Geschter war bekanntlech de “Super Tuesday” an den USA. E war méi kléng wéi nach 2008. Dës Kéier gouf an “nëmmen” 10 US Staaten gewielt: Vermont, Massachusetts, Oklahoma, Georgia, Virginia, Alaska, Idaho, North Dakota, Tennessee an Ohio.
Déi 2 läscht Staaten sollten déi wuel wichtegst vun dësem “Super Tuesday” sinn. Ohio well nach nie e Republikaner an d’Wäisst Haus komm ass ouni deen Staat bei de Wahlen zegewannen. Tennessee well et net den “typeschen” Südstaat ass an een dofir konnt dovun ausgoen dass de Mitt Romney eng Chance hei hätt. Mä fänke mer vir un…

Um Ufank vum Owend sinn Virginia an Vermont direkt bei de Mitt Romney gaangen. Dat war keng Iwweraschung. Zu Virginia war deen eenzegen Geigenkandidat just de Ron Paul, deen zwar 40% vun de Stëmmen kritt huet, mä awer nach emmer muss op séng éischt Victoire an dëser Course warden. Séng extrem economesch & aussepolitesch Haltung schéngt net wirklech gudd bei de republikanesche Wieler unzekommen.

Georgia gouf vum Newt Gingrich gewonnen, deen zënter sénger Victoire zu South Carolina Enn Januar laang op eng 2ten Victoire huet misste warden. Georgia, en Nopesch-Staat vun South Carolina, war déi fréier Heemescht vum Newt Gingrich. Hien war fir Georgia am US House of Representatives an do bekanntlech vun 1995-1999 “Speaker.” Séng aktuell Heemescht, Virginia, konnt hien net gewannen, well hien net déi néidesch Ennerschrëften mat Zäiten erakritt huet fir op de Wahlziedel zekommen. Fir den Newt Gingrich ginn et e puer schwiereg an decisiv Deeg, mä dozou speider méi.


Et gett schweier fir de Gingrich & säi Wonsch no engem Romney-Gingrich Kampf

Den Mitt Romney konnt dunn och Massachusetts (séng Heemescht) gewannen an dat mat méi engem groussen Prozentsatz wéi de Gingrich Georgia gewonnen huet. Ebenfalls fir de Romney waren Idaho a speider och Alaska. 2 Enttäuschungen goufen et awer fir d’Romney Camp: Tennessee an North Dakota.

Béid Staaten goufen net nemmen locker vum méi konservativen Rick Santorum, dem fréieren US Senator vun Pennsylvania, gewonnen, nee de Romney ass zu North Dakota nëmmen den 3ten, hannert Santorum & Ron Paul, ginn. 2008 hat de Mitt Romney deen Staat nach géint de speideren Republikaneschen Presidentschaftskandidat John McCain gewonne gehaat.
D’Santorum Victoire zu Tennessee muss eng komplett Enttäuschung fir d’Romney Leit gewierscht sinn. Et war wuel déi gréisste Chance fir eng Victoire am Süden (Florida & Virginia ausgeholl) zekréien. Gett et am Süden e Problem mam Romney sénger Relioun (hien ass Mormon)? Et kéint duerch aus sinn, oder de Romney ass eben net konservativ genuch fir d’Wielerschaft am Süden. Et stoung jiddefalls ganz séier gëschter Owend fest, dass de Santorum Tennessee giff gewannen.
Dat nämlecht Szenario dann och fir Oklahoma, just dass do keen mat enger Romney Victoire gerechent haat.

Wat bleiwt? Ohio.
Mat 5 Victoiren fir de Romney (Alaska, Idaho, Massachusetts, Vermont & Virginia), 3 fir de Rick Santorum (North Dakota, Oklahoma & Tennessee), 1 fir Newt Gingrich (Georgia) ass et nach ëm Ohio gaangen.

Et war eigentlech vun Ufank un kloër dass de Rick Santorum net déi meeschten Delegates aus Ohio wäert kréien. Dat well et administrativ Problemer/Feeler bei der Santorum Campaign fir verschidden Districts am Staat goufen. Mä US Wahlkampf heescht och “Momentum” kréien. Et geet ëm d’Gefill dass een gewennt. Eng Victoire um “popular vote”, a wann se nach sou kléng gewierscht wier, wier fir de Santorum eng extrem gudd Nooricht gewierscht. Ohio wier als Santorum-Victoire an d’Bicher geschriwwe ginn, och wann de Romney méi Delegates kritt hätt. De Faite dass et sou an de “Geschichtsbicher” giff stoen, hätt der Campaign vum Santorum vill bruecht.

Esou koum et awer net. No engem laangen Kampf konnt de Mitt Romney de Santorum nach iwwerhuelen (de Santorum war mat Zäiten alt iwwer 15,000 Stemmen vrum Romney). Problem fir de Romney, trotz Victoire: keen “Momentum.”

De Romney war/ass de Frontrunner. Hien ass dee Kandidat, deen wuel géint den President untrëtt (wéi et momentan ausgesäit). Ween well Kandidat vun der Partei ginn, respektiv souguer d’Wäisst Haus gewannen, muss Ohio gewannen… an dat mat Ofstand.
Dat ass him net gelongen. An dat war 2008 bei den Demokraten och dem Hillary Clinton net gelongen. Wat heescht dat? Den “Underdog”, an dësem Fall Santorum, steet als kléngen ‘Gewenner’ do.


Kann de Santorum defintiv zum “Anti-Romney” ginn? (Source: WaPo)

Ausblëck
Wei geet et weider? Elo geet et e.a. op Kansas, Mississippi an Alabama. 3 Staaten, déi net besonnech fir de Romney sinn. An et geet och lo an den nächsten 7 Deeg net ëm de Mitt Romney, mä ëm Santorum & Gingrich. De fréieren Speaker muss minimum Alabama an Mississippi gewannen, wann hien nach well dobäi bleiwen. Sollt de Rick Santorum déi 2, vläit souguer déi 3 genannten Staaten, gewannen, wäerten wuel ëmmer méi Konservativer den Newt Gingrich opfuerderen séng Campaign opzehaalen & dem Rick Santorum d’Chance ginn an engem 1-géint-1 den Mitt Romney vläit nach ofzefänken.

De Ron Paul wäert wuel, trotz enger erëm enttäuschender Nuecht, weider an der Course bleiwen an, wéi 2008 schonns, bis op d’Convention goen. Verschiddener hunn an de läschten Deeg dem Ron Paul virgeworf dëst just wellen zemaachen an der Hoffnung dass säi Bouf, den “Kronprënz” vun der Tea Party, Rand Paul, dem Mitt Romney säin “Running Mate” gett. Eng Idee fir een republikaneschen ‘Ticket’, déi ech perséinlech zënter Ufank Januar hunn… an een ‘Ticket’ deen dem Team Obama dierft vill Suergen bereeden.

De Mitt Romney muss déi nächst Staaten eigentlech vergiessen. Mat enger Victoire am Tennessee hätt hien wuel probéiert an de Süden elo matspillen zegoen, mä esou dierft dat wuel just Verschwendung vun Resourcen sinn. De Mitt Romney muss awer och ferm oppassen, well d’Chance vun enger “brokered Convention” emmer méi grouss ginn. Dat ass eppes wat hien definitiv net wéillt, an dat ass, op der aanerer Säit, de Grond firwat – trotz Réckstand bei den Delegates – keen Santorum oder Gingrich bis elo opginn hunn.

Wat ass eng brokered Convention?
Fir Kandidat vun der Republikanescher Partei 2012 zeginn brauch een Kandidat 1144 Delegates op der Convention. Momentan sinn Romney, Santorum, Gingrich a Paul nach wäit dovunner ewech. Bei verschidde Szenarien mat enger Romney-Santorum-Gingrich Course (de Ron Paul gesinn ech aktuell net wirklech als e méiglechen Kandidat) oder enger Romney-Santorum Course oder enger Romney-Gingrich Course kéint et knapps ginn fir de fréieren Governor vun Massachusetts déi “magesch Zuel” z’erreechen.
Wa beim éischten Vote op der Convention keen Kandidat vun den Delegates 1144 Stemmen kritt, sinn Delegates “fräi” – mussen also net méi fir deen Kandidat ofstëmmen, deen sie sollten fir hiren District representéieren. Delegates kéinten dann irgendeen Kandidat_in zum Presidentschaftskandidat_in wielen. Jo, och Leit déi net mat an d’Virwahlen gaangen sinn kéinten als “Konsens-Kandidat” vun den Delegates gewielt ginn.
Aktuell ‘Favoriten'(also déi déi am meeschten elo genannt ginn) an esou engem Szenario: de Governor vun New Jersey Chris Christie, de Governor vun Indiana Mitch Daniels, de fréieren Governor vu Florida Jeb Bush… an, ëmmer mat dobäi, fréier Governor vun Alaska Sarah Palin.

Déi bekanntesten “brokered Convention” an der US Geschicht ass déi vun den Demokraten 1924, wou et e Konsens Kandidat mam John W Davis. Den Davis huet dono d’Wahlen géint de President Coolidge verluer. Deen läschten Presidenschaftskandidat, deen eng “brokered Convention” iwwerstaan huet, an dono och zum President gewielt gouf: de Franklin D Roosevelt am Joer 1932.

“Brokered Conventions” geschéien net oft, mä 2012 kenne mer vläit sou eng gesinn. Egal wéi awer huet een geschter op der Wall Street gesinn, dass schlecht Nouvellen aus der EU & China ganz séier d’US Economy erem kennen zréck puchen, an déi (elo schonns) massiv Steigung vum Uellegpräis wéinst dem Iran-Konflikt huet alles negativ Auswierkungen op e President Obama.
E weidert Unzeechen, dass et am November ka knapps ginn. De President Obama huet Demokratesch Virwahl zu Oklahoma mat nemmen 56% gewonnen gehaat a wäert net alleguerten Delegates aus deem Staat kréien. Och wann hien keen groussen nationalen Geigner huet, war et och keen perfekten Super Tuesday fir d’Obama Camp.

Et ass Mäerz. D’Wahlen sinn de 6ten November… an et kéint, nom “langweilegen” Wahlowend 2008, erem ganz, ganz spannend also ganz, ganz knapps ginn. Een meiglechen Szenario wier en 269 – 269 Gläichstand am November – “Dram-Szenario” vun de Medien & Politik Verreckter. Dann giff nämlech Ufank Januar d’nächst Joer “US House of Representatives” entscheeden wien President gett. Wéi deen Oflaaf da wier, ween wéi dierf stemmen, erkläeren ech awer erréicht, am Hierscht a wann Emfroen eng 269-269 Course als defintiv méiglech uginn. 😉


Do wellen se all hin. 1600 Pennsylvania Avenue och nach White House genannt. (Source: BBC)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s