Zum Deel Schoulesch an zu engem groußen Deel Privates mat Doudesfäll an der Famill & Frendeskrees huet dofir gesuergt, dass et hei um Blog (an um Twitter Account @letz_politblog) an de läschte Wochen a Méint zu kengem, resp. bal kengen/onregelméissegen Updates, koum.
Leit déi mech kennen wessen dass et mer net liicht gefall ass, zumools an däer warmer Phase vun de ‘Primaries’ an den USA (awer och de Wahlen a Frankräich, d’Situatioun a Syrien & DR Congo, Wickréng/Léiweng an d’Eurokris), (bal) net iwwert déi Themen zebloggen/zetwitteren.

Ech plangen awer dass et geschwënn rëm hei um Blog – an op Twitter – richteg mat regelméissegen Posts & villen Tweets weidergeet. Besser gesoot soll et ab en Donneschten/Freiden d’nächst Woch rëm voll lass goen. Da schmeissen ech mech mat dësem Blog & dem Twitter-Feed e.a. voll an den US Wahlkampf. Ech hunn e puer Saachen geplangt, déi wann se all klappen, de Wahlkampf kéint richteg “flott” man – souwäit wéi e Wahlkampf an engem aaneren Land op der aanerer Säit vum Planéit ka “flott” sinn. 😉 Loost iech iwweraschen.

Elo bleiwt mer just nach e schéinen Sonnden zewënschen… an zesoen, dass soubaal ech en Donneschten/Freiden nees voll Internet hunn, et wäert lass goen… 😉

Bis geschwënn.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s