Den 20ten Januar 1942 hu sech 15 héichrangech Nazi’en zu Berlin getraff. Dëst Treffen sollt herno als “Wannseekonferenz” an d’Geschichtsbicher stoe kommen. Um Ordre du Jour stoung d'”Endlösung der Judenfrage” an Europa “ze fannen.”

E Symbol vun der Propaganda war déi sougenannten “Judenkrake”:

(Quell)

Dëse Weekend haaten d’Geigner vum “ACTA” Ofkommes, wat zënter 2006 schons diskutéiert gouf & zënter 2010 schonns fäerdeg do steet, zu Lëtzebuerg an an aaneren EU Stied dogéint protestéiert. Benotzt gouf folgend Bild:

70 Joer no der Wannseekonferenz ass et also rëm ok fir sech mat der “Judenkrake” – engem vun de gréissten antisemiteschen Biller déi et ginn – knippsen zeloosen. Souguer Politiker hu kee Problem domat, eent, zwee, dräi a laachen:

(Quell)

P.S. Dierf ech och soen dass een sech wirklech muss schummen?! Op der “stoppACTA” Demo waren scheinbar iwwer 300 Leit, e besschen méi spéit waren um “Marche de Solidarité” vun Amnesty International fir d’Leit a Syrien just 50 Leit. Wou waren do d’Parteien? Wou waren do déi engagéiert Leit? Zum Glëck war de “Marche de Solidarité”, deen d’Amerikaner am läschten Joerhonnert fir d’Europäer gemaach haaten besser besicht.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. Ech wees net op an dat Bild esouvill eran interpretéieren sollt. Et kann een ëmmer iergendwou eng Ähnlechkeet zu iergendeppes fannen.

    Sécher, et hätt een eng besser Symbolik wielen kennen, ma ech bezweiwelen dass d’Createuren eppes an deem sënn am Hannerkapp haten.

    Zoufall, wann s de mech frees.

    Zum “Marche de Solidarite” denken ech einfach dass vill Leit dat iwwerhaapt net woussten. Ech wor och iwwerrascht wou ech et an den Noriichten gelies hunn.

    Reply

  2. Tentefeschkarrikaturen an deem Stil ginn et der vill – z.B:

    Ech mengen net, dass do een genau dat vun Dir zitéiert Bild am Kapp hat, wéi en dee Plakat designed huet.

    Reply

  3. @mulling
    “Judenkrake” kennt all Mensch – oder sollt zumindest all Mensch kennen. Et ass jo och net nemmen sou wéi wann et einfach en Tentefesch gewiescht wier, mä d’Ähnlechkeet zur “Judenkrake” si jo awer méi wéi z’erkennen. Dofir bezweifelen ech och op et wirklech sollt Zoufall gewierscht sinn.

    Ech hoffen dann alt mol, dass déi meescht Leit et net wousten. 😉

    @Johnny Chicago
    An jo et gi vill sou Karrikaturen, wou vun 99,9% wuel no der berühmter “Judenkrake” gemaach goufen. An wann ech déi do Karrikatur kucken, an se mat der “stopp ACTA” Karrikatur kucken, wieren dat jo och 2 verschidden Karrikaturen vun Tentefeschen. Hei muss jo awer zumools och d’Ähnlechkeet bei “stopp ACTA” zur “Judenkrake” opfaalen. A wéi gesot, dat ass eng Karikatur, déi eigentlech all Mensch misst kennen… a wann een dann mir eng zimlech ähnlech, praktesch genee déi nämlecht do hinner leet, ass bei bir d’Optioun ‘Zoufall’ op engen max. 5%.

    Reply

  4. “70 Joer no der Wannseekonferenz ass et also rëm ok fir sech mat der “Judenkrake” – engem vun de gréissten antisemiteschen Biller déi et ginn – knippsen zeloosen.”

    Wéivill vun deenen Läit hunn déi ‘Judenkrake’ kannt? Ech fannen dat hei alles e bëssen wäit hiergeholl …

    ““Judenkrake” kennt all Mensch – oder sollt zumindest all Mensch kennen.”
    A vun wou dann? Ech hunn dat Bild nach nie gesinn an ech giff mech lo net als en extrem ignoranten Mënsch bezeechnen …

    Reply

  5. Meng Fro ass: wéi der Däiwel kann een dat net kennen?! D’Wannseekonferenz huet d’Deportatioun vun sämtleche Juden per Güterzich an den Osten organiséiert fir se do um Fließband z’ermorden. Et war ee vun de wichtegste Momenter vum zweete Weltkrich.

    Reply

  6. Wéivill vun deenen Läit hunn déi ‘Judenkrake’ kannt? Ech fannen dat hei alles e bëssen wäit hiergeholl …

    Et ass jo net sou wéi wann ech déi eenzeg Persoun wier, déi deen Verglach mécht. Déi Story leeft zënter e puer Deeg am Internet rondrëm. An e.a. op Publikative (npd-blog) steet:

    Sie kommen damit in eine gefährliche Nähe des antisemitischen Stilmittels der Krake über dem Erdball. Dieses wird immer wieder bewusst eingesetzt, von Antisemiten und Neonazis, um dem Betrachter die Gefahr einer übermächtigen, gierigen, dunklen Bedrohung zu suggerieren.

    (Link)
    .
    .

    A vun wou dann? Ech hunn dat Bild nach nie gesinn an ech giff mech lo net als en extrem ignoranten Mënsch bezeechnen …

    Aus der Geschicht! Et ass net wéi wann dat en onbekannten d’Bild aus enger onbekannter Zäit fir Europa wier. Ech weess jo lo mol net wat méi schockéierend ass, dass just 50 Leit op de “Marche de Solidarité” gaangen sinn oder dass et serieux am Joer 2012 Leit ginn, déi “Judenkrake” net kennen.

    Reply

  7. Ech hat bis elo nach ni eppes vun der ‘Judenkrake’ héieren. Dofir war ech iwwerrascht, wéi ech dat hei gelies hunn, zumools wéi sécher sech den Tom an Thierry sinn, dass een dee kenne muss. (D’Wannseekonferenz kennen ech natierlech, huet awer elo wierklech näischt mat där Karikatur do ze dinn.)

    Dunn hunn ech aus éischtem Interesse dat gemaach, wat all intelligente Mënsch an deem Fall maache sollt, an d’Wuert Judenkrake bei Wikipedia nogekuckt. Näischt. Dunn hunn ech gekuckt op d’Bild beim Artikel zur Wannseekonferenz thematiséiert gëtt. Och net. Dat huet mech du genervt, well ech méi zum Thema wësse wollt. Also hunn ech “Judenkrake” gegoogelt, a mech iwwer déi stolz Zuel vun 128 results dozou gefreet (87 Biller, dovun 2 effektiv dat doten). Dat huet mer dunn och nach net weider gehollef, well alles wat ech fonnt hunn Leit waren déi sech genee iwwer deen do Zesummenhang geiergert hunn.

    Ech si skeptesch ginn – ass dat wierklech esou bekannt wéi hei gesot gëtt? Muss een et wierklech kennen? Sinn ech vläicht awer keen fierchterlechen Ignorant?

    Well ech mer nach ëmmer net selwer getraut hunn sinn ech zréck op Wikipedia gaang, an hunn einfach mol gelies wat do zum Kraken u sech, an zum mythologesche Kraken steet. An do hunn ech du bei der englescher Wikipedia e Link zu dësem Site fonnt: http://vulgararmy.com/

    Huele mer un, dass de Site eng gutt Datebank ass, sou ass däi Bild déi éischt sou Verbindung tëscht Juden an engem Kraken, an 1938 entstan. Säit opmannst 1830 ginn et awer sou Biller, déi deelweis de Kraken mat Kapitalismus, Sozialismus, Kommunismus, Krich, Persounen, etc. verbënnt.

    Sou, dat seet mer lo näischt driwwer ob ech d’Bild hätt misse kennen. Wahrscheinlech jo. Fair enough. Mä denken, dass dat do awer bëssen de Wand aus de Segelen vun der Diskussioun hëlt, ob et da lo haut als Plakat vertriedbar oder net ass.

    Reply

  8. Jo, d’Karrikatur ass net op der Wannseekonferenz entstaanen. Huet an deem Sënn just domatter zedinn, dass et e vun de bekanntesten Biller zur anti-semitescher Propaganda vun den Nazi’en war & sech déi Konferenz eben mat der “Endlösung” beschäftegt huet & dëst Joer dann 70 Joer hir ass.
    Ech fannen dass e.a. dësen Text Diskussioun e bësschen alt erkläert (http://npd-blog.info/2010/07/22/krake-200). An en ganz gudden Artikel ass dësen hei: https://krakenkritik.appspot.com/
    Natierlech hunn d’Nazi’en verschidden Zeechnungen bekanntlech net komplett nei entdeckt, mä giffen sech d’Politiker och stolz mat engem Plakat mam Hakekräiz ofliichte loosen? Wuel net.
    An esou ass et scho komesch, dass scheinbar (bal) keen zu Lëtzebuerg dat Bild kennt. Ech ginn zou dass mech déi Zäit mech historesch gesinn scho vu kléngem un interesséiert, mä ech hunn awer e.a. déi Karikatur alleng an der Schoul op 9e, an 11e an 12e gesi gehaat. Dat waren 2 verschidde Schoulen & 3 verschidde Proffen.
    ===
    Ech hoffen awer dass keen de Post hei direkt als e pro-ACTA Post gesäit. Dat ass et net. Et ass weder en anti-ACTA, nach en pro-ACTA Post, ma wollt just drop hiweisen. Souwisou hätt ech iwwert ACTA geschriwwen, hätt ech et ennerstrach dass et lächerlech ass, dass réischt 2012 dogéint protestéiert gett, nodeems ennerschriwwe ginn ass. An sou wéi den Accord et virgesäit, muss e just vu 6 Signatories ratifizéiert ginn fir a Kraft zetrieden. Do kéint lo souguer déi ganz EU “nee” soen, da wieren nach ëmmer 8 Signatories do fir et ze ratifizéieren. Vun dohier ass “stoppACTA” net wirklech méi eng Campagne fir et ze stoppen; oder soe mer de Succès dovunner läit bei manner wéi 1%, dass dat Ofkommes nie wäert a Kraft trieden.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s