Alles war prett fir de grousse Moment. Eng ‘perfekt’ Convention kruten d’Amerikaner vun den Demokraten gebueden. E méiglechen neien Stär um Parteihimmel, Julián Castro; eng extrem gudd an emotional Ried vun der First Lady; eng genial Ried iwwert d’Economie vum fréieren President Bill Clinton, deen bal 1/3 vun der Ried fräi ‘improviséiert’ huet mat kloeren Zuelen & perfekten Erënnerungen (d’Fact Checkers haten net vill zedinn, wat een e.a. beim leschten ‘Fact Check’ vun der Associated Press gesäit [hei]); eng gutt argumentéiert aussepolitesch Ried vum John Kerry, deem seng Chancen op den Ausseminister Posten no enger Obama Wiederwahl weider geklomme sinn; an, eng energesch Ried vum Vize-President Biden. 

3 Deeg laang huet praktesch all demokrateschen Riedner de Mitt Romney fir seng, elo berühmten, Op-Ed an der New York Times,”Let Detroit Go Bankrupt”, kritiséiert gehat. Et gouf him virgeworf 1.1 Millioun Aarbeschtsplazen domat op d’Spill gesat zehunn. 

3 Deeg laang huet et geheescht, dass General Motors elo um Liewen ass & den Osama bin Laden doud wier. “Ask Osama bin Laden if he’s better off today than he was 4 years ago!”, sou de fréieren Presidentschaftskandidat Kerry a senger Ried um Donneschden. Et war eng Uspillung op d’republikanesch Strategie d’Wahlen 2012 als e Referendum iwwert d’Leeschtung vum Obama ze verkafen. Dëst während d’Partei un der Muecht natierlech d’Wahlen éischter als e Choix tëschent 2 verschiddenen Denkweisen ugeséit: der gudder & richteger (hirer) sou wéi der schlechter & béiser (Republikaner). Et dierf, fir d’Team Obama, keen Referendum iwwert d’Economie sinn, well et dann wuel (wéi a villen EU Länner gesinn) praktesch onméiglech fir den Amtsinhaber ass, d’Wahlen ze gewannen. 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Den 42 Mount noeneen ass den Aarbeschtslosentaux bei iwwer 8%

Iwwer 8 Prozent ass den Aarbeschtslosentaux am August gewiescht an eng 17 Prozent bei der Jugendaarbeschtslosegkeet. Manner wéi 100,000 Aarbeschtsplazen goufen just am läschte Mount geschaf. Dat läit net nëmmen ënnert den Erwaardungen, mä erfëllt gläichzäiteg just de Minimum fir mat der Populatioun matzehalen (dofir mussen 90,000 – 120,000 de Mount an den USA geschaf ginn). Iwwer 300,000 hunn sech am August aus dem Aarbeschtsmarché erausgezunn, well se keng Chance op Aarbescht gesinn. Den Taux vun den aktuellen Aarbeschter ass sou déif wéi zënter iwwer 30 Joer net méi. Fir genee zesinn, war den Taux fir d’läscht sou déif am Ufank vum Joer 1981. Et war dëst gläichzäiteg den Ufank vun der Presidentschaft vum Ronald Reagan, no deem senger Victoire géint den Jimmy Carter – mat deem de President Obama, am republikaneschen Lager, nëmmen all ze gären verglach gëtt.

Bei enger Saach sinn de President Carter & de President Obama awer komplett verschidden: Aussepolitik. Während ënnert dem Carter – an jo, eigentlech och dem Bill Clinton – d’Demokraten als “Mommy party” bezeechent goufen, huet een ënnert dem Obama (an dat huet d’DNC 2012 ënnerstrach) de Republikaner den Titel als “Daddy party” ofgelaf. En Demokrat kann och alt emol haart sinn, d’Land beschützen & wann et muss sinn, kuerzerhand dofir an e Land eragoen, mat deem een net am Krich ass. 

ob co

De President Obama en Donneschden 
    bei senger 'Acceptance Speech' (Foto: AP) 

Mä, obwuel all déi Rieden an Presentatiounen als ‘Daddy party’ schéin als Opbau fir dem Obama seng Ried waren, esou war et en Donneschden den Owend awer um President selwer dem Vollek zesoen firwat hien eng 2t Amtsperiod verdéngen géif. A beim Vollek ass eng Saach aktuell am wichtegsten: Economie & Aarbeschtsplazen. Wat gëtt elo gemaach? Wéi komme mer rëm wéini wou hin? A wat erwaart eis wuel op deem Wee? Et huet een no Detailer gefrot, a wollt zumindest den Ufank dovunner gesinn.

Den Ufank vun der Ried war vill verspriechend. An dësen Wahlen wieren “two fundamentally different visions for the future” vum Land & d’Amerikaner missten entscheeden wéi eng dass si wéilten. De President giff beispillsweis an alternativ Energie investéieren an den Import vun Ueleg, deen an de läschte 4 Joer erofgaangen ass, weider reduzéieren. (D’USA ass iwwrengs, laut CNN Fact Check, aktuell um Wee fir ab dem Joer 2020 guer keen Ueleg méi mussen z’importéieren!) De President Obama giff 100,000 nei Mathé a Science Proffen astellen, während d’Tuition Fees fir d’Studenten sollen halbéiert ginn. A béide Fäll ginn et do Problemer mat der Ried, well dem Wieler net erkläert gett, wéi déi Zieler sollen erreecht ginn. Méi Schoulmeeschteren astellen & Aschreiwungsfraisen fir d’Studenten halbéieren ass vläit e gudden “sound bite”, wéi dat sou schéin déi Säit dem Atlantik genannt gëtt, mä ass dat wirklech realiséierbar? Wou sollen déi Suen hierkommen fir déi Zieler z’erreechen? Eng Äntwert bleiwt de President de Wieler hei nach schëlleg. 

Dat Bescht un der ‘Acceptance Speech’ vum Obama war net firwat een hien als 44ten U.S. President soll erëm wielen, mä firwat de Mitt Romney net den 45ten soll ginn.  

  • “You don’t call Russia our number 1 enemy – and not al Qaeda – unless you’re stuck in a Cold War time warp.”
  • “You might not be ready for diplomacy with Beijing if you can’t visit the Olympics without insulting our closest ally.”

Dat si Saachen, déi bei der Parteibasis gutt ukommen. Et war, wann een d’Democratic National Convention zu Charlotte verfollegt huet, scheinbar och d’Ziel vun de Leit rondrëm den Jim Messina (Campaign Manager vum Obama) & David Axelrod (Senior Advisor vun der Campaign) fir zemools d’Parteibasis mol rëm z’erwächen. Mä et muss een mol net vill vun US Wahlen verstoen fir ze wëssen, dass een alleng mat der Parteibasis keng Wahlen gewënnt. An dësem gudden Deel ass mir zumindest en Zitat aus der Convention Ried vun 2008 zu Denver ëmmer rëm an de Kapp komm, wéi den dunn Senator Obama iwwert dem John McCain seng Campaign Strategy sot:

“If you don’t have a record to run on, then you paint your opponent as someone people should run from.”

Et dierf keen wonneren, wa verschidden Republikaner an de leschten knapp 60 Deeg dem Barack Obama deen Saz entgéint puchen, respektiv et a Reklammen benotzen. Natierlech huet de President eppes an de leschten Joeren gemaach a fäerdeg bruecht, mä d’Economie – wéi uewen beschriwwen – rullt (zemools och wéinst Europa) nach net sou richteg. Genee dofir gëtt de President jo gären “Orator-in-Chief” genannt: e giff alt gutt (wann och heiandsdo am Stil vun engem Uni Professer) Rieden ginn, mä déi politesch Realisatioun vu Projeten wier schlecht. 

bo co 1

Wou geet et an den nächsten 4 Joer hin?  (Foto: ABC News)

Bei sou enger schlechter Economie erstaunt et dann och dass sou Themen wéi ‘Aarbeschtsplazen schafen’ oder dem President säin eegenen “American Jobs Act”, deen am House of Representatives vun de Republikaner geblockt gouf, net an der Ried erwähnt goufen. De President Obama bleift, genee wéi säin republikaneschen Géigekandidat Romney eng Woch virdrun zu Tampa, den Amerikaner hei nach eppes schëlleg. 

E bësschen eppes huet den Obama iwwert d’Economie gesot. Den Defizit sollt zemools duerch d’Aspuerungen beim Militär méi kléng ginn. Wou genee beim Militär gespuert gëtt, respektiv wéi vill dëst de Budgetsdefizit giff rëm an d’Riicht béien… jo, dat gouf net ugeschwat. Och op d’Fro, wéi de President eng weider Reduzéierung vun de Gesondheetskäschten bei Medicare (fir Senioren) well erreechen & gläichzäiteg de Budget domat net  well belaaschten, gouf et net een Hauch vun enger Äntwert.

Beim Barack Obama ass et duebel Schued, dass keng Äntwerten koumen, well déi ganz Convention eppes opgebaut huet & de President net mathalen konnt. Hien huet eng Ried ginn, déi weder déi bescht op der Convention war, nach zu engen vun deenen beschten vu senger Carrière dierft zielen. Een richtegen “Convention bounce” (e Sprong an den Ëmfroen no der Convention) dierft domat net wierklech zustan kommen; oder zumindest gouf et en Donneschden keen “knock-out punch” fir de Mitt Romney. 

D’Fro, déi een sech muss stellen, ass firwat goufen keng konkret Pläng fir d’Aarbeschtswelt & Economie virgeluecht? Déi eenzeg plausibel Äntwert dierft wuel déi aktuell polariséierent Atmosphär an der U.S. Poltik sinn. Wann een säi Programm virleet, huet de Geigner eng grouss Chance op dësen zeklappen – a misst säin eegenen emol net presentéieren fir Wieler zekréien. Dat ass vläit dann aus strategescher Siicht hin ganz gutt vu béide Campaigns aktuell da gemaach, et schued awer der gréisster Demokratie.

Och wann de President Obama zum Schluss vu senger Ried rëm op d’Hoffnung zeschwätze koum, sou huet hien eppes net méi an de Mond geholl: Washington veränneren. Dat war 2008 versprach & net gehale ginn. Egal ween de 6ten November gewënnt, déi extrem partei-orientéiert/ideologesch-baséiert an, heiandsdo, bal ‘vergëft’ Atmosphär wäert d’Amerikaner wuel nach bis minimum d’Enn vun der Kris begleeden. Déi Kris, sou Wirtschaftsexperten dës Woch, wäert an den USA wuel nach bis Mëtt 2015 daueren. Dann befanne mer eis um Ufank vun der Campaign 2016… d’Hoffnung stierft bekanntlech fir d’läscht 😉

(Déi ganz ‘Acceptance Speech’ vum Obama.
A well ech d’läscht Woch de Blog nach net online hat: ënnert dësem Link fannt der dem Mitt Romney seng)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s