Oft gouf an de läschten Deeg & Wochen behapt, dass de Barack Obama d’Wahlen eigentlech scho gewonnen hätt. De Mitt Romney kéint eigentlech näischt méi man. De President ass an den Ëmfroen vir, an sou lang ass et jo net méi… esou gëtt gesoot. E kuerzen Réckblëck op aner US Wahlen weisst dass een sech ka ferm täuchen, wann een mengt dass d’Kaz schon am Saak wier. 

  • 1980 – President Jimmy Carter (D) vs. Ronald Reagan (R.)

Den Jimmy Carter ass um Enn vum September/Ufank Oktober eng 4 Prozent vrum republikaneschen Kandidat Reagan. Hien ass also do wou de President Obama ongeféier haut ass. De Ronald Reagan gewënnt herno d’Wahlen an dat an engem Landslide. Hien kann 44 Staaten op seng Säit kréien. 

 

  • 1988 – Vice President George H.W. Bush (R.) vs. Michael Dukakis (D)

Den Demokrat Dukakis ass am September teschend 9 an 11 Prozent vrum Vize President Bush. Den Dukakis huet eng extrem schlecht Debat, wou hien e.a. ‘ze kaal’ bei enger perséinlecher Fro wierkt. De Vize President Bush gewënnt dann eppes iwwer 1 Mount no deem sou gudde September fir den Dukakis d’Presidentschaftswahlen. Hien gewënnt a 40 vun de 50 Staaten.

 

  • 2000 – George W. Bush (R.) vs Vice President Al Gore (D)

Am September 2000 läit den demokrateschen Vize President Al Gore, deen säi President Bill Clinton net an de Wahlkampf mat anbaut (Lewinsky Skandal), 10 Prozent an den Ëmfroen vrum texaneschen Governor Bush. Den Ausgang ass bekannt. Et sollt eng vun de knappsten Wahlen-Entscheedungen an der US Geschicht ginn, wou den Governor Bush Florida minimal gewënnt & Staaten wéi New Mexico (Gore mat 0,06% Virsprong gewonn), Wisconsin (Gore mat 0,22% Virsprong gewonn), Iowa (Gore mat 0,31% Virsprong gewonn) & Oregon (Gore mat 0,44% Virsprong gewonn) verléiert. An all dësen Staaten hätt d’Bush Campaign wuel e “Recount” ugefroot gehaat, hätt sech d’U.S. Supreme Court am Fall Bush v Gore anescht entscheed gehaat. 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Et weisst, dass bei US Wahlen nach ëmmer eppes am Oktober ka geschéien. “October Surprise” nennen se dat an der US Politik, ech hunn et op lëtzebuergesch op Twitter ‘gëllenen Oktober’ genannt. Genee esou een brauch de Mitt Romney elo fir d’Course nach eng Kéier op zeman. Jo, hien ass ënner Zugzwang, mä verluer ass nach näischt. Een Euro deen zesumme brécht, eng Situatioun a Syrien déi eskaléiert, eng ganz schlecht Debat vum President oder – God forbid – e weideren Terroruschlag à la 9/11 (2001 an 2012) an d’Course kéint sech nach eng Kéier dréinen.

An Europa giff elo, knapp 4 Wochen vrun de Wahlen, de Wahlkampf ufänken. A genee wéi an Europa ass och an den USA véier Wochen virdrun nach nix entscheed. Frot de President Carter, de Michael Dukakis oder den Al Gore… si kennen e Liddchen dovunner sangen 😉

 

An elo kucke mer all déi 1. Debat tëschend Mitt Romney & Barack Obama. (Hoffentlech gett se besser wéi déi 2. Debat tëschend Scott Brown & Elizabeth Warren [fir U.S. Senat/Massachusetts]  virgëschter ;))

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s