Ganz oft gouf an de leschten Stonnen eng Fro gestallt: Kann, respektiv wäert, den Hurricane Sandy d’Wahlen an den USA op e spéideren Datum verleeën? Déi Fro kann een aktuell nach net direkt beäntweren, méiglech wier et awer op alle Fall. 

D’U.S. Constitutioun erlaabt dem U.S. Kongress fir d’Wahlen an de Meeting vun de Wahlmänner no hanen ze setzen, respektiv iwwerhaapt emol fest zesetzen. Zënter Joerzéngten sinn d’Wahlen an den USA op den 1ten Dënnschten nom 1ten Méinden am November festgesat & de Meeting vun de Wahlmänner ass ëmmer den 1ten Méinden nom 2ten Mëttwoch am Dezember (dës Kéier: 17ten Dezember 2012). Et ass awer esou, dass den U.S. Kongress dës Datumer kéint verréckelen, mä et gi Problemer. 

Fir d’éischt missten sech béid Parteien zu Washington D.C. eenz sinn fir déi Saach duerch zezéien. An, zweetens, mussen déi eenzel US Staaten do matmaachen. Et si jo net nëmmen federal Wahlen, mä och regional & lokal Wahlen. Et kéint also sinn, dass déi regional & lokal Wahlen op engem Dag (de 6ten November) wier, an déi federal Wahlen méi spéit am November. Een Problem do ass dann, dass dat extrem vill Suen kascht, an d’Wahlmaschinnen missten dann och nach fir béid Wahlen séier ëmgestallt ginn.

E weideren Problem kéint natierlech och kommen, wa verschidden Staaten net wëllen d’Wahlen verréckelen, well 1 grousse Wahldag méi bëlleg fir si gëtt & si iwwerhaapt keng Auswierkungen vum Hurricane hunn. A no sou enger laanger Wahlkampf-Period si vill Amerikaner frou, wann et endlech eriwwer ass. 

En aneren Punkt ass natierlech dass den U.S. Congress och den Datum vum Wahlmänner Meeting misst no hannen réckelen, well een deen eenzelnen Staaten déi néidesch Zäit muss ginn fir – bei ganz knappen Resultater – nach eng Kéier no zezielen (Recount). Den Dag ass aktuell, wéi gesot, de 17ten Dezember… denkt och drun, dass een deen Dag net ze wäit dierft no hannen leeën. Firwat? Well normalerweis de 6ten Januar de Vice President am Senate d’Resultat vun de Wahlmänner virliest & de Gewënner vun de Wahlen domatter deklaréiert. Wann een deen Dag och giff no hannen verleeën, wier dat méiglech,  et misst vrum 20ten Januar geschéien. Firwat? Laut der U.S. Constitutioun fänkt dem President seng Amtsperiod offiziell um 12 Auer Mëtteg, Washington D.C. Zäit, um 20ten Januar un. Et ass een also och do limitéiert.

 

Als Conclusioun also: et ass méiglech, mä et ginn organisatoresch & politesch Problemer, déi misste geléist ginn. An denkt drun, dass een 269-269 (Link) Gläichstand bei de Wahlmänner duerchaus méiglech ass. Sollt dat geschéien, hätt een natierlech mat engem Kalenner, deen komplett no hannen verréckelt giff ginn, extrem Problemer. Och finanziell giffen do nees gréisser Problemer op een duerkommen. D’USA steet den 31ten Dezember vrum sougenannten “Fiscal cliff”, dat heescht zum neie Joer hin, trieden eng ganz Rëtsch Spuermoossnamen automatesch a Kraaft. Economisten warnen do virdrun & soen dass dat d’USA an eng 2t Rezessioun schlëmmste Falls kéint féieren. Dofir fuerderen Economisten och dass Washington D.C. sech zesumme setzt & deen Problem léisst. Dat ass schonns esou an dësen Zäiten schwéier genuch, mä bei engem méi spéiden Wahldag & engem 269-269… do dierft d’Politik an der Haaptstad wuel stëll stoen.

Dofir: et ass méiglech & deemno wéi schlëmm Sandy – mam Wanterstuerm zesummen, och nach “Frankenstorm” genannt – wierklech wäert sinn & wéi e Schued ugeriicht gouf, kéint dat geschéien, mä et gi massiv vill Problemer. Verschiddener giff een direkt gesinn, anerer nom Wahldag. Fir d’éischt heescht et awer duerch d’Nuecht & zum Deel duerch den Dag vu muer kommen, an da kuckt een wéi et wirklech dobaussen ausgesäit.

To be continued…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s