Oppenen Bréif

US Wahlkampf: Filmtipp Nr. 1

Genee wéi vru 4 Joër ginn ech e puer Filmtipps vrun de Wahlen – fir dass een a Stëmmung kennt. 2008 hat ech schon Documentairen “The War Room” vum Bill Clinton senger 1992 Campagne & “Slacker Uprising” vun der 2004 Campagne vum Michael Moore fir déi Jonk vum John Kerry z’iwwerzeegen, genee wéi den Film “Recount” vum berühmten Aftermatch vun de Wahlen 2000. 

2012 kucken ech dann op… 2008 zréck. Als éischt gett et den Documentaire “By The People – The Election of Barack Obama.” Hei ass den Trailer & ennen drënner e kléngen Ausschnëtt (de ganzen Film kritt een hei zekaafen): 

Den Documentaire fänkt un ier den Obama an d’Course ëm d’Wäisst Haus geet & focuséiert sech och intensiv op de Campaign Manager David Plouffe, den Chief Strategist David Axelrod & Speechwriter Jon Favreau. Genee wéi nach eng Retsch aner Leit aus der 2008 Campaign. Fir een, deen aus Europa kuckt a just de Politiker a seng Famill gesäit, ass et flott & interessant och d’Liewen hannert de Kulissen ze gesinn. Enjoy. 😉