Haut ass an den USA bekanntlech EXTREM vill geschidd wat d’Presidentschaftscourse ugeet. Vun der Karibik iwwert eng Santorum Victoire zu Iowa bis hin zu… dem Réckzuch vum Rick Perry.

Den eemolegen “Frontrunner” Perry séng Campaign war eigentlech schon zënter Méint eriwwer. Dat nodeems hien säin berühmten “Oops! Moment” an enger TV Debatt haat. Säi Réckzuch ass dann och eng schlecht Nouvelle fir de Mitt Romney. Fir d’Romney Campaign war et ëmmer kloer: wat méi Konservativer & méiglech Tea Party Lieblinger am Ufank dobäi sinn, wat besser fir eis.
Firwat?
Ganz einfach. De Romney giff Stëmmen vun de méi liberalen & moderaten Republikaner kréien (wat hien, wéi een zu New Hampshire gesinn huet, extrem gudd fäerdeg bréngt) an déi aaner méi konservativ Leit giffen sech geigensäiteg Stëmmen ewech huelen. Faalen also Persounen ewech, an de Krees gett méi kléng kann et vill méi séier zu engem Duell teschend dem Mitt Romney an dem “Anti-Romney” kommen. Wat dat éischter geschidd, wat d’Chancen fir den “Anti-Romney” — ween et dann och ëmmer giff ginn — guer net sou schlecht wieren fir d’Nominatioun vun der Partei awer nach zekréien.

Logesch, nee?

Scheinbar net fir den RTL, déi hei mengen, dass de Réckzuch vum Perry guer net sou schlecht wier fir den Romney. E Gedankengang deen een net wirklech ka verstoen, zumools wann een op Demographics vum nächsten Staat South Carolina kuckt.
Ech well net soen, dass de Romney wäert verléieren, mä bei däer Nouvelle si bestëmmt keng Schampes Stepp am Romney HQ geflunn.

perry
“Ich bin dann mal weg!” (Bild vun The Atlantic)

Wéi ech dunn, per Zoufall, op d’RTL Noricht iwwert “SOPA” (an dann eigentlech och “PIPA” an “OPEN”) komm sinn, hunn ech mech nach eng Kéier missten rësselen.
Zitat:

Déi amerikanesch Regierung ass kuerz virdrun iwwer SOPA (Stop Online Piracy Act) ofzestëmmen.
(Ganz Noricht liesen)

Dat ass just extrem Onwessenheet iwwert d’US Politik, well e.a., anescht wéi an Europa huet d’USA nämlech eng Trennung vun de Gewalten!

Bei sou engem Gesetz zu Lëtzebuerg, oder soss engem europäeschen Land, giff et heeschen, dass d’Regierung kuerz virdrun steet, well d’Regierung (leider) sou opgestallt gett, dass sie eng Majoritéit am Parlament huet. De Pouvoir législatif an de Pouvoir exécutif hänken extrem zesummen an Europa a sinn, souzesoen, eent. De Montesquieu giff sech am Graf emdréinen.
Bei der Trennung vun de Gewalten, wéi dat an den USA de Fall ass, stëmmt de Kongress iwwert d’Gesetzer of. Wann d’Regierung, also de Pouvoir exécutif, dat Gesetz net gudd fënnt, kann de President säin Veto benotzen. Et gëtt awer dann e Gesetz (also a Kraft gesaat), wann nom Veto de Kongress mat enger 2/3tel Majoritéit fir dat Gesetz nach eng Kéier stëmmt an domatter dem President säin Veto futti mécht. Dat alles fir dass net eng eenzeg vun den 3 Gewalten kann herrschen an, an den USA dann och, dass zumools de President net als Tyran alleng kann herrschen. (Ween dat lo net versteet, soll säi Geschichtsbuch beim Joer 1776 opschloen ;))

Dat ass Punkt Nummer 1: eng US Regierung stëmmt net iwwert e Gesetz of! (Och wann dat an Europa och net de Fall ass, kann een duerch d’Muechtverhältnisser awer behapten, dass se dat zumindest hei indirekt man)

Zweetens: “SOPA” kennt guer net vun der US Regierung. Dat proposéiert “SOPA” Gesetz kënnt aus dem House of Representatives, dem ënneschten Haus vum amerikaneschen Kongress. Dat Ganzt koum e puer Méint nodeems et en ähnlecht Gesetz (PIPA) am Senat, dem ieweschten Haus vum amerikaneschen Kongress, gouf.
Dat Ganzt ass keng Propose vun der US Regierung! Zumools dierft dat awer zënter läschtem Weekend kloër sinn, wou d’Wäisst Haus sech perséinlech op hirem Blog géint d’Gesetz ausgeschwat hunn. (cf. Liest dat hei)

An dann den Punkt Nummer 3: “SOPA” steet net kuerz vrun engem Vote! Jiddefalls net virun engem deen et giff zu engem Gesetz machen. Well wann een dat schreiwt, hätt den RTL bspw och missten vrun 2 oder 3 Joer schréiwen, dass d’Chamber kuerz virdrun steet lo iwwert eng Verstäerkung vum Anti-Tubak Gesetz ofzestëmmen. E Project de loi deen jo och nach net an der Chamber zur Diskussioun steet –- wann och wuel awer geschwënn (d.h. an nächste Méint).
“SOPA” ass momentan am House Judiciary Committee, wat mat der “Commission judiciaire” an der Chamber ze vergläichen wier. Déi Kommissioun muss elo mol (an nächsten Deeg, Wochen etc) driwwer ofstëmmen ob dat esou ka weidergoen oder net. Dat ass schon e Vote, awer keen deen et zu engem Gesetz mécht. Loin de là.
“SOPA” a “PIPA” (an “OPEN”) hunn nach e längeren Wee vrun sech, deen duerch den “Blackout” gëschter nach méi lang gouf.


(Fir rëm rofzekommen: “Campaign” vum Alexandre Desplat fir de Film “The Ides Of March”)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s