Vrun 12 Joer hunn ech am Alter vun 11 mäin éischten politeschen US Wahlen Summer mat Conventions materlieft. Et ass déi eelsten Erënnerung déi ech u meng Renconter mat der Politik hunn. 2004 hunn ech fir naischtnotz.net een “Amerika wielt – naischtnotz live” Spezial gemaach. A vru 4 Joer goung et hei um Blog richteg lass, mat Live-Video Berichter via Ustream, Live-Blogging vun Debatten bis hin zur “grousser” Prognose wéi d’Wahlen wäerten ausgoen (bei där ech déi 47 Staaten, déi ech getippt hat, och richteg getippt hat. Yay! ^^).

Haut puchen ech mech dann definitiv an d’US Wahlen 2012 – meng véierten US Presidentschaftswahlen. Dëst mat engem ganz néien Design vum Blog & mat Informatiounen iwwert d’Kandidaten. Dobäi ass een weideren wöchentlechen Mini-Podcast geplangt, genee wéi wuel déi eng oder aner Video’en an deenen ech mat der US-Kaart & de Wahlmänner hin an hier “spillen.” Live-Blogging ass och geplangt, genee wéi eng weider Saach, déi ech hei nach net well verroden, déi awer wierklech flott kéint ginn. Mä do muss een nach waarden, well ech déi Saach fréistens Ufank Oktober well man.

Lo heescht et awer sech an déi läscht 2 Méint vun dësem Wahlkampf stierzen! 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s