D’Obama Regierung huet sech an de läschten Joëren jo eigentlech zimlech stark fir d’LGBT (Lesbian, Gay, Bisexual, Transgender) Communitéit agesaat. Dat geet vu Stéierreform bis hin zur Ofschafung vun “Don’t Ask, Don’t Tell” (de Marriage vun Gläichgeschlechtlechen zu New York am Ufank vum Joër ass en Erfolg vum Staat New York an huet nix mam “federal government” vu Washington zedinn.)

Dës Woch huet d’Obama Regierung dunn nach méi grouss ausgeholl: Rechter vun LGBT Menschen sinn och Menschenrechter; a sollen dofir och geschützt ginn. De Faktor “Diskriminatioun vun LGBT” wäert an Zukunft e.a. an d’Finanzhëllef (foreign aid) vun den USA un aaner Länner afléissen. Dat hunn den Obama an séng Ausseministesch Hillary Clinton an enger gemeinsamer Aktioun bekannt ginn. Den Obama duerch e Communiqué zu Washington, d’Clinton mat enger Ried zu Genf bei der UN Menschenrechtsversammlung.

Et geet hei net drëm, dass d’USA well dass all Länner de Marriage vun Gläichgeschlechtlechen aféiert – well do hu sie selwer nach e laangen Wee zegoen; nee, et geet just einfach drëms dass Diskrimatioun géint déi Leit ophällt. Et huet, wéi d’Hillary Clinton soot, näischt mat der “Kultur” vun engem Land zedinn, wann bspw. Lesben a verschiddenen Länner op dëser Welt vergewaltegt ginn fir se “ze heelen.”

De Succès vun däer Campagne hängt awer dovunner of, ob aaner Länner mat op de Woon sprangen. Dat ass fragwürdeg, schliesslech steet d’EU, déi wuel als éischt misst opsprangen, finanziell esou schlecht do, dass een sech baal net erlaabe kann bspw. keng (oder net vill) Finanzhellefen aus Russland, e Land wou et LGBT Leit nach emmer net besonneg geet, zekréien.
Wann sech en grousse internationalen Grupp fennt, ass et emsou besser. Soss kéint déi Aktioun vun vun verschiddenen Länner ofgewäert ginn als eng Aktioun vun den USA hir Wäerten opzezwengen. D’Reaktiounen bei, respektiv kuerz no der Ried, vum Hillary Clinton waren kloër: déi Länner, bei deenen Diskriminatiounen géint deen Deel vun hirer Bevëlkerung am gréissten ass, hu keen Applaus ginn oder sinn (alt schonns während der Ried) roosen aus dem Salle gaangen.

Mä egal, de Kampf géint LGBT Diskriminatioun ass ab dëser Woch e globalen Kampf ginn. D’USA ward momentan just drop wéi eng Länner mat hinnen zesummen an eng “coalition of the willing” ginn 🙂


(Dem Hillary Clinton séng historesch Ried. Mat engleschem Ennertitel. Déi Leit déi net sou staark sinn am Engleschen hunn also keng Excuse et net zekucken. ;))

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s