(Ech gouf an de läschten Wochen & Méint oft gefrot – mol direkt, mol indirekt – fir ween ech da bei de Wahlen an den USA wier. Ween dann, menger Meenung no, de besseren President ass/wier. Hei ass dann, op den Dag genee 4 Joër no de Wahlen 2008 & wéi sech dat fir US Politik gehéiert – um Sonnden Moien 🙂 – déi detailéiert Erklärung firwat ech, no méintemlaangen Iwwerlëeen, mech festgeluecht hunn, wéi een Kandidat ech en Dënnschten giff wielen; wann ech d’Recht dozou hätt.) 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Ganz trei Lieser vum Blog ass bekannt, dass ech dem Barack Obama seng Carrière zënter 2004 verfollegen. Si wessen dass ech 2007 an 2008 matgelidden, matgekämpt & matgeziddert hunn fir dass hien an d’1600 Pennsylvania Avenue konnt plënneren. Ech ka mech nach genee un de Moment erënneren, wou d’Wahlbureau’en op der West Coast zou goungen an hien offiziell zum 44ten President gewielt gouf. Et gouf keen “Bradley Effect” deemols, well d’USA weider ass wéi nach vrun e puer Joeren/Joerzéngten. 

Den 20ten Januar 2009 huelen ech mer alles vun der Inauguration op DVD op. Bal 12 Stonnen. Et war, an ass, eppes Besonneges. En donkelhäitegt Kand vun enger Amerikanerin & engem Kenyaner, zum Deel opgewues an Indonesien, geet dono an een vun den ärmste Géigenden an den USA, d'”South Side” vun Chicago, schaffen… gett President. Et ass een vun deenen Deeg wou jiddereen genee wees wou een war & wat een gema huet, wéi deen Mann d’Hand op d’Bibel geluecht huet an zum U.S. President ginn ass. Kanner déi nom 20ten Januar 2009 gebuer goufen wuessen alleng dowéinst an enger besserer Welt op. 

Gewielt ze ginn, gett him awer net d’Recht op eng 2t Amtsperiod. Dat Recht huet hien sech an de läschte 4 Joeren erschafft, a kritt hien zum Deel och duerch säi Géigner geschenkt. Ech muss hei soen, dass ech net mat allem averstaanen sinn wat de President Obama gemaach huet. Ech kann et net gutt fannen, dass hien trotz Recommendatioun vum Gen. Petraeus schonns Truppen aus dem Afghanistan ofzitt. Mir hunn an de läschten Wochen & Méint gesinn, dass nees Problemer am Afghanistan ufänken. Hei hätt een vläit missten dem Gen. Petraeus trauen, deen schliesslech den Irak Krich schonns an Weeër geluet huet, déi et erméiglecht hunn, dass een endlech – ënnert dem President Obama – mat dësem net-autoriséierten Krich, an deem vill ze vill Amerikaner & Iraker ëmkoumen, konnt ophaale. Ech kann och net mat der net-ëmgesaater Immigratiounsreform zefridden sinn, oder mat der Weiderféierung vun Fast & Furious.

Ech kann net zefridde sinn, dass hien oft op “partisan” Art a Weis regéiert huet an net deen moderaten Obama war, deen ech zënter 2004 kannt hunn. Ech kann net zefridde sinn, dass hien e “Krich” géint Fox News gemaach huet, obschonns een ähnlechen Sender, fir d’Parteibasis vun den Demokraten, nämlech MSNBC, als legitime ugesi gouf. Souguer den Chuck Todd, deen heiandsdo fir MSNBC schafft & NBC Chief White House Correspondent ass, sot vrun 1 Joër an engem Interview op der GW University iwwer MSNBC: “it’s a news and opinion channel.”

Ech kann net zefridde sinn, dass iwwert een Joer un d’Gesondheetsreform gehaangen gouf an dono réischt  d’Economie zu engem groussen Thema an der Obama Administration gouf. Net well ech géint déi Gesondheetsreform sinn, där hir Gespréicher & Verhandlungen am Virfeld awer – wéi vum Obama versprach! – roueg hätten kéinten op C-Span iwwerdroe ginn. Au contraire, sinn ech vu villem Saachen an där Gesondheetsreform iwwerzeegt. En plus, huet hien gesoot, hie giff d’Gesondheetsreform duerchbréngen – an dat huet hien gema.

Hien huet versprach gehaat, dass Fraen vum Gesetz hir de Männer an der Aarbeschtswelt gläich gesaat ginn & sie dat nämlecht misste verdéngen – an dat huet hien och gema. (Während de Mitt Romney dogéint war.) Hien huet versprach gehaat, dass hien “Don’t Ask, Don’t Tell” ophiewt – an dat huet hien och gema. Hien huet versprach gehaat, dass LGBT Leit hir Partner_in kennen an de Clinique’en gesinn ouni d’Erlaabnis vu Partner_in hirer Famill zehunn (anescht wéi an Europa) – an dat huet hien och gema. Hien hat versprach e wichtegt ‘Hate Crime’ Gesetz z’ënnerschreiwen – an dat huet hien och gema. Hien huet versprach, d’Truppen aus dem Irak zehuelen – an dat huet hien och gema. Hien huet versprach, dass hien noutfalls och an de Pakistan geet fir de Bin Laden zur Rechenschaft ze zéien – an dat huet hien och gema. Hien huet versprach, d’al-Qaeda esou kléng wéi nemmen méiglech zekréien… an haut, am November 2012, huet déi Terrorgrupp déi d’USA am Ufank vum Joerdausend attackéiert huet extrem vill Problemer & just méi 1 Mann vun hirem eemolegen ‘Committée’ nach an hire Reien. 

Den Obama huet d’Land sécher gehaalen & diplomatesch gesinn, och dank dem Hillary Clinton, nees nei opgestallt. Den Iran steet beispillsweis aktuell sou schlecht do wéi zënter Joerzéngten net méi. D’Economie vum Land fänkt un zesummen zefaalen… an dat just well de President Obama et fäerdeg bruecht huet eng gréisser Koalitioun vu Länner géint den Iran zesummen zekréien. Déi nei aussepolitesch Strategie, déi sech massiv op Asien konzentréiert, weist och dass d’USA ënnert dem President Obama gesinn huet, dass Europa duerch eng gréisser Kris momentan muss goen, an sech d’Welt international ferm ännert. Europa ass net méi déi grouß Bühn vun der Welt – weder economesch nach diplomatesch, an (zum Glëck) scho guer net militäresch gesinn.

De President Obama ass en Plus higaangen an huet d’Autosindustrie gerett. Et goufen net vill Leit, déi fir esou e “Bailout” waren, a säi Géigner vun haut, Romney, war deemols schonns e vun de groussen Géigner vun där Hellef. Mä et war eng Hëllef! D’Autosindustrie liewt nees. Detroit liewt nees. Gréisser Autosmarken hu souguer d’läschte Mount e gréissere Profit gema, obschon de Marché an Europa d’Zuelen ferm no ënnen gedreckt huet. De President Obama huet dat gemaach, wat een als President mécht: et setzt een op seng Leit – ëmmer! De Mitt Romney huet dat gemaach, wat schonns een vu mengen Unisproffen vrun 2 Joër sot, wat een nie dierf man: d’Amerikaner ënnerschätzen. Een (Romney/Europäer/Net-Amerikaner) deen behaapt d’Amerikaner wieren um Enn, hir Muecht wär um ënnergoen, China wier déi nei Weltmuecht oder dass mer schonns an enger bipolarer Welt (USA-China) giffe liewen, deen versteet den Charakter vun deem amerikaneschen Vollék net. Et ass een Vollék dat, ganz aanescht wéi aaner Vëlker, a ganz schwieregen Zäiten extrem zesummen wiist – zemools wann eng Gefor vu bausse kennt. Dat ass an hirem Blut dran. Dat ass en Deel vun hirer Geschicht. Dat ass Amerika.

Dofir konnt een och an de läschten 4 Joer eng 2. “Grouss Depressioun” an den USA verhënneren. Dofir konnt een och (bis ewell) eng “double-dip recession” an den USA verhënneren. Dofir huet d’USA eng Wirtschaft, déi ëm déi 2% am Joeresverglach wiist, während d’EU, an hire Wee aus der Kris (Konservativer wielen déi radikal, an op Käschten vun der Mëttelschicht, Spuermesuren ëmsetzen) näischt bruecht huet.

Den Aarbeschtsmarché an den USA rullt lues a lues nees. De Motor stottert zwar nach, mä e leeft. Dofir muss een elo och weider fueren. Et dierf een keen Romney an d’Wäisst Haus schécken, deem säi “running mate” Paul Ryan en ähnlechen Plang fir Aarbeschtsplatzen ze schaafen huet, wéi déi Konservativ an Europa – esou e Plang huet net an Europa fonktionnéiert & fonktionnéiert och net an den USA. Et dierf een keen Mann an d’Wäisst Haus schécken, deen der Meenung ass dass Fraen net d’nämlecht vill dierfen verdéngen. Et dierf een keen Politiker an d’Wäisst Haus schécken, deen just 2 Joer vu senger Steiererklärung ëffentlech mécht. Et dierf een keen CEO an d’Wäisst Haus schécken, deen virdrun just Suen verdéngt huet, wa Leit a Firma’en entloos goufen. 

Verstitt mech net falsch. Ech si keen Europäer. Also keen deen politesch gesinn extrem lénks ass & bei all US Wahl einfach fir den Demokrat ass, obschonns een bei den eegenen Wahlen a sengem Land fir eng konservativ Partei wielt. Ech sinn een “Moderate”, wéi et an den USA esou schéin genannt gett. Een deen munchmol och Saachen vun där aanerer grousser Partei ka gutt fannen. Déi “Moderates” ginn an den USA leider ëmmer méi rar. Ech war vrun 1 Joer nach onsëcher ob de Barack Obama eng weider Amtsperiod verdéngt hätt. Ech hunn mer meng Gedanken gema, alleguerten Debates vun de Republikaner gekuckt, Programmer duerch gelies, a mat Spannung gewart ween villäicht bei de Republikaner nach giff an d’Course goen.

Wier vläit een Chris Christie (Governor vun New Jersey) an d’Course ëm déi republikanesch Presidentschaftskandidatur gezunn… et wier extrem schwiereg ginn fir mech z’entscheeden. De Governor Christie ass een Mann, deen Prinzipien a ganz bestëmmenten Virstellungen huet – an hien zitt seng Saach dann och knallhart duerch. Den Charlie Crist, de fréieren Governor vu Florida, ass e weideren (elo) Ex-Republikaner, deen ech gutt fannen, an deem ech eng gréisser national Roll giff wënschen. De Mike Bloomberg, och elo Ex-Republikaner & Buergermeeschter vun New York City, huet ebenfalls dank sengem Drang fir eng besser Gesondheetspolitik (ganz grousst Fëmmverbuet, “Soda ban” etc.) e Luew méi wéi verdéngt. Et ginn eng Rëtsch Republikaner, mat deenen ech kéint liewen sollten se  President ginn. 

             Ech hunn och de Mitt Romney – als Governor! – gutt fonnt. Hien stoung fir e moderaten Republikaner mat niddreger Aarbeschtslosegkeet & engem gudde Budget. Zënterhier huet hien sech awer verännert, an huet sou oft d’Positiounen gewiesselt, dass een, sollt een fir de Romney de 6ten November wielen, net wees, ob dat den nämlechten Romney ass deen een den 20ten Januar 2013 dann als President kritt. De Mitt Romney war scho praktesch fir & géint alles. Esou e Mann brauch een net un der Spëtzt vun engem Land; dat hat souguer den John Kerry 2004 missten mat erliewen. Dem Mitt Romney seng Gesondheetsreform am Massachusetts, déi ech vum Abrëll 2010 bis Mäerz 2011 (Dissertatioun) duerch geknaat hunn, huet mer och nach e weideren Grond géint eng Mitt Romney Presidentschaft ginn. Seng Reform am Massachusetts hat express keen finanziellen Deel dran, well een “d’Reform soss net hätt kéinten duerch bréngen.” Déi Zréckhaalung, déi de President Obama a sengem Gesondheetsreform-Kampf net gewissen huet, ass Schold drun, dass den aktuellen Governor vu Massachusetts, Gov. Deval Patrick (D.), elo zënter e puer Joër muss kucken, wéi een d’Saach bezuelt kritt – ouni dass de Budget gespréngt gett.

D’USA hu grouss Erausfuerderungen an den nächsten Joeren ze meeschteren. Mat engem President Romney wäert d’USA verschiddenener vun deenen Erausfuerderungen och meeschteren – wann hien sech entscheed huet ob hien dofir oder dogéint ass. Mä d’Land wärt och Problemer an engem “EU Scholdekris”-Ausmoos kréien an domat wäert d’Influenz déi d’USA op d’Welt huet & hire Liewensstandard och massiv zeréck goen.

Just mat engem President Obama a sengen Pläng, wéi déi weider Ausbauung vu grénger Energie (fir dass d’USA ab 2020 “dat neit Saudi Arabien vun der Energie sinn“), d’Moderniséierung vum Zuch System, Unhéichung vum Spëtzesteiersatz, Steiererliichterungen fir kléng Betrieber, richtegt Opbauen vum Immobilienmarché, Duerchsetzung vum “DREAM Act”, intelligent auslännesch Studenten an den USA haalen, also endlech eng gréisser Immigratiounsreform man etc., kann d’USA dës Erausfuerderungen richteg ugoen. Verschidden Reformen aus der 1ter Amtsperiod, wéi d’Gesondheetsreform wäert dofir suergen, dass d’Leit schonns an e puer Joër manner mussen abezuelen & awer méi erauskréien. Während Medicare fir eeler Leit duerch d’Reform weider um Liewe gehaale konnt ginn, an eben net 2016 d’Faillite muss erklären.

Pläng, déi elo lues a lues gräifen [cf. Moody’s Analytics]. Pläng, déi elo an der Maach sinn & mat deenen de President Wahlkampf mécht. Dat sinn déi eenzeg Pläng, déi d’Land kennen néi opstellen & dofir suergen, dass d’USA och a 5 Joer, an 10 Joer, an 20 Joer, an doriwwer eraus, wirtschaftlech, diplomatesch, militäresch, sozial politesch an Ëmweltstechnesch nach ëmmer déi eenzeg Weltmuecht ass; dass d’USA hir Influenz um Weltniveau behaalen & d’Land – déi amerikanesch Bevëlkerung – , alt rëm sech an der Welt, déi d’USA scho komplett ofgeschriwwen hunn, weist: “It’s never been a good bet to bet against the American people!” (Joe Biden, September 2012)

Mr. President, Dir hutt Iech Är zweet Amtsperiod verdéngt. Hoffentlech regéiert Dir an där awer, wéi an der Lame Duck Session, méi aus der Mëtt eraus, well d’Land just esou wärt weider kommen.

Dësen Dënnschten schénkt déi amerikanesch Bevëlkerung Iech hoffentlech “4 more years!”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s