Nom Filmtipp Nr. 1 (“By The People – The Election of Barack Obama”) gëscht, kennt dann haut den 2ten Filmtipp. Et geet wéi versprach och hei ëm d’Wahlen vu vru 4 Joer.
Wësst der nach, wéi am Summer 2008, jiddereen gemengt huet den John McCain giff entweder de Mitt Romney oder den Joe Lieberman als Vice President huelen. Zemools de Lieberman, deen 2000 dem Al Gore säin “running mate” war, soll 2008 grouss an der Course gewiecht sinn. D’Entscheedung ass herno op eng ganz aaner Persoun gefall: d’Sarah Palin. Den John McCain war drop an drun d’Wahlen ze verléieren an huet onbedéngt e “Game Changer” gebrauch. D’Sarah Palin, dunn Governor vun Alaska, sollt deen ‘Game Changer’ sinn. Dat huet am Ufank bekanntlech och gutt geklappt…
Den HBO Film “Game Change”, baséiert op dem Bestseller “Game Change” (deen allerdéngs och op d’Obama Campagne kuckt), gouf e.a. am September mat Emmys ausgezeechent. E behandelt wéi gesot just d’McCain Campagne & kuckt wéi eng scheinbar genial Idee, zu denger Achillessehn ka ginn, wann een net alles virdrun genuch gepréiwt huet.
Den Trailer gett et hei, an e weideren Ausschnëtt ënnendrënner ze kucken: (de Film kann een dann hei kaafen)