Muer ass et esou wäit. De wuel wichtegsten “Jobs Report” vun der Obama Administration kennt eraus. (Bal) all 1ten Freiden am Mount presentéiert d’U.S. Regierung d’Aarbeschtslosen Zuel vum läschte Mount. Wéi vill Leit hunn eng Aarbescht fonnt, wéi vill hunn opgehaal mat sichen, wéi vill goufen der a wéi engem Secteur agestallt & wéi vill hunn d’Leit am Verglach mat de läschte Méint – a mam läschte Joer – verdéngt. 

Et ass ëmmer e wichtegen Dag fir all Regierung. Geet d’Zuel vun den Aarbeschtslosen erof, sinn d’Leit och normalerweis méi zefridden mat hirer Regierung. Bei enger héicher Aarbeschtslosegkeet gett et praktesch ëmmer Sträit. An der arabescher Welt huet et dozou gefouert, dass Diktatoren gefall sinn; an Europa dass all puer Deeg honnert dausenden vu Leit op d’Stroos ginn; an och a China, wou d’Economie an de läschten Méint ëmmer méi Problemer gewissen huet, kéinten et vläit scho geschwenn Problemer ginn. 

Den Aarbeschtslosen Taux awer kuerz vrun de Wahlen dierfen erofsetzen… dat wier extrem gënschteg fir e President. Am September haat d’Obama Regierung scho jiddereen iwwerascht, wéi sie den Taux op 7,8% erofgesaat huet. Dat war den niddregsten Taux zënter dem Ufank vun der Obama Administration. Verschidden Republikaner hu scho “Foul!” geruff & behapt den U.S. Bureau of Labor Statistics hätt express elo den Taux erofgesaat; express elo, (dunn) Ufank Oktober, just e puer Wochen vrun de Wahlen. 

Do ass just een gréisseren Problem. Wéi eng Regierung giff réischt kuerz vrun de Wahlen ufänken d’Zuelen ze fälschen, wann sie dat wéillte man? Hätt d’Obama Regierung net da schonns spéistens am Juli ugefaangen 7,8% un zeginn, sou dass een elo kéint op 7,0% oder souguer ënner 7% sinn?

Wann d’Reaktioun vun de Republikaner op den “Jobs Report” vum September een Virgeschmaach sinn ob deen vum Oktober… da kéint et flott ginn. Sollt d’Obama Regierung nämlech elo en Taux vu manner wéi 7,8% presentéieren, huet een et vill méi schwéier dem Obama seng Economie ze kritiséieren. Ëmgedréit, wann den Taux op 8% (oder driwwer) an d’Luut geet, huet de Mitt Romney & de Paul Ryan natierlech eng super Virlag vum President kritt fir dësen dann ze kritiséieren. 

Economisten rechnen am grousse Ganzen domatter dass den Taux vun den Aarbeschtslosen wäert ëm 0,1% an d’Luut goen – op 7,9%. Déi héich geschaaten Gallup, déi och ëmmer hiren Aarbeschtlosen Taux eraus gett (baséiert op den Interviews an hiren Ëmfroen), schwätzt haut dovunner dass et awer och kéint méiglech sinn, dass den Taux ëm 0,3% – op 7,5% ! – kéint faalen. Dat hätten hir Analysen zum Deel erginn. Wann dat giff stëmmen, wäert d’Regierung nëmmen all ze frou sinn fir d’Zuelen muer eraus zeginn. En Taux vu 7,5% & d’Ënnerstëtzung fir den Obama vum ‘The Economist‘ giff et e schwierege Weekend fir de Mitt Romney man.

Sollt et esou een “Jobs Report” sinn… presentéiert een deen gäer. Am Ufank vun der Woch koum vun e puer Republikaner jo de Virworf, dass den Bureau of Labor Statistics den “Jobs Report” réischt giff no de Wahlen presentéieren. D’Obama Regierung giff den Hurricane/Superstorm Sandy als “Excuse” huelen, sou de Virworf. 

Sécher ass, dass d’Regierungsaarbeschter Ufank der Woch wéinst dem Sandy net geschafft hunn. Just “Emergency Personnel” vun der U.S. Regierung huet missten schaffe goen. Dat heescht den ‘Jobs Report’ konnt net, wéi üblech, Ufank der Woch lues a lues opgestallt ginn. An awer, sou de Ministère & d’Wäisst Haus, giffen d’Zuelen ganz normal e Freiden de Moien presentéiert ginn. D’Aarbeschter giffen Dag & Nuecht dru schaffen fir alles fäerdeg zekréien. En Obama Supporter giff dat sëcherlech als Zeechen gesinn, dass dësen “Jobs Report” e gudden ass, an de President Obama, genee wéi de Ronald Reagan 1984 veier Deeg vrun de Wahlen e weideren kléngen Push vun deem “Jobs Report” kritt. 

Nach 1 mol gi mer schloofen…

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Informatioun – “Race to 270…”

Hei op der rietser Säit ass zënter e puer Deeg een “Race to 270…”. De Gewënner vun der Presidentschaftscourse brauch bekanntlech 270 Wahlmänner. Uewen an där Kategorie fannt der déi aktuell Unzuel vu Wahlmänner déi de Mitt Romney & de Barack Obama aktuell emol “sécher” schéngen zehunn. Do dorënner ass déi aktuell Kaart vun de Wahlen; an dann kommen Ëmfroen – mat Virdeel Obama (lénks) an Virdeel Romney (riets) – aus de ‘Battleground States’. A béide Fäll gëtt eng Moyenne vun den aktuellen Ëmfroen ausgerechent, fir esou d’Feelerquote vun deenen Ëmfroen ze reduzéieren. D’Feelerquote ass trotzdem net bei 0%. Dat heescht Colorado, wou de President dank e puer besseren Ëmfroen, elo hei e Virsprong vun 0,3% huet, kann nach ëmmer herno fir de Mitt Romney wielen. 

Well, denkt drun: Ëmfroen ginn net wielen, dat maachen d’Leit. 😉  Sou bal nei Ëmfroen eraus kommen, nei Early Voting Zuelen erauskommen, ginn d’Zuelen natierlech geännert. Tendenz gett mat bloen respektiv roude Pfeiler uginn, fir dass de Lieser eng besser Ahnung huet a wéi eng Richtung et scheinbar aktuell an deem Staat geet. 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s