No wäit iwwer 1 Joër si mer also endlech an der läschter Ligne droite vum US Wahlkampf ukomm. Dat heescht lo fänkt et réischt sou richteg un. Während de Wahlkampf fir d’Europäer dann no den Debates dann och eriwwer ass, geet et an de ‘Battleground States’ & ‘Swing States’ an den USA lo réischt lass. De Mitt Romney, den Barack Obama, Demokratesch Partei & d’Republikanesch Partei hunn nach eng ganz Rëtsch Milliounen um Konto… an déi ginn elo wichteg. Vun massiv vill Fernsehreklammen bis hin zu gréisser Wahlkampf-Tier, alles kascht vill Geld & alles gett elo gebraucht. Niewt de Kandidaten fir d’Presidentschaft kommen dann jo och nach Reklammen fir d’Wahlen fir U.S. Senator, Member vum Repräsentantenhaus, Governor, (a verschidden Staaten) Riichter, Buergermeeschter, lokal & regional Politik-Mandater… an deen een oder aaneren Referendum (a verschidden Staaten). Long story short… d’US Bevëlkerung gett an den nächsten Deeg ‘bombardéiert’ mat Informatiounen. 

Wéi gesäit et aktuell bei Obama – Romney aus?

Et schéngt eng spannend Wahlnuecht zeginn… oder nee, sträiche mer dat, et versprecht e spannenden Schluss-Wahlkampf zeginn. Ob et eng spannend Wahlnuecht gett, wees een net. Aktuell gesäit et no enger aus, mä wann d’Campaign 2012 eis irgendeppes gewissen huet, dann dass dat (bal) Onwahrscheinlechst nach ka geschéien. Wéi vill Leit haaten am Summer 2011 mat engem starken Rick Santorum an de Virwahlen gerechent? Wéi vill Leit waren dovunner iwwerzeegt dass de President Obama nach vrun de Wahlen den Homo Marriage dem heterosexuellen Marriage gläich giff stellen? Ween hat am Ufank vum Joer mat engem Paul Ryan als “running mate” bei de Republikaner gerechent?

D’Obama Campaign, an hir treisten Supporter, gesinn d’Course wuel aktuell esou:

obama

(Klick hei fir d'Bild méi grouss [nei Fënster] zegesinn)

North Carolina (NC – 15 Wahlmänner) un der Ostküst ass offiziell e ‘Battleground State’ – an dat definitiv. Et hat augesinn wéi wann de Staat emmer méi Richtung Romney giff goen. De Mitt Romney hat alt e Virsprong vun 5+ Prozent. Dat dierft och de Grond sinn firwat d’Obama Campaign décidéiert hat eng bestemmten (dunn nei) Reklammen net zu North Carolina ze weisen. Dono gouf et dunn nees méi enk an den Ëmfroen, wann och weider mat engem lichte Virdeel fir de Republikanesche Kandidat. 

Michigan (MI – 16 Wahlmänner) an Wisconsin (WI – 10 Wahlmänner) hëllt den optimisteschen Obama Supporter direkt op dem President seng Säit. Zu Detroit am Michigan ass d’Autosindustrie gerett ginn, dat bréngt méi Stemmen wéi de Faite dass de Romney an deem Staat gebuer ass & säi Papp mol Governor vun deem Staat war. Zu Wisconsin hunn zënter dem 2ten Weltkrich just 3 Republikaner gewonnen: Eisenhower, Nixon & Reagan. 

Och Nevada (NV – 6 Wahlmänner) an Iowa (IA – 6 Wahlmänner) rechent d’Obama Campaign fest an. Dëst obwuel et zu Iowa momentan richteg knapps ass, geet een dovunner aus dass de President hei eng ähnlech Victoire wéi am Januar 2008 an de Virwahlen géint d’Hillary Clinton konnt féieren. D’Obama Campaign huet nach vill méi Volunteers an deem Staat wéi deemols Enn 2007/Ufank Januar 2008. Zu Nevada giff zemools d’Hispanics dem Obama d’Victoire bréngen, obschonn hei vill Mormonen liewen. D’Zuelen vum ‘Early Voting’ gesinn de President hei och am Virdeel, well Zuel vun de Republikaner, déi scho gewielt hunn, zum nämlechten Zäitpunkt 2008 nach e gutt Stéck méi héich war (an souguer dunn hat den Obama gewonnen).

Festzehaalen bleiwt, dass ganz trei Obama Supporter him och Ohio (OH – 18 Wahlmänner) giffe ginn – a vläit och Virginia (VA – 13 Wahlmänner), mä béid sinn aktuell an engem ‘dead heat’ vun dohier ka keen Campaign Manager oder Campaign Strategist fest vun enger Victoire momentan hei ausgoen. De Modell hei uewen ass den aktuell am beschten fir de President. Ënnert deem Szenario bräicht hien nach Ohio oder Florida oder Virginia oder Colorado (an New Hampshire resp. Ohio/Florida/Virginia) fir d’Wahlen ze gewannen.

  • Florida ass momentan e ganz, ganz, ganz kléngen Virsprong fir de Romney (mä e Méinden soll den Obama mam Bill Clinton an de Staat Campaign ma goen [ausser: Hurricane Sandy?]);
  • Virginia ass en “tie”, och wann eng nei Ëmfro an der Woch den Obama lo op 5% Virsprong setzt, muss dat mol nach duerch aner Ëmfroen bestätegt ginn;
  • Ohio ass momentan e ganz, ganz kléngen Virsprong fir de Barack Obama (mä de Romney war elo am Staat fir Campaign zeman & de President soll och hei e Méinden mam President Clinton laanscht kucken [ausser: Hurricane Sandy?])

D’Romney Campaign an hir treisten Supporter gesinn d’Course aktuell esou:

 romney

(Klick hei fir d'Bild méi grouss zekréien [nei Fenster!])

Interessant ass dass d’Romney Campaign momentan Ohio (OH – 18 Wahlmänner) fir de Barack Obama gesäit, och wann dëst e kléngen Virsprong wier, deen sie nach kéinten ophuelen bis de 6ten November. Et muss een bedenken, dass nach ni e Republikaner an d’Wäisst Haus komm ass ouni Ohio zewannen – mä et ass och nach ni e Mormon de Presidentschaftskandidat vun enger grousser Partei ginn…

Romney Supporter & Campaign gesinn awer ganz kloer dass Florida (FL – 29 Wahlmänner) op hirer Säit ass.  Genee sou hunn sie North Carolina (NC – 15 Wahlmänner) an Virginia (VA – 13 Wahlmänner) fest agerechent. Während North Carolina nach zimlech plausibel ass, ass Florida & Virginia wuel éischter eng Hoffnung. Obwuel och kloer ass, dass am Verglach mat 2008, bis elo manner Demokraten & méi Republikaner scho wiele gaangen sinn (early voting). An natierlech bleiwt de Faite, dass den Obama vru 4 Joer den 1ten Demokrat zënter dem President Johnson 1964 war deen Virginia konnt wannen.

Anescht wéi d’Obama Campaign mengen se am republikaneschen Lager och dass New Hampshire (NH – 4 Wahlmänner) aktuell an hir Richtung geet, an sie och d’Heemescht vum Paul Ryan, Wisconsin (WI – 10 Wahlmänner), wäerten gewannen. Och hei ass dat éischt, nämlech New Hampshire wannen, méi wahrscheinlech wéi Wisconsin, wou den Obama e Virsprong vun engen 2-3% huet. Et ass net onméiglech fir d’Romney Campaign Wisconsin ze wannen, mä et gett schwéier. Während den Obama a seng Supporter nach Iowa (IA – 6 Wahlmänner) fest arechnen, esou fannen d’Romney Supporter & Campaign, dass dëse Staat nach komplett op ass & keen momentan wirklech vir ass. Wann een d’Ëmfroen auswäert, stëmmt dat aktuell definitiv. Iowa ass en “tie.”

Richteg spannend kéint et och zu Minnesota (MN – 10 Wahlmänner) ginn, wou de Barack Obama zwar e Virsprong huet, mä desen ass geschrumpft. Zemools an de läschten Deeg ass den Zousproch fir de President an dësem ëmmer secheren Staat fir Demokraten (just 2 Republikaner konnten nom 2te Weltkrich hei wannen: 2x Eisenhower & 1x Nixon), weider zréckgaang. Sollt de President dëse Staat verléieren, erhéicht dat d’Chance vum Romney/Ryan Ticket natierlech massiv. Een Grond firwat d’Romney Campaign séier probéiert Profit aus den néisten Ëmfroen fir Minnesota zeschloen.

Ënnert deem hei uewen genannten Szenario bräicht de Mitt Romney nach Colorado (CO – 9 Wahlmänner) fir d’Wahlen zegewannen, och wann d’Campaign nach am léiwsten Ohio op seng Säit hellt, well et esou vill méi einfach wier a vill manner Nerv-zerräissenden Owend fir d’Team Romney wäert sinn.

  • Colorado ass aktuell e ganz, ganz, ganz kléngen Virsprong (0.8%) fir de Mitt Romney, mä dat heescht et dierft wuel aktuell hei och en “tie” sinn.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Den einfachsten Wee fir de Barack Obama fir zewannen:

– Ohio, Michigan, Wisconsin an Iowa wannen bréngt hien op 271 Wahlmänner. Et wier eng knapps Victoire, mä gewonnen ass gewonnen. 😉

==> Den Obama misst dofir säi Virsprong am Michigan & Wisconsin haalen, genee wéi säi vläit ganz knappen am Ohio & zu Minnesota. Iowa misst hien een à la Obama 2008 man. Mä souguer wann hien Iowa net sollt wannen, kann de President dann bal mat all aneren Staat d’Wahlen wannen – ausser mat New Hampshire, dann hätte mer en 269-269 (Link).

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Den einfachsten Wee fir de Mitt Romney fir ze wannen:

– Florida, North Carolina, Virginia, Ohio + 1 weideren Staat wannen. Mat Florida, North Carolina, Virginia & Ohio kennt de Mitt Romney op 266 Wahlmänner, an deen een weideren Staat giff hien iwwer 270 bréngen.

==> De Mitt Romney misst dofir säi Virsprong am North Carolina, genee wéi säi ganz, ganz kléngen Virsprong a Florida haalen. Säi ganz kléngen Retard zu Ohio misst hien nach dréien, während hien den “tie” zu Virginia zu sengen Gonschten muss entscheeden. Sollt him dat gelengen – wat d’Republikaner hir “3-2-1” Strategie nennen – ass de Romney de grousse Favorit, well dann all aneren Staat hien zum President mécht. Dat kéint Colorado oder New Hamsphire sinn, wou hien a béide Staaten gutt Chancen hätt.

Nach 9 Deeg bis d'Wahlen… "Crunch Time!" (Foto: CBC.ca)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s