Ech hat et Ufank dës Joeres scho versprach, dass wann en 269 vs 269 méiglech wier, ech giff erkläeren wéi et da weider geet. Elo, wou de Countdown bis d’Wahlen bei ënner 20 Deeg ass, gett et Zäit zekucken ob esou een “Tie” méiglech ass. 

269 vs 269 ass méiglech

Vrun e puer Wochen hat ech geduecht, ech misst deen hei Post awer net schreiwen. De President hat eng ganz gutt Convention (och wann hien keng gutt Ried ginn huet), hien hat e Virsprong an den nationalen Ëmfroen & an den eenzelnen Staaten. An dunn koum… déi 1t Debate teschent dem Obama & dem Romney. De Barack Obama huet ausgesinn wéi wann hien iwwerhapt keng Loscht méi gehat hätt fir iwwerhapt nach President ze bleiwen. Dat huet him massiv geschued & de Mitt Romney huet erëm ganz gutt Chancen d’Wahlen dach nach ze gewannen. 

Wann een aktuell op d’Ëmfroen kuckt ass et iwwerall zimlech knapps & ganz oft ass e Virsprong vun engem Kandidat am “Margin of Error”, an awer… d’Méiglechkeet vun engem Gläichstand vun de Wahlmänner ass méi grouss ginn. Wéi ech op Twitter geschriwwen hunn, wann een déi aktuell Ëmfroen aus den eenzelnen Staaten hellt & den Barack Obama awer New Hampshire giff gewannen (Romney Virsprong vun 1%) während den Mitt Romney giff Nevada wannen (Obama Virsprong vun 3%), dann hu mer en 269 vs 269. 

269 tie

(Ënnert dem hei Szenario, deen am wahrscheinlechsten wier,
hätte mer herno een: 269-269)

1. Maine oder Nebraska kéinten et ausman

Déi éischt Méiglechkeet wéi awer nach een vun den 2 Kandidaten op 270 Wahlmänner giff kommen wier eng kléng Victoire zu Maine respektiv zu Nebraska. Firwat? Béid Staaten hu keen “winner-take-all” System, dat heescht den Barack Obama kéint beispillsweis dat méi liberalt Maine wannen, awer de Mitt Romney kéint ebenfalls 1 Wahlmann aus dem Staat kréien. Am Nebraska & am Maine ginn d’Wahlmänner zum Deel gewonn iwwert Distriker am Staat. 2008 hat den Barack Obama zum Beispill 1 Wahlmann aus Nebraska kritt, obwuel den John McCain deen Staat konnt wannen. Den Obama hat awer an 1 Distrikt vum Staat méi Stemmen kritt & krut dowéinst deen 1 Wahlmann. 

Sou kéint et sinn, dass dat wat am Ufank no engem 269-269 ausgesäit, awer eng (knapp) Victoire fir een vun de Kandidaten ass mat 270-268.

2. De Problem vum “faithless elector”

Sollt Fall 1 net antrieden, an d’Wahlen wirklech en 269-269 erginn, dann kéint et zu engem ganz grousse Problem kommen. Firwat? Et dierft spéistens zenter 2000 och an Europa bekannt sinn, dass an den USA d’Leit net de President wielen, mä d’Wahlmänner am “Electoral College”, an dat wielt de President a Vize President. Et ass awer esou, dass déi Wahlmänner dann am Dezember bei der Wahl am ‘Electoral College’ net esou missten ofstëmmen wéi hire Staat dat gemaach huet. Dat gouf et schon 10 Mol an der Geschicht vun den USA. Nach ni huet dat awer wirklech eppes un der Victoire vun enger Persoun geännert. 

Sollt et awer en 269-269 ginn & 1 Wahlmann stëmmt am Platz fir de Mitt Romney dann fir de Barack Obama – oder ëmgedréit, jo dann ass de Chaos perfekt. An deem Fall giff wuel och eng Ännerung vum Wahlsystem, oder zumindest eng Ännerung (e scharft Gesetz) fir d’Wahlleit, kommen. Ob et dann 2012 zu engem “faithless elector” giff kommen, wäerten d’Leit awer erréicht Ufank Januar gewuer ginn, well erréicht dann kennt, bei all U.S. Wahl, d’Resultat vum ‘Electoral College’ eraus. 


3. “Twelfth Amendment” vun der U.S. Constitutioun gräift…

Sollten Fall 1 & 2 net antrieden an am Januar kennt een 269-269 eraus, dann trëtt dat 12. Amendment un d’U.S. Constitutioun a Kraft. Dëst Amendment gouf no de Wahlen vun 1800 an d’Constitutioun geschriwwen. Bei de Wahlen vun 1800 hat den Thomas Jefferson & den Aaron Burr allen zwee 73 Stëmmen kritt. Herno huet de Kongress déi entscheedent Stëmm fir den Thomas Jefferson bruecht, deen dunn zum 3ten President vun den USA ernimmt gouf. 

  • Wahl vum President (U.S. House of Representatives)

Déi entscheedent Stëmm fir de Presidenten Posten kéim vum ënneschten Haus vum U.S. Congress, also vum “House of Representatives.” Am Repräsentantenhaus setzen 435 Deputéiert, vun all Distrikt aus den USA een. Also brauch de President eng Majoritéit, also 218 Stëmmen?! Nee, net sou schnell! 

All eenzelnen Staat muss sech dann mat sengen Deputéierten zesummen setzen. De Staat New York wäert zum Beispill ab dem Januar 27 Deputéiert am Repräsentantenhaus hunn – Republikaner & Demokraten. Déi 27 mussen sech dann zesummen setzen an sech op 1 Kandidat eenegen, well all Staat huet just 1 Stëmm. Fir d’Presidentschaftswahlen ze gewannen, bräicht de Barack Obama oder de Mitt Romney dann d’Hallschent vun de 50 U.S. Staaten. Et muss een also minimum 26 Staaten op seng Säit kréien. Sollt et och hei en 25-25 Gläichstand ginn, da ginn et souvill Wahltier bis dass 1 Kandidat eben min. 26 Staaten op senger Säit huet.

===> Et ass aktuell unzehuelen, dass d’Republikaner a méi wéi 25 Staaten eng Majoritéit vun den Deputéiert wäerten hunn.


  • Wahl vum Vize President (U.S. Senate)

Den U.S. Senate giff déi entscheedent Stëmm fir de Vize President bréngen. Hei huet all eenzelnen vun den 100 Senatoren 1 Stëmm. Et muss een dann minimum 51 Stëmmen kréien. 

Et ass dann 2012 awer och esou, dass d’Chance vun engem 50-50 Senate extrem grouss ass. Sollt et also och hei zu engem 50-50 Resultat fir de Vize President kommen, dann giff – witzegerweis – den Joe Biden déi entscheedent Stëmm liwweren. Firwat? D’U.S. Constitutioun beseet, dass bei all Gläichstand vum U.S. Senate de President vum Senate déi entscheedent Stëmm huet. De President vum U.S. Senate ass ëmmer de Vize President vun den USA. 

===> An deem Szenario kéint den Joe Biden sech selwer zum Vize President wielen – virausgesaat d’Republikaner kréien keng Majoritéit am Senate.


Romney/Biden? Ännerung vun der Constitutioun?

En 269-269 kéint also theoretesch dofir suergen, dass de Mitt Romney President gett, während den Joe Biden giff Vize President bleiwen. Och méiglech, awer nach vill méi onwahrscheinlech (wéinst de Republikaner am “House”) ass e President Obama mat engem Vize President Ryan.

 romney/biden

Lo Géigner, herno Vize President (Biden, l.) 
an President (Romney, r.)? (Foto: Politico)

Esou en Szenario, deen esou nach ni an der Geschicht agetrueden ass, giff awer och Diir opman fir Gesetzer & Amendments z’änneren. Sollt Fall 2 vum “faithless elector” d’Wahl entscheeden, dierft et wuel massiv Protester ginn vum ‘Verléierer’ & sengen Supporter – Protester 2000 bei der Wahl vum George W. Bush wieren wuel näischt dogéint. Geet et awer wirklech mat engem 269-269 Gläichstand an den Kongress, jo… dann kéint et sinn, dass zumindest no de Wahlen vun de Medien & de Leit gefuerdert gett, dass d’Constitutioun geännert gett an a sou engem Fall vun 269-269 einfach de ‘popular vote’ (= Stëmmen aus dem ganzen Land zesummen gezielt) déi entscheedent Stëmm wier. Ween am meeschten Stëmmen kritt vun de Leit, wier dann President…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] vu Nevada géifen hien och net op 270 bréngen. Colorado, wat 9 Wahlleit huet, géif hei zu engem 269-269 Gläichstand féieren, wat déi ganz Saach géif an d’US Repräsentantenhaus puchen. Dat ass wuel de Grond firwat hien op Wisconsin geet fir do déi 10 Wahlleit zehuelen. Aktuell […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s