Ech souz wéi bal all Mënsch vrun 10 Joer Owes vrum Fernseh genee wéi déi nächst Deeg. Ech kucken all “9/11” Film, all Dokumentatioun, all Interview. All Joers. Och wann ech se scho gesinn hunn. Ech liesen mech duerch “Wou waarst du?” Geschichten vu frieme Leit. Ech kucken d’Zeremonie vun New York City, Washington DC an Shanksville. All Joers.
Ech ginn Geschichten vu Leit noliesen déi gestuerwen sinn: vum John O’Neill (Secherheetsbeoptragten am WTC), deen e puer Wochen virdrun säin Job beim FBI gekennegt hat an zenter Joeren op der Sich nom Bin Laden war [den O’Neill seng Läich gouf “intact” am Tower 2 fonnt], iwwert den Mark Bingham, fir hien goufen Dieren vum United Flug 93 [Shanksville] ausnahmsweis nach eng Kéier opgemaach fir dass e konnt matfléien — hien war spéit un; bis hin zum Tom Burnett, deen eigentlech den 12ten September wollt zréck a Kalifornien fléien an sech entscheed seng Famill z’iwwerraschen an en Dag éischter ze fléien [den Tom Burnett ass ebenfalls Passagéier vun United Flug 93].
Trotzdem huet et 10 Joer gedauert bis dass ech déi hei Story endlech matkritt hunn!
Déi gréissten Rettungsaktioun via Booter & Schëffer an der Geschicht vun der Mënschheet gouf et den 11. September 2001 zu New York City. Kuckt dësen 11 Minutten laangen Film selwer… et ass derwäert:
9/11. Et huet eis déi zwou Säiten vun der Mënschheet gewisen: déi Béis an déi Allerbescht. Mir dierfen weder déi eng, nach déi aner vergiessen!
Wow.
Wow indeed.