Et ass gewousst dass een an den USA als President net vill alleng ka maachen; genee wéi et an engem richtegen demokrateschen Staat mat der Trennung vu Gewalten soll sinn. E President brauch eng Majoritéit a béiden Haiser vum U.S. Kongress: dem “House of Representatives” (déi ënnescht Kummer) an den “U.S. Senate” (iwwegt Kummer). 2008 hat de Barack Obama eng absolut Majoritéit a béiden Kummeren kritt & awer hat hien Problemer sou Saachen wéi seng Gesondheetsreform oder souguer en einfachen Budget duerch den demokrateschen Kongress zekréien. Zënter de Midterms vru bal 2 Joer, bei deenen d’Republikaner déi gréissten Victoire bei de Midterms zënter deenen vun 1938 (zweet Amtsperiod vum Franklin D Roosevelt) gefeiert hunn, ass net méi all ze vill zu stan komm. Oder wann, wéi am Fall vun engem Budget 2011 oder der Eropstuufung vum “debt ceiling”, gouf bis zum Schluss gestridden a mat de Fangeren op déi anerer gewissen.

Genee dofir kuckt een an den USA bei dësen Wahlen och op den US Senat, deen all 2 Joër zu 1/3 nei gewielt gett (Amtsperiod vu 6 Joër). Et geet een nämlech dovunner aus dass d’Republikaner wuel hir Majoritéit am “House” dierfte behaalen – virausgesaat Demokraten huelen do net ganz vill an de läschten Wochen op – mä de Senat, bei deem aktuell Demokraten nach knapps d’Nues vir hunn, gesäit dat ganz anescht aus. Sollt de Barack Obama gewannen, wellen d’Republikaner natierlech dass béid Kummeren vum U.S. Kongress ënnert republikanescher Hand stinn. Während een och dovunner ausgeet dass et sech bei enger Romney Victoire mat engem “rouden” Senat och besser léisst regéieren (Stëchwuert: Ophiewung vun der Gesondheetsreform). Aus Siicht vun den Demokraten misst et natierlech genee ëmgedréit sinn. 😉 

Republikaner verléieren wuel 1 sëchere Sëtz

Nodeems am Ufank vum Joer d’Olympia Snowe (R.) ganz iwweraschend matgedeelt huet, dass sie keng weider Amtszäit als Senatorin fir Maine giff untrieden, goufen et vill Diskussiounen iwwert de Stand vun der U.S. Politik. D’Olympia Snowe ass zwar Republikanerin, awer sie ass eng moderate Repubikanerin. D’Senatorin Snowe war och beispillsweis déi eenzeg Republikanerin am ganzen Kongress, déi, zumindest, ee Mol fir d’Gesondheetsreform vum Obama ofgestëmmt hat – an der Finanz Commissioun. Et gouf gefahrt, dass mat hir d’Republikanesch Partei weider no riets giff zéien & d'”Moderates” lues awer secher giffen aus der Partei goen. E beonrouegend Zeechen. 

Elo muss een awer festhaalen, dass an hir Platz wuel de fréieren Governor vu Maine, den Angus King, kennt. Hien ass zwar keen Republikaner, mä awer ass hien an der politescher Mëtt an ze stuufen. Hien ass fir d’Gesondheetsreform, fir den Homo-Marriage, géint “Don’t Ask, Don’t Tell” etc. Demokraten dierfte wuel frou sinn, dass de King scheinbar an den U.S. Senat kennt. E Supporter vum President Obama, deen hien och fir d’Wahlen 2012 offiziell ënnerstetzt huet, huet een do gäeren setzen. Fir d’Republikaner bleiwt, dass se eng gudd & moderate Politikerin verluer hunn… an 1 Sëtz un een Independent, deen wuel bei enger Rëtsch Saachen mat den Demokraten dierft matstëmmen.

Op 4 U.S. Staaten gett ganz besonneg gekuckt

  • Virginia

Richteg spannend ass et am Moment ënnert anerem an dësem (och fir d’Presidentschaftscourse) sou wichtegen Staat. De Republikaner George Allen an de fréieren Chairman vun der Demokratescher Partei, Tim Kaine, hunn sech de Summer iwwer  e richtegt Kapp u Kapp Rennen geliwwert. Et war dauernd een absoluten Gläichstand: 46-46, dono 45-45, dann rëm zréck 46-46. Méi spannend geet et net! Zënter der Demokratescher Convention konnt sech den Tim Kaine e bësschen ofsetzen & läit elo – am Schnëtt – eng 2 bis 4 Prozent vrum Allen.

kaine2012

E Kapp u Kapp Rennen teschend dem Kaine (D., lénks) 
an Allen (R., riets) zu Virginia (Foto: Reuters)

Béid Politiker waren virdrun mol Governor vu Virginia. Den George Allen war de 67ten Governor, während de Kaine 2006 de 70ten Governor vum Staat gouf. Zemools bei der Economie si sech béid Politiker komplett oneenz. De Republikaner George Allen ënnerstëtzt ‘Cut-Cap-and-Balance’ & säin demokrateschen Géigner ass do komplett dogéint. “Cut-Cap-and-Balance” giff den Defizit stoppen, während dobäi hart Spuermesuren kommen & de Budget am Equilibre soll bleiwen. Déi republikanesch Propose, déi wuel mat de Proposen vu verschiddenen konservativen EU Politiker ze vergläichen ass, stéisst bei den Demokraten op wéineg Nächsteléiwt.  Hei fäert een, dass esou e Programm d’USA kéint an eng ‘Euro-Kris’-ähnlech Zäit stierzen. Et ass unzehuelen, dass zu Virginia bis zum läschten Dag ëm all Stëmm gekämpft gett.

  • Connecticut

E puer Kilometer méi nordöstlech, am U.S. Staat Connecticut, bidden sech de Chris Murphy (D) an d’Linda McMahon (R.) ebenfalls e Kapp u Kapp Rennen. Am August haat een, wann een déi 4 Ëmfroen fir dës Course zesummen geholl huet (fir d’Fehlerquote ze reduzéieren), e ganz, ganz kléngen Virsprong fir d’Republikanerin. Mat “ganz, ganz kléng” mengen ech iwwrengs 0,4%. Elo, Enn September, huet den Demokrat Murphy e kléngen Virsprong vun bal 4%. Mä souguer dann ass dës Course ëm den Senatssëtz vum (geschwënn pensionéierten) Joe Lieberman en “dead heat.” 

De Murphy war fir de Wall Street Bailout & d’Rettung vun General Motors a Chrysler ënnert dem President Obama. Hien huet ebenfalls de “Stimulus” ënnerstëtzt, deen, no der Finanzkris 2008, déi amerikanesch Wirtschaft rëm sollt un d’Rulle bréngen. Extrem erfolgräich war de “Stimulus” vum President Obama – och duerch international Problemer – net sou richteg. Et ass elo souguer sou, dass eng Rëtsch Economisten alt no engem 2ten Milliarden schwéieren “Stimulus” jäizen. 

Déi republikanesch Kandidatin McMahon steet op dëse Punkter op der komplett aaner Säit vum Politik-Spektrum. Si ass géint déi “Kultur vu Bailouts”, déi hirer Meenung no sou séier wéi méiglech misst ophaalen. Washington hätt vergiess, dass net d’Regierung mä d’Leit Aarbeschtsplatzen schaafen. “Government is not the solution. It’s the problem.”, wéi de fréieren US President & Held vun der Tea Party, Ronald Reagan, mol sot. D’Linda McMahon ass ebenfalls dofir dass d’USA sou séier wéi méiglech hire Budget rëm an d’Rei kritt an endlech nees gréng Zuelen schreiwt.

senate lo

Wann haut gewielt giff ginn, giffen Demokraten just genuch 
Sëtz gewannen fir eng Majoritéit vun engem Sëtz zehunn
  • Nevada

Eriwwer dann an d’Wüst an op Las Vegas. Hei kämpft de Republikaner Dean Heller dofir säi Sëtz ze behaalen. D’Shelley Berkley, eng 61 Joer aal Demokratin, probéiert dësen Staat richteg blo zemaachen. Den Harry Reid hällt jo bekanntlech deen aaneren U.S. Senate Sëtz vun Nevada… a séng Parteikollegin kéint am November dofir suergen, dass hien weider den Senate Majority Leader bleiwt.

Hei hat den Heller am August nach e Virsprong vun engen 5%, ma de September war och an dëser Course e gudde Mount fir d’Demokraten. D’Shelley Berkley, déi zënter 1999 den 1ten District vu Nevada am U.S. House of Representatives vertrëtt, läit elo an e puer Ëmfroen vrum Senator Heller. Wann een d’Ëmfroen awer all zesummen rechent, dierft et momentan e komplett Kapp-u-Kapp Rennen sinn, mat engem Virsprong vun ënner 1 Prozent fir de Republikaner Heller. 

  • Massachusetts

Et ass wuel déi Senate Course op déi am meeschten gekuckt gett. Senator Scott Brown (R.; lénks) vs Elizabeth Warren (D.; riets).

e

(Foto: Politico)

Vläit entscheed sech och grad an dëser Course wéi eng Partei d’Majoritéit am Senat wäert kréien. De Scott Brown, deen Ufank 2010 am Senat setzt, gëllt wuel als méi e liberalen Republikaner… an awer. D’Demokraten wellen deen Sëtz, deen sou lang an hirer Partei war, nees zréck. Et ass den sougenannten “Kennedy Seat”, deen während Joerzéngten vum 2009 verstuerwenen “Teddy” Kennedy besaat gouf.

Wéi gäer d’Demokraten de Setz nees zréck wellen, haat jo beispillsweis d’Convention am Ufank vum Mount zu Charlotte gewissen. Do huet d’Elizabeth Warren nämlech direkt vrum President Clinton eng 20 Minutten Ried ginn & dat zur (praktesch) beschter Sendezäit. Dat kéint sech e bësschen ausbezuelt hunn, well – nodeems et am August zimlech knapp war – huet d’Elizabeth Warren an de läschten Ëmfroen e Virsprong vun engen 2 bis alt 5 Prozent. De Scott Brown seng Attack an der 1ter Fernsehdebatt mam Elizabeth Warren vrun e puer Deeg, an där hien d’Demokratin oft “Professor Warren” genannt huet & si als zevill lénks duergestallt huet, schéngt nach net wirklech eppes zum Positiven verännert zehunn. Aktuell gesäit et fir de Senator Brown, deen een vun de wéinegen Republikaner war deen fir d’Enn vun “Don’t Ask, Don’t Tell” gestëmmt huet, net sou gudd aus – an de Countdown bis d’Wahlen de 6ten November leeft…

Nach 37 Deeg…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s