Et sinn nach 50 Deeg bis d’Wahlen an den USA. A 50 Deeg ka vill geschéien. Als Erënnerung vru 4 Joer war den John McCain Ufank September vrum Barack Obama an den Ëmfroen & just de Fall vu Lehman Brothers (an dem McCain säin elo berühmten Satz ‘I still believe that the fundamentals of our economy are strong’) huet den demokrateschen Kandidat an den Oval Office bruecht. Elo si mer rëm am September & d’Wahlen kéinten vläit nees eng Kéier lo entscheed ginn – iwwer 1 Mount vrun de Wahlen! 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Romney Campaign huet intern Problemer

Vru 24 Stonnen koum d’Noriicht dass déi geschätzten Säit Politico en Artikel iwwert d’Romney Campaign wäert verëffentlechen, deen nawell keen gutt Liicht op Team Romney werft. Natierlech soll een net zevill doropper ginn. Den republikaneschen Presidentschaftskandidat aus Massachusetts läit aktuell an den Ëmfroen zréck (wéi vill & wéi schlëmm et ass, gett et am nächsten Post) an dann ass de Frust bei allen zimlech héich. Dat nämlecht hat d’Team Obama vrun e puer Wochen gehat. D’Zäit leeft eben fort… an et huet een an deem Beruf eigentlech just 1 Mol a sengem Liewen d’Chance bei sou enger Campaign wirklech uewen mat zeschaffen – an da well een och gewannen. Da ginn et eben scho munchmol Streidereien am “War Room”, wéi d’Wahlkampfzentral an den USA oft genannt gëtt.

Den Artikel werft awer eppes anescht op, an zwar firwat de Mitt Romney sou eng schlecht Convention hat. Et war eng Convention, déi jo alt vu Konservativen & jo, souguer alt vu Fox News(!) kritiséiert gouf. Do wier d’Saach mam Clint Eastwood senger Ried. Et gouf vun der Wahlkampfzentral hir dem Eastwood erlaabt alles dat ze soen wat hien wéilt soen. Fir eng Convention ass dat scho komesch. Fir eng Convention Ried an der Prime Time, 10-15 Minutten vrun der “Acceptance Speech” vum Presidentschaftskandidat, extrem komesch. Schold dorunner soll anscheinend den Stuart Stevens sinn. De Stevens ass den Chief Strategist genee wéi Chief Speechwriter an Chief Ad Maker. Et ass also sou wéi wann den Obama 2008 am Platz David Axelrod, Jon Favreau an Jim Margolis… just den David Axelrod gehat hätt. Sou ka keng Wahlkampf Maschinn laafen – weder an den USA nach an iergendengem europäeschen Land.

mitt

De Mann hannert dem Mann. Stuart Stevens (l.) bei
Prouwen fir d'Acceptance Speech vum Romney (Foto: Politico)

Laut POLITICO, soll de Stevens och responsabel fir d’Acceptance Speech vum Mitt Romney, déi genee wéi déi vum President Obama net iwwerzeegen konnt, sinn. De Romney hat 1 Woch vrun der Republican National Convention zu Tampa scho seng fäerdeg Ried an den Hänn. Hien huet se, wéi dat üblech ass, scho vru sengen Haaptleit an der Campaign & senger Fra Ann geprouft gehat. Bis de Stuart Stevens duecht fir 2 Leit aus den George W Bush Campaigns vun 2000 an 2004 an d’Boot zehuelen. Den Duo McConnell & Scully sollten eng komplett nei Ried schreiwen & haten maximal 8 Deeg Zäit. Mä och déi Ried hunn d’Wieler net ze héieren kritt, well herno gouf eigentlech just 1 Saz dovunner benotzt. D’Ried, déi de Mitt Romney zu Tampa ginn huet, war weder déi déi virdrun scho geprouft gouf, nach déi vu McConnell/Scully, mä eng komplett nei (souzesoen drëtt) Ried! Dës Ried gouf vum Mitt Romney & Stuart Stevens an de läschten puer Stonnen/Deeg vrun der Convention selwer nach geschriwwen. Zäit fir dës iergendwéi ze prouwen, blouf domatter definitiv keng méi. Genee sou huet d’Zäit gefeelt fir d’Ried wierklech ze perfektionéieren. Wann een éischter déi richteg Ried gehat hätt, wier vläit enger Persoun beim Duerchliesen oder bei Prouwen alt opgefall, dass d’Zaldoten am Afghanistan guer net erwähnt goufen. Fir e Presidentschaftskandidat – en republikaneschen Presidentschaftskandidat – eng ganz komesch Raritéit.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Romney: Als Latino hätt ech e Virdeel

Haut dunn gouf zwar den Drock vum Stevens geholl, mä dat net onbedéngt wuel sou wéi d’Campaign dat wéilt. Et si Videos vun engem Romney Fundraiser op e.a. der liberaler Internetsäit Huffington Post eraus komm. D’Audio Extraiten soll d’Ried vum Mitt Romney op engem Fundraiser Ufank dës Joëres bei sengen décksten Spender erëm ginn. Doranner schwätzt de Mitt Romney ënnert anerem vun de “47%”, déi hien net kéint mobiliséieren well se komplett hannert dem President giffe stoen. Dat wieren Leit, déi sech als Opfer gesinn; Leit, déi mengen de Staat wier hinnen iergendeppes schëlleg. Déi Leit kann de Romney net a säi Lager kréien, an déi Leit well hien och net do hunn. Leit, déi et net wirklech brauchen, an awer op Käschten vun aaneren Steierzueler liewen, si faul & Schmarotzer, wéi een op lëtzebuergesch giff soen. Déi Leit, déi 47 Prozent, hunn hire Mann am Oval Office setzen a giffen dofir ni fir een stëmmen, deen mat där Politik definitiv net averstaanen wier, sou de Mitt Romney.

Dat kennt bestëmmt bei de republikaneschen Wieler extrem gutt un. Si fannen déi méi sozial/”extrem” Politik vun engem President Obama net gutt. Et ass “anti-amerikanesch”… an dat net, well Amerikaner net gären Leit hellefen (ganz am Contraire!), mä well et géint den amerikaneschen Dram geet faul ze sinn & well een gläichzäiteg domatter deenen aaneren Leit nach Suen/Steiersuen ewech hëlt an dës Leit hiren amerikaneschen Dram da vläit net kennen verwierklechen.

Dofir brauch een, aus der Siicht vu republikaneschen Wieler, een aneren President; awer net onbedéngt de Mitt Romney. Si hunn hien nach ëmmer net wierklech komplett an d’Häerz geschloss (wat och un déi net sou gutt Convention ka gekoppelt ginn, wou eng grouss Chance verpasst gouf dëst ze maachen) an awer ass hien lo de Kandidat. Och wann een en aneren Mann aus der Partei wuel léiwer um Ticket gehat hätt. E Marco Rubio zum Beispill. E Latino! 

latino

Stëmmen vu Latinos kennen
Wahlen entscheeden (Grafik: Williams)

Vu Latinos schwätzen de President Obama & de Mitt Romney gären, mä de fréieren Governor aus Massachusetts huet eng ganz speziell Verbindung zu de Latinos. Säi Papp, a fréieren Governor vu Michigan, gouf a Mexico gebuer. Dem Mitt seng Grousselteren sinn awer keng Mexikaner, mä US-Amerikaner gewiescht an domat wier säi Papp, sou de Romney um Fundraiser, dann och keen richtegen Latino. Wa säi Papp Latino gewiescht wier, an hien dann elo de Jong vun engem Latino wier, hätt hien besser Chancen… dat zumindest huet de Mitt Romney sengen Leit um Fundraiser gesoot.

“[My dad] was unfortunately born to Americans living in Mexico…. I mean I say that jokingly, but it would be helpful to be Latino.”

An Zäiten, wou d’Aarbechtslosegkeet bei Latinos & Leit, mat méi donkeler Hautfaarf, méi héich ass wéi bei all hiren Matbierger, ass dat net onbedéngt eng gutt PR Aktioun fir ze soen et wier elo “helpful” e Latino zesinn. Et wäert och net hëllefen, d’Zoustëmmung fir de Romney bei de Latinos an d’Lut zedrecken. Bei Latinos läit nämlech de Barack Obama momentan vir… an de Mitt Romney op enger Héicht mam Resultat vum John McCain 2008, wat definitiv net duer gaangen ass. Latinos si ganz wichteg fir d’Wahlen ze gewannen. (cf. Grafik)

Ausschnëtter vum Romney senger Ried

Esou schéngt et wéi wann déi ganz schlecht läscht Woch vum Romney, wou hien vrum & nom Mord um US Ambassadeur zu Benghazi keng gutt ëffentlech Duerstellung vu sech gebueden huet an d’Kritik u senger feelender aussepolitescher Erfahrung rëm méi grouss gouf, just de Start fir eng weider schlecht Woch gewiescht ass. De Mitt Romney muss ganz schnell d’Rudder ëmrappen a mat enger neier Strategie kommen fir d’Wahlen ze gewannen. Een Deel vun där Strategie dierft wuel sinn: den Demokraten net méi sou vill Virlaagen ginn.

Et ass jo schonn erstaunlech, dass mer 50 Deeg vrun de Wahlen e President – wann och knapp – an den Ëmfroen vru sengem Géigner hunn, wa gläichzäiteg d’Thema Nr. 1 (mat Ofstand!) bei de Leit d’Economie & Aarbeschtsmarché ass & de President hei net ka glänzen. 8.1% ass den Aarbechtslosentaux am August gewiescht. Dat sinn 0.3% méi wéi den 20ten Januar 2009, deen Dag wéi den Barack Obama vrun 2 Milliounen Leit den ‘Oath of Office’ geschwat huet. En plus, ass den Aarbechtslosentaux just ëm 0.2% am läschte Mount gefall & dëst just well honnert Dausenden vu Leit sech aus dem Arbeschtsmarché gezunn hunn (an dofir net méi offiziell als Chomeur gezielt ginn). All dat geschitt, respektiv ass geschitt, mä de President Obama muss (nach?) net Stellung dozou huelen. En einfachen “Et hätt kennen schlëmmer kommen” geet momentan duer. Dat aus dem ganz einfachen Grond well d’Team Romney déi läscht 10 Deeg (de 7. September gouf de läschten ‘Jobs report’ verëffentlecht) domatter verbruecht huet, selwer Feeler ze maachen déi de President a seng Leit da konnten grouss kritiséieren. Elo sinn et just nach 50 Deeg bis d’Wahlen. Dat heescht esou Pannen, esou Feeler, déi 10 Deeg (oder méi) kaschten dierfen net méi geschéien, soss geschitt dat wat vrun e puer Méint nach keen wirklech konnt erwaarden: de republikaneschen Presidentschaftskandidat verléiert géint de President Obama – an dat (bei de Wahlmänner) kloer.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s