Muer (Donneschten) gett am däitschen Bundestag iwwert den sougenannten “EFSF” ofgestemmt. Dat kléngt méi elegant wéi beispillswéis “Mir sinn am A*** wann et schief geet, mä hu lo keng aaner Wiel méi”—Gesetz. Déi eenzeg Meiglechkeet wéi een de Brand an der Eurozone ka läschen ass an deem een zesummensteet a Griechenland helleft.

Wat giff awer geschéien wann een dat net méi giff maachen? Eng “geordnete Insolvenz” an alles ass eriwwer? Jo, mä da läit d’Betounung awer op “alles.”

1) Et wier dat d’Enn vum europäeschen Draam.
Den Draam setzt op Secherheet an Europa an déi Secherheet kann just bestoen wann een zesummensteet an zesummekämpft. Alles aanescht giff eis rëm an eng, fir Europa, grausam Krichszäit puchen… sou jiddefalls d’Theorie. Sollt een Griechenland faale loosen giff een dem europäeschen Draam Äddi soen. Et giff der ganzer Welt soen, dass een an der Europäescher Unioun awer just a gudden Zäiten zesummen steet. Domatter kéinnt een dann an eng néi Versioun vum Realismus an den Internationalen Bezéiungen kommen. Jiddereen kuckt no sech, probéiert sech zebeschützen… d’Kris hätt eis all auserneen gerappt an e gemeinsamt Europa giff et net méi ginn.

2) Et wier dat d’Enn vum Euro
Och wann den Euro gäeren vu ville Leit verdäifelt gett, esou ass dat net ganz fair. Den Euro ass beispillsweis geigeniwwer séngen “Konkurrenten” aus Japan an USA zimlech staark. Dat war alles d’Ziel vum Euro, d’Ziel vu Maastricht, dass een international zumools géint den Dollar kéinnt gutt dostoen. Dat huet der europäescher Wirtschaft massiv gehollef (bsp. Export an Däitschland).

Mä Griechenland faale loosen dréit zum Enn vum Euro bäi. Firwat? Et giff e Flächebrand ginn. Portugal huet schonns ugekennegt gehaat, dass sie Suen brauchen wann Griechenland fällt. Irland, déi sech nemmen lues erhuelen, giffen erëm ferm Problemer kréien. Elo seet en Euro Expert: “Keen Problem. Dofir hätte mer den EFSF.” Richteg, mä, éischtens, giff de Fall vu Griechenland net nemmen Irland an Portugal wéi doen an, zweeteens, kann den EFSF just déi 3 Länner eigentlech droen.

Jo, den EFSF, als grouss Léisung gefeiert, ass awer zimlech kléng. De Rettungspaak misst weider vergréissert ginn, wann een komplett wellt preparéiert sinn. Oder fir d’Wierder vum Jay Bryson (Global Economist vun Wells Fargo) iwwert den EFSF zebenotzen: “That’s fighting last year’s war.”
Genee dowéinst goufen d’EU an hir Politiker an de läschten Deeg vum IMF, dem EZB-Chef Trichet, dem US President Obama an, souguer, vu China (mol méi, mol manner) kritiséiert.
Déi grouss Léisung ass net déi ganz grouss Léisung. Sie ass just sou grouss fir dass et duer geet Griechenland um Liewen zehaalen, Portugal z’ennerstetzen an Irland weider rëm zehellefen op de richtegen Wee zreck zekréien. Den EFSF ka weder Spuenien hellefen nach Italien, zwee Staaten déi momentan richteg ‘wackelen.’ Fir déi franzéisch Economie, déi an de läschten Wochen och net grad e super Laaf haat, geet et dowéinst schons guer net duer.

“That’s the irony — out of fear of contagion, the leaders in Brussels … have continuously tried to minimize and sweep it under the rug.”
~ Jeffrey Frankel (Proff un der JFK School of Government, déi zur Harvard University zielt)

3) Et wier dat d’Enn vun der europäescher Wirtschaft.
Wa Griechenland faale geloos gett, wäerten aaner Länner (zumools Italien & Spuenien, vläit och Frankräich) ganz séier a Problemer kommen. Schon alleng well d’Marché’en net méi giffe glëwen, dass sie et da giffe packen. Den “EFSF” wier dann um Enn a misst opgestockt ginn — eppes wat momentan all EU Politiker, e.a. den Jean-Claude Juncker (en Dennschten um ZDF), kategoresch ausgeschloss huet, dass dat je eng Kéier wäert geschéien.

Da sti mer dann eben erem richteg zesummen? Et geet da méi ‘einfach’ well mer eis vun eisem gréissten ‘Problem’, nämlech Griechenland, ‘befreit’ hunn? Nee. Definitiv NEE.
Déi Europäesch Zentralbank, déi dann awer fir eis alleguer zimlech wichteg ass, hätt op e Schlag eigentlech wäit iwwer €100 Milliarden Euro ‘verluer.’ Den “EFSF”, wann en dann komplett a Kraft wier, giff da gräifen an all d’Memberen vu Lëtzebuerg iwwert Italien bis hin zu Däitschland a Frankräich missten hieren versprachenen Deel Geld iwwerweisen. Souguer fir Lëtzebuerg wier dat e Montant, deen dann wuel mat enormen Spuermoosnahmen erem misst erageholl ginn. Firwat? Soss hätt Lëtzebuerg sech selwer massiv verschold a kéinnt Opfer vum ‘Flächenbrand’ ginn.

Dobäi kennt dann nach dass (europäesch) Banken, déi un der griechescher Schold hänken, massiv Verloschter giffe man. Verloschter vun de Banken heescht rëm generell grouss Verloschter op der Bourse. De Brand giff emmer méi grouss ginn… an d’Meiglechkeet, dass vläit déi eng oder aaner Bank kéinnt Faillite goen, ass keng Schwarzmolerei. Beim läschten ‘Test’ hu schliesslech net all d’Banken gudd ausgesinn. Dat hätt dann natierlech erem, nierft dem indirekten, och en direkten Effekt op den eenzelnen Bierger. A well et sech em Banken handelt, a Lëtzebuerg praktesch just vum Bankesector liewt, giff dat och de Grand-Duché betreffen.

&
[Source]

Verschidden Economisten mengen dass déi eenzeg Léisung zum Problem ass, dass Griechenland aus der Eurozone austrëtt a séng aal Währung erem unhellt. Dat giff Griechenland awer nach eng Kéier massiv an de Buedem puchen, hir Wirtschaft wier komplett um Enn; a mir wieren éischtens erem zum Deel um Problem vun uewen, an zweetens giff et e weideren Problem bidden: e weideren Währungs-Problem. A wéi enger Währung giff Griechenland séng Schold zreck bezuelen, wann hier Wirtschaft no Deeg, Wochen, Méint erem giff laafen? An staarken Euro’en oder an da vill méi schwacher ‘Drachme’? Fir e Laien dierft dat wéi e klénge Problem ausgesinn, mä den Ennerscheed giff wuel wäit an de Milliounenberäich goen.

Wéi ech ugefaangen hunn mat Bloggen, haat ech am éischte Post gesoot, dass ech keng Schwarzmolerei wéillt maachen. Och wann dëse Post elo sou ausgesäit, stemmt dat net. Heiandsdo muss een der Realitéit och an d’Aa kucken. An den batteren Appel bäissen. Europa huet déi gréissten Herausfuerderung vrun sech zënter dem Enn vum zweete Weltkrich. D’Weltwirtschaft séng gréissten zenter den 1930er.
“Kris ass eriwwer!”, hu vill Leit scho geruff gehaat. Am Fussball gett et e Sprechwuert, dass de Mätch erréischt eriwwer ass, wann den Arbitter ofgepaff huet. An dëser Weltwirtschaft, wou jiddereen u jidderengem drun hängt an ofhängeg ass, kann e soen: d’Kris ass erréicht eriwwer, wann et all Land erem besser geet…

1
[Source]

… a fir dass et all Land erem besser geet, mussen d’Politiker och ufänken endlech e Balance Akt teschend Spuermoosnahmen an Undréiwen vu Wuesstem hinzekréien. Well wann d’Leit keng Suen hunn, well de Staat déi all kritt huet an awer — am Fall vu Griechenland — Problemer huet, kennen d’Leit och keng Suen ausginn. Keng Suen ausginn, heescht manner TVA Recetten fir de Staat… an, vill méi wichteg, manner Emsatz fir d’Betrieber, wat erem zu Kennegungen a schlechten Noorichten op der Bourse féiert. Dofir, an dat ass meng perséinlech Meenung, ass déi aktuell Politik a villen europäeschen Länner (an och ausgedreckt vun der Tea Party an den USA) fir just un d’Spueren zedenken e Schoss, deen, sou batter wéi et ass, no hannen lass geet.

Ech hoffen all Dag dass ech domatter falsch léien. Ech hätt näischt méi gäer wéi dat een Dag zebehapten. Mä momentan gesäit et net deno aus. Bourse verännert sech méi séier an adaptéiert sech méi séier un déi néi Saachen wéi d’Politiker dat kennen maachen. E weideren Problem bei der EU: et ginn zevill Käsch a keen huet wirklech d’Soen. Aussoen vum Chef vum Eurogrupp Juncker, vum Kommissiounspresident Barroso, vun engem Member vun der EU Kommissioun, vum “EU President” Van Rompuy, vun engem Staats- oder Regierungschef aus der EU, vun engem ‘einfachen’ EU oder [wiel en EU Land-]Parlamentarier… all déi suergen just dofir dass d’Bourse dës evaluéiert — op positiv oder negativ, mä wirklech eppes geschidd a Form vu Gesetzer, déi eppes veränneren, ass dann nach näischt.

Do ginn et dann 3 Méiglechkeeten:
1) D’EU wisst massiv zesummen an domatter mengen ech dass massiv vill Muecht op Bréissel geet, dass et eng gewielten europäesch Regierung gett etc.
2) D’EU dann awer decidéiert sech opzeléisen — mat alle Konsequenzen wat dat hätt;
3) D’EU esou weider mécht wéi bis elo — mat allen (zum Deel bekannten) Konsequenzen déi dat dann hätt.

Quo vadis, EU?
A
[Source]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Menger Meenung no geet just Méiglechkeet 1. Op laang Siicht war d’Aféierung vum Euro ëmmer ee Schrëtt a Richtung Vereenegt Staaten vun Europa, an wann mer et elo net duerchzéien, kréien mer et ni. Et ass traureg, dass de leschte grousse Vertrag, Lissabon, an där Hisiicht komplett lächerlech ass, an deelweis souguer an déi verkéiert Richtung geet (z.B. d’Ofschafen vun der Hymn, wou een supranationalt Gefill ënnert de Bierger dach sou wichteg wier). Wou ass de van Rompuy iwwerhaapt hiverschwonnen?

    A wat d’Spuermoossnahmen an d’Erhéigen vun der TVA ugeet: all Hornochs léiert an der éischter Economie Stonn an der Schoul, dass de an Zäiten vu Krisen muss méi Geld ausginn, net manner, well s de soss ni aus dem Däiwelskrees erauskënns. Mä mir waren jo ze blöd, fir während de gudden Zäiten ze spueren. Dobäi stoung dat schon an der Bibel. Dat kéinten all d’Chrëschtlesch Parteien an Europa wierklech wëssen.

    Reply

  2. Jo, obwuel net nemmen den Euro dofir benotzt ginn ass. Wéi een vu mengen Proffen am éischte Joër soot: d’EU Politiker hu gekuckt wéi se d’EU kéinnte verstärken, hunn iwwert den Ozean gekuckt an dunn eng ganz Retsch Saachen beschloss.
    Den Euro, d’Idee vun engem “EU President” an engem “EU Aussenministère” — fir international mat 1 Stëmm zeschwätzen (jiddefalls an der Theorie) —, an d’Idee vun enger EU Arméi, déi jo och am Verfassungsvertrag grouss dra stoung, wann ech mech lo richteg erenneren. Déi 3 grouss Eegenschaften vun den USA: Demokratie, Economie & Verteidegung.
    Ech wees just net ob den EU Bierger prett a gewellt ass fir en “Vereenegt Staaten vun Europa.” Dofir missten d’Leit sech scho mol als Europäer fillen, wou d’Hymne sëcherlech gehollef hätt, awer ech denken do och un en EU-wäiten Feierdag den 9. Mee etc.

    Jo, mä well mer esouvill Schold an de gudden Joeren gemaach hunn, resp. nach vill Schold dobäi koum wéi de System zesummen gebrach ass (do mengen ech net nemmen Staatsschold, mä och Scholden bei Banken, Betrieber, Versécherungen etc.), kann een net nemmen voll Suen aus ginn. Et muss awer e Balance Akt fonnt ginn. Bis elo sichen mer nach dono… vill Zäit hu mer net méi. :S

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s