Gëschter Owend war bekanntlech de Super Bowl XLVI zu Indianapolis tëschent den New York Giants an de New England Patriots. D’Giants hu bekanntlech 21 – 17 gewonnen –– och wëll de läschte Pass vum Tom Brady (Quarterback vun de ‘Pats’) an der allerläschter Sekonn vum Mätch keen an der Endzone vun den Giants fir en Touchdown konnt opfänken.

Super Bowl, dat heescht net nëmmen Football, Chips, Béier, Sandwich etc etc, mä all Joers och extrem vill Reklammen, déi extra fir deen Dag produzéiert ginn. D’Käschten fir eng Reklamm vun 30 Sekonnen huet dëst Joer 3.5 Milliounen US Dollar kascht, wat op den Zuschauer gerechent wuel eng $0.03(5) wäert gewierscht sinn. Dëst Joer gouf et e.a. eng Reklamm vum Gay Rights an Anti-Bullying Movement hirer langjähreger Campagne “Think B4 you speak” an… dës Reklamm mam Clint Eastwood:


(P.S. ech hätt gäeren de Video vun der Chrysler YouTube Säit geholl, mä do huet d’NFL de Video wéinst ‘Copyright’ erofhuele geloss. WTF?)

Zréck zur Reklamm… 

… bei där engem direkt 2 Presidenten & 1 Presidentschaftskandidat afaalen. Dir hutt 5 Sekonnen Zäit.

[5… 4… 3… 2… 1… 0]

Ronald Reagan, Barack Obama … an Mitt Romney.

Firwat? Ganz einfach. D’Reklamm ass eng Uspillung un eng vun de berühmtesten Reklammen aus enger Course ëm d’US Presidentschaft. Ech schwätzen hei natierlech vun der “Morning in America” Reklamm vun der 1984 Campaign vum President Reagan.
President Obama well hien d’Autoindustrie mat massive Steiergelder vun der Faillite gerett huet. Eppes wat den republikaneschen Presidentschaftskandidat Mitt Romney net gemaach hätt. Hien wollt d’Automobil Industrie, eng vun de wichtegsten Industrien (wann een op d’US Geschicht kuckt), faillite goe lossen. De Marché regléiert dat schonn. Déi economesch neoliberal Astellung, déi déi Konservativ zënter 1980 hunn, hätt dofir gesuergt, dass den US Staat Michigan lo eigentlech sou gudd wéi doud wier.

Dat ass en awer net. Den US Autosecteur ass lo rëm d’Nummer 1 op der Welt.

Heiandsdo muss een eben och bei Super Bowl Reklammen e besschen eppes vun der US Politik an US Geschicht kennen, fir alles ze verstoen. 😉
P.S. De Clip kennt net vun der Demokratescher Partei oder dem President Obama, mä eng “Thank You” Email dierft wuel op Detroit gaangen sinn. hehe…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s