar och, mä Ohio war, wéi gesoot, deen entscheedenen Staat. 

Dofir: Sollt den Obama Ohio gewannen, dierfen sech d’Obama Supporter scho massiv freeën,  oppassen dass net een aaneren wichtegen Staat verluer geet. Do schwätzen ech beispillsweis vu Pennsylvania oder Wisconsin. Just wann de President dem John Kerry seng Staaten vun 2004 all gewënnt, kann hien mat Ohio d’Wahlen gewannen. 

Sollt de Mitt Romney Ohio gewannen, dierfen sech d’Romney Supporter scho freeën – well nach ni ass e Republikaner an d’Wäisst Haus komm ouni Ohio zewannen –  wa gläichzäiteg beispillsweis Virginia oder Florida verluer geet, gett et awer extrem schwiereg d’Wahlen ze gewannen. 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

2) Surprise am U.S. Senate?

Ganz interessant gett et och fir d’Coursen fir den U.S. Senate ze verfollegen. Am Ufank vum Joër waren d’Republikaner mat de Medien, a wuel verschidden Demokraten, eenz, dass d’Republikaner hei d’Majoritéit giffe kréien. Firwat? Well 2012 déi Senatoren hir Amtsperiod fäerdeg hunn, déi vru 6 Joër – also 2006 – gewielt goufen. 2006 war, niewt 2008, dat grousst Wahljoer vun den Demokraten, well d’Leit roosen op d’Bush Regierung waren. Déi Sëtz stinn also elo zur Wahl. (FYI: De Senate huet 100 Senatoren & gëtt all 2 Joer zu 1/3tel nei gewielt; Amtsperiod: 6 Joer).

Et ass awer esou dass, och wéinst ‘komeschen’ Vergewaltegungs Aussoen vu verschiddenen Tea Party Kandidaten, d’Republikaner vläit hei scho bal secher gewonnen Sëtz verléieren/net gewannen. Dorënner ass e.a. de Sëtz vum Claire McCaskill (D.; Géigner: Todd Akin). Extrem spannend kéint et hei an 2 Staaten ginn: Nevada & Virginia. Am Nevada ass den Dean Heller (R.) eng 2% vrum Shelley Berkley  (D.) & a Virginia ass den Tim Kaine (D.) just 1,8% vrum George Allen (R.).

Dofir: Sollten Demokraten hir Majoritéit behaalen, oder souguer all hir 53 Sëtz behaalen, oder vläit nach 1-2 dobäi wannen, dierfen sie extrem zefridde sinn. Sollt e Mitt Romney da President ginn, ass dann beispillsweis och net ofzegesinn wéi hien eng komplett Ophiewung vun ‘ObamaCare’ respektiv d’Anti-Homo Marriage Amendment fir d’U.S. Constitutioun sollt duerch de Senate kréien.

D’Republikaner wäerten wuel all Sëtzgewenn feieren, souguer wann d’Demokraten d’Majoritéit behaalen. Nee, et hätt een domatter d’Ziel net ereecht,  vrun e puer Wochen konnt een nach fäerten 2-4 Sëtz ze verléieren. Sollt een awer nach e 50-50 Gläichstand kréien, dierft wuel extrem vill bei der ‘Grand Old Party’ gefeiert ginn.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

3) Nees e Kennedy zu Washington D.C.?

Nom Doud vum Senator Ted Kennedy an der ‘politescher Retraite’ vu sengem Bouf Patrick, war dësen U.S. Congress, deen elo am Januar op en Enn geet, deen 1ten zënter 63 Joer wou keen Kennedy dobäi war. Dat soll sech awer ab dem nächste Joer rëm änneren, well den Joseph Patrick Kennedy III. probéiert fir de 4ten District vu Massachusetts an d’House of Representatives eran zekommen. Den Joe Kennedy ass een Enkel vum fréieren Justizminister Robert F. “Bobby” Kennedy. 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

4) Governor Wahlen an 11 U.S. Staaten

Governorswahlen sti natierlech och nees um Programm. An jo, déi si wichteg! Vläit net direkt fir d’Europäer, mä fir d’USA an hir Innepolitik schonns. E Governor ass jo schliesslech souzesoen de “President vun deem Staat.” D’Republikaner dierften hir Majoritéit bei de Governors ewuel behaalen.

An 2 Staaten kéint et awer richteg spannend ginn: Montana & Washington State. Am Montana huet de Governor Brian Schweitzer (D.) bekanntlech d’Limit vun 2 Amtsperioden erreecht a muss sech zréck zéien. Ween säin Nofolger gett kann een awer nach net wessen. Mol war den Steve Bullock (D.) an den Ëmfroen vir, dunn nees hat säi Géigner Rick Hill (R.) d’Nues vir. Beim allerläschten Sondage ass dunn dat geschidd, wat huet missten geschéien: 48-48 Gläichstand.

Am Washington State kämpfen den Demokrat Jay Inslee & de Republikaner Rob McKenna ëm de Governor Posten. Och hei war mol den Inslee vir, dann den McKenna. Déi läscht puer Deeg louch den Demokrat awer ëmmer an den Ëmfroen vir, wann och just mat 1% bis 2% – wat innerhalb vun der Feelerquote vun den Ëmfroen war.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

5) Frauenpower an/aus New Hampshire?

Wann Demokraten aus New Hampshire Chance hunn, da kéinten sie 2012 ganz grouss Geschicht schreiwen – an eng extrem wichteg fir de Movement vun de Fraen. Demokraten hunn nämlech eng Fra, State Senator Maggie Hassan, fir Governor nominéiert. Gläichzäiteg hunn Demokraten och d’Carol Shea-Porter & d’Ann McLane Kuster an d’Course ëm déi 2 New Hampshire Sëtz am Repräsentantenhaus geschéckt. 
New Hampshire huet schon 2 Fraen als U.S. Senator zu Washington D.C. setzen: d’Republikanerin Kelly Ayotte and d’Demokratin Jeanne Shaheen. 
Dofir: Sollt d’Maggie Hassan hire Virsprong vun 9% (an der läschter WMUR/UNH Ëmfro) haalen a Governor vun New Hampshire ginn; während d’Ann Kuster hire Virsprong vun 6% géint de Republikaner Bass hält… dann hängt alles vun 1 eenzeger Course of. D’Shea Porter & den Republikaner Frank Guinta si momentan bei 40-40 Gläichstand. Sollt d’Shea Porter gewannen, wier New Hampshire domatter deen alleréischten U.S. Staat, deen am Governor Bureau, am U.S. Senate & am U.S. Repräsentantenhaus nëmmen Fraen setzen huet.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

6) Referendum; e.a. iwwert den Homo Marriage

US Wahlen dat heescht och ëmmer eng ganz Rëtsch Referendum’en. Mat dobäi, wéi schonns 2008 [Prop 8], och e puer iwwert den Homo Marriage. Iwwert den Homo Marriage stëmmen se a 4 Staaten of: Maine, Maryland, Minnesota & Washington State.

Maine, wat 2009 d’Aféierung vum Homo Marriage an engem Referendum ofgeléent hat, kéint den 1ten Staat ginn, deen et per Referendum elo erlaabt. 52% hu bei der läschter Ëmfro gesoot, dass sie dofir wieren. Mä den “Gay Rights Movement” krut schonns oft eng Victoire ‘versprach’, an herno war et awer eng knapp Nidderlag. Vun dohier dierft een unhuelen, dass net 43% (offiziell uginn dogéint zesinn)  48% dogéint sinn. Vill Leit trauen sech bei där Fro net, hir richteg Meenung zesoen & äntweren dann “wees ech nach net/keng Meenung.” 52-48 ass ganz knapp nach an der Feelerquote vun der Ëmfro dran. Et dierft also spannend ginn. 

Maryland & Washington State haaten am Ufank vum Joer den Homo Marriage duerch d’Parlament a Senat kritt [an och d’Ënnerschrëft vun de Governors],  d’Géigner kruten genuch Ënnerschrëften zesummen dass d’Gesetz réischt a Kraft trëtt, wann d’Leit et per Referendum gutt geheescht hunn. Déi eng Ëmfroen ginn hei a béide Fäll e Virsprong fir de “Pro”, déi aaner awer och alt e Virsprong fir de “Contra.” Et dierft spannend ginn…

Minnesota stëmmt dann driwwer of, ob een an hir State Constitution en Amendment soll ophuelen, wat de Marriage als eng Unioun tëschend Mann & Fra definéiert. Och hei kéint et eng spannend Course ginn…

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

7) Wéini d’Wahlbureau’en zou ginn…

Hei dann dat Wichtegst iwwerhapt, an eppes wat ech an de läschten Stonnen e puer Mol gefrot gouf: “Wéini ginn d’Wahlbureau’en zou?”  Hei dann d’Auerzäiten ëmgerechent op d’lëtzebuergesch Wanterzäit (Bold sinn déi Staaten, déi hei riets niewendrun als ‘Battleground States’/’Swing States’ sinn:

  • 1 Auer Mëttwoch Moies –– 6 Staaten: Georgia, Indiana [eng Hallschent um Metternuecht], Kentucky [eng Hallschent um Metternuecht], South Carolina, Vermont & Virginia (am Ganzen 60 Wahlmänner)
  • 1:30 Auer Mëttwoch Moies –  3 Staaten: Ohio, North Carolina an West Virginia (am Ganzen 38 Wahlmänner)
  • 2 Auer Mëttwoch Moies – 16 Staaten+DC: Alabama, Connecticut, Delaware, Florida, Illinois, Maine, Maryland, Massachusetts, Mississippi, Missouri, New Hampshire, New Jersey, Oklahoma, Pennsylvania, Rhode Island, Tennessee an Washington D.C.  (am Ganzen 172 Wahlmänner)
  • 2:30 Auer Mëttwoch Moies –  Arkansas (6 Wahlmänner)
  • 3 Auer Mëttwoch Moies –   14 Staaten: Arizona, Colorado, Kansas, Louisiana, Michigan, Minnesota, Nebraska, New Mexico, New York, North Dakota, South Dakota, Texas, Wisconsin an Wyoming. (am Ganzen 156 Wahlmänner)
  • 4 Auer Mëttwoch Moies –  4 Staaten: Iowa, Montana, Nevada an Utah (am Ganzen 21 Wahlmänner)
  • 5 Auer Mëttwoch Moies – 5 Staaten: Kalifornien, Idaho, Oregon, Washington State an Hawaii (am Ganzen 82 Wahlmänner)
  • 7 Auer Mëttwoch Moies –   Alaska (3 Wahlmänner)

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

8) Liveblogging

Ech plangen dann sou géint Mëtternuecht (Lëtzebuergesch Auerzäit) mat engem Liveblogging unzefänken… et wäert eng lang Nuecht ginn 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s