Elo sti mer kuerz vrun de Wahlen an hu ganz vill schonns héieren & gelies vun den 2 groussen Kandidaten. Bei enger Saach si béid Politiker awer zimlech roueg: den US Supreme Court. 

Net nemmen zënter dass dat iewecht Gericht an den USA dem Obama seng Gesondheetsreform fir “ok” ëmpfonnt huet, ass d’Stäerkt vum Supreme Court bekannt. An obwuel wahrscheinlech mat “Prop 8”, de kaliforneschen Referendum iwwert den Homo Marriage aus dem Joër 2008, d’Supreme Court wuel och geschwënn iwwert d’Rechter vun Homosexuellen dierft entscheeden, an domatter zu engem wichtegen Suject an der Innepolitik giff Stellung huelen, interesséiert sech scheinbar keen wirklech fir dat iewecht Gericht. 

De Supreme Court huet 9 Richter. Déi Richter gi vum President nominéiert & den U.S. Senate mussen de Kandidat_in bestätegen. Sie sinn eng Chance fir e President seng Influenz op d’Land iwwert déi maximal 8 Joer Amtsperiod ze garantéieren. E Richter, deen vun engem Republikaner nominéiert gouf, stemmt normalerwéis méi “republikanesch”/konservativ of, an een vun engem Demokrat eben politesch méi lénks. Obwuel et natierlech ëmmer Ausnahmen zur Regel ginn. Déi entscheedent Stëmm fir dem Obama seng Gesondheetsreform koum beispillsweis vum Chief Justice Roberts, deen vum George W. Bush nominéiert gouf… an awer ass d’Nominatioun vun engem Supreme Court Richter extrem wichteg fir e President – a fir d’Land.

Normalerweis probéieren jo Richter, déi ënnert engem Republikaner nominéiert goufen, ënnert engem republikaneschen President an d’Pensioun ze goen – fir dass deen erëm kann een nominéieren, deen eng ähnlech Positioun huet. (Fir Riichter, déi vun Demokraten nominéiert goufen, ass dat natierlech d’nämlecht, just politesch ëmgedréit). Mä heiandsdo kann een leider net den Zäitpunkt eraus sichen… et kann een krank oder am schlëmmste Fall – God forbid! – stierwen. A wann een aktuell op de Supreme Court kuckt, muss een festhaalen, dass do net méi déi Jonkst setzen, déi vläit nach eng richteg gutt Gesondheet an eng gréisser Liewenserwaardung hätten…

  • Chief Justice Roberts huet 57 Joër – 2005 vum George W. Bush nominéiert;
  • Justice Scalia huet 76 Joër – 1986 vum Ronald Reagan nominéiert; 
  • Justice Kennedy huet 76 Joër – 1988 vum Ronald Reagan nominéiert; 
  • Justice Thomas huet 64 Joër – 1991 vum George H.W. Bush nominéiert;
  • Justice Alito huet 62 Joër – 2006 vum George W. Bush nominéiert;
  • Justice Ginsburg huet 79 Joër – 1993 vum Bill Clinton nominéiert;
  • Justice Breyer huet 74 Joër – 1994 vum Bill Clinton nominéiert; 
  • Justice Sotomayer huet 58 Joër – 2009 vum Barack Obama nominéiert;
  • Justice Kagan huet 52 Joër – 2010 vum Barack Obama nominéiert.

 ussc

D'U.S. Supreme Court zu Washington DC (Foto: AmericanWeekly.com)

Den nächsten President, respektiv den aktuellen President, kann vläit 2 oder souguer 3 nei Supreme Court Richter an den nächste 4 Joër nominéieren. Sollt den Obama gewannen, ass wuel unzehuelen, dass d’Justice Ginsburg an den Justice Breyer an d’Pensioun ginn. Bei enger Romney Victoire kéinten den Justice Kennedy, deen oft déi entscheedent Stëmm am Supreme Court ass (well hien awer nach zimlech moderate ass a bei 5-4 Entscheedungen ‘Zünglein an der Waage’ ass), an den Justice Scalia (deen als extrem konservativ gëllt) an d’Pensioun goen.

Sollt awer keen vun deenen d’Chance kréien, selwer z’entscheeden wéini sie an d’Pensioun welle goen, dann kéint an den nächste 4 Joer dat iewecht Gericht vun den USA ganz anescht ausgesinn. Et kéint eng 5-4 “Féierung” fir Demokraten kommen (an hirem beschte Fall) oder, am schlëmmste Fall fir Demokraten – wann hir 2 eelsten Richter während enger Romney Presidenschaft missten aus Gesondheetsgrënn ophaalen – eng 7-2 “Féierung” fir d’Republikaner. Zemools dat läscht Beispill kéint d’Politik an den USA op e puer Joër hin veränneren. Firwat dann och déi Zréckhaalung vun de Kandidaten – an den US Medien – zu deem Thema dach iwwerascht.

Zemools d’LGBT Communitéit schéngt bei de Wahlen 2012 just op dem Romney säi Verspriechen zeknuppen, dass hien dofir wier fir d’U.S. Constitutioun z’änneren sou dass de Marriage als eng Unioun tëschent Mann & Fra definéiert gett. Vläit sollten se och méi oft froen, wéi een Richter e Romney & wéi een Richter den Obama giff nominéieren. Et ass am Supreme Court wou déi gréisste Chance (et denkt een just un “Brown v. Board of Education”  oder “Roe v. Wade“) kéint fir hir Communitéit leien, oder och vläit déi gréissten Nidderlag, well anescht wéi bei der Adaptatioun vun engem neien Amendment un d’US Constitutioun ass d’Nominatioun vun engem anti-Homo Marriage Richter, politesch gesinn, vill méi ‘einfach.’

Dat nämlecht zielt natierlech och fir déi vill liberal Feministen an den USA, déi éischter op Commentairen vu Ryan, Mourdock an Akin, déi allen 3 iwweraschent Aussoen iwwer Vergewaltegung ofginn hunn, knuppen am Platz de Romney ze froen: ob hien beispillsweis just ‘Roe v. Wade’ Géigner(_innen?) giff als Richter nominéieren. Dat giff der Obama Campaign wuel och hellefen fir deen wichtegen “Women’s Vote” 2012, deen aktuell de wuel gréissten nach ondécidéiersten Wielergrupp duerstellt, fir sech ze gewannen. Firwat? Well Zuel vun de Fraen, déi dofir sinn dass d’Ofdreiwung nees komplett illegal an den USA gett, wuel awer zimlech kléng dierft sinn… Och Männer sinn do dogéint. Am Mee dëst Joer huet déi héich geschaaten Gallup an hirer Ëmfro festgehaalen, dass just 20% vun den Amerikaner dofir sinn, dass all Schwangerschaftsofbroch nees illegal ass; während 52% der Meenung sinn, dass et a verschiddenen Fäll soll legal bleiwen (25% sinn dofir dass et ëmmer legal soll sinn). Déi Zuelen sinn och net duerch d’Wahljoer esou, mä hu sech schonns vru Joeren (Link) op deem Niveau agependelt.

… mä den US Supreme Court ass eben dat grousst Thema wat 2012 keen uschwätzt. Schued.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s