No der Republikanescher Convention d’läscht Woch zu Tampa (Florida) ass et dës Woch un den Demokraten zu Charlotte (North Carolina). Hei gouf et deen éischten Owend ënnert anerem een Tribute Video fir de verstuerwenen Senator Edward M. “Ted” Kennedy, bei deem den Joe Kennedy III (een Enkel vum Ted Kennedy sengem Brudder Robert “Bobby” Kennedy) d’Introduktioun ginn huet. Den Joe Kennedy III huet muer um Donneschden d’Virwahlen vun den Demokraten fir d’November Wahlen fir de 4ten District vu Massachusetts am US House of Representatives ze vertrieden.

 

Nom Kennedy Tribute & der Geschicht vum Stacey Lihn senger Famill, déi dank ‘ObamaCare’, d’Krankekäschten vun hirem klengen Meedchen (2 Joer; Häerzfehler) iwwerhaapt kennen bezuelen, ass de fréieren Chief of Staff vum President Obama op d’Bühn komm. Och wann den Rahm Emanuel net fir Standing Ovations am Sall gesuergt huet, sou huet den aktuellen Buergermeeschter vun Chicago den Ufank fir e gudden Owend gemaach. Et war eng richteg staatsmännesch Ried vun deem Mann, deen wéi hien an den 1990er ënnert dem Bill Clinton am West Wing geschafft huet, als “Rahmbo” bezeechent gouf. Sollt hien seng Saach zu Chicago, wat déi drëttgréissten Staat an den USA ass, gutt maachen, dierft hien wuel a 4 oder spéitstens 8 Joer selwer an d’Course ëm d’Wäisst Haus goen… 

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

“The American Dream is not a sprint or even a marathon”

Kuerz dono war et och schonn un den Zwillingen Castro. Deen, ëm 1 Minutt, méi alen Julián Castro huet dierften als 1ten Latino d’Keynote Address vun der Demokratescher Convention ginn. Dem jonken Buergermeeschter vun San Antonio gëtt eng méiglech grouß Zukunft virausgesot. Et ass den sou groussen Dram vu béide Partei’en: e Latino als Kandidat zehunn, deen gläichzäiteg och d’Basis beweegt. Fir d’Republikaner ass dat de Senator Marco Rubio aus Florida, fir d’Demokraten kéint et den Mayor Julián Castro ginn.

Et dierf een seng Ried net mat där vum Barack Obama 2004 vergläichen… oder zumindest dierf een net erwaarden dass dem Castro säi Stär sou séier wäert klammen wéi deen vum President. Den Barack Obama war 2004 alt e State Senator & just nach 1 Wahl dovunner ewech an den U.S. Senat zekommen. Do huet de jonken Castro nach méi e wäiten Wee… och wa kloer ass, an dat huet säi Brudder Joaquín an engem Interview dëser Deeg festgehal, dass den Julián sech fir d’éischt op déi lokal Politik well konzentréieren & dono vläit kennt Governor vun Texas ginn. Een demokrateschen Latino, deen Governor vun Texas wier… hien wier direkt e groussen Mann an der Partei. E muss den “Ëmwee” iwwert den U.S. Senat/Washington D.C. net maachen fir an d’Wäisst Haus zekommen.

 

A senger Ried huet den Julián Castro ënnert anerem d’Geschicht vu senger Famill erzielt & keng Méiglechkeet ausgeloos de republikaneschen Kandidat Romney ze kritiséieren.  

“A few months ago [Mitt Romney] visited a university in Ohio and gave the students there a little entrepreneurial advice. “Start a business,” he said. But how? “Borrow money if you have to from your parents,” he told them. Gee, why didn’t I think of that?”

Och wann een an den USA an 1 Generatioun e grousse Wee kann zeréckleeën, sou wier et, wéi de Mayor Castro sot, kloer dass den amerikaneschen Dram weder e Sprint nach e Marathon wier, mä e Staffellaaf. Hei e puer Extraiten aus der Keynote:

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

“Let us never forget that doing the impossible is the history of this nation”

Direkt no der Keynote koum dunn den 2ten Highlight vun der Prime Time: d’Ried vun der First Lady. Laut CBS News, huet d’Michelle Obama  déi Ried selwer geschriwwe gehat. Et war eng Ried déi vun alle Säiten gelueft gouf. Den Anderson Cooper vu CNN huet bspw. gemengt, dass hien nach ni sou eng gutt virgedroen Ried vun enger First Lady héieren huet. Et war eng Ried déi jiddereen am Bann haat. D’Michelle Obama huet déi grouss Hall mat e puer dausend Leit am Grëff gehat. Si huet vun hirem Mann erzielt, dovun dass hien sech net verännert hätt, dovun dass et nach souvill Saachen ginn, déi hien well änneren. Si huet vum Barack & hiren Wäerter geschwat, vun hirer Famill… an dass si haut net méi Angscht huet vrun deem wat mat hirer Famill geschitt wann si an d’Wäisst Haus kommen, keng Angscht méi huet wat et giff mat hire Meedercher maachen déi am Rampenlicht opwuessen. Nee. Haut hätt se éischter Angscht wat fir hir Meedercher & all déi aner Famillen a Kanner, wann hire Mann net giff zréck gewielt ginn. Gläichzäiteg huet se d’Leit opgefuerdert am November wielen zegoen. Wann een dat net mécht, giff een jo eigentlech dei Leit beleidegen, déi dofir gekämpft hunn dat Recht zekréien & déi déi fir d’Secherheet vum Land um aaneren Eck vun der Welt, am Afghanistan, fir dat Recht kämpfen.

An enger Analyse vun der Ried muss een wuel soen, dass 2 vun den 3 grouss Methoden vun der Rhetorik massiv benotzt goufen: Ethos an Pathos. 

Schued, dass d’Michelle Obama wuel ni selwer wäert fir e politescht Mandat kandidéieren & dëst wuel den Héichpunkt vun hirer politescher Carrière war. Schonn alleng dowéinst muss een d’Ried kucken:

(Zemools de Schluss ab 23:56 ass genial)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s