4 Deeg bis de grousse Wahldag. Dat heescht fir d’Campagnen vun alle Politiker 4 Deeg mat max. 2-4 Stonnen Schlof – wann iwwerhapt. Elo ass keng Zäit fir aus ze schloofen. Déi Zäit kennt – an zwar e Mëttwoch. 4 Deeg voll Campagne. Fir d’Presidentschaftskandidaten heescht dat extrem vill Stied nach eng Kéier besiche goen. Den Obama & Romney Campagne setzen nach eng Kéier op alles déi läscht puer Deeg. De Bill Clinton, d’Michelle Obama & den Joe Biden sinn um Campaign Trail ënnerwee. Zum Schluss vum Wahlkampf soll et nach e Concert vun e.a. dem Bruce Springsteen & dem Jay-Z. De Mitt Romney kann op d’Ënnerstëtzung vu senger Fra Ann, dem Paul Ryan an dem John McCain zréck gräifen. Een vu sengen gréissten Supporter, den Governor Chris Christie, zitt sech duerch den Hurricane Sandy scho fréizäiteg aus dem Wahlkampf eraus. 

Aktuell hu mer een 201-191 bei de Wahlmänner, wéi een hei riets niewendru ka gesinn. Dat heescht de President brauch nach minimum 69 Wahlmänner fir op 270 zekommen a President zebleiwen. Zum President senger sougenanntener “Firewall” gehéiert ënnert aanerem Ohio (18 Wahlmänner). Nach nie ass e Republikaner an d’Wäisst Haus komm ouni Ohio zewannen. De läschten Demokrat deen ouni deen Staat konnt an d’Wäisst Haus anzéien? John F. Kennedy am Joer 1960. 

Demokraten gesinn sech awer momentan am Virdeel wat Ohio ugeet. Sie hu jo och an de läschten Ëmfroen zimlech gutt do ofgeschnidden, an de Romney hat schonns zanter Méint Problemer an deem Staat. Sollt den Obama deen sou wichtegen Staat gewannen, an den Nooper Pennsylvania (PA – 20 Wahlmänner) haalen, gesäit et esou aus:

De President wier domatter op 239 Wahlmänner. Et giffen him der dann also just méi 31 feelen. Dat wier guer net emol sou schlecht fir seng Campaign. Déi giff dann argumentéieren, dass de President an deem Fall och Michigan (MI – 16 Wahlmänner) gewennt. De President huet schliesslech dofir gesuergt, dass d’Autosindustrie zu Detroit am Michigan nees rullt. Dat kennt gutt un – och schonns am Ohio, wéi Ëmfroen weisen (do huet de President vill méi Support vu “white, blue-collar” Wieler wéi am Recht vum Land). Obschonns de Chômage am Recht vu Michigan nach ëmmer vill méi héich ass, giff Detroit him d’Victoire bréngen, sou argumentéiert d’Obama Campaign. 

Domat wier de President dann op 255 Wahlmänner. Als nächste Staat giff d’Obama Campaign dann wuel Nevada uginn. Deen Staat ass eigentlech ideal fir de Mitt Romney. De Chômage läit hei bei iwwer 11 Prozent (!), wat den héchsten Wert am ganze Land ass. Ganz vill Leit hunn wéi d’Immobilienkris koum hir Haiser hei verluer. En plus, liewen extrem vill Mormonen an deem Staat, déi, esou gett ugeholl, de Mitt Romney massiv wielen wäerten.

An awer tendéiert den Staat zënter Méint Richtung Obama, deen Nevada schonns 2008 gewannen konnt. Déi läscht grouss Victoiren vu Republikaner an deem Staat waren während de Reagan/Bush Joeren an den 1980er. Een Grond fir d’Hoffnung vun den Demokraten sinn déi vill Latinos déi an deem Staat liewen. Déi hunn de President 2008 scho massiv ënnerstëtzt gehaat, a kennten elo wuel och mat 38% Ennerscheed (66% fir Obama, 28% fir Romney) fir de President stëmmen. Dat ass iwwrengs bal genee deen nämlechten Virsprong fir den Obama wéi 2008! 

261 Wahlmänner fir de President. Hien bräicht nach 1 gréissere Staat wéi Wisconsin (dem Paul Ryan seng Heemescht), Virginia, North Carolina, Florida oder souguer Colorado giff hien mat 9 Wahlmänner zum President man. Dem Obama seng “Firewall” géint de Mitt Romney ass demno: Ohio, Michigan an Nevada. An der Hoffnung dass een Pennsylvania, Minnesota & Wisconsin an den eegenen Reien hällt. Sollt de President déi Staaten wannen, ass hien op 271 Wahlmänner. Domat weider 4 Joer President. 

De Mitt Romney muss also probéieren duerch déi Firewall ze briechen. Ech huelen dofir emol Ohio nees vum Obama ewech, a kucken op Florida, North Carolina & Virginia. An den 2 éischt genannten Staaten huet de Mitt Romney e Virsprong. Am Florida ass dësen awer méi kléng ginn & Demokraten schecken de Bill Clinton & d’Michelle Obama an den North Carolina fir et do och nees spannend zeman. Virginia ass momentan extrem knapp. Wa mer einfach emol dovunner ausginn, dass de Mitt Romney awer Florida, North Carolina & Virginia gewennt, dann… 

… ass de fréieren Governor vu Massachusetts schonns op 248 Wahlmänner. Well ech dem Obama Ohio ewech geholl hunn, wier de President just méi op 243 Wahlmänner. Sollt et also zu Ohio, wéi schonns 2004, ganz laang daueren fir d’Stëmmen zesummen ze zielen, wier de Mitt Romney aktuell gesi fir. 

Als nächst giff seng Campaign soen, wäerten sie Colorado (CO – 9 Wahlmänner) wannen. Et ass een vun de wéinegen Staaten wou d’Republikaner en extrem gudden “early voting” gemaach hunn. Si hunn am “early voting” d’Nues vir – wat natierlech net emmer heescht dass deng Parteileit och all fir dech stëmmen. An awer, kann een domat zefridde sinn. Et ass e ganz knappe Staat, bei deem et, wéi wuel zu Virginia, laang kéint daueren ier e Gewënner feststeet. (Worst case fir Leit déi d’Nuecht wellen duerch maachen & awer musse fréi schaffe goen? Virginia & Colorado entscheeden d’Wahl. Dat giff/wäert daueren. ;))

Niewt Colorado, gleewt een an der Romney Campaign och dass een Wisconsin (1 wichtege Staat vun der Obama ‘Firewall’) wäert gewannen. Et huet een de Paul Ryan schliesslech net fir näischt als “running mate” geholl. En plus, hofft een dass d’Resultat vun der “Re-call Election” vum Governor Walker, eng Indikatioun dofir ass dass d’Republikaner hei kenne wannen. De Mitt Romney ass haut am Wisconsin fir do weider Campaign zeman. Sollten d’Republikaner béid Staaten, Colorado & Wisconsin (WI – 10 Wahlmänner), wannen…

… wier de Mitt Romney op 267 Wahlmänner. Him giff dann all aaneren Staat duergoen fir President zeginn. Hien kéint beispillsweis New Hampshire (NH – 4 Wahlmänner) wannen… an den 1ten Republikaner ginn, deen ouni Ohio an d’Wäisst Haus kennt. 

Eng aaner Méiglechkeet fir de Romney ass et Pennsylvania (PA – 20 Wahlmänner) vun den Demokraten ewech zehuelen. Dat hat den John McCain zum Schluss vun der 2008 Campaign scho probéiert. Deemols war dat him awer bekanntlech net gelongen. D’Romney Campaign gesäit awer scheinbar eng gutt Méiglechkeet fir deen Staat zewannen. Sie mengen souguer dass et méi einfach wier Pennsylvania zewannen wéi Ohio. Wann den Obama Ohio gewennt, mä den Romney Pennsylvania, wier hien ënnert folgendem Szenario President: 

Romney säi Wee: 

  • Obama “Firewall” (Ohio, Michigan, Nevada //  Pennsylvania, Minnesota, Wisconsin) duerchbriechen a minimum 2 Staaten dovunner wannen – wat méi, wat besser; wat méi grouss, wat besser;
  • Florida, North Carolina & Virginia gewannen;
  • Colorado wannen.

Sollt de Romney also hei riets niewendrun a Florida, North Carolina zou leeën, Virginia op seng Säit kréien, genee wéi Colorado, weesst der dass hien nach just 2 Staaten (à la Wisconsin & Michigan; oder just Pennsylvania) brauch fir d’Wahlen zewannen. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s