(E puer Gedanken iwwert d'V.P. Debate, déi elo just fäerdeg 
ass. Et ass vläit net sou propper wéi soss, mä fir déi 
iwwer 20t Stonn wou ech wackreg sinn… 
och net sou schlecht ;))

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Et war eng ganz wichteg Debate fir Team Obama. De President hat ganz kloër déi éischt Debat verluer. Et war wéi wann hien iwwerhapt guer net wollt op deem Podium stoen. Dofir hat de Romney gewonnen. Net well de Mitt Romney sou genial gutt war, mä well den Barack Obama einfach eng richteg “bad night” (Zitat Obama) haat. Haut den Owend, respektiv an der Nuecht fir d’Europäer, huet den Vize President Joe Biden de President wuel rëm zréck an d’Course kritt. Zumindest huet den Joe Biden dat gemaach wat en sollt maachen: de grousse Momentum vum Romney/Ryan Ticket stoppen. 

Den Paul Ryan war net schlecht. En contraire, hien war souguer zimlech gutt. Et muss een nämlech soen, dass – anescht wéi den Joe Biden – den Paul Ryan just 1 Debat virdrun a senger politescher Carrière hat. Et war seng 2ten Debat a senger Carrière an dofir war et zimlech gutt. Zemools den aussepoliteschen Deel huet de Congressman vu Wisconsin gutt gemeeschtert gehaat. Et muss een och bedenken, dass de Vize President Biden hei als grousse Favorit zielt. Hien ass een Mann vun der Aussepolitik, huet joerelaang Erfahrung doranner… 

Sou war et awer wuel eng genial Debat. 2 Leit déi komplett verschiddenen Vue’en hunn, déi Saachen ganz einfach debattéieren & dono sech d’Hand ginn. Et wäer gutt wann et sou eppes méi zu Washington DC (an an aaneren Deeler vun der Welt) giff ginn. Et muss een net emmer just streiden fir ze streiden. D’Leit kruten e kloeren Choix presentéiert:

  1. Afghanistan mat ëffentlecher Timeline (Obama/Biden) & ouni ëffentlecher Timeline (Romney/Ryan)
  2. Weider spueren & ausginn fir d’Economie un d’Laafen zekréien (Obama/Biden) & keng Steiererhéichungen fir keen an awer vill spueren (Romney/Ryan)
  3. ObamaCare & e Programm deen Medicare giff an e Voucher Programm ëmwandelen
  4. Probéieren d’Welt zesummen géint den Iran zekréien an weider op Diplomatie setzen (Obama/Biden) & probéieren d’Iraner onbedéngt zestoppen – vläit oder vläit net, mat engem Krich
  5. Dat nämlecht – bis op d’Diplomatie vläit – am Fall vu Syrien (Obama/Biden) & jo… eigentlech dat nämlecht hei, och wann een den al-Assad ni als Reformer ugesinn hätt (Romney/Ryan)
  6. d’Warnung dass den US Supreme Court Roe v Wade, wat Ofdreiwung a verschiddenen Fäll legaliséiert huet, réckgängeg kéint man (Obama/Biden) & dass een fest gleewt dass d’Liewen bei der Empfängnis ufänkt, wat déi klassesch republikanesch anti-Roe v Wade Positioun ass (Romney/Ryan)

Een Punkt kéint dem Joe Biden entweder gehollef oder massiv geschued hunn. Ganz oft während der Debatt huet hien gelacht, wa säi Géigner eppes gesoot huet wat scheinbar net gestemmt huet. Dat kennt vläit gutt bei der Parteibasis un, mä ob et d’Independents op déng Säit kritt… dat mussen Ëmfroen weisen. Dem Joe Biden säin Laachen kéint sou ginn wéi dem Al Gore säin schweiert Otmen 2000.

Sou ass et awer wuel kloer, dass et net um Biden war fir onbedéngt vill Independents op seng Säit zekréien. Hien ass net de Kandidat, mä de President Obama. Den Joe Biden huet d’Parteibasis, déi zimlech roueg gi war, missten un d’Liewe bréngen & dat schéngt him, wann déi éischt Reaktiounen kuckt och ferm gelongen zesinn. 

Den Paul Ryan hat d’Chance fir den Romney/Ryan Ticket bal onschlobar zemaachen. Mat enger genialer Performance haut & enger Performance vum Joe Biden, déi un déi vum President Obama erënnert hätt, wier him dat wuel gelongen. Esou awer dierft et wuel e Gläichstand  gewiecht sinn, mat vläit eng ganz kléng – an dofir bal onwichteg – Victoire fir entweder Biden oder Ryan. 

En Dennschten kennt déi 2t Debat teschent dem Barack Obama & Mitt Romney. Elo ass et un hinnen. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s